Jean-Claude Juncker au sujet de l'accord fiscal

Marco Goetz: Jean-Claude Juncker, gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

MG: Déck zefridden mat dem waat ereecht gouff, sou sot Dir gëschter Owend. Konnt der déi Zefriddenheet eriwerretten ?

JCJ: Jo, jo ech hun elo besser geschloff ze Lëtzebuerg wei déi Nuecht viedrun zu Breissel, well ech zum Resultat komm sinn, nodeem alles gesoot gi war, iwwer Joeren - ech hunn ungefangen 1989 als Finanzminister mech mat där Affaire do ze ploen - dat ass déi essentiel Punkten, déi mer als Lëtzebuerger emmer op d’Tablet geluecht hunn, konnten unter Dach und Fach bruecht ginn an dofir war ech zefridden.

MG: Waat seet dann den Koalitionspartner DP? Dee war an sengem Wahlprogram jo awer eigentlech geint sou eng Quellesteier?

JCJ: Mir hu bei den Koalitionsverhandlungen doriwwer geschwat. Mir hun Accorden getraff bei europäeschen Conseilen, wou déi zwou Regierungparteien vertrueden sinn. D’Regierung ass iwwregens méi ewéi nëmmen zwou Parteien, déi sech zesummesetzen. Et ass eng Institutioun an déi huet net no Parteiinteressen ze kucken, mä nom Interessi vum Land. An ech hunn an den leschten Joeren mäi Kolleeg Henri Grethen ëmmer matt an d’Sëtzungen vun den Finanzministeren geholl a sinn och ëmmer vun him ënnerstezt ginn. Ech hun mech doriwwer net ze bekloen.

MG: Et war net einfach, soot der gëschter. Wat hutt Dir dann alles mussen an Wooschuel geheien  fir zum den doten Accord ze kommen?

JCJ: De Veto.

MG: An déi Ukënnegung aleng ass duergaang ?

JCJ: Dat geet nie duer, well e Veto muss een motiveiren an et muss ee soen wisou an firwaat een, wann dat an dat sech net ennert, géif nee soen an wichteg war an denen Deeg virun der Sëtzung vu gëschter a während der Sëtzung vu gëschter, datt een ëmmer et däitlech gemaach huet, datt et net a Fro géiff kommen fir d’Bankgeheimnis zu Lëtzebuerg unilateral opzehiewen wann net aner Finazzentren notamment d’Schwäiz, mä net d’Schwäiz aleng dat selwecht géife maachen a wichteg war et drop opmierksam ze maachen datt mer zu Lëtzebuerg eng laang Period vun Virberedung bräichten fir, een eventuellt Enn vum Bankgeheimnis an d’Aan kënnen ze fassen an dat ze prepareieren awer emmer nëmmen ennert der Bedingung dat d’Schwäiz dat selwecht géif maachen. A wichteg war et, datt mer den Zäitpunkt 2010 duerchgesaat hun fir déi méi héich Quellesteier, well mer och fir eng gewëssen Zäit laang eis e bessen op sou eng Perpsektive firbereeden, déi net schrecklech Folgen wäert hun, an datt mer eisen definitiven Iwwergang zum automatischen Informationsaustausch, d.h. zur Ofschaafung vum Bankgeheimnis nëmmen kënnen maachen, wann déi Drëttstaaten, wéi d’Schwäiz zum Beispill, dat och maachen an datt dat nach eng Keier eng unanime Decisioun vun den 15 an bis dohin iwwregens 27 Finanzministeren brauch. A wann déi Konditiounen net efëllt wieren, datt d’Schwäiz a virun allem och déi British Kanalinselen, Isle of Man, Jersey, etc. exact am selwechten Moment dat selwecht géife maachen ewei mir. Wann dat net erfëllt wier, da géife mer nee soen. A wann se eis géifen forceieren, déi aner Kollegen, den zevill héigen Ufankssteiersaatz ze huelen - mir waren fir 15 %, déi anner hätte gär 25 % - dann wier et nee. Dat a Kombination mat ville Kontakter, déi mer déi lescht Méint an Joeren haten an och nach gëschter nach am Laf vum Dag mat enger Rei Regierungscheffen, heinsando an Onkenntnis vun hiren Finanzministeren, gefouert, dat huet dee Stoff erginn, fir datt mer letztendlech dee Kompromiss konnten konstruéieren.

MG: Mä wann op den Echeancen déi neideg Konditionen net erfellt sinn, dann kënnt Dir zu all Moment blockéiren?

