Allocution de Madame la Ministre Lydia Mutsch - Présentation annuelle des travaux du Plan National Cancer "Hei zu Lëtzebuerg ass de Kriibs bei de Männer déi éischt, a bei de Fraen déi zweet Doudesursaach."

© MSAN

(Seul le discours prononcé fait foi)

 Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass mir eng grouss Freed iech och dëst Joer fir d’ Presentatioun vun den Aarbechten am Kader vum Kriibs-Plang wëllkomm ze heeschen. 

Hei zu Lëtzebuerg ass de Kriibs bei de Männer déi éischt, a bei de Fraen déi zweet Doudesursaach. All Joer kommen ronn 3.000 nei Fäll dobäi! Kriibs ass a bleift deemno en reell Erausfuerderung fir d’ Santé publique där mir eis musse stellen.

Zënter e bësse méi wéi 3 Joer ass den nationale Kriibs-Plang elo hei am Land en Place, an d’ Zuel vun de Projeten an Aktiounen déi an dësem Kontext realiséiert goufen ass einfach impressionant!

De Kriibs-Plang war vun Ufank un ganz ambitiéis, an et weist sech dass dës Ambitioun eng sëllechen Mataarbechter an extern Partner konnt motivéieren a matrappen, wat zu dëse remarquabelen Resultater gefouert huet.

Esou ass et mer onméiglech alleguerten d’ Aktivitéiten déi am leschte Joer duerchgefouert goufen hei opzezielen. Ech limitéiere mech duerfir op déi, déi mech ganz besonnesch markéiert hunn.

 

  • Hei denken ech virop un de Programm de Dépistage vum Cancer colorectal, dee mir zesumme mat der Sécurité sociale an der Gesondheetskees, den September 2016 gestart hunn.

Zënter dem Lancement, goufen iwwer 90.000 Persounen kontaktéiert, an iwwer 20.000 Leit hu beim Dépistage matgemaach! Op dës Manéier konnten 45 Fäll vun Daarmkriibs detektéiert ginn, a fréizäiteg mat enger Therapie ugefaange ginn, wouduerch d’ Chancen fir geheelt ze ginn sech däitlech verbesseren.

Dës Resultater no eppes méi wéi engem Joer Fonctionnement vum Programm sinn natierlech fir eis ganz encourageant!

 

  • En anere wichtege Projet ass d’ Ausschaffen vun den nationalen Direktiven fir den Dépistage vum Gebärmutterhals-Kriibs, grad wéi vun den Prozeduren fir de Suivi wann Anomalien detektéiert ginn.

 D’ Direktiven déi fir den Dépistage proposéiert ginn, dee sougenannten “co-testing”, kënnen duerchaus als innovativ Approche par rapport zu anere Länner considéréiert ginn. Si droen anengems awer och den europäeschen Standarden grad wéi der klinescher Praxis hei am Land Rechnung. 2018 lancéiere mer dann och Sensibiliséierungs-Campagnen fir dësen Dépistage.

  • Ech wëll hei och meng grouss Zefriddenheet um Niveau vun den Aktivitéiten an der Oncopédiatrie, déi am CHL statt fënnt, ausdrécken, an déi ma Laf vun dësem Joer och vun der CNS finanzéiert goufen.

Dës Finanzementer hunn eis et erlaabt fir di aktuell Équipe opzestocken, an en Case Manager z’ engagéieren, an och fir mam Rekrutement vun engem Onco-Pédiater an engem Onco-Psychologue unzefänken.

20 nei Diagnosen goufen dëst Joer gestallt, an 10 Kanner konnten hei zu Lëtzebuerg an der Kannerklinik eng Chemotherapie maachen, an der file active vun 36 Kanner.

Fir di nächst Joren erwaarde mer eis eng Augmentatioun vun der Proportioun an vun der Zuel vun Chemotherapien hei am Land, wat de Famillen vun de betraffene kriibskranke Kanner et erlaabt, eng Struktur ze fannen, déi besser hire Besoinen ugepasst ass, ouni dass sie mussen an d’ Ausland.

 

  • Am Kader vun der Rehabilitatioun no engem Kriibs-Traitement, hu mer 2016 e Konzept vun der Rehabilitation post-oncologique

Haut si mer houfreg fir kennen z’ annoncéieren, dass d’ Objektiver déi an dësem Axe virgesi waren, konnten complétéiert ginn, an zwar un Hand vun der Realisatioun vum plan de réinsertion professionnelle et des mesures de maintien à l’emploi.

