Message du Premier ministre à l'occasion de la fête nationale 2016

© 2014 SIP / Yves Kortum, tous droits réservés
Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État, ministre des Communications et des Médias, ministre des Cultes, ministre de la Culture

"Dir Dammen an Dir Hären,

léif Matbierger,

ech adresséiere mech haut un Iech als Premier an et ass mer eng Éier – eng Éier an eng Freed, fir Staatsminister ze si vun deem Land, wat ech esou gär hunn an op dat ech esou houfreg sinn.

Houfreg solle mer nämlech alleguerte sinn. Mir sollen houfreg sinn op dat, wat Lëtzebuerg bis haut erreecht huet, op de soziale Fridden an eisem Land, op déi wirtschaftlech gutt Situatioun, op eise Rôle an der europäescher an der internationaler Politik. Vill vun eisen Noperen a Partner kucke mat enger gewësser Jalousie op Lëtzebuerg a froen sech, wéi mir et ëmmer nees fäerdegbréngen, un der Spëtzt ze sinn, wann et ëm Rankinge geet, déi eppes iwwer eis Liewensqualitéit, eis Wirtschaft, eis Sproochekenntnisser oder eis Sécherheet aussoen. Mir sollen houfreg sinn op d’Leeschtung vun de Lëtzebuerger Sportler, op d’Unerkennung, déi eis Kënschtler am Ausland kréien, op de Succès vu Lëtzebuerger Chef-d’Entreprisen am Ausland, op d’Unerkennung fir eis Wëssenschaftler a Chercheuren. An de leschte Joren huet Lëtzebuerg an hu Lëtzebuerger den Tour de France mat dominéiert an dëst Joer och kloer de Giro d’Italia. Lëtzebuerger hunn en Oscar kritt, en Nobelpräis a rezent e Grammy, mer hunn eis en Numm gemaach als Natioun, déi sech eppes traut an op nei Weeër geet, sief et an der digitaler Economie oder an der Exploitatioun vum Weltraum. De gréisste Stolkonzern op der Welt huet sech fest fir Lëtzebuerg als Siège engagéiert, mir hunn déi performantste Finanzplaz an der Eurozon, mir sinn a bleiwen dreiwend Kraaft, wann et drëms geet, d’Europäesch Unioun zesummenzehalen a Krisen ze bewältegen. De Kommissiounspresident ass fréiere Lëtzebuerger Premier a bis viru kuerzem war och d’Presidentin vun der Assemblée parlementaire am Conseil de l’Europe eng Lëtzebuerger Politikerin an ee vun eise Landsleit stoung un der Spëtzt vum Europäesche Geriicht fir Mënscherechter.

Léif Matbierger, mir hunn all Ursaach, fir houfreg ze sinn op eist Land, op eis Landsleit an op eis Geschicht.

Et geet awer net jidderengem gutt bei eis. Vill – ze vill vun eise Matbierger gesinn net d’Sonn an e bloen Himmel, wa se viru sech kucken, mee e groussen däischtere Bierg an se wëssen net, wéi se dee sollen iwwerwannen. Aarmut, Misär, Invaliditéit, d’Elengsinn an d’Aussiichtslosegkeet sinn och Zoustänn a Realitéiten, mat deenen d’Regierung all Dag konfrontéiert gëtt. Léisunge fir dës Problemer an Erausfuerderungen ze fannen ass eis Aufgab als Regierung, mee et ass och eis Aufgab als Gesellschaft. Mir brauche méi Solidaritéit an eisem Land. Dat ass zum Deel garantéiert iwwer eise Sozialsystem an iwwer déi sëlleche Mesuren, déi d’Leit opfänken, wann se duerch en Netz falen – mee dat geet net duer.

Och an eiser schnelllieweger Zäit, och an enger Gesellschaft, wou den Drock ëmmer méi héich, wou Famill a Fräizäit ëmmer méi kuerz kommen, muss Plaz si fir e Mateneen, fir en Zesummeliewen, fir Versteesdemech. Et kascht dacks net méi ewéi d’Iwwerwannen, fir sech ze engagéieren, fir nozefroen, wéi et der eelerer Koppel geet, déi nieft engem wunnt, fir vläicht der Fra am Haus vis-à-vis Hëllef unzebidden, déi op eemol mat de Kanner eleng de Stot muss bewältegen.

Léif Matbierger, haut um Virowend vun Nationalfeierdag sti mer zesummen, mir stinn zesummen als Natioun a mir stinn zesummen als Gesellschaft. Dat Gefill vun Zesummegehéieregkeet soll awer net nëmmen um Dag vun haut gëllen, mee et soll eis duerch dat ganzt Joer begleeden. Dat Gefill vun Zesummegehéieregkeet soll och net eleng iwwer eng gemeinsam Sprooch oder iwwer déiselwecht Nationalitéit definéiert ginn. Aarmut, Krankheet a Misär verbannen eis alleguerte genee esou mateneen ewéi Räichtum, Gesondheet a Freed.

Chers concitoyens,

À tous ceux qui vivent au Luxembourg et viennent de plus loin.

Demain, nous célébrons notre fête nationale. Traditionnellement, cet événement marque un instant d’arrêt, il s’agit d’un jour dans le calendrier qui suscite la réflexion sur nous-mêmes, sur notre situation, sur notre passé et sur notre futur.

En tant que Premier ministre, j’aimerais vous dire que vous êtes une partie de notre pays, de notre passé et aussi surtout de notre futur. Le Luxembourg est un pays qui a connu des temps plus difficiles et des moments plus agréables. Depuis toujours, nous avons connu et nous avons reconnu les avantages d’un pays ouvert et d’une société multilingue et multiculturelle. Soyez sûrs que vous êtes les bienvenus.

Ech wënschen Iech a mengem perséinlechen Numm an am Numm vun der Regierung e schéinen Nationalfeierdag a vill schéi Momenter mat deene Mënschen, déi Iech um Häerz leien.

Vive eise Grand-Duc

Vive eis Grande-Duchesse

a vive eist Land"

Dernière mise à jour