Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de la défense européenne

Frank Goetz: Här Staatsminister gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Frank Goetz: 4 Länner hunn haut eng éischt Skizz gemaach fir eng europäesch Verdeedegungsunioun, mä ier mer lo méi genee op déi Proposen aginn, wann de Krich am Irak net gewiescht wier, hätt dann dee Rendez-vous vun haut och net stattfonnt?

Jean-Claude Juncker: Dach dee Rendez-vous hätt héchstwahrscheinlech stattfonnt, well déi Virleeferinitiativen déi zu deem Rendez-vous vun deenen 4 vun haut gefouert hunn, déi datéiere wäit virun der Zäit déi ee mat der Irakzäit ka beschreiwen, well éischt Initiativen, britesch-franséische Sommet zu Saint-Malo, Bréif vum belsche Premierminister u seng europäesch Kollege laang Méint virun der Irakkris leien, mä d’Irakkris huet wahrscheinlech d’Bewosstsënn , dass ee lo misst an de Froe vu gemeinsamer Aussepolitik vu gemeinsamer Sécherheets - a vu gemeinsamer Verdeedegungspolitik misst virukomme geschäerft.

Frank Goetz: Mä firwat just 4 Länner haut? D’Unioun besteet aus 25 Länner?

Jean-Claude Juncker: Mer hunn zur Kenntnis geholl, dass d’Belsch zu deem Sommet invitéiert huet am Laf iwwregens vun engem europäesche Sommet vum 20. Mäerz, deen Dag wou den Irakkrich ugefaangen huet a mir hunn eis direkt bereet erkläert op hire Wonsch hi matzemaachen, mä déi Initiativ vun haut, déi wëllt sech net als d’Initiative vun engem geschlossene Kreess. Mir hätte gäeren, dass méiglechst vill europäesch Länner iwwert de Kreess vun deene 4 eraus hei géife matmaachen. Eis Démarche wëllt sech eng inklusiv Démarche an ech weess och vun anere Memberstate vun der Europäescher Unioun, dass se wann dës Sitzung bis eriwwer wier, séier wëllten zu dem Grupp vun deene 4 bäistoussen.

Frank Goetz: Mä hunn dann déi aner Länner am Virfeld erkläert virwat datt se haut net hei zu Bréissel dobäi sinn?

Jean-Claude Juncker: Et ass wéi ëmmer, fir d’éischt léisst een déi virgoen, déi streng a stramm Iwwerzeegungen hunn, déi eng Rei vun Iddeen hunn, da léisst een déi formuléieren an da kuckt een ob ee ka mat deenen Ideen averstane sinn, da kuckt een ob een déi Ideen och nach an deem Sënn wéi een et selwer gäeren hätt kënnt ofbéien oder ëmbéien oder riichtbéien. Dat ass den übleche Prozess an der Europäescher Unioun, mä fir Lëtzebuerg war et wichteg do dobei ze sinn, wann eis 3 Noperen eng Initiativ huelen, déi och de lëtzebuergeschen Ambitiounen entsprecht wat d’Europapolitik ubelaangt, dat heescht déi noutwendeg Verlängