Interview de fin d´année avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker

Tom Graas: Här Staatsminister, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Tom Graas: Wann der an der Privatwirtschaft aktiv wärd, dann hätt Der elo deser Deeg är gëllen Auer kritt fir 20 Joer tréi Dëngster. Wéi fillt Dir Iech, nach emmer voll motivéiert, oder dach awer eng gëwessen Amtsmiddheet?

Jean-Claude Juncker: An deem Handwierk, daat ech maachen, do kritt een keng gëllen Auer, mee ech hun daat déi 20 Joer laang gär gemaach, ech haat och gehofft et géif keen et mierken, well wann elo dauernd gesot get, deen ass 20 Joer an der Regierung, da kommen der jo vill op d’Idée elo géif et jo duergoen, dofir wier ech frou fir déi nächst Fro, mee ech sinn awer nach ganz motivéiert.

Caroline Mart: Déi nächst Fro huet awer nach domatt ze dinn, Dir hutt d’Aufgab vum Premier definéiert als eng Pflichterfëllung, déi naischt mat Freed oder Leed ze dinn huet. D’läscht Joer hudd der vum Enn vun der Spaassgesellschaft geschwaat, kann een deen Job dann maachen, ouni och wierklech Spaass drun ze hun? Hudd Dir nach Spaass drun?

Jean-Claude Juncker: Ah dach, et muss een Spaass drun hun, ech soen just datt et nët dauernd Spaass mecht. Et huet een eng Arbecht ze maachen, an ech mengen, d’Léit sinn nët staark drun interesséiert waat d’Gemittszoustänn an d’Séileliewen vum Staatsminister ausmachen; déi hätte gären dass do een setzt, leeft a jauft, deen seng Arbecht mecht. Ech emfannen daat als eng Arbecht, eng interessant, eng spannend, eng déi heinsto verdrësslech mecht, mee wien huet eng Arbecht, déi nët heinsto verdrësslech mecht.

Caroline Mart: Et ass awer eng Arbecht déi méi Drock bedeit wéi eng aner, et steet een permanent an der Öffentlëchkeet, et ass och eng Arbecht wou een manner Recht, et huet een quasi kee Recht op Fehler. Wéi hällt een deen Drock aus? Waat hudd Dir als Ausglaich fir Iech, reng menschlech?

Jean-Claude Juncker: Bon, ech maache jo Fehler, d’Léit mierken se méi dachs wéi ech selwer, an dorop muss een sech eng Philosophie maachen: wichteg ass, mengen ech, dass wann een e Fehler gemaach huet, daat kennt jo bei all Aktivitéit déi een huet fir, dann muss een sech se mierken, et muss een gudd Frënn hunn déi engem se soen, an da muss een se och vun Zait zu Zait agesinn an agestoen. Ech mengen nët dass daat engem eppes eweghëllt vun der Glaubwürdegkeet, villaicht am Géigendeel, et därf een natiirlech nët dauernd Fehler maachen a soen: entschëlligt lo hun ech mech schon erem eng Kéier geiirt.

Mee den Ausglaich fënnt een an sech selwer, an mat deene Léi mat denen een frou ass, an an der Beschäftegung mat anere Leit hiere Problemer. Kuckt emol, am allgemengen geht et eis gudd, an wann een sech all Daag drop konzentréiert daat geht vum selwen, wann een d’Norichte kuckt oder wann een d’Zeitung liest, wéivill Leit et eigentlech an der Welt méi schlecht geht wéi eis oder wéi engem selwer, dann fënnt een vill Ursaach fir nët onzefridden ze sinn.

Tom Graas: 2002 war e Joer wou Lëtzebuerg am iwwerdroenen Sënn op alle Fall seng Onschold verluer hued, och bei eis kann een Fliiger eroffaalen, och bei eis kann e Satellit nët op seng Emlafbunn eropkommen, oder d’Konjunktur abriechen, ier mer méi am Détail op déi doten Punkter aginn, mee trotzdem mol d’Fro: Wéi bleiwwt et Iech als Erënnerung, daat Joer 2002, e gudd Joer? E schlecht Joer? Oder esouguer villaischt e katastrophalt Joer?

Jean-Claude Juncker: Et war en duerchwuessend Joer, wéi esou vill Joeren virdrun schon, an wéi esouvill Joeren déi nach komme wärten, waat mech am meeschten kritt huet dest Joer, daat war effektiv deen Accident vun deem Luxairfliiger. Et wosst een jo emmer datt e Fliiger kann eroffaalen, et gesait een et dauernd, mee wann dann eppes doheem geschidd, wann een färd et wären Leit derbai déi een kannt hued, wann Lëtzebuerger emkommen, wann daat e Fliiger ass vun der nationaler Fluggesellschaft mat der mer alleguer op eng gelungen Art a Weis jo iergendwou eppes ze dinn huet, dann ass daat anescht, an deen Daag geht engem villes duerch de Kapp, waat engem soss, wann ee Fliiger eroffällt eigentlech nët duerch de Kapp geht. Et ass een lo ongerecht mam Liewen eigentlech, wann een et kuckt esou laang wéi et anerer betrëfft an nët eis selwer, an ech war ganz beandrockt enner anerem duerch daat Onwahrscheinlecht Können, daat Improvisatiounstalent, duerch daat gudd mateneen vun all deenen déi op esou villen Plaatzen gehollef hun, esou Joer awer eent bleiwt waat vill mat deem Luxairsaccident ze dinn huet, och am Nowierken wann een et nach eng Kéier kuckt, an ausserhalb vun de Landesgrenzen – mee daat ass nët richteg ausserhalb vun de Landesgrenzen – ass et schon déi duebel Erweiterung gewierscht, déi vun der NATO an déi vun der Europäescher Unioun, dobai ze sinn stëckweis daat och – besonneg waat d’ Europäesch Unioun an hier Erweiterung ubelaangt – mat viirbereedt ze hun, daat ass eppes, well duerch daat duebelt Evenement den 2. Weltkrich richteg op een Enn komm ass, well hei europäesch Geschicht an europäesch Geographie sech erem mateneen verdroen, an dann kuerz virdrun, den 1. Januar vum Joer 2002 d’Afféierung vum Euro, hun mer schon baal vergiess, esou selbstverständlëch ass en …

Caroline Mart: Mir kommen nach op den Euro an Europa ze schwätzen, ech wollt nach eng Kéier zerëckkommen op déi Katastrophen, déi opeemol schlecht Zuelen; esou daat Gefill, datt et och hei opeemol esou geht wie enzwousch anescht, trëfft daat d’Lëtzebuerger mei haart, wann mer irgend enzwouscht awer d’Gefill haaten de Blëtz schéit nemmen zwousch anescht an – Fliigersaccidenter gouf et iwwerall soss enzwousch virdrun…

Jean-Claude Juncker: Jo ech maachen en Ennerscheedt tëscht dem Luxairsaccident an deene wirtschaftlesche Virgäng déi eis …

Caroline Mart: … ech mengen reng vun der Psychologie, dass een d’Gefill huet mier bleiwen awer verschount …

Jean-Claude Juncker: … jo, als een deen esou dachs gesot huet, Lëtzebuerg wär keng Insel, an domatt eigentlech nët natiirlech-, oder Verkéierskatastrophen, gemengt huet, mee wirtschaftlëch an ähnlech gelagert Firgäng, ass meng Iwwerraschung villaischt nët esou grouss wie déi aneren hier, an et ass een eigentlech e beschen ausgelaacht gin, wann een gesot huet nach an deene läschte Méint: Daat geht nët emmer esou virun, passt op, mier kënnen eis nët egal waat erlaaben.

Tom Graas: Wann mer an deem Kontext bleiwen, Här Staatsminister, kee Grond zur Panik war am Fong geholl esou déi eischt Réaktioun, wéi die Konjunkturchifferen koumen, ass daat en typesch Lëtzebuerger Saatz, a bis wouhinner kann e gëllen?

Jean-Claude Juncker: Bon, ech wees nët op daat en typesch Lëtzebuerger Saatz ass, et ass e Saatz aus der Mëtt vum Liewen gegraff, well all Kéier wann eppes geschitt woumadd een am deem Emfang, an deem Moment nët konnt rechnen, ass deen eischten Reflex deen datt een de Kapp verléiert, an dass een e bëschen em sech schléit, an daat därf een, wann een an der Regierung ass, oder soss éierens am Land Verantwortung dréit, nët machen, da muss een rouheg bleiwen, sech alles daat ukucken, d’Erklärungen probéieren ze verstoen, d’Erweiterungen, d’Konsequenzen ze gesinn, an dann nët iwwerréagéieren well doduerch kann een daat Konjunkturlach an deem mier sinn nach staark vergréisseren. Wa mer d’Investitiounen staark erofgesaat hätten fir Suen ze spueren, wann mer direkt an d’sozilat Leeschtungsnetz schneide gaang wären, wéi daat op esouvillen aneren Plaatzen geschitt, an domatt d’Vertrauen zerstéiert hätten, d’Konsumdisponibilitéiten vun de Léit geschwächt hätten, dann giffe mer de Problem eigentlech nach vergréisseren, wann mer gesot hun, keng Panik, wollte mer domatt eigentlech soen, datt mer op eng roueg mee bestëmmten lëtzebuergesch Art a Weis dorop solle réagéieren.