Mir wëssen all, dass de Kriibs an seng Behandelungen dacks eng bedeitend Asthénie (Kraaftlosegkeet) mat sech bréngt, déi et engem schwéier mécht di normal Aarbechtsstonnen ze prestéieren. Mat dësem Plang ass eng Adaptatioun méiglech fir esou kennen di betraffe Menschen esou gutt wéi méiglech op hirer Aarbecht ze halen, an d’ Risiken vun enger sozialer Dégradatioun ze minimiséieren.

 

All dës Resultater, an eng sëlleche méi, wieren net méiglech gewiescht ouni di gutt an aktiv Zesummenaarbecht vun iwwert engen honnert externe Partner, déi un der Élaboratioun an der Implementatioun vun de Grondiddien vum nationale Kriibs-Plang matgeschafft hunn. Hinnen all wëll ech häerzlech Merci soen fir hiren Engagement, an hoffen dass si eis och weiderhin wäerten zur Säit stoen.

Ech wëll heimat awer och explizit engem vun eise wichtegste Partner Merci soen, an zwar der CNS, där hir finanziell Contributioun wesentlech ass, fir d’ Realisatioun vun enger ganzer Partie vun Moosnamen déi am Kriibs-Plang virgesi sinn.

Da wëll ech awer och meng intern Mataarbechter erwänen, notamment déi vun der Direktioun vun der santé, well ech weess, wéivill zousätzlech Aarbecht d’ Preparatioun an d’ Ausféierung vun engem Nationale Plang och ëmmer a regelméisseg nieft dem “daily business” verlaangt.

Ma dee beschten Plang wier net efficace ouni eng “Lokomotiv” déi di aner Mataarbechter mat zitt. Am Fall vum Kriibs-Plang huet d’ Aarbecht vun der Dr Danielle Hansen an der Madame Marie-Lise Lair et erméiglecht d’ Weichen fir de Kriibs-Plang ze stellen an dësen Zuch op d’ Schinnen ze bréngen; duerch hir Energie an hiren exemplareschen perséinlechen Engagement konnt dësen direkt mat voller Vitesse duerchstarten.

Dëst Joer, huet eise Santés-Direkter, den Dr Jean-Claude Schmit, deen d’ déi National Kriibs-Plattform presidéiert, dës Lokomotiv, iwwerholl, zesumme mat der Madame Francesca Poloni, déi d’ Coordinatioun assuréiert. Dës nei Équipe féiert domat di aussergewéinlech Aarbecht déi an den éischten zwee Joer geleescht gouf, mat géing ech soen grad esouvill Enthousiasmus an Engagement, weider.

Fir dëst läscht Joer vum Kriibs-Plang dat elo kënnt, sinn eng ganz Rei Aktiounen schonn ugelaf oder geplangt. Esou wäerte mer eis och op d’ Schluss-Evaluatioun vum Plang preparéieren, déi eis erlabe wäerte Bilan ze zéien an och eng Analyse ze maachen vun deem wat hei am Land nach um Niveau vun der Lutte géint de Kriibs ze maache bleift. Op Grond dovun dierft och den zweeten nationale Kriibs-Plang opgestallt ginn.

Et encouragéiert mech och festzestellen, dass ganz vill Aktivitéiten vum Plan cancer och Synergien hunn mat bestehenden oder neien Elementer vun der Präventioun aus anere Programmer vum Ministère a vun der Direktioun vun der Santé am Beräich vun de chronesche Krankheeten.

Dës erméiglecht eis fir d’ Ressourcen déi mer hunn fir dës Programmer z ‘entwéckelen nach z’ optimiséieren. Ech denken hei zum Beispill vun de Programm GIMB, deen Aktiounen vum Niveau vun der gesonder Ernierung an der Beweegung virgesäit, ganz am Sënn vun enger präventiver Approche fir net-iwwerdrobar Krankheeten wéi Kriibs ze verhënneren.

Oder och nach un den nationale Plang vun den rare Krankheeten, deen amgaang ass ausgeschafft ze ginn, an deen eng enk Zesummenaarbecht bei der Organisatioun vun de Behandlungs-Filièren fir rare Kriibs-Zorten erméigleche wäert. Lëtzebuerg huet sech hei staark engagéiert fir sech géint dës Krankheeten anzesetzen.

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech wëll hei nach emol mäin perséinlechen Engagement, an deen vun mengen Équipen, am Kampf géint de Kriibs bekräftegen. Et ass wichteg dass mir an eisen Beméiungen weiderfueren, sief et an der Präventioun oder fir deenen Betraffenen nach besser kënnen ze hëllefen.

Ech wënschen iech nach en instruktiven Nomëtten, an iech all schéi Feierdeeg an eng gutt Gesondheet.

 

 

Membre du gouvernement

MUTSCH Lydia

Organisation

Ministère de la Santé