La ministre de la Santé Lydia Mutsch à la remise des diplômes au Lycée Nic-Biever à Dudelange

"Dëst ass net nëmmen eng einfach Cérémonie, mee et ass eng Récompense fir äre groussen Asaz a fir all är Efforten"

©LNB
Remise des diplômes par la ministre, le directeur, le directeur adjoint ainsi que par la régente Mme Balthasar aux lauréats de la 1re D

Leif Lauréatinnen, léif Lauréaten,

Haut den Owend si dir d‘Staren.

Et ass mer e Pleséier mech un Iech am Numm vun der Regierung ze adresséieren. Ech wéilt och gären den Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, dem Enseignement Supérieur an der Recherche, entschëllegen, dee leider net kann haut zesumme mat mir ob dëser flotter Feier sinn. Mäer wëllen haut deene Studente félicitéieren déi hiren Ofschloss an domadder hiren Diplom elo an der Täsch hunn. Dat hutt dir super gemach.

Ech sinn och frou ze gesinn, dass esou vill Familljememberen, Schüler, Professeren an esou vill aner Schoulpersonal den Owend de Wee heihinner fonnt hunn. Ee grousse Merci och un all déi Leit déi dës flott Cérémonie zesumme gestallt hunn.

Här Chamberspresident, Här Direkter, dir Damen an Häre Professeren, 

léif Elteren, léif Familljememberen,

Wéi ganz am Ufank schonns gesot, sinn d’Schülerinnen an d‘Schüler vum Lycée Nic Biever déi eigentlech Stare vum Owend.

An e puer Minutten, kritt dir elo ären Diplom iwwerreecht, dësen Ament wäert fir iech, mee och fir är Famill ee grousse, wéi och een onvergiesslecht Evenement an ärem Liewe ginn. En Dag deen ee verhält! Reussite vum Baccalauréat ass als aller éischt emol ee perséinlechen Erfolleg, trotzdem muss dës Reussite och als collectiven Erfolleg betruecht ginn, dee vun ärer Famill, vun de Professere wéi och vum ganze Lycée. Dës Cérémonie ass also Geleeënheet fir iech, de Studenten, ze félicitéiere fir ären Asaz, mee fir och all deenen anere Leit ze félicitéieren déi d‘Studenten ënnerstëtzt hunn iwwert all déi Joeren. Un Iech all ee grousse MERCI.

Dir Damen an dir Hären, ech géif iech elo all bieden opzestoen an an deene Schüler a Schülerinnen ze klappen déi hiren Ofschloss elo an der Täsch hunn.

Dëse Moment ass eenzegaarteg, deen enorme Stellewert an d’Envergure vun dësem Moment wäert dir vläit eréischt méi spéit an ärem Liewe richteg aschätze kënnen. Dëst ass eng Etapp, déi iech de Wee fräi mëcht fir eng certifiéiert Qualifikatioun ze kréien déi iech elo oder an e puer Joer d‘Dieren zum Beruffsliewen op wäert maachen. Dëst ass awer fir verschiddener och déi incontournabel Etappe, fir all déi déi elo weider studéiere wëlle goen. Bei all Remise vun den Diplome sinn ech ëmmer erëm iwwerrascht vun der grousser Unzuel un Studenten déi dës „Hürde“ erëm gepackt hunn.

Dëst ass also net nëmmen eng einfach Cérémonie, mee et ass eng Récompense fir äre groussen Asaz a fir all är Efforten, genau dësen Event ass dat bescht Allheelmëttel zu der grousser Aarbechtslosebekämpfung an zemools d‘Jugendaarbechtslosenbekämpfung an Europa. Esou Leit wéi dir brauch onst Land, esou Leit wéi dir brauch Europa.

Et däerf ee net vergiessen, dass an Europa wéi och hei zu Lëtzebuerg d‘Onqualifizéiertheet vun den Demandeurs d’Emploi d‘Haaptursaach vum Chômage ass. Grad dofir, dir Damen an dir Hären, ass et esou wichteg, dass esou vill jonk Mënsche wéi méiglech de Wee zu engem Ofschloss packen.

Den Diplom vum Secondaire ass eng wichteg Qualifikatioun, mee si dierf och roueg déi éischt Etappe sinn an ärer Beruffsausbildung. Léif Oofschlossstudenten a Studentinnen, eist Land zielt ob iech, dir sidd d‘Zukunft vun onsem Land. Vrun e puer Joeren nach wor all dat Wëssen dat dir an der Schoul, am Lycée, ob der Universitéit als Baggage krut hutt, eng Garantie fir eng gutt professionell Carrière. Haut gin dës Diplomer leider oft net méi duer. Dëse Bagage muss elo regelméisseg adaptéiert ginn an duerch Zousatzformatiounen ëmmer erëm perfektionnéiert ginn. Dofir vergiesst net, dass den ‚Lifelong Learning‘ een essentiellt Element an ärer Beruffscarrière muss ginn, och wann der es fir de Moment bestëmmt e bësse genuch hutt mam Léieren. Wat och wichteg ass, dass kee Beruff besser wéi aanerer. Passt dofir wierklech op fir iech eng interessant Beruffsspacht eraus ze sichen, déi iech Spass mécht a wou gefrot ass, wou dir och vill Chancen hutt fir eng gutt Aarbecht ze fannen. Dofir, an dëst ass och ee Message vum Wirtschaftsminister un iech, consideréiert net nëmmen déi üblech a méi bekannte Studiefächer, mee och Fächer déi mär hei zu Lëtzebuerg fir den Développement vun eisen neie Wirtschaftssecteure brauchen: Ecotechnologien, Gesondheetstechnogien, ICT, Logistik an suguer Aerospatial. Och dat sinn alles Secteuren wou Leit gesicht ginn an déi interessant Beruffsperspektive bidden. Denkt wéi gesot un dëst, well daat kéint iech den Accès an d‘Beruffsliewen staark vereinfachen.

Léif Schülerinnen, Schüler,

Am Numm vun der Regierung, wëll ech iech all nach emol félicitéieren an iech all vill Erfolleg wënschen an der Poursuite vun äre Studien. Ech hoffen, dass ech mat de Kollegen aus der Regierung iech all an e puer Joer  ären Meeschter-, Universitär- oder Héichschouldiplom däerf iwwerreechen.

Alles Guddes, bonne Chance an eng schéi Vakanz!

Dernière mise à jour