Discours du président de la Chambre des députés lors de la cérémonie officielle à l'occasion de la fête nationale 2015

Seul le discours prononcé fait foi

"Altesses Royales,

Exzellenzen,

Dir Dammen an Dir Hären,

Mäin Numm kléngt net typesch Lëtzebuergesch – oder an der Tëschenzäit vläicht dach?

Meng Grousselteren si viru bal 100 Joer aus Italien op Lëtzebuerg komm, a meng Eltere sinn hei gebuer. Anescht wéi mäin Numm et vläicht undeit, war Lëtzebuergesch déi eenzeg Sprooch, déi ech als Kand geschwat hunn, éier ech an d’Schoul gaang sinn.

Als Bouf schonn ass mär gesot ginn, datt eis Sprooch eigentlech keng wier an ech sollt guer net probéieren se ze schreiwen, well se net „schreifbar“ wier. Dat war virun engem hallwe Jorhonnert...

Wat huet eis Sprooch zanterhier e wäite Wee gemaach! Mär hunn eis méi wéi jee ëm si gekëmmert, a si ass haut – geschriwwen a geschwat – esou gefestegt a präsent wéi ni virdrun.

Eis Sprooch ass e wichtegen Deel vun eiser Identitéit, déi donieft fir eng oppe Gesellschaft steet, eng multikulturell Communautéit ouni Grenzen an de Käpp an ouni Extremismus – bis elo, an hoffentlech bleift dat esou.

Well eis Sprooch eng Chance ass fir ze verbannen an net fir ze deelen, kommt mär maachen d’Lëtzebuergescht zu engem "facteur d’unité" an der Diversitéit, ouni déi Sproochen ze vergiessen, déi eise Schlëssel no bausse sinn!

Déi ëffentlech Diskussioun iwwert eis nei Verfassung gëtt eis d’Geleeënheet, fir eis mat deem, fir wat Lëtzebuerg steet a wéi mär wëllen zesummeliewen, ausenanerzesetzen, well déi Diskussioun ass net ofgeschloss!

Den éischte Referendum vum 7. Juni war een Deel vun där Ausenanersetzung mat eis selwer. Dat Ugebuet, fir mat ze diskutéieren a mat ze décidéieren, ass ugeholl ginn an dofir warnen ech viru falsche Conclusiounen.

De 7. Juni hu mär eis net zougemaach vis-à-vis vum Ausland, mär hunn eis net géint méi Participatioun vun engem groussen Deel vun eiser Communautéit ausgeschwat. Mat sengem Verdikt huet de Wieler eis vill méi gesot, wat fir ee Wee hie privilegéiert, an eis an deem Sënn en Optrag ginn.

Dir Dammen an Dir Hären,

Viru knapp sechs Méint si mär och hei zu Lëtzebuerg bis an d’Muerch duerch déi kriminell a bluddeg Attacken zu Paräis getraff ginn. Ech war den Dag vun den Attentater zu Paräis an hu materlieft, wéi déi Weltstad ënner Schock stoung.

A ganz Europa ass et zu enger Solidaritéitswell mat den Affer – Journalisten, Polizisten a Geiselen – komm, an och bei eis zu Lëtzebuerg hu mär grousst Matgefill a resolutten Engagement gewisen.

Mär hunn erkannt, datt mat deene Kugelen, duerch déi d’Affer gestuerwe sinn, eis Grondwäerter wéi Meenungsfräiheet a Fräiheet allgemeng, Demokratie, Toleranz, Solidaritéit a Mënscherechter viséiert waren.

No deem éischte Schock si mär eis bewosst ginn, datt déi Wäerter, déi fir eis selbstverständlech sinn, fragill bleiwen an all Dag erëm musse verdeedegt ginn.

Deeselwechte Message ass vun deenen ergräifende Feieren a Commemoratioune vum Enn vum Zweete Weltkrich a vun der Befreiung vun de KZer ausgaang. Ech war bei der Zeremonie am Doudeslager zu Theresienstadt derbäi an hu mär deen ergräifende Message vun den Iwwerliewenden zu eege gemaach.