JCJ: Mir hun réischt am Mäerz d’Direktive unzehuelen ennert jurischter Form an bis dono mussen eng Rei weider Froen geklärt sinn. A mir suivéiren déi millimetergenau Application vun denen Ofmaachungen selbstverständlech a wann déi net gi sinn, dann hällt den Accord net.

MG: Wei ass et dann mat deem schrëftlechen Vertrag, den Der gefuerdert, dee mat der Schwäiz misst ofgeschloss ginn, wa wirklech alles klorer ass?

JCJ: Dee kënnt bis de Maerz ier mer déi juristesch Form, ier mer der Direktive, pardon, eng juristesch Form ginn.

MG: An d’Schwäiz ass domatter d’accord ?

JCJ: Ech sinn jo net Schwäizer Finanzminister, mä lëtzebuergeschen an europäeschen. Mä ech ginn dovunner aus, datt dat geschitt. Ech hun och haut am Laf vum Daag nach Kontakt mat menge Schwäizer Kollegen.

MG: Alles stet a fällt, wéi mer e bessen an den Reaktiounen heieren hunn, matt der Schwäiz ?

JCJ: Jo, et muss mol d’Saachen auserneen halen. Fir d’éischt fenken mer mat enger Quellesteier vun 15 % un, mat enger regelrechter Ofgeltungssteier, sou wéi Däitschland elo eng bei 25 % afféiert, well wann d’Leit déi 15 % hei ofgezielt kritt hun an sie hun e Bankgeheimnis, da fannen keng weider Informatiounen statt. Dat ass also sou datt se dann endgülteg besteiert sinn. Dat hiewe mer am Joer 2007 op 20 %. Dat ass nach emmer däitlech ënner beispillsweis dem Niveau vun eisen däitschen Noperen a réischt am Joer 2010, also däitlech mei spéit wéi och nach am Dezember vun allen Memberstaten geplangt an däitlech mei spéit wéi vun der griechescher Presidentschaft viergeschlo, kënnen mer da wann d’Schwäiz de fakto hiert Bankgeheimnis ofschaaft - mat eiser Zoustëmmung, well d’Konditioune dovun musse stëmmen - an eng Situatioun kommen ..., mä déi ass dann net schlëmm, well jo dann kee méi e Bankgeheimnis huet, wou mer dat musse maachen an do henken mer net aleng vun der Schwäiz of, och d’Art an Weis wéi d’Schwäiz dat mecht brauch d’Zoustëmmung vun der Lëtzebuerger Regierung am Joer 2010. An dann hu mer nach ee Joer Zäit fir dann eist Bankgeheimnis ofzeschaafen, wann et, wouvun ech net ausginn, géif zou esou engem Schrëtt kommen. An och wann dee Schrëtt géif eischter geschéien wéi d’Joer 2010, hu mer ee Joer op d’mannst méi laang Zäit ewéi d’Schwäiz fir dat ze maachen. Also ech, jo, ech fannen et eigentlech gutt, fir iech dat ze soen wéi ech et gesinnn.

MG: Wann der soot, 2004 15 %, dat ass nach ëmmer manner ewéi dat, wat een an Däitschland bezuelen muss 2007, nach ëmmer manner. Dat kléngt ëmmer e bëssen sou wei wann Dir frou wiert, wann den Onéierlechen op Lëtzebuerg kënnt fir seng Souen hei ze placeieren?

