Jean-Claude Juncker au sujet de sa rencontre avec Romano Prodi à Strasbourg

RTL: Jean-Claude Juncker, gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

RTL: Europäesch Aktualitéit féiert Iech op Strosbuerg bei de Romano Prodi, wat as elo doran ze verstoen, stenken d'Lompen?

Jean-Claude Juncker: Neen, ech hun mam Prësident vun der Kommissioun op säi Wonsch hin e Gespréich gefouert fir eng Rei vu lëtzebuergesch Iwerleeungen vierzedroen zur Regierungs-Konferenz an zu de Propositiounen déi d'Commissioun an deem Zesummenhank gemach hat fir iwert allgemeng Problemer vun der Kommissioun a vun den Institutiounen ze schwetzen an och nach eng Kéier fir no dem informelle Conseil vun de Finanzministeren de leschte Weekend zu Lissabon eis Attitude a Sachen Steierharmonisatioun duerzeleen.

RTL: Fänke mer villäicht mat deem leschte Punkt un, et as e sensibele Punkt, wat hut der an deem Kontext mam Romano Prodi discutéiert?

Jean-Claude Juncker: Ech hun dem Romano Prodi erklärt dass mer eis1995 am Conseil op dee sougenannte Coexistenz-Modell geenegt haten, déi eng Länner machen Informatiouns-Austausch an déi aner Länner machen eng Steier. Dat sin déi Länner wou ët e Bankgeheimnis gët. Datt mer 2 Joer laang an déi Richtung geschaft hun. Dass d'Englänner elo der Meenung sin, ët däerft nëmmen Echange d'Information gemach gin an d'Bankgeheimnisser missten ofgeschaft gin. Ech hun erklärt datt domat d'Geschäftsgrondlag giff geännert gin an zerstéiert gin, an dass mer esou ewéi elo geplangt an vun eis verlangt nët kënnten matgoen. Et as bei deem Gespréich däitlech gin, wat ech jo schon wosst, dass entgéint deem wat d'englesch Regierung mat vill Systematik an der europäescher Press street, Lëtzebuerg natiirlech nët isoléiert as op deem Punkt, wann och aner Länner déi Bedenken deelen déi mer hun an jo souwisou alleguer derbäi waren wéi mer déi Decisioun den 1. Dezember 97 geholl hun.

RTL: Dat heescht, ët as esou wéi den franséischen Europa-Minister Pierre Moscovici gëschter Owend am Interview gesot huet, datt Lëtzebuerg proper do steet an der Saach?

Jean-Claude Juncker: Den Här Moscovici hätt dat wat richtegerweis hätt missten ausgedreckt gin nët méi kloer kënne soen.

RTL: As ët dann nach méiglech wéi viergesin an Juni dëst Joer en Accord ze fannen ?

Jean-Claude Juncker: Also, wann ët an déi Richtung soll virun goen, dass à terme d'Bankgeheimnisser sollen ofgeschaft gin da wärft dat esou vill Froen och vun interner Gesetzgebung an alle Länner vun der Europäescher Unioun op, dass ët nët méiglech as op där Basis do, wéi dat elo vun den Englänner gewënscht gët , bis an de Juni ofzeschléissen. Ech sin ëmmer nach der Meenung dass ët am Interesse vun eisem Land as wann mer eng gutt negociéiert Léisung kréien déi finanzplatz-schounend as an eis Interessen zu engem ganz groussen Deel u Bord hëllt an datt ët och gutt wier, wann mer dat esou séier wéi méiglech giff machen. Mee dat geet awer natiirlech nët wann een nët korrekt sech Lëtzebuerg géint iwer behëllt. Dat machen d'Englänner den Ament nët.

RTL: Dat heescht ët as awer nët ewéi den Luc Frieden ët gesot huet datt duerch den Informellen Ecofin leschte Weekend den Dossier vun der Europäescher Steierharmoniséierung 2 Joer hannendran gehäit gouf?

Jean-Claude Juncker: Jo, wann eenzel Delegatiounen haptsächlech d'Englänner aus hiere Grënn virun déi Decisioun wëllen zerëck kommen, déi mer den 1. Dezember 97 geholl hun, nämlech d'Co-Existenz Decisioun, dann huet de Luc Frieden recht, da si mer jo virum Joer 97 dann as ët 2 Joer zereckgefall. Mir hale fest um Modell vun de Co-Existenz wou mer selwer an d'Welt gesat hun, deen as um Europäesche Conseil zu Köln, um Europäesche Conseil zu Helsinki reconfirméiert gin. Ech hun zu Helsinki 3 x gefort op elo kloer verstanen wier datt domat de Co-Existenz Modell am Gespréich giff bleiwen. Dorop as ëmme "jo" geäntwert gin. Wann elo Eenzelner "neen" soen aus as hieren innepolitesche Grënn dann as dat nët mäin Problem.

RTL: En aner Punkt haut de Moien am Gespréich mam Romano Prodi war d'Regierungskonfrenz, do huet och d'Parlament haut seng Propositiounen gemach. Em wat as ët an deem Gespréichs-Punkt gaangen?