Caroline Mart: A wéini geht et dann nees de Biirg op?

Jean-Claude Juncker: Tjo, ech kann daat nët soen. Et gët eng Konsensprognose, an déi Konsensprognose déi wëllt dass et an der 2. Halschent vum Joer 2003 erëm biirgop geht, mee esou Konsensprognosen haate mer och schon an deem Joer waat elo op een Enn geht, well fir dëst Joer 2002 waren se och virausgesot gin, an der 2. Halschent vum Joer da giff et nees biirgop goen, et ass awer nët biirgop gangen. Nie hun sech Wirtschaftsinstituter, international Organisatiounen, Economisten, Denker vun den Zesummenhäng esou geirrt wéi fir d’Joer 2002. Nun hoffen ech, zesummen mat allen aneren, dass se sech fir d’Joer 2003 nët irren, et gët och gudd Unzeechen dofir, dass se sech nët irren, well, déi läscht Zuelen aus Amerika weisen awer een héicht Wuesstum am läschte Quartal, esou wann een daat op d’ganzt Joer déif emléen, daat e Wuesstum vun 4% wär. An déi englesch Economie, déi geht och daitlech besser, et get vill Zeechen vun Erhuellung, an trotzdeem géif ech mech nët endgülteg an esou eng Prognose wëllen festleen, et muss een all Daag am Aan behaalen vun deem Joer daat kënnt.

Tom Graas: Wiere mer dann kapabel fir ganz kuerzfristeg eng Nichepolitik aus dem Hut ze zauberen, esou wéi mer et deemols gemaach hun mat der Bankeplaatz, fir iwwert d’Stohlkrise ewegzekommen?

Jean-Claude Juncker: Also déi Niche vun der Bankeplaatz, waat keng richteg Niche méi ass, déi ass nët einfach esou erbaigezaubert gin, déi Politik fir a Richtung Finanzplaatz lues a lues, a Schrëtt fir Schrëtt, Opbauelementer openeen an nierwteneen ze leen, daat ass jo e Prozess deen sech iwwer 10, 15 Joer gestreckt huet. Den Staatsminister Werner huet mat där Politik an der Mëtt vun de 60er Joeren ugefangen, enner heftegem Protest, Gegröhl bal, vun deenen déi der Meenung waren, daat wär eng falsch Politik. Ech mengen nët dass esou een iwwerinteresséiert Sichen no Nichen wou soss keen drun geduercht huet et kann sinn waat mer lo brauchen …

Caroline Mart: … mee ass e Phenomen an deem Aussmoos nach eng Keier meiglech, kritt een déi Chance awer eng zweete Kéier gebueden …

Jean-Claude Juncker: Daat war keng Chance, daat war eng bewosst erbaigefouert Politik, Nichen faalen engem nët, wann et nët der degouttanter Nichen sin, ech mengen mier sinn eis jo eens wann mer vun Nichen schwätzen, da schwätze mer – wéi soll ech daat soen – vun nobelen Nichen, nët vun Negertricken déi een iergendwou an engem Eck mecht. An der nobler Nichen kritt een well een richteg Pisten ugeluecht huet, déi nët noutwënnegerweis direkt Ziel fir ons sin, mee op eemol endsteht an der internationaler Steierlandschaft, internationaler Politik, eng Opportunitéit, déi een dann muss huelen, well d’Basiskonditioun déi een gestëmmt huet klappen, där Saachen sin dran am Joer 2003.

Tom Graas: Et ass jo lo erem gesot gin wéi zu Zaiten vun der Stohlkrise, mier hun e gewësse Monolythismus well mer zevill staark vun deem Finanzsecteur oofhänken, mier mussen diversifizéieren. An wéi eng Richtung solle mer dann diversifizéieren?

Jean-Claude Juncker: « Et ass awer e relativ normale Phenomen, an enger klenger Economie - mat wéineg Leit bedriwwen - dass wann een an engem Secteur op eemol eng aussergewéinlech Stärkt endweckelt, fréier an der Stohlindustrie, an deene läschte 15, 20 Joer op der Finanzplaatz, dass een dann eng baal monolythesch Struktur kritt. Mier kennen nët 4, 5 ekonomesch Succèen parallel esou féieren wéi deen ronderem d’Finanzplaatz, mier hun nët méi Menschen fir daat ze machen, mier hun nët méi Plaatz fir daat ze maachen, an dofir därf een sech doriwwer eigendlech – bei aller Geféierlechkeet déi daat a sech dréit – nët iwwerrascht weisen, dass esou e staarkt Gewiicht vun engem Secteur ausgeübt get, wéi fréier vum Stohl, an haut eigentlech vun de Banken. Mee donierwent, an drenner an driwwer muss een emmer vill kléng Wéer uléen, déi alleguer an der Mëtt vun der Ekonomie zesummelaafen, an dofir muss een probéieren seng Steierlandschaft, waat Betriebsbesteierung ubelaangt, kompetitiv ze halen, et muss een probéieren seng indirekt Bestéierung, d’TVA, convenabel nidereg ze halen, um nidderegsten Punkt an Europa, well et kommen Opportunitéiten, et sinn der ennerwee, an et kommen der, déi brauchen eng niddereg TVA zu Lëtzebuerg, an do gët et Aktivitéiten, déi sichen sech déi Platzen raus. Dofir muss een eppes maachen, dofir muss een reesen, dofir muss een mat ville Leit schwätzen, mee dann geht daat op eemol op.�?

Caroline Mart: D’läscht Joer ass op deser Platz ganz ganz vill Rieds gangen iwwert den 700.000 Awunnerstaat, eng Entwecklung, déi quasi onemgänglech wär, fir déi 4% Wirtschaftswuestum all Joer ze hun, déi mer brauchen fir d’Finanzéierung vun eise Renten. Ass deen Thema lo definitiv vum Dësch, déi 700.000?

Jean-Claude Juncker: Ma mier waren nach nie esou am Thema dran, wéi an dese Wochen, just schwätzt keen vum Thema an deem mer sin. 700.000 Awunnerstaat, waat jo e Begrëff ass fir eng Wiirklechkeet ze weisen -t’ass jo keng Erfindung vun deem deen hei schwätzt - daat sin Zuelen op déi sech baséiert gin ass wéi d’Dezisioun um Rentendësch an am Parlament geholl gi sinn. Mier brauchen, daat seet jidfereen, kee seet de Géigendeel, 4% Wirtschaftswuesstum fir op d’Dauer d’Renten, ech setzen dobai d’Pensiounen, well wann eng Kéier mussen Korrekturen gemaach gin, geht et nët nëmmen em d’Renten am Privatsecteur, mee och em d’Pensiounen am öffentleche Secteur, fir déi kënnen ze finanzéieren. Lo hu mer e Wirtschaftswuesstum waat onendlech méi niddereg ass wéi déi 4%. Déi Arbechtsmaart-expansioun déi mer brauchen fir eis Renten a Pensiounen ze finanzéieren, Arbechtsplatzen déi musse baikommen fir d’Beitragszueler baikommen, déi kréie mer nët an deem Moos dës Joeren, wéi mer se eigentlech am Schrëtt braichten fir roueg kennen der Finanzéierungproblematik vun de Renten a Pensiounen an d’Aan ze kucken. De Wirtschaftswuesstum kréie mer och nët, wann den Arbechtsmaart nët wiist, wiist och d’Bevölkerung nët; wann den Arbechtsmaart nët wiist, da kréie mer nët genuch Beitraagszueler, wann mer nët Beitraagszueler genuch hun, an Beschäftegter genuch, wiisst natiirlech och eis demographesch Réalitéit nët, an wann alles daat nët geschitt, dann hun mer e Problem an de Renten an an de Pensioune, dobai geht et nët drëm fir bei deene klenge Renten iergendwann Korrekturmechanismen anzeleeden, mee an anere Beraicher muss een natiirlech d’Situatioun an Aan behaalen. Wéi ech virun 4 Méint – daat war nët ganz clever waat ech deemols gemaach hat – mech do opgereegt hun dass bei der Gesetzgebung iwwert d’Rentenverbesserung nët drun geduecht gin ass e System anzebauen, wou eenzel vun den neie Regelungen kéinten réckgängeg gemaach gin wann d’wirtschaftlech Situatioun nët esou ass, do sin der relativ vill, wann ech mech kann richteg erënneren gesinn ech keen deen eigentlech nët iwwert mech hiergefall ass. T’ass alles méi roueg gin ronderem daat.