JCJ: Neen. Ech hun iwwer Joeren, iwwregens wéit isoleiert op der politischer Bühn, ëmmer dofir plädéiert, datt d’Finanzplaatz muss wëssen - a sie weess et och, an sie huet sech och dementspriechend ëmorientéiert - datt ee net kann op Dauer d’Finanzplaatz op steierlech Avantaagen grenden, déi denen géifen zugutt kommen, déi steieren-onéierlech hir Souen op Lëtzebuerg brengen. Mir mussen verstoe léieren an dësem Land, an d’Banquieren hun dat verstan, nach net jiddferen an der Politik huet dat verstan, datt net kann d’Situatioun viru goen, datt mir zu Lëtzebuerg 0 % Steieren op den Zensen erhiewen an d’Ausland rondrëm eis, wéi Däitschland bis viru kuerzem 40 %. Dat ass keng Heldentat an et sinn gudd Grenn ginn fir mat dem Bankgeheimnis, ewéi mir et kannt hunn, ze fueren. Et gëtt gudd Grenn fir elo lues a lues an eng aner Welt - zu eisen Konditiounen - iwwerzewiesselen an unzefänken, wat mer ëmmer wollten zenter 1997, déi lescht Regierung schon, CSV-LSAP, matt enger Quellesteier-Léisung unzefänken, déi awer sou Finanzplaatz-schounend ass, datt eiser Finanzplaatz kee Misere geschitt. An et kennt nach dobäi, datt enorm vill Bankprodukter, déi haut de Succes vun der Finanzplaatz ausmaachen, iwwerthaapt net an den Unwendungsberéich vun där Direktive falen. Dat hu mer schon am November 2000 verhandelt, datt insgesamt an ënnert dem Strich a queesch duercht d’Feld den Kompromiss een ass, den eng gudd europäesch Léisung ass, well mer de Prinzip duerchsetzen, datt d’Kapitalerträg besteiert ginn. Do sinn ech dofir. Et geet net, datt Leit, déi - fir an ale Lëtzebuerger Frang ze schwaetzen - 78 000 Frang verdingen bis op den leschten Zantim - an der neier Variant Cent - besteiert ginn, an datt déi, déi12 Milliounen Zënsen zu Lëtzebuerg kréien, keng Steieren dorop bezuelen. Dat ass keng gerechte Welt. Dobäi muss een e Beitrag leeschten an Europa, an der Welt, zu méi Gerechtegkeet an dat huet eppes mat Steiergerechtegkeet ze dinn. Mä dat musse mer awer sou maachen, datt eiser Finanzplaatz dobäi kee Schued entsteht. An déi eischt Reaktiounen vun féirenden Vertrieder vun der Finanzplaatz, souwuel vun der ABBL ewéi och vu Bankpatroën, och auslänneschen, zu Lëtzebuerg - ech hat där och de Mueren e ganzen Zäit um Telefon - weisen jo datt d’Zoustëmmung zu dem erreechten Resultat, wat jo wesentlech besser ass wéi dat Resultat, wat mer nach de leschten Freideg opgrond vun der griechescher Kompromisspropositioun vun der griechecher Presidentschaft konnten erwaarden, grouss ass.

MG: Wat huet sech dann elo geännert, datt den Taux vun 35 %, den an der Vergangenheet ëmmer als inacceptabel duergestallt gouff, elo abeemol acceptéiert konnt ginn?

JCJ: Et huet sech geännert, datt dat Ganzt rondrem sech geännert huet. Mir fänken mat 15 % un. Mir kennen bis zum Joer 2010 vun 2007 un 20 % halen. Déi 35 % mussen och an der Schwäiz agefouert ginn, och op all denen Produkter, wou et zu Lëtzebuerg spillt, d.h. do ass Chancegläichheet zwëschen der Schwäiz, Liechtenstein, Monacco a Lëtzebuerg, a virun allem déi Britesch Kanalinselen, déi eis Haaptkonkurrenten sinn am Privatkundengeschäft, hirgstallt. Eréischt, nodeems déi Konditiounen fest waren, konnt ech zu Bréissel - an do sinn ech och mat den 35 % d’accord – sou laang ewéi ech déi Konditiounen net hat, ech, enfin d’Regierung, déi Konditiounen net hat, hun gesot, mir sinn mat denen 35 % net d’accord. Wa mer virun engem Mound schon gesoot hunn, mir wären schon mat 35 % d’accord, dann hätte mer déi aner Saachen net kritt, déi dat net acceptabel maachen. Wesst Dir, iwwert Verhandlungsféierung an Verhandlungstrategie kann ee keng öffentlech Rieden haalen, well soss huet ee keng Verhandlungsstrategie méi. Ech sinn oft op de Pressekonferenzen heiheem gefrot ginn, wei ass dëst, wei ass dat, an hunn dunn heiansdo gebraddelt statt ze schwätzen, well ech net wollt, datt an den Presseagencen an den Rapporten vun den Ambasssaden géif stoen, wat mer eigentlech gären hätten. Elo hu mir dat, wat mer gären gehat hätten. Dat wor schwéier, och schweier fir déi aner, well déi englesch an dei däitsch Regierung stinn schaarf an der Kritik, well se der Tatsaach zougestëmmt hunn, datt d’Bankgeheimnis zu Lëtzebuerg bestoen bleift. Mir schwätzen hei elo iwwert déi 35 % ouni ze soen, datt d’englesch Kanalinselen an d’Schwäiz genau dat selwescht musse maachen, plus Liechtenstein, plus plus plus. Am Ausland ass d’Kritik un den Regierungen déi, datt Lëtzebuerg erlaabt kritt, säi Bankgeheimnis beizebehaalen.