Vun hinne koum keng Uklo, kee Reproche. Et war villméi e Plädoyer fir d’Liewen, en Appell, fir Verantwortung fir dat ze iwwerhuelen, wat mär duerch hiert Leiden, hir Affer, hiren Engagement geschenkt kruten: Fridden, Fräiheet, Demokratie, an dofir ze suergen, datt esou Grujelechkeeten ni méi geschéien. Och dofir war et wichteg, datt mär hei zu Lëtzebuerg vis-à-vis vun eiser jüddescher Communautéit e kloren Akt gesat hunn.

Well eis Wäerter ondeelbar sinn, däerfe se och net un eise Grenzen oder un deene vun der EU ophalen. Fir mech sinn Dramen, wéi se am Mëttelmier geschéien, wou Dausende vu Mënschen an Nout erdronk sinn, oder d’Flüchtlingsproblematik a Krichsregiounen insgesamt, absolutt onvereinbar mat der Erklärung vun de Mënscherechter an eise Grondwäerter, a fuerderen eis Solidaritéit, schnell a ganz, ouni "Wenn und Aber".

Wien hei wëllt hëllefen, fënnt och Weeër. Wien net wëllt hëllefen, sicht nëmmen Ausrieden.

Eist Land stoung a steet nach ëmmer fir Solidaritéit. Sou hu mär zum Beispill och a schwéieren Zäite konsequent d’Entwécklungshëllef op héchstem Niveau gehalen. Well nëmme wa mär systematesch d’Ursaache vum Misär bekämpfen, kënne mer esou Dramen, wéi se sech op ville Plazen an der Welt ofspillen, verhënneren.

An dofir, wa mär "Je suis Charlie" eescht gemengt hunn, da kommt, mär sinn och all „Réfugié“, dat ëmsou méi, well mer bei der Invasioun um Ufank vum Krich dat och selwer waren.

Altesses Royales,

Exzellenzen,

Dir Dammen an Dir Hären,

Wann, wéi an der Lescht, aus dem Ausland onnuancéiert Attacken iwwert eist Land rullen, da gëtt et zwou gutt Méiglechkeete fir dorop ze reagéieren.

Éischtens, wa Kriticke berechtegt oder zum Deel berechtegt sinn, musse mär eis hinne stellen an d’Ursaachen dovun aus dem Wee schafen. Am Finanzberäich hu mär dat gemaach oder sinn um Wee, fir net duerch Extrawurschten, mä duerch Professionalismus a Kompetenz ze iwwerzeegen. Wa mär dann trotzdem bei eisem gudden Noper op eng schwaarz Lëscht kommen, deet dat wéi!

Een zweete Wee, fir eis Partner ze iwwerzeegen, féiert iwwert déi Beräicher, wou eist Land Modellcharakter huet. Eise beispillhaften Engagement an der Entwécklungszesummen-aarbecht hunn ech schonn erwähnt. Mä Lëtzebuerg huet och Modellcharakter am soziale Beräich, huet säi Sozialsystem mat Alters-, Gesondheets- a Laangzäitfleegeversécherung an der Kris, do wou en am wäertvollste war, net a Fro gestallt. Den Triple-A social, wéi en den EU-Kommissiounspräsident fir Europa virgeschloen huet, gëtt et hei zu Lëtzebuerg schonn!

Mir kënnen hei am Land houfreg sinn op e Pionéiergeescht, dee Jorhonnertprojete wéi d’Stolindustrie, d’Finanzplaz, Satellitten an eng Groussregioun erméiglecht huet, déi eis vill méi grouss mécht wéi eis 2.586 Quadratkilometer an eis 550.000 Awunner. Dës Trëmp kënne mär dank eiser Villsproochegkeet erfollegräich an aller Welt ausspillen. Alles dat sinn Elementer vun eiser villsäiteger Identitéit.

Monseigneur, Madame,

Dir Dammen an Dir Hären,

Wann een sech d’Méi gëtt, heiheem dat ze sichen, wat eis verbënnt, wonnert een sech, wéi vill ee fanne kann a wéi onwichteg dat ass, wat eis trennt. An egal ob mär Schmit, Di Bartolomeo, Pereira oder Kolakovic heeschen, egal wat fir eng Hoer- oder Hautfaarf mär hunn, mär all sinn e staarkt Stéck Lëtzebuerg!

Vive de Grand-Duc!

Vive déi groussherzoglech Famill a

Vive eist Land!"

Dernière mise à jour