Tom Graas: Eben just well et méi roueg gin ass, déi Instrumenter, get dann elo iwwert déi nogeduercht? Déi Zousatzinstrumenter fir d’Resulat vum Rentendësch dann ze komplétéieren?

Jean-Claude Juncker: Also ech haat mer fest firgeholl, fir iwwerhapt nët méi iwwert d’Renten an iwwer d’Pensiounen ze schwätzen, well ech hu jo gesot: Passt op, kee wees op daat doten d’Stroos hällt, a mier därfen nët op d’Käschten vun denen nächsten Generatiounen eis haut eigentlech an där Bezéiung goen loossen, an déi Mechanismen sinn jo och nët agebaut gin. Et ass mai Fehler iwwrigens nët richteg zolitt dofir gesuergt ze hun dass daat giff gemaach gin, et hätt een awwer nët duerchgesaat kritt. Vill vun denen déi um Rentendësch setzen, an am Parlament gestëmmt hunn sinn och eens gewierscht fir ze soen wann eng Situatioun géif antrieden, déi laang géif unhaalen, an negativ wirtschaftlech Konsequenzen géif produzéieren, da misst een Schlussfolgerungen zéien. Ech gin dovunn aus, dass sech dorunner erënnert gët, a wann een 2006 spéitsdens den Iwwerschlaag mecht fir ze kucken, wou sin mer dann elo drun mat eisen Regimer, dann muss een natiirlech – géif d’Situatioun sech nët besseren – handelen.

Tom Graas: Wou wier dann d’Platz fir daat ze maachen? Fir déi doten Diskussioun ze féieren? Wier daat d’Tripartite, déi jo och en Instrument ass waat dest Joer 25 Joer huet…

Jean-Claude Juncker: … mier hun d’Tripartite aberuff gehaat, nodeem déi wirtschaftlech Eintrübung sech a vollem Ausmoos gewissen huet, an mier hun och iwwert d’Problematik vun Renten an vun Pensiounen geschwaat, iwwert Mindestloun, iwwert den Index, all déi Punkten sinn jo ugesprach gin. Et ass nët esou wéi an der Chamber eenzelner gemengt hun, datt de Staatsminister sech nët soll an d’Broscht geheien bei der Présentatioun vum Budget, wann e seet, et bleiwwt beim Ajustement, et bleiwwt bei der Minsdestlounerhéigung, et bleiwwt bei der Indexioun vun de Léin a Gehälter. Well ass gesot gin an der Chamber, et hätt jo keen verlangt fir daat ofzeschaafen, mitnichten ass daat nët verlangt gin, daat gehéiert awer zu enger nët-panikarteger Réactioun, et ass jo nët denkbar, wann mer grossomodo alles haalen wéi mer et hun, quitt dass mer Ajustementer am Budget gemaach hun, an der endgülteger Versioun vum Budget. Da geht et jo nët dass een dann grad déi déi am mannsten verdingen, d’Mindestlounbezéier, dass een déi dann mol aussperrt vun der normaler Lounentwécklung, an dofir gehéiert daat mat an déi nët-panikarteg Réactioun, mee wann mer zu den Iwwerpréifungsinstrumenter kommen, dann musse mer selbstverständlech all Instanzen a Bewegung setzen, déi musse gehéiert gin, an déi mussen kennen matschwätzen wann et em esou fundamental Weichenännerungen geht. Mier stinn iwwrigens nët virun esou engem Exercice, mee wann déi wirtschaftlech konjunkturell Abrochsréalitéit sech géif op méi eng laang Zait strécken steht daat selbstverständlech zur Dispositioun - daat well haut keen héieren, daat wellt och keen soen, daat ass awer esou. D’Réalitéit [Mod.: …mee et muss een deen Scenario viirgesinn?] …majo, deen Scenario deen muss een virgesinn, et muss een dorop virbered sinn, d’Renten an d’Pensiounen gin nët gesechert duerch d’Phantasie vun de Politiker, mee enzeg an eleng duerch d’Kraaft vun der Wirtschaft, an duerch d’Usträngung vun de Leit déi an der Wirtschaft schaffen.

Caroline Mart: Dir hutt d’éinescht schon vum Chômage geschwaat, e klëmmt, e riskéiert nach weider ze klammen. Et ass jo eng ganz komplex Siutuatioun, déi eng soen „kee Grond zur Panik“, déi aner soen „Oh d’geht schlecht!“, a wéi wait gët och profitéiert e besselschen vun der allgemenger Situatioun fir ze soen „Mir botzen e besselschen, zumols villaicht bei eelerem Personal“?

Jean-Claude Juncker: Also ech hun do ganz präzis Verdachtsmomenter, dass eng Reih vun Betrieber – bai waitem nët all – déi konjunturell Situatioun an där mer sinn och notzen fir hier Effektiver fraizesetzen, wéi zärtlëcherweis behaapt gët, an daat trëfft virun allem – an daat ass schlëmm – op esougenannten eeler Arbeitnehmer, daat heescht Léit em déi 50 Joer, déi, op sech eleng geloos, iwwerhapt keng Méiglechkeet hun, sech an der Economie erem ze replacéieren an um Arbechtsmaart kennen matzewuessen, an ech haalen daat fir eng schlëmm Politik dass een fiir d’eischt emol op déi Leit verzicht, déi am meeschten Erfahrung hun, déi am meeschten kennen, déi vill Reichtum, eegend Wëssen, eegenen Know-How, deen se sech ugeegend hun, an sech eremdroen, dass een déi einfach endléisst, fir dann erem – wann et dann stemmt, datt et an der 2. Halschent vun desem Joer erem unzitt – erem mat neien, mee dann méi bëllegen, Personal kennen viir unzefänken. Déi Betrieber leeschten sech a leschter Analyse keen gudden Dëngscht, ech schaffe gäre bei engem Patron, deen och wann et méi lues geht, mat zu sengen eischten Suergen d’Suerg em seng Beschäftegt zielt. Wann ech iergens schaffen wou ech gesinn datt bei deem geringsten waat viirkennt direkt oofgespeckt gët, wéi an enger zvill salopper Ausdrocksweis oft gesoot gët, deem Betrieb spiiren ech mech nët esou no wéi an engem Betrieb deen no sengen Leit kuckt.

Tom Graas: Mee trotzdeem, wéi weit spiegelen eis Chômagezuelen dann déi tatsächlech Réalitéit op eisem Arbeschtsmaart erem? D’Frontalieren kommen nët mat eran an déi Statistik, waat ännert daat, waat dierft daat änneren, wou wieren mer wiirklech wann mer op engem uniformen Arbechtsmart wieren?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen daat ass nët richteg waat der do soot. D’Frontalieren zielen nët an der Statistik, mee d’Frontalieren gin och nët gemooss wann d’Bemiessungsgrondlaag fir d’Ausrechnen vum Chômage geholl gët, do huele mer déi national Beschäftegung, an nët d’Frontalieren, mat eise Chômage deen elo 3,2 - 3,3% ass, wier nët méi héich wann mer d’Frontalieren géifen matrechnen, well dann wier d’Zuel op déi déi beschäftegungslos gerechent gin, och em d’104.000 Léit méi héich, dofir mengen ech schon dass déi Zuelen richteg sin. D’Réalitéit ass natiirlech dass an eiser Economie och vill Grenzgänger hier Arbecht verléieren, a wann een Responsable ass, an der Politik, an der Economie, an de Gewerkschaften, fir d’Gesamtzoustänn hei am Land huet een sech natiirlech och em d’Tatsach ze bekëmmeren dass déi Leit hier Arbecht verléieren, wann se erem an d’Belsch, an Daitschland, a Frankraich zerëckgin, an sech do op hieren Arbeitsämter androen, ass daat awer, fannen ech, e Problem, deen eis muss beschäftegen, well déi Leit hun hei geschafft, well déi Leit côtiséiert, an mier mierken jo och elo duerch rezent Erhiewungen, t’ass mol gudd dass déi Etuden eng Kéier gemaach gi sinn, wéivill Kaafkraft eigentlech déi 104.000 Frontalieren och zu Lëtzebuerg loosen, nämlech ee fennëftel vun eisem Konsum ass op Frontalieren zerëckzeféieren. Daat sinn also wirtschaftspolitesch Betruechtungen, keng vaterlandslos Gesellen, déi gehéieren zu eiser Wirtschaft, et ass gudd datt een daat heinsto gesait.

