Réaction de Lydie Polfer face à la guerre en Irak

RTL: Mir hunn de Mueren d’Lëtzebuerger Ausseministesch d’Lydie Polfer kontaktéiert, mat der Fro, wéi d’lëtzebuergesch Regierung gewuer gouf, datt dee Krich géif ufänken.

Lydie Polfer: Jo, ech mengen ech sinn et och elo iwwert d’Noriichte gewuer ginn, zwar direkt, mä ech kucken och elo déi éischt Nouvellen hei iwwer d’Televisioun.

RTL: Ass et net normalerweis Coutume, datt Regierungschefen, respektiv Ausseministeren aus der Unioun och informéiert ginn am viraus?

Lydie Polfer: Also, ech hunn nach net vill Kricher an dem Sënn matgemaach, mä et ass awer net lo eppes Offizielles op eis duerkomm.

RTL: Déi deklaréiert Géigner vum Krich, dorënner zum Beispill Däitschland, soe sech ganz bestierzt doriwwer, datt de Krich ugefaangen huet. Wéi reagéiert elo d’Lëtzebuerger Regierung op de Fait accompli virun den se gesat gouf ?

Lydie Polfer: Jo, ech mengen et dierf ee jo awer elo net zevill iwwerrascht sinn. Ech mengen, dat do dat war jo gesot ginn. Mä wat ass, datt et natierlech sou schnell géif ufänken, direkt nodeem den Ultimatum ofgelaf ass. Gëschter an der Chamber huet de Premier och gesot, datt et jo kloer wier, datt et keng Chance méi géif ginn, datt et aneschters géif ausgoen. Dofir, zevill iwwerrascht kann een net sinn.

RTL: Berlin zum Beispill seet sech entsat a mécht sech grouss Suergen. Wéi gesitt Dier dat?

Lydie Polfer: Grouss Suerge maache mir eis alleguer. Ech mengen e Krich bedeit ëmmer, datt Leit, a ganz vill onschëlleg Leit, och hiert Liewe loossen. Dofir maache mir eis natierlech ganz vill Suergen.

RTL: Trotz den internationale Beméiungen huet den amerikanesche President seng Décisioun also Hënnt geholl. Elo, wou d’Décisioun gefall ass, wéi gesitt Dir d’Zukunft vum Irak nom Saddam.

Lydie Polfer: Ma mir ware virgëschter jo nach zesummen, déi 15 Ausseminister vun der Unioun, wou mer nëmmen neess konnte feststellen, datt leider Europa sech op dëser Fro jo net konnt eeneg sinn am Virfeld. Et ass wéinstens ze hoffen, datt elo no dem Konflikt wierklech alles gemaach gëtt fir op eng méiglechst efficace a koordinéiert Art a Weis dene Leit, déi schonn ze laang gelidden hunn, ze hëllefen fir hiert Land neess opzebauen.

RTL: Dir hutt elo d’Gespréicher um Niveau vun der Europäescher Unioun ugeschwat. D’Diplomatie an dëser Kris huet versot, dat muss ee soen. Wéi eng Léire muss een dann Äerer Meenung no aus dësem Versoen zéien?

Lydie Polfer: Ech mengen et ass virun allem d’Europäesch Unioun, déi muss versichen sech déi Mëttelen ze ginn, fir mat awer enger Stëmm ze schwätzen. Leider eben huet de Saddam et fäerdeg bruecht, Europa, d’Welt ze dividéieren an dat ass natierlech u sech eng ganz negativ Evolutioun. Ech menge, mir si jo am gaang um Niveau vun der Konventioun ze versichen eis nei Moyenën ze ginn, fir méi zesummen ze schaffen, fir besser zesummen ze schaffen. Ech hoffen, datt déi an dësem Joer och zu engem positiven Enn kënne geféiert ginn.

RTL:  Madame Polfer, ech soen Iech merci fir d’Explikatiounen.

Lydie Polfer: Merci och.

Dernière mise à jour