Cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg – Remise de distinctions honorifiques

Présentation des récipiendaires par le Premier ministre Xavier Bettel

Seul le discours prononcé fait foi

"Et ass eng rezent Traditioun an et ass ee fir eis immens wichtegen Deel vun der Cérémonie haut op Nationalfeierdag.

Mir kommen elo zu den Distinctiounen a verschiddene Beräicher, Distinctiounen u Leit, déi Besonnesches geleescht hunn, sief et am Beräich vun der Kultur, der Recherche, der Economie, dem Benevolat oder anere Beräicher, wou dës Leit eng extraordinaire Roll oder Leeschtung virzeweisen hunn.

Ech wëll dozou och bemierken, dass déi Persounen, déi mer elo decoréieren, och exemplaresch sti fir vill aner Leit, déi sech all Dag op besonnesch Aart a Weis fir eis Gesellschaft a fir eist Land engagéieren.

De Professer Rudolf BALLING 

Mam Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine éiere mer eng Persoun, déi zanter 2009 am Domaine vun der universitärer Recherche hei zu Lëtzebuerg Erstaunleches op d’Bee bruecht huet. Här Balling, Dir sidd vum Helmholtz Zentrum fir Recherche iwwer Infektiounskrankheeten zu Braunschweig am September 2009 hei op Lëtzebuerg komm. Dir hutt hei a kuerzer Zäit op der Universitéit e Laboratoire vun null opgebaut, deen haut ëm déi 200 Mataarbechter zielt. Do gëtt exzellent Fuerschung notamment am Beräich vun der Parkinson-Krankheet gemaach. D’Regierung gesäit am Secteur vun der Recherche en immens wichtegt Standbeen fir d’Lëtzebuerg vun der Zukunft. Duerfir ass besonnesch erauszesträichen, dass Dir och de "Scienteens Lab – De Labo fir Jonker" opgebaut hutt ënnert dem Patronage vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie vu Lëtzebuerg.

Fir Ären aussergewéinlechen Asaz am Beräich Forschung iwwerreecht de Grand-Duc Iech elo de Commandeur am Ordre de Mérite.

De Michel SCHOLER an d’Amandine RAFAEL

Am September 2015 hunn d’Studente Michel Scholer an Amandine Rafael spontan d’Initiativ ergraff, fir eng Sammelaktioun vu Kleeder, Hygiènesartikelen, Spillsaachen asw. fir d’Flüchtlingen op d’Been ze setzen. Hire spontane Projet huet sech séier dank dem onermiddlichen Asaz vu villen an der grousser Kompetenz vun deene jonke Leit zu engem iwwerwältegenden Erfolleg entwéckelt: Iwwer 40 Tonne goufe gesammelt, triéiert an un d’Flüchtlinge verdeelt.

Dir zwee a vill aner och hutt net gezéckt, fir ëffentlech en Zeeche fir eng Wëllkommenskultur ze setzen, a mat ärem Spendenopruff iwwer Facebook an aner sozial Medien en ëffentlechen Appell lancéiert. Och duerno, wéi de Medieninteressi nogelooss huet, hutt dir weidergemaach a realiséiert elo sozial Projeten ënnert dem Motto „Zesumme fir all“ am Kader vun der vun Iech gegrënnter Association Narin.

De Grand-Duc iwwerreecht Iech zwee elo stellvertriedend fir déi vill aner fräiwëlleg Engagéiert d’Médaille en vermeil an der Couronne de Chêne.

De Jean-Marc GALES

Mam Här Jean-Marc Gales éiere mer e Lëtzebuerger, deen an der Autosindustrie eng international Carrière gemaach huet. No Ingenieurs- a Management-Studien zu Karlsruhe an um Imperial College zu London huet de Jean-Marc Gales wichteg Positioune bei Daimler, General Motors, Volkswagen a méi rezent Citroën a Peugeot mat Engagement gehat.

Zanter Mee 2014 erfëllt hien sech e Kandheetsdram. Den Här Gales ass elo zwee Joer laang schonns Chef vun der britescher Traditiounsmarque LOTUS am engleschen Norwich. An dëser Funktioun konnt hien eng prekär finanziell Situatioun schonns substantiell verbesseren.

Fir säin exemplaresche Parcours iwwerreecht de Grand-Duc elo dem Här Jean-Marc Gales de Commandeur am Ordre de Mérite.

D’Angélique KIDJO an de Gast WALTZING

La cérémonie des Grammy Awards à Los Angeles, le 15 février 2016, restera gravée comme date-clé dans l’histoire musicale du Luxembourg et de la république du Bénin. Après l’Oscar pour le meilleur film d’animation en 2014, voici que l’enregistrement de chansons d’Angélique Kidjo orchestrées par Gast Waltzing et réalisé par l’Orchestre philharmonique du Luxembourg, sous la direction du même Gast Waltzing, remporte le Grammy Award dans la catégorie "World Music Album", meilleur album de musique du monde.

Voilà une consécration internationale bien méritée de deux carrières qui ont commencé il y a plus de 40 ans. Angélique Kidjo est l’ambassadrice par excellence de la musique béninoise et africaine. Avec notre orchestre national, elle a également enregistré Ifè: Three Yorùbá Songs, des chansons composées pour elle par le grand compositeur américain Philip Glass. Le Grand-Duc lui remet la décoration d’officier de l’ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg.

Eise Compatriote Gast Waltzing huet seng Carrière op der Trompett ugefaang a säi musikalescht Wierke geet wäit iwwer säi Beruff als Professer um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg eraus. Als Komponist fir Film an Televisioun wéi och als Grënner vun dem Nationale Lëtzebuerger Jazz Orchester ass hie wäithi bekannt an appreciéiert.

Fir säin exemplaresche Parcours a säi kulturellt Engagement kritt hien elo vum Grand-Duc de Commandeur an der Couronne de Chêne iwwerreecht.

Applaudissons tous Madame Kidjo et Monsieur Waltzing au moment où le Grand-Duc leur remet les décorations respectives."

Dernière mise à jour