Caroline Mart: Méi wéi jidfert anert europäescht Land, liewwe a schaffe mer mat Auslänner zesummen, bis elo ware mer och ganz houffreg doriwwer datt daat esou gudd geklappt huet, mee ass daat esou selbstverständlëch dass daat och wieder de Fall ass wann d’Konjunktur méi schwaach bleiwwt, bleiwwe mer och do eng Ausnahm dass just bei eis keng friemefeindlech Reflexer opkommen, wann et unfängt schlecht ze gin, wann een ufängt villaischt fir déi eege Plaatz ze fäerten?

Jean-Claude Juncker: Ech haale kee Vollek, och daat lëtzebuergescht nët, fir definitiv géint partiell Opkomme vun friemefeindleche Phenomener gewappnet, mat enger Nuance, d’Lëtzebuerger hun och an Zaiten wou et eis méi schlecht gangen ass, zum Beispiel virun 20 Joer ware mer an enger wesentlech méi déiwer Wirtschaftskrise wéi elo; déi international Wirtschaftskrise war nët esou schlëmm wéi elo, haut sin 71% vun den Weltbruttosozialprodukt an der Krise, Amerika, Japan an Europa, daat war deemols nët de Fall, mee zu Lëtzebuerg duerch déi Stohlkrise bedéngt ware mer méi déif am Lach, wann ech mech kann esou ausdrécken. Ech hun deemols, bis op ganz weineg Ausnahmen, nët observéiert datt friemefeindlech Stëmmung opkoum. Mier sinn eng Economie, an domatt och ee Land waat gewinnt ass, mat nët-Lëtzbuerger zesummenzeliewen an zesummenzeschaffen, an ech mengen – bei aller Roserei déi heinsto mol eropkënnt bei deenen Engen a bei deenen Aneren – dass mer duerch Erfahrung, eegen Erfahrung, wirtschaftlech a sozial, an duerch Friemerfahrung, zweete Weltkrich Fachismus anesouvirun, an der Kombinatioun vun deene Phenomener iwert e Reaktions- a Reflexmuster verfügen, waat eis besser wie anerer schützt an een Oofrëtschen an déi Médiocritéit.“

Tom Graas: Honnerten Flüchtlingen aus Ex-Yugoslawien mussen den Ament, sinn den Ament nees am gaangen op déi eng oder aner Fassong eist Land ze verloossen. Ass et dann richteg fir daat op déi Façon wéi et gemaach gët, grad elo virum Wanter ze machen?

Jean-Claude Juncker: Et gët keng richteg Fassong fir et ze maachen, an et gët och keng richteg Politik. All Politik am Beraich vum Flüchtlingswiesen, fir daat mol esou ze beschreiwwen, ass falsch, et gët keng richteg Art a Weis fir mat deem Phenomene emzegoen, well ëmmer wann eng allgemeng Mossnahm ennerschiddlëch Menschen trefft ass daat an dem Endresultat bei deem wou d’Politik ukennt emmer mat grousser Härt verbonnen, an déi Leit déi fortgelaf sin bei sech, haaptsächlech während dem Kosovokrich a virdrun, an déi heihinner komm sinn, daat sinn jo Onglëcklecher, t’ass jo nët dass déi frouen Härzens heihinner komm wären, an elo hunn de gemengt si hätten eng nei Situatioun fond, vill vun hinnen, an elo geht et erem an déi aner Richtung, ann wann een just esou Gefillsmässeg un déi Saach erungeht, waat eng autoriséiert Art a Weis ass fir sech mat deem Thema ze beschäftegen, da géif een natiirlech gäre soen déi Leit sollen heibleiwen. Wann een och am Bléck un déi Zait déi kennt un déi Problematik erungeht, da wees een, dass een keng aner politesch Choix-en huet wéi déi déi mer zur Applikatioun bréngen, well mir schwätzen elo vun deene Flüchtlingen, den demandeurs d’asyle déi ofgewisse gi sinn, an déi mussen zerëckgoen an hier eigentlech Heemecht, an déi eng bestëmmten Zuel ausmaachen, dass déi sollen heibleiwen, mee duerno, no deem Kosovokonflikt sinn méi Flüchtlingen komm déi Asyl gefrot hun, wéi aus deem eigentleche Konfliktberaich selwer. Déi Diskussioun déi mer do féieren, déi sollen hei bleiwen, ass jo eng falsch Diskussioun, well musse soen, jidfereen deen op Lëtzebuerg jeemols eng Kéier komm ass, oder an deene nächsten 10 Joer kënnt, wann e bis hei ass, musse kënnen heibleiwen, daat ass d’Fro. Soll jidfereen deen op Lëtzebuerg kënnt, an keen Asyl kritt, heibleiwwe kënnen, oder mussen déi Leit ërem zerëck an hier Länner goen, wou se hierkommen wann do d’Situatioun sech berouegt huet? [Mod.: Trotzdeem …] Mier sinn keng Insel och an deem Beraich…

Tom Graas: Trotzdeem wierkt et komesch wann een bedenkt, daat déi Leit zum Deel zënter 4 Joer hei sinn. Si hunn sech 4 Joer laang Hoffnunge gemaach an se mussen elo zerëckgoen. Misst et dann nët awer sinn fir déi nächst déi kommen, datten déi Prozeduren eng Kéier esou ofgekierzt gin datt daa an engem raisonablen Delai iwwert …

Jean-Claude Juncker: … mier hun jo ganz grouss Efforten gemaach fir déi Prozeduren ze beschleunëgen, daat ass effektiv ze laang, wann een esouvill Joeren hei ass, an dann muss een zerëckgoen, obschonn der och vill dobai sinn, wou d’Prozeduren schon méi laang ofgeschloss sinn, mier schwätze jo lo iwwert Prozeduren, fir nët iwwert de Prinzip brauchen ze schwätzen. D’Prozeduren gin méi séier gemaach, mee et muss esou sinn, dass wann een op Lëtzebuerg kënnt, an hei Asyl freet, an et kritt een keen – Asyl daat ass jo keng politesch Decisioun, daat ass eng Decisioun vun eise Geriichter – dass dann d’Leit mussen zerëckgoen, ech kann daat eigentlech och nët änneren, dass daat esou ass. Kuckt Iech mol déi Länner ronderem eis un, wéi déi Politiken do gemaach gin; an der Belsch gin déi Leit déi Asyl froen nët, wéi hei zu Lëtzebuerg, do sinn ech ausdrëcklech dofir, an Hotelen ennerbruecht an op anere Platzen, déi gin an regelrecht Lageren gesaat. An Daitschland do ginn déi Leit déi zerëckgeschéckt ginn an Abschiebehaft geholl ier se fortbruecht gin. Ech hunn daat alles guer nët gär waat do geschitt, ech wees just beim allerbeschten Wëllen vun der Welt nët waat een soll anescht maachen, an wéi een et soll anescht maachen, wann een déi Politik géif total changéieren, da wees ech dass Lëtzebuerg d’Adress gët vun jidferengem deen aus sengem Land fortgeht, an deen op eng anerr Platz wëll goen. Wann Leit politesch verfollegt sinn, aus all deene Grënn déi mer kennen, kämpfen ech bis deen läschten Daag dofir, datt déi kënnen op Lëtzebuerg kommen, an zu Lëtzebuerg bleiwen. Déi jo, mee déi Leit déi déi Conditiounen nët erfellen, déi mussen zerëckgoen, daat ass liicht Politik, den Här Frieden deen huet keng Freed mat deem waat hien do mecht, en ass deene gréissten Ufeindungen am Land ausgesaat doweinst, a wann mer déi emgedréinten Politik maachen, kann ech Iech soen, dann wier d’Kritik – mee déi äussert sech dann nët esou haart – massif. An déi, déi sech fir d’Flüchtlingen asetzen, an ech hun eischter Léit gären, déi sech fir d’Flüchtlingen asetzen, wéi Leit, déi Stëmmung géint Flüchtlingen maachen, solle mat der Art a Weis wéi se mam Justizminister emsprangen, an wéi se mat der Gesamtpolitik emsprangen och bedenken, wéi daat bei villen aneren Léit am Land wierkt. Heinsto erreecht een nët deen Zweck deen een mengt z’erreechen mee ganz dachs de Géigendeel.

Caroline Mart: Ganz aneren Thema, Dir hudd en Ugangs vum Interview schon ugeschwaat, den Euro, deen mer schon baal e Joer laang schon an eiser Täsch hun, bei eisen daitschen Noperen heescht en Teuro, heescht daat dass awer profitéiert gin ass?

