Discours du Premier ministre Xavier Bettel lors de la cérémonie officielle à l'occasion de la fête nationale 2015

Seul le discours prononcé fait foi

"Monseigneur,

Här Chamberspresident,

Dir Dammen an Hären Deputéiert,

Léif Regierungskollegen,

Dir Dammen an Dir Hären,

Groussherzoginsgebuertsdag ass en Dag, deen d’Leit zesummebréngt. Iwwerall uechter d’Land sinn Zeremonien an Evenementer am Kader vun eisem Nationalfeierdag, iwwerall si Jonker a manner Jonker, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger beienee fir deen Dag ze feieren, wou mer eis op d’Grondwäerter vun eisem Land besënnen.

Mir maachen dat zesummen. Mir sinn zesummen dankbar fir Fridden a Fräiheet, déi mer genéissen. Lëtzebuerg ass e Land, wou d’Leit aus verschiddene Länner a mat verschiddene Kulturen a Sproochen zesummeliewen, ouni dass dat zu Konflikter féiere géif. Et gëtt en Zesummenhalt an eisem Land op dee mer kënnen houfreg sinn an dee mer musse weider stäerken.

Et gëtt awer och weider d’Noutwennegkeet d’Integratioun ze förderen. D’Bierger vun eisem Land, all déi Leit, déi bei eis liewen, wunnen a schaffe sinn an hirer Diversitéit och eng Unitéit an déi solle mer unerkennen. Déi Seeler, déi eis alleguerte matenee verbanne musse fest gezu ginn, well nëmmen, wa mer wierklech zesummenhalen, hu mer och eng gemeinsam Zukunft.

Den Zesummenhalt ass en Deel vun eiser Geschicht a wa mer dëst Joer de 70ten Anniversaire vun der Liberatioun celebréieren, dann denke mer och zeréck un déi schwéier Zäit virun der Befreiung an un déi Joeren direkt nom Krich. Vill Leit hu während dem Krich nëmmen iwwerlieft well anerer sech fir si agesat hunn, an den Nokrichsjoere gouf dat Land hei duerch Hëllef ënnert de Lëtzebuerger a mat Ënnerstëtzung vun aneren nees opgebaut. Wa mer dëst Joer vill Biller gesinn aus der Nokrichszäit, Fotoe vu Lëtzebuerger Haiser, Bauerenhäff, Kierchen, Brécken a Stroossen, déi komplett am Koup leien, da sinn dat Zeie vun enger Zäit, wou d‘Lëtzebuerger ganz enk zesummegeréckelt sinn a wou si och Hëllef vu bausse krute fir aus de Kéip Steng nees Haiser ze bauen, fir d’Wonne vum Krich ze pléischteren an eng Zukunft opzebauen. Déi Fotoen, déi mer all kenne si meeschtens schwaarz-wäiss an dat féiert derzou, dass mer den Androck hunn, dat wier ganz laang hir an et wier ganz wäit ewech. Et ass awer net laang hir a fir vill Leit sinn et och net nëmme Fotoe mä nach ëmmer Erënnerungen.

De Misär un dee sech vill Leit nach haut bei eis erënneren ass awer och fir aner Leit an Europa oder un de Grenze vun Europa déi batter Realitéit. Mir kënnen eis net virstellen, wéi verzweiwelt Mënsche sinn, déi hiert Liewen an d’Liewe vun hire Kanner op d’Spill setzen an der Hoffnung op eng Zukunft. D‘Flüchtlingen, déi iwwer d‘Mëttelmier an Europa komme riskéieren hiert Liewe fir kënnen ze liewen. Mir däerfen deem Misär net einfach nokucken an all Diskussiounen iwwer Quoten, iwwer Zuelen an iwwer Majoritéite sinn onwierdeg, wann et dorëms geet Leit ze hëllefen, déi näischt méi hunn, ausser e wéineg Hoffnung.

Fir déi nächst 6 Méint iwwerhëlt Lëtzebuerg d‘Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun. Dat ass eng grouss Verantwortung an eng grouss Erausfuerderung fir eist Land. Op eiser Agenda stinn essentiell Aufgaben am Sënn vun der Lutte géint de Chômage, enger Relance vun der Economie an der nohalteger Entwécklung. Et sinn awer och aktuell Sujeten, déi mer wëllen a mussen uschwätzen. Dozou gehéiert d’Flüchtlingsproblematik, mä awer och de Konflikt an der Ukraine. Lëtzebuerg wëll als Mediateur schaffen a Brécke bauen. Mir sinn e Land, wat d’Leit zesummeféiert an dat si mer net nëmmen ënnert eis selwer, mä och am Ëmgank mat eisen europäesche Partner.

Lëtzebuerg huet seng Plaz an Europa an der Mëtt vun eisen Nopeschlänner, an der Mëtt vun eise Partner. An den nächste Méint sti mer am Zentrum vun der Opmierksamkeet a mir maachen all Effort deen néideg ass, fir d‘Positioun vun eisem Land ze stäerken an eis Stäerkten ze weisen.

Monseigneur,

Dir Dammen an Dir Hären,

Haut ass awer och en Dag fir deene Leit Merci ze soen, déi sech all Dag oder all Nuecht fir hir Matbierger asetzen – leider och dofir mat hirem Liewe bezuelen. Wa mir haut hei feierlech zesumme sinn, fir eisen Nationalfeierdag ze celebréieren, da wëlle mer och een Ament un déi Mënschen an eiser Gesellschaft denken, déi iwwer den eegene Bord ewech kucken a sech selwer an den Hannergrond stelle fir aneren ze hëllefen, fir anerer ze tréischten, fir anere Courage ze maachen. Mir éieren haut e puer eenzel Persounen, déi perséinlech Meritten hunn. Mir éieren domadder awer och déi vill aner Matbierger, déi haut net hei op der Bühn stinn. Mënschen déi fir Mënschen do sinn, sinn de Mastik, deen eis Gesellschaft zesummenhält.

Mir soen hinnen haut Merci a weisen eisen déifste Respekt virun hirer Aarbecht an hirem Engagement.

Vive eise Grand-Duc

Vive déi groussherzoglech Famill

a vive eist Land."

Dernière mise à jour