Jean-Claude Juncker: Do as ët am wesentlechen drëm gaangen d'Zuel vun de Commissäiren, wou och nach eng Kéier duergestalt hun dass ech der meenung sin, dass all Land e Commissäir muss hun. Ët as em de Wiessel vun der Unanimitéit an de Beräich vun der qualifizéierter Majoritéit bei der Ofstëmmung gaang, notamment am Beräich vun der Fiscalitéit, sou ech gesot hun, datt mer mat deene Propositiounen, déi d'Kommissioun gemach hätt nët aferstanen wieren, dass mer do um Prinzip vun der Unanimitéit giffe wëlle festhalen, dat ëmsou méi wéi mer elo am gaang sin ze gesin, datt wa mer elo schon d'Majorité qualifiaire hätten, dass Lëtzebuerg dann mat 2, 3 aneren einfach giff iwerstëmmt gin, sief och nëmmen well zum Schluss vun der Debatt eenzel Länner, wéi ech dat sot, d'Geschäftsgrondlag änneren. Wann een eis op dem Punkt, zesumme mat aneren néit esou behandelt, wéi mer mengen datt mer missten behandelt gin däerf een sech nët wonneren dass mer "neen" soen zu all Ausdehung vun qualifizéierter Majoritéit am Steierberäich. An anere Beräicher as d'lëtzebuergesch Regierung perfekt dermat aferstan dass mer am Prinzip sollten a Majoritéit ofstëmmen a mir sin bereet a konstruktivem Geescht eis d'Lëscht vun deene Vertragsartikelen unzekucken, wou een dat ka machen. An der Fiskalitéit ët "neen" a bleift ët "neen".

RTL: Eng Saach as d'Zuel vu Commissäiren, eng aner déi vun den Europa-Deputéierten déi soll bei maximal 700 leien, egal wéivill bäikommen. Op mannst 4 soll all Land der hun. Heescht dat datt Lëtzebuerg an Zukunft nët méi mat 6 Deputéierten am Parlament vertrueden as?

Jean-Claude Juncker: Mir hun schon am Vertrag vun Amsterdam festgeluegt, dass déi iewescht Zuel vun Deputéieten 700 wie. Mir wëllen och dorunner festhalen, déi 15 länner. An dann muss een natiirlech zu engem proporzionellen erofschrauwen vun der indiwidueller Sëtzzuel pro Member-Staat kommen. D'Parlament schléit elo e Minimum vun 4 fier, dann hätte mir nach ëmmer een Deputéiert fir vill manner Leit wéi dat an irgend engem anere Land de Fall wier. Mir leen eis nët op déi Zuel vun 4 fest, mir hun haut 6 Deputéierten , mir sin daccord datt d'Zuel limitéiert gët, da musse mer kucken op watfir enge Axe dass mir eis do bewegem. Ech wëll do keng öffentlech festleen, dat machen ech léiwer an der Regierungs-Konferenz. Ech sinawer emol schon frou datt d'Parlament d'Iddie akzeptéiert huet di mir ëmmer presentéiert hun, dass ët awer e Minimum vun Deputéierten muss gin, onofhängeg vun der Gréisst vum Land.

RTL: As eigentlech mam Romano Prodi gutt Kiischten iessen, leit der do op enger Linn?

Jean-Claude Juncker: Ech iessen mam Romano Prodi keng Kiischten mee am Regelfall setzt hie mer italienesch Spezialitéite fier, déi ech ganz gär hun. Ech sin mam Romano Prodi zënter laange Joeren schon befrënd well mir waren jo och zesumme Premier Minister an eise Länner. Ech hun de Conseil presidéiert an engem Ament wou Italien an enger schwiereger Situatioun war wat den Anzug an d'Währungs-Unioun ubelangt heut. Et gët tëscht den Här Prodi a mir entgéint deem wat d'international Press heiansdo schreift keng Schwieregkeet.

RTL: Dir huet bestëmmt déi nächst Fro hei schon gelies. Et heescht déi Frëndscht?

Jean-Claude Juncker: Ech hun är Fro nët gelies, mee ech kennen iech.

RTL: Déi hänkt nët domat zesummen dat ët wéi de "Spiegel" geschriwen huet datt der am klenge Kreesserot gesot hun de Jacques Santer wier de gréisseren Commissiouns-President gewiescht. Also vun der Kierpergréisst bestëmmt.

Jean-Claude Juncker: Also den Här Prodi versteet ganz gutt, datt wann de lëtzebuerger Premier gefort gët op de Jacques Santer eng anstänneg Aarbecht an der Kommissioun gemach huet dass d'Antwert nëmmen ka "jo" sin. Mir as iwregens kee bekannt dee giff soen de Jacques Santer seng Kommissioun déi jo d'Währungs-Unioun vierbereet huet a vill aner Sachen op de Wee bruet huet, hätt eng schlecht Aarbecht gemat. Ech halen näischt dovun fir déi 2 dauerend mateneen ze vergläichen, se sin ganz ënnerschitlech.

RTL: Haut as Besuchsdag zu Strosbuerg, och den éisträichesche Prësident Thomas Klestil as hei am Parlament, begéint der iech?

Jean-Claude Juncker: Nee

Dernière mise à jour