Jean-Claude Juncker: „Also mir machen eisen daitschen Noperen jo villes no, wann déi Daitsch den Euro den Teuro nënnen, dann mengen mir och zu Lëtzebuerg wär alles och méi déier gin. Richteg ass iwwrigens mai Gefill, dass an eenzelnen Sparten e beschen méi drop getesselt ginn ass, wéi hätt dierften dropgetesselt gin, nämlech hätt iwwerhaapt naischt dierften dropgetesselt ginn, mee d’Inflatioun ass jo awer staark enner Kontroll bliwwen, an et soll een sech nët vun all daitscher Diskussioun geroden loosen. Heinsto hun ech den Androck, mier stellen eis, mier sëtzen eis virun den daitschen Fernseh, an dann kucke mer daat, an dann mengen mer alles daat waat do iwwer Daitschland gesot gët, daat wär eigendlech och heiheem esou. (...) Daat huet wiesentlëch domatt ze dinn – déi Erklärung ass baal ze einfach fir datt een se kann gleewen – dass mer eis, duerch d’Stëmmung déi an den Nopeschlänner virherrscht, gewanne loosen, an eis Reflexer esou ajustéieren, wéi wann mer an enger komplett anerer Réalitéit, nämlech an der daitscher, an der franséicher, an der belscher ennerwee wären. A well déi Daitsch sech besonneg gär heftegst iwwert hiert Schicksal bekloen, och wann et en nach gudd geht, fänke mier hei och un esou infizéiert ze gin vun enger, sech wirtschaftlech auswierkender Konsumflemm, déi op Grond vun enger gesteigerter Kaafkraft zu Lëtzebuerg eigendlech keng Ursaach huet fir ze bestoen.“

Tom Graas: Déi europäesch Zentralbank spillt mam Gedanken fir d’1 an 2 Euro Mënzen elo duerch Schainer z’ersetzen, och do gët gesot, dat wär eppes fir d’Inflatioun an de Grëff ze kréien, well d’Leit anscheinend e Schain méi laang am Porte-monnie haalen wéi eng Mënz, waat haalt Dir vun där Idi?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen daat ass wouer waat do iwwert d’Léit gesot gët, waat engem jo opfällt un engem selwer, an och bei de Kollegen a bei de Frënn, daat ass, vun unn datt mer deen Euro hun, gët et eenzel Ausgaben, déi een méi onkontrolléiert mecht, wéi virdrun - mir geet daat jidferfalls esou -déi kleng Saachen, do rechend een nët richteg, an mier rechnen jo awer nach emmer em, waat mer jo nët dierften maachen, mee ech maachen daat awer dauernd, an dann bei esou klengen Dépensen, bei ganz klengen, do rechent een nët richteg. Ech mengen, dass een fir kleng Ausgaben, daat soen d’Léit mer alleguer, d’Suen méi séier ausget wéi daat virdrun de Fall war, an wann d’Aféierung vun engem 1 an 2 Euro Geldschain giff hëllefen, dass mer eis do mol e beschen méi packen, da wär ech do dofir; et ass awer ganz emstridden am Krees vun dem europäeschen Finanzamt. Mee dorunner get gebastelt, ech hun awer lo gesinn, main daitschen Kolleg den Här Eichel, deen ass radikal dogéint, dass daat gemaach gët, main belsche Kolleg, Finanzminister, ass grad esou radikal dofir, well ech mengen, aus psychologeschen Grënn wär daat wichteg; mir waren daat och gewinnt heiheem, an elo hun mer Mënzen, wou mer fréier Schainer haaten, daat bleiwwt nët ouni Reperkussioun op d’Art a Weis wéi een onfirsichteg konsomméiert, an wéi een d’Praisser nët méi kontrolléiert.

Caroline Mart: Europäesch ass Lëtzebuerg an de läschte Wochen nees ferme enner Drock geroden, waat d’Finanzplatz betrëfft, duerch Diskussiounen em d’Bankgeheimnis an d’Quellestéier. Dir hudd ugekënnegt datt um nächsten Ecofin’s Conseil am Januar, Enn Januar zu Bréissel eng Léisung an Aussiicht ass. Waat heescht daat? Datt mer nët drun laanschtkommen, Konzessiounen ze maachen, Konzessiounen déi eventuell wéih dinn?

Jean-Claude Juncker: All Konzessioun deet wéi, an déi Konzessioun déi die aner Länner eis zënter 20 Joer op deem Thema maachen, déi hun deene Länner wéihgedoen. Mir wärten kenger Léisung zoustëmmen, wou d’Finanzplatz Lëtzebuerg benodeelegt gët par Rapport zu aneren Finanzplatzen an Europa selwer, oder ausserhalb vun der Europäescher Unioun, d’Schwaitz, an esouvirun. Dobai blaiwwt et, an dovunner gin mer nët oof, an wann ech an Aussiicht gestallt hun d’Chancen wären gudd, fir dass mer den 21. Januar géifen eens gin, dann ass et emmer an deem Kontext. Lo muss een gesinn, dass déi Daitsch een Geste fir eng Abgeltungsteier, een Impôt libératoire, also een wou d’Steierschold dann beglach ass, anzeféieren, d’Termen vun der Diskussioun e besschen changéiert huet, daat musse mer elo mat abannen, sie iwwrigens och, an do musse mer kucken wéi weit dass mer kommen. Fir de Rescht wëll ech soen, zesummen mat mengen Kollegen stinn ech an fir daat Schützen vu lëtzebuergeschen Interessen, ech stinn awer nët fir egal waat an, mir mussen eis och eng Reih Froen stellen fir mol besser ze verstoen wourems et hei geht. Wann ech wëll eppes verteidegen, muss ech mech fir d’eischt mol froen, waat wëllt deen aneren. Den daitschen, de franséischen Finanzminister, wesst der, déi fannen daat guer nët normal, datt d’Léit an Daitschland keng Steieren op den Zensen bezuelen, doduerch datt se hier Zensen zu Lëtzebuerg kasséieren. Den daitschen Arbechter deen 2000 Euro de Mount verdingt, dee fënnt daat guer nët normal, datt hien bis op de läschten Cent muss Steieren bezuelen, dass deen awer, deen 10.000 Euro Zensen zu Lëtzebuerg kasséiert, iwwerhaapt keng Stéieren bezillt. Et muss een fir d’éischt mol verstoen, wann ech Finanzminister zu Lëtzebuerg wär, an d’Leit géifen all hier Suen an d’Ausland droen, dann géift der mol eppes héieren, wann ech mat den Auslänner géif doriwwer schwätzen, an dann géifen d’Lëtzebuerger och soen: T’ass dach onerhéiert dass déi daitsch Banken an Daitschland Suen verdingen, an den daitsche Staat Steieren op den daitsche Banken an Daitschland mat den Lëtzebuerger Suen anzitt, an dass de Lëtzebuerger Finanzminister dovunn kee Frang ze gesinn kritt … keen Euro, pardon. Daat muss een awer mol verstoen, an dann muss een eng europäesch Regelung fir déi Froen fannen, an déi hunn mer, mengen ech, baal stoen gehaat, ier deen daitsche Schweng komm ass an Richtung Abgeltungssteuer. Well déi proposéieren lo eppes, d’Kollegen Schröder an Eichel, waat mier als allgemeng Regel an Europa wollten hun, a waat notamment vun der daitscher Regierung emmer ofgelehnt ginn ass. Wann ech elo den Bundeskanzler héieren - et ass jo sain gudd Recht, Wahlkampf ze machen wéi hien wëllt - am niedersächsechen Wahlkampf soen, lo géif et drëm goen, ech … se schwätzen och mol lëtzebuergesch fir d’lëtzebuerger Banken ze plëmmen, dann ass daat sai gudd Recht, et ass awer och main gudd Recht d’Leit virun deem rout-gréngen SteIechaos an Daitschland ze warnen, deen vill drun Schold ass, dass mer an Europa zu kengen Regelungen kommen, well déi daitsch Seit dauernd hier Positiounen wiesselt, a well vill daitsch Steierzueler et viirzéien mat hieren Suen an Nopeschlänner ze goen, well se deem rout-gréngen Steiermatraquage an Daitschland nët trauen. Eis Steierpolitik ass wiesentlech méi prévisibel wéi déi Daitsch. Ech sinn d’accord e Schratt op Daitschland zouzemaachen, mee gemüttlech.

Tom Graas: Waat ass daat dann, dee gemüttleche Schrëtt op Daitschland zou, ass daat trotzdem e gewessenen Taux Quellesteier hei zu Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Lëtzebuerg setzt sech konstant zënter 1997 fir eng Quellesteier an Europa an, an et ass jo enger iwwerflächlecher Betruechtung vum Dossier och huerch Deeler vun der lëtzebuerger Publizistik ze verdanken, dass gemengt gett mier wieren géint eng Quellestéier, mier sinn fir eng Quellestéier, mee fir eng raisonabel Quellestéier, mee mier sinn dogéint fir d’Bankgeheimnis oofzeschaafen, nët well ech erotesch Relatioune mat deem Bankgeheimnis hätt, Bankgeheimisser sinn nët fir d’Finanzministeren. … [Mod.: Top Fro Här Staatsminister …] D’Bankgeheimnis schaafe mer nëmmen oof wann an der Schwaitz an an aneren Drëttlänner ähnlech, oder déi selwecht Konditiounen sinn, déi selwecht Effekter ugeholl gin.

Tom Graas: Wéi wichteg ass daat Bankgeheimnis dann fir eise Finanzsecteur?

Jean-Claude Juncker: Daat Bankgeheimnis ass bai waitem nët esou wichteg méi, wéi et virun 20 oder virun 15 Joer nach war, mee et bleiwwt wichteg, well et gët enger Finanzplaatz – wann se ansonsten seriös ass, waat eis Finanzplaatz ass, Geldwäschen, Drogen, Kriminalitéit, Terrorismus, do brauche mer eis vun kengem vun eisen Noperen, och nët vun den Englänner, virschreiwwen ze loosen, wéi et eigentlech misst gemaach ginn – wann d’Finanzplaatz seriös ass – an eis Finanzplaatz ass et – kënnt d’Bankgeheimnis nach dobai, fir déi Finanzplatz athmophèrësch ze coloréieren; daat behällt seng Wichtegkeet, daat huet nët eng iwwerragend Wichtegkeet méi, wéi daat fréier de Fall war, daat ass bei waitem nët méi esou en Damocles-Schwert, wéi daat fréier mol war. Mee et garantéiert eng Reih vun Aktivitéiten, déi gudd sinn fir eis national Economie, déi nët sterierfrai solle bleiwen, déi solle besteiert gin, mee raisonabel besteiert gin, mee déi Asiichten déi mer do hun, dat kann eis nët dozou bréngen unilattéral Konzessiounen vu Lëtzebuerger Sait aus ze maachen. Den Här Blair, deen setzt sech an d’BBC a seet: Et kennt naischt un d’Finanzplaatz London. A wann mier eis hei an eis Televisioun oder eng aner setzen, a soen: Et kennt naischt un d’Finanzplaatz Lëtzebuerg; da get Kreech gedoen. Ech sinn och d’accord datt mer musse kucken Kompromisser ze fannen, mee déi aner och …

Caroline Mart: Mee wéi laang haale mer dem Drock stand? Well et gët jo op eemol Verhandlungen déi dann schwiereg sinn, de läschten Ecofin war schwiereg, mier stungen dee Moment awer relativ isoléiert do. Wann massif Drock gemaach gët, d’CGFP geht hin a seet fuerdert einfach d’Veto-Recht asetzen, an haart bleiwen, mordicus, egal wéi? Ass daat egal wéi duerchzezéien, een aleng?

Jean-Claude Juncker: Also einfach ass daat nët, an et gët méi vergnügungs-steierpflichteg Veranstaltungen wéi déi Ecofinssitzungen; nët nëmmen d’Sitzungen mee och déi vill Gespréicher um Rand, déi een mat deenen aneren Kollegen muss féieren, an déi anescht schwätzen wéi mier hei gewinnt sinn mateneen emzegoen. Mee als Staats- an als Finanzminister kann ech nëmmen ee Kompromiss agoen, wann ech en europäesch veräntwerten kann; et muss eng europäesch Léisung sinn, an nët eng etickéiert Renationaliséierung vun der Steierlandschaft a vun de Kapitalflëss an Europa, an ech kann daat nëmmen maachen wann ech eng Chance gesinn, essentiell Interessen vun eisem Land berücksichtegen ze kënnen, Veto mecht een nët einfach esou, daat ass jo einfach ze soen op engem Kongress: „So Juncker mach Veto“. An secherer Deckung léisst sech villes verlangen, mee enger Léisung kenne mer nëmmen zoustemmen wann eis Finanzplaatz doduerch nët geschiedegt gët, wann d’Léisung eng europäesch ass, an wann mer alleguer déi Elementer am Kompromisskuerf fannen déi eis arrangéieren. Also ech sinn keen, deen dofir bekannt ass, dass en speziell europafeindlech agestallt wier, mee hei muss een daat waat national wichteg ass a Kombinatioun bréngen mat deem waat europäesch wënschenswert ass. An wann et nee ass, dann ass et nee, a wann mer eleng sinn, dann sinn mer eleng, ech maachen daat nët gär, mee wann et muss sinn, da gët et gemaach.

Tom Graas: Mee d’Schwaitz, sinn déi dann iwwerhapt interesséiert drun fir un eise Problemer matzeregelen, un de Problemer vun der EU? Interesséiert daat se iwwerhaapt?

Jean-Claude Juncker: Daat muss d’Schwaitz interesséieren, well villes waat an der Schwaitz – déi nët Member vun der Europäescher Unioun ass – méiglech ass, ass nëmmen méiglech well et virun der Schwaitz, an ronderem d’Schwaitz esou een wirtschaftlëch-sozial duerchgeuerdnete Raum gët wéi deen vun der Europäescher Unioun. Der Schwaitz – daat gin d’schwaitzer Politiker jo zou – géif et bai waitem nët esou gudd goen, wann et déi Europäesch Unioun nët géif ginn. D’Europäesch Unioun regelt jo vill kontinental Problemer vun deenen d’Schwaitz mat profitéiert, wann d’Schwaitz aleng géint alleguer déi aner misst untrieden, waat se nët brauch, well d’ Europäesch Unioun jo vill Problemer fir sie matregelt, da wär se manner gudd drun; daat interesséiert d’Schwaitz schon.

Caroline Mart: Historesch daat ass d’Wuert waat am Zesummegang mam Sommet vun Kopenhagen an der décidéierter EU-Erweiderung am meescht gefall ass, mee geht et elo nët iwwerhapt ereischt richteg un, fängt d’Arbecht nët richteg un elo, an virun allen Dëngen, wéi secher sinn mer dass et och wiirklech klappt?

Jean-Claude Juncker: Secherheeten huet ee keng; an der internationaler Politik schon guer nët, wann et sech em d’europäesch Politik handelt, mee mier hunn awer elo d’Viraussetzung geschaaf fir dass eng grouss Onsecherheet verschwënnt. 1988/89/90 sinn esouvill nei Staaten an Europa endstaanen, do sinn déi Economien vun deene Länner, sofern wéi déi Länner iwwerhapt schon ginn huet, vill der sinn jo ereischt duerno endstaan, aus engem System vun zentraler Administréierung riwwergewiesselt an d’Logik vun der Maartwirtschaft, déi Länner wollten Member an der Europäesch Unioun ginn, a mier waren och frou datt se daat wollten gin, well d’Gefor huet jo bestanen – daat gesait haut baal keen mei - ufanks vun den 90er Joeren en terribelt Duercherneen a Géinterneen vun all deenen europäeschen Staaten besonneg am mëttleren Deel vun eisem Kontinent géif lass goen, mat den onwahrscheinlechen Auswierkungen op d’politesch an d’wirtschaftlëch Stabilitéit an Europa, mat an der Verlängerung an nach laang Zait gekuckt, nee operstoen vun deenen aalen europäeschen Dämonen déi nach emmer an eise Landschaften setzen, déi hun et emmer färedegbruecht dass d’Europäer hier Problemer am Krich ze léisen. Bis elo hun mer fiir d’eischt an der Geschicht - an der Geschicht (!) - dass déi zwou Partien vun Europa friddlech beieneenfannen, daat ass eppes gewalteges, d’Generatioun vun mengem Papp déi waren am Krich. An d’Gerneratioun vun eise Kanner huet quasi-Garantie wann mer op der Piste bleiwen, datt se daat nët méi brauchen ze maachen: an Europa openëneen ze schéissen. Lo sinn ech d’accord datt ee seet: Daat gët alles zevill deier, an daat ass alles ze komplizéiert. Dat wichtegst op eisem Kontinent ass, datt een de Fridde rett, daat ass keng Saach déi sech einfach mecht, an elo geht een Deel vun der Geschicht eriwwer, d’Geschicht vun der Trennung. Daat war eng dramatesch Geschicht, an eng schlëmm. An elo geht d’Geschicht un vun der Eenegung, daat gët keng dramatesch, mee daat gët eng schwiereg, well do muss een all Daag nei zesummebitzen an zesummenheekelen fir dass daat waat beieneengehéiert, och beieneenbleiwwt. Mee et ass awer eng Arbecht déi sech lount, all Europäer huet jo de Friddensnobelpraiss verdéngt.

Tom Graas: Wéi prëtt sinn déi Länner?

Jean-Claude Juncker: Den Acquis communautaire hun se zu engem ganz groussen Deel schon emgesaat. Selbstverständlëch sinn daat Länner déi wirtschaftlech betruecht nët esou zolitt sinn wéi eis Länner, woubai mer gesinn datt eis wirtschaftlech Soliditéit jo och heinsto ka Rëss kréien. Déi Viirstellung, mir kéinten eisen Liewensniveau haalen, an am mëttleren an östlechen Deel vun Europa géifen Leit wunnen déi am Lach stieche bleiwen, déi nët eropkommen, déi aarm bleiwen, an daat géif eis nët beréieren, ass natirlech eng Virstellung déi wait eweg ass vun all Réalitéit. Wann d’Polen, d’Tschechen, d’Slowaken, d’Ungarn, d’Slowenen an anerer wirtschaftlech emmer mei déif géife rëtschen, an den Ecart op enger kuerzer geographescher Distanz tëscht Arrm a Raich sech nach vill méi géif vergréisseren, da géife mer natirlech rieseg Problemer fir d’Stabilitéit kréien. D’Migratiounswellen déi sech maachen hun jo ganz dachs domatt eppes ze dinn, et ass jo mei richteg doduerch datt een déi Länner an d’Europäesch Unioun ophëllt a probéiert se wirtschaftlech se no viir ze bréngen, esou wéi daat eis mat Irland gelongen, a esou wéi daat eis mat Spuenien gelongen, esou wéi daat eis mat Portugal a mat Griechenland gelong ass, ass jo eng méi richteg Politik fir dass d’Menschen frou op där Platz gin wou se sinn, fir dass se nët brauchen fortzegoen. An dofir sinn ech – ouni naïv ze sinn—optimistesch dass een an dene nächste 15,20 Joer … nët bléiend Landschaften kritt, do haat schon eng Kéier een sech vertrëppelt domatt … mee dass mer insgesamt, och wirtschaftlech betruecht, europäesch vun der Plaatz kommen, dobai ass daat wichtegst nët daat wirtschaftlecht. Daat wichtegst ass dass mer hei Léit an der europäescher Unioun beikréien, déi hiere ganzen kulturellen Raichtum, hiere menschleche Reichtum, matbréngen. Virun 20 Joer stoungen zu Warschau an zu Prag Rakéiten déi op Lëtzebuerg geriicht waren, wëssen mer eigentlech vun waat datt mer schwätzen, a vun waat dass mer hierkommen, alles daat waat eise Kontinent niddergedréckt huet, waat en nët vun der Plaatz komme geloos huet, alles daat ass ausgeraumt ginn duerch déi Décisioun déi mer geholl hun. Europäesch Geschicht huet vill Potentialitéiten beikritt, kann villes fir sech selwer an och de Rëscht vun der Welt maachen, wann mer et richteg maachen.

Caroline Mart: Den Tom huet gefrot, sinn déi 10 aner prett déi lo baikommen, d’Fro ass jo – Dir hutt et indirekt schon ugeschwaat – sinn déi 15 déi lo do sinn prett fir se opzehuelen, prett fir daat ze maachen, et sinn jo awer vill Leit, et sinn vill Froen opkomm, vill Zweifelen un déi EU-Eweiderung, vill Leit déi gesot hun, et ass ze fréih, et loungen nach nët Froen och, pass daat elo alles esou zesummen, ass do nët och e Problem vun der Politik, allgemeng an Europa, an deene meeschte Länner, dass et nët genuch thematiséiert gin ass, dass nët genuch mat de Leit och geschwaat gin ass fir z’erklären firwaat et wichteg ass.

Jean-Claude Juncker: Also, wann ech mech därf selwer zitéieren, waat ech jo gären maachen wéi der wësst, ech hun 1995 gesot, ech mengen esouguer an engem Gespräch mat Iech, mee op ville Plaatzen, dass daat dat onpopulärst Unterfangen géif gin waat je europäesch Politik ze leeschten, a genauesou ass et och komm. Et ass jo kloer, mir mengen lo an eise Länner mir géifen eppes verléieren, an dann haale mer mordicus daat gäre fest waat mer hun. Ech soen: Mir verléieren méi wéi daat waat mer kenne behaalen, wann mer d’Erweiterung maachen wéi wann mer d’Erweiterung nët maachen, et lait vill Chance dodrann. Nu gët gesot et ass nët mat de Leit doriwwer geschwaat gin, weest Der, d’Leit mussen och heinsto nolauschteren. Wann ech gesinn, dass déi weinechste Leit à même sinn ze soen waat fir Länner dass baikommen, mee awer trotzdeem dergéint sinn dass se baikommen, d’Zeitungen stinn voll, är Noriichte sinn voll, Radiosprogrammer si voll zënter Joeren mat der Problematik vun der Erweiterung, et muss een d’Zeitung och liesen, et muss een de Radio och lauschteren, d’Televisioun muss een nët emmer kucken, mee heinsto ass et awer gudd.

Tom Graas: Bon, vun deenen 10 Länner vun deenen mer elo geschwaat hun muss nach trotzdem vill Iwwerzeegungsarbecht gemaach ginn. Een Land bleiwwt dann, d’Türkei, wou een awer wirklech d’Gefill huet datt en esouguer Dir zu Kopenhagen ennertëneen ganz vill Problemer haat fir Iech mat der Idée auserneen ze setzen datt daat Land eng Kéier kéint Member ginn, friwaat gët dann déi Diskussioun iwwerhaapt gefouert, ass do esou e staarken Drock dohannert vun den USA déi aus geostrategeschen Iwwerleeungen daat Land gären an dem Krees vun der Europäescher Unioun hätten?

Jean-Claude Juncker: Deen Drock vun den Vereeneschten Staaten, deen gët et effektiv, amerikanesch Präsidenten Clinton a Bush ruffen all Kéier un wann et em déi Froenstellung do geht. Et gët och Drock an der Türkei vun deen Europa-frëndlechen Kreeser, vun der Société civile, vun all deene Kräften an Europa an an der Türkei, déi d’Türkei gesinn als eng Plaatz iwwert déi een kann déi ganz Ausernaanersetzung mat deem fundamentalisteschen Deel vum Islam kanaliséieren, ouni d’Türkei wär daat ganz schwéier. Iwwer d’Türkei schwätze mer schon laang, 1997 wéi mer d’Europäesch Unioun présidéiert hun hun ech oofgelehnt enner groussem Spektakel à l’époque, dass d’Türkei kënnt Kandidateland gin, well ech gesot hun: E Land an deem géif gefoltert gin kennt nët sech un den europäeschen Dësch setzen. Haut gët d’Türkei selwer zou datt gefoltert gët, huet grous Reformprozesser ageleedt, a mir hun 1999 am Dezember – mir waren nët déi déi et viirgeschlon hun – gesot d’Türkei wier een Kandidat. Heinsto hun ech den Androck, mir géifen elo eppes entdecken, waat schon virun zwee Joer décidéiert ginn ass, an et geet elo drëm wéini fänken mir un mat der Türkei ze verhandelen; an do gehéiere mir zu deenen déi gesot hun, eréischt wann all Konditiounen, besonneg den Respekt vun de Menscherechter vun der Türkei erfëllt gi sinn, a wéi daat dann geht wann déi Verhandlungen laafen, daat steht jo op engem anere Blaat, ech wëll daat hei nët ausrullen, well ech nët muar erem wëll speziell Telegrammen vun Ankara kréien, mee villaicht mierke mer während deene Verhandlungen mat der Türkei, wann se dann bis ufänken fréihstens am Summer 2005, da muss et awer ganz gudd goen, oder méi spéit, wann se dann bis am gaangen sinn, mierke mer villaicht dass et wirtschaftlech baal guer nët geht fir d’Türkei esou e Vollmember vun der Europäescher Unioun ze maachen wéi déi aner Länner daat gi sinn. Villaicht mierke mer dass et awer nët meiglech ass an der Türkei de Militär déi Plaatz anzeberaumen, déi Arméien an demokratesch-verfaaste Gesellschaften sollen hun, villaicht mierke mer dass et eng Reih vun Schwieregkeete gët déi um Wee vun der Vollmemberschaft nët iwwerbrécken. A villaicht mierken dann d’Türken, an mir och, dass een eng aner Sorte vun speziell intimen Arrangement muss sichen fir eis mat der Türkei an engem Verhältnis ze bewegen, waat esouwuel an den Interessen vun der Türkei wéi am europäeschen Interesse ass. Ech kann déi Zukunft nët viraussoen, géif awer déi Optiounen gären ophaalen.

Caroline Mart: Et ass ganz vill vun Krich geschwaat gin an deene läschte Wochen a Méint, an d’international Presse geht dovunner aus dass dann elo Ugangs 2003 d’Bommen op den Irak faalen wärten. Heescht daat dass den amerikaneschen Président dann dee Krich kritt deen en emmer wollt?