MG: Bleiwt awer och datt dei 35 %, dei awer héich sinn an den Lucien Thiel sot de Moien am Moiesjournal datt en 2009, 2010 wuel awer och nach géif kucken, op grad dei 35 % der fräier Zirkulatioun vu Kapital an Europa net am Wee géife stoen?

JCJ: Ech mengen net datt déi der fräier Zirkulatioun vum Kapital am Wee stinn. Et ass kloer, datt wa mer zu Lëtzebuerg iwwerhaapt net besteieren, dann ass d’Zirkulatioun fräi an den Herr Thiel frou. Mä ech sinn jo net am Liewen fir den Herr Thiel frou ze maachen, dat och wann dat niewelaanscht geet, mä et ass net mäin Haaptmobile am Liewen. Wann 35 % Quellesteier kommen an der Schwäiz, zu Lëtzebuerg, op den Kanalinselen, iwerall, dann geschitt, datt en däitschen Client, fir an deem Beispiel ze bleiwen, op Lëtzebuerg kennt 35 % muss bezuellen, dann ass et fäerdeg. Et geschitt, datt de Klient, wann en sech den däitschen Steierautoriteiten géintiwwer déclaréiert, 25 % bezillt - well hien kritt 10 % an Däitschland erëm - dat heescht och bei engem Steiersaatz vu 35 %, den dann awer ëmmer nach méi niddreg ass ewéi an England an ewéi op aner Plaatzen, ass en net Strofen mat sech brengend fir den steieréierlechen Client, dee wéinst der Qulaitéit vum Bankgeschäft op Lëtzebuerg kennt, den dee mat den Lëtzebuerger Bankleeschtungen méi zefridden ass ewéi mat denen an Däitschland gebueden ginn, dee kann sech an Däitschland déi 10 %, déi hien zu Lëtzebuerg zevill bezuelt huet erëm ausbezuelen lossen, woubäi ech gären unmierken, et ass en Niewenaspekt, datt mir vun denen 35 %, 25 % können behalen an datt Däitschland muss zereckbezuellen. Ech hu Rechnungen gemaach ier mer zougetstëmmt hunn.

MG: Muss de Lëtzebuerger Spuerer sech elo Gedanken maachen, datt eng Kéier sou eng héich Steier och fir hien gëllt ?

JCJ: Nee, dat muss hien sech net maachen. Mier hun eng Regelung, wou mir fir d’Lëtzebuerger kënne virufueren ze besteiren wéi bis elo. Wéi besteiren mer dann de Moment, fir déi déi hirt Zënsakommes deklaréieren? Mir besteieren et do matt dem normalen Steiersaatz. Wann Dir héich besteiert gitt an Dir hutt Zensrevenuen, dann gitt Dir matt 34-35 % dorop besteiert, also wiesentlech mei héich, wéi an aneren Länner. Wa mer elo géifen, wat mer elo net decidéiert hunn, mä wat ech net ausschléissen, eng Quellesteier vun 10 oder 15 % zu Lëtzebuerg aféieren, fir déi Leit, déi am Land wunnen, da wier dat eng Steiererliichterung par rapport zu dem System, dee mer haut hunn an da muss ee kucken, wat een dann, géif een esou eppes maachen, am Bereich vun der Verméigenssteier mecht. Jiddferfalls duerch déi europäesch Regelung kënnt höchstens eng Steiererliichterung fir Lëtzebuerger Spuerer eraus, keng „Steierverböserung“ ewéi Steierbeamten soen. Mä dat ass eng Fro, déi mer an aller Rou wellen kucken wann Zäit do ass. De Moment wor eis Suerg fir datt der Finanzplaatz kee Schuet géif entstoen. Ech mengen, dat hätte mer ereecht. De Rescht kucke mer, wa mer erem Loft kreien.

MG: D’Zäit leeft e bessen fort, mä eng leschte Fro. An der Reaktioun bei den Grengen huet et geheescht, datt sie vermëssen wou dee leiten Accord un d’Betriebssteierung gekneppt ass fir do Dumping ze verhenneren. Et sollt jo ëmmer als Package kommen.

JCJ: Mir hunn de Verhalenskodex géint onfairen Steierwettbewerb parallel zu der Decisioun vun der Zënserspuernisser ugeholl

Dernière mise à jour