Discours du Premier ministre lors de la cérémonie officielle à l'occasion de la fête nationale 2016

Seul le discours prononcé fait foi

"Monseigneur,

Här Chamberspresident

Dir Dammen an Hären Deputéiert,

Léif Regierungskollegen,

Dir Damen an Dir Hären,

Fir eist Land a fir eis Leit ass haut ee vun deene bedeitendsten Deeg am Joer. Haut op Nationalfeierdag si mir zesummen als Natioun an als Bierger vu Lëtzebuerg, als Gesellschaft an als Gemeinschaft. Haut feiere mir zesummen eis gemeinsam Geschicht an eis Zukunft. Mir feieren eng Geschicht op déi mer kënnen houfreg sinn an eng Zukunft op déi mer eis kënne freeën.

Mir hunn déi sozial a wirtschaftlech Viraussetzungen, fir datt eist Land och an den nächste Joeren op engem stabille Fundament steet a mir kënne mat Zouversiicht déi Défien ugoen, déi virun eis leien. Mir stinn nämlech och viru groussen Erausfuerderungen. An de leschten zéng Joer ass eis Populatioun ëm 100.000 Awunner gewuess, an d’Zuel vun de Leit, déi all Dag iwwert d’Grenz bei eis schaffe kommen huet sech zanter dem Joer 2000 quasi verduebelt. Déi Evolutioun geet den Ament esou weider, den ekonomesche Succès an d‘Attraktivitéit vun eisem Land bréngt et mat sech, datt och méi Leit bei eis wëlle wunnen, liewen a schaffe kommen. Dat stellt eis virun Aufgaben an der Mobilitéit, am Schoulwiesen, bei der Kannerbetreiung, am Logement, am Naturschutz a bei der Landesplanung.  D’Viraussetzunge si gutt, datt mer déi Aufgaben zesummen bewältegen. Mir hunn haut d’Méiglechkeet eis esou opzestellen, datt och déi nächst Generatiounen an engem Land kënne wunnen, mat héijer Liewensqualitéit a wou jiddwereen déi selwecht Chancen huet.

Mir kënnen houfreg sinn op dat, wat mir als Gesellschaft bis elo erreecht hunn a mir kënnen eis och freeën, datt mer a ville Beräicher un der Spëtzt leien, wa mer eis mat eisen europäeschen an internationale Partner vergläichen. Gläichzäiteg solle mer awer och déi aner Realitéiten net aus dem Bléck verléieren. Och an engem Land, deem et gutt geet, ginn et Leit, déi net dovunner profitéieren. Jiddweree vun eis kann duerch verschidden Ëmstänn an eng Situatioun geroden, déi schwéier ass a wou ee keen Auswee gesäit. Als Staat hu mer iwwert eise Sozialsystem an iwwer verschidden Instrumenter d’Méiglechkeet fir dës Leit opzefänken, mee dat alleng geet net duer. Mir hunn och als Gesellschaft, jiddweree vun eis huet als Mënsch och d’Méiglechkeet – a vläicht esou guer d’Flicht – fir sech ze këmmeren, sech ze këmmeren ëm déi Leit, deenen et manner gutt geet.

An de leschte Méint hu vill vun eise Matbierger gewisen, datt si de Reflex hu fir ze hëllefen, nozelauschteren an einfach do ze si fir Mënschen, déi se net kennen, déi awer Bäistand brauchen. Mir wäerten haut nach zwee jonk Leit hei op der Bühn kënne begréissen, déi exemplaresch sti fir eng Vague vu Solidaritéit, op déi mer och kënnen houfreg sinn. D’Flüchtlingskris, déi mer den Ament an Europa erliewen ass eng direkt Konsequenz vu Konflikter a vu groussem Misär op verschiddene Plazen op der Welt. Déi Konflikter hunn Ursaachen a se hunn eng Geschicht, déi dacks wäit zeréck geet. Affer vun deene Konflikter sinn awer zum allermeeschte Familljen, Fraen, Männer, Kanner, déi déi grujelegsten Experienzen hannert sech hunn, wa se vun hirem Doheem fortlafen an de Wee packe bis bei eis. Well d’Konflikter an de leschte Joeren an der Zuel an och an der Intensitéit zougeholl hunn, ass och d’Zuel vun de Flüchtlingen an d’Luucht gaangen. Dat ass eng Realitéit. Schold dorunner sinn net déi Mënschen, déi hu missen alles hannert sech loossen, wat hinne léif ass, fir enzwousch anescht op der Welt eng nei Zukunft an e neit Liewen unzefänken. Zu Lëtzebuerg hu mer et bis elo gutt gepackt fir d‘Erausfuerderungen, déi mat der Flüchtlingskris verbonne sinn, ze meeschteren. Dat geet awer nëmmen duerch en Asaz vu villen Eenzelner, déi bénévole am Asaz sinn, duerch Personal an de Strukturen déi wäit méi maachen, wéi just hir Aarbecht an och duerch eng Bereetschaft an der Populatioun op déi ech als Premier wierklech houfreg sinn.

Monseigneur,

Altesses Royales,

Ech wëll haut och Iech als groussherzoglech Koppel Merci soen a félicitéiere fir Ären Engagement an Är Ënnerstëtzung fir déi vill Leit zu Lëtzebuerg an am Ausland, deenen et manner gutt geet. Dir hutt et Iech et zu enger perséinlecher Aufgab gemaach fir do ze si fir Mënschen, déi Hëllef brauchen. Duerch Ären Asaz an duerch Är Präsenz op Plazen, wou et manner agréabel ass, sidd Dir e Virbild fir eis alleguerten.

Vive eise Grand-Duc

Vive déi groussherzoglech Famill

a vive eist Land!"

Dernière mise à jour