Jean-Claude Juncker: Dir zitéiert d’Presse déi décidéiert huet dass et e Krich am Irak géif gin, a grouss Deeler vun der Presse, wéi Dir och elo grad, hun décidéiert daat wär e Krich deen de Präsident Bush mordicus gären hätt. Ech hun mam Präsident Bush doriwwer e puer Stonnen an deene läschte Méint geschwaat, an ech mengen nët – och wann keen daat gleewt, daat muss ech jo zougin – dass den Präsident Bush ennert alle Koditiounen an zu all Prais dee Krich wëllt. Ech war an enger Diskussioun dobai, do ware mer zu drai,véier, wou de Präsident gesot huet, lauschtert emol Dir Jongen hei – esou schwätzt e jo – ech hun déi meeschten Zaldoten weltwait am Asaatz, ech muss mat deene meeschte Mammen telefonéieren déi hiere Jong nët aus dem Krich eremkréien, ech muss do sinn wann doudeg Zaldoten eremkommen, Dir schwätzt driwwen, ech muss et maachen, an Dir musst nët mengen, dass et zu mengen Liewenspläng gehéiert daat esou dachs wéi meiglech ze aachen. E wollt domatt soen, an en huet et och gesot, dass en sech carrément an d’Logik vun den UNO-Resolutiounen stellen, an dass en déi och wëllt respektéieren. Ech wees datt den Präsident Bush mat ennerscheedlechen Aan an Europa gekuckt gët, mee fir den Präsident Bush einfach als e Kriegstreiber dohinner ze stellen ass eng Ausso, déi ech esou nët géif maachen, an och esou nët stoen loossen. Ech sin mat der amerikanescher Irak-Politik an villen Detailpunklten nët, wirklech nët, d’accord, mee et mecht kee Sënn datt ech daat op allen Diecher vun den europäeschen, an aneren Haaptstiedt eremruffen gin, daat kann een jo am Direkt-Gespräch erledegen. Mee och den Irak huet eng Bringflicht, an deen muss och dofir suergen datt d’Viraussetzungen getraff gin, fir dass d’international Communautéit, nët d’Amerikaner aleng, d’international Communautéit nët zu deem Schrëtt muss kommen. Krich ass emmer eng Niderlaag! Ech behaapten, e Krich kann een guer nët gewannen, waat muss een virdrun esou vill Schlëmmes maachen, dass eng Victoire no engem Krich iwwerhaapt keng ass, déi menschlech Bestand huet, well et sin esouvill Menschen drop gaangen, well do geht een drop, et stierwt een … an engem Krich. Et ass emmer eng grouss Niiderlaag fir d’Politik a fir d’Diplomatie, an ech hoffen, dass Verstand a Gefill sech duerchsetzen. Zu Washington, an Europa, mee awer och zu Bagdad, och do därf geduercht a gefillt gin.

Tom Graas: Wann et dann zu engem Krich kéim, huele mer mol déi Meiglechkeet, waat bedeit an deem Fall, oder wéi gesait an deem Fall déi Solidaritéit tëscht Europa an den USA aus, waat bedeit et fir d’NATO, waat bedeit et fir awer och ganz konkret fir Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Dee Krich, deen hoffentlech nët kennt, an iwwert deen elo jidfereen schwätzt, weist haut schon schlëmm Auswiirkungen op, notamment waat d’wirtschaftlech Situatioun ubelaangt. Et kennt mat Secherheet zu kenger Erhuelung vun der Europäescher- a Weltwirtschaft, wann et giff zu engem Krich am Irak kommen, deen méi wéi ee Mount laangt géif daueren, da kréie mer Petrolspraisser vun wahrscheinlech iwwer 40 Dollar, an et brecht eis alles zesummen waat et vun liichte Repriseelementer an eise Landschaften z’observéieren gët. Wann et zu deem Krich géif kommen, dann gëllt fir dëst Land datt mer eis selbstverständlech nët un deem Krich bedeelegen, iwwrigens freet och keen eis, et huet och keen déi Daitsch gefrot fir sech mat Zaldoten un deem Krich ze bedeelegen, daat freet och keen eis. Mee mir hun eng Bündnis-Solidaritéit z’erfëllen, esou wéi Daitschalnd, a wéi Frankraich, a wéi d’Belsch, a wéi anerer och, daat heescht dass mer giffen, wann mer daat gefrot gin, Installatiounen zur Verfügung stellen, mir mussen amerikanesch, an aner Interêt-en zu Lëtzebuerg op eng speziell Art a Weis schützen, mee mir sinn nët an der Stëmmung vun denen déi a Richtung Krich géifen drëcken: Il faut détester la guerre ... Daat ass nët eppes waat mer solle maachen, mir maachen de butzegen Afloss deen mer hun geltend do wou et drëm geht dass d’Stëmm vun der Verhandlung eng lëtzebuerger Stëmmchen méi kritt.

Tom Graas: Deen Konflikt zwescht den USA an dem Irak as indirekt och eng Konsequenz vum 11 September 2001, iwwer eng terroristesch Gefohr gouf och hei zu Lëtzebuerg diskutéiert, iwwert déi Meiglechkeet. Wéi musse mer déi dann realistesch aschätzen, déi terroristesch Gefohr?

Jean-Claude Juncker: Lëtzebuerg ass keng Insel, an mir hun 4 Aan op wann et em déi Bedrohungen geht, déi keng akut Form zu Lëtzebuerg unhuelen, fir de Rescht gëllt datt ech mech wirklech nët wëll iwwert d’Froen vun kollektiver Secherheet an aller Offentlechkeet äusseren, well, da muss een jo och emmer soen waat een géint déi mecht déi se bedrohen, an déi sinn staark drun interesséiert nët ze wessen dass et d’Bedrohung gët, dofir sinn se jo selwer zoustänneg, mee fir ze wëssen waat een dogéint mecht. Ech soen nët – well daat wier arrogant – t’ass meng Saach, mee ech hun domatt ze dinn, an ech hun en Aan drop.

Caroline Mart: Dir hudd elo just gesot Lëtzebuerg ass keng Insel, eent vun den Evenementer wou mer et gewuer goufen, daat war fir d’eischt Keier open Onstëmmegkeeten un lëtzebuerger Haff, eis Monarchie ass fir d’eischte Kéier an déi International Klatschpresse geroden. Wéi hudd Dir daat erliewwt, an Arer dach ganz enger Relatioun tëscht Regierungs- a Staatschef?

Jean-Claude Juncker: Ech hun mam Grand-Duc gudd institutionell Relatiounen, och gudd perséinlech Relatiounen, mir sinn baal aus deem selwechte Joer, ech hunn déi Evenementer vun deenen der schwätzt esou agereiht wéi déi aner Leit och, iwwer Familjesaachen schwätzt een nët um Balkon, mee bannenan. Ech mengen daat gesait entretemps jidereen esou, fir de Rescht sinn ech nun wirklech der Meenung, an ech wees vill Leit mat mer eens doranner, dass de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse hier Saach gudd maachen, ganz gudd esouguer, ech kréien och vill Luew fir de Grand-Duc am Ausland, och vun de Regierungschefen déi zu Lëtzebuerg laanschtkommen an dann och e Gespräch mam Grand-Duc hun. Vun der Grande-Duchesse wees ech dass se och vill Saache mecht vun deenen d’Leit naischt wessen, déi awer och gudd gamaach sinn. Mir hun vill Leit hei am Land déi een heinsto muss tréischten, déi ee gudd Wuert brauchen, déi drop ugewise sinn, datt mer eng Grande-Duchesse hun déi sech erandenken kann a villes waat d’Leit dréckt. Ech fannen daat mecht se ganz gudd, an ech sin hier och dankbar dofir, an ech wollt hier och Merci dofir soen, dass se daat mecht, iwwrigens nët emmer mat Publicitéit, mee ganz oft ganz eleng mat deem deen ze tréischten ass.

Tom Graas: Voila Här Staatsminister, Merci och fir dest Gespräch, mir wönschen Iech vill Glëck, mee virun allem och ganz vill Geschëck am Joer 2003.

Jean-Claude Juncker: Also Gléck brauch ech, Dir och iwwrigens, Gechëck brauche mer och, mier alleguer. Ech wier frou wann daat Joer daat kennt fir d’Leit hei am Land eent géif ginn, daat se um Enn vum Joer 2003 nët brauchen ze bedaueren, weder als Land nach als eenzel Persoun, an deen deen eis kann hëllefen eigendermoosen gudd duerch daat Joer ze kommen, ass de Grand-Duc, deem ech vun deser Plaatz aus am Numm vum allen Lëtzebuerger gären géif e schéint an e glëcklecht Joer 2003 wönschen, him, der Grande-Duchesse, hiere Kanner, an der Grossherzoglecher Famill. Schéint Neit Joer!

Dernière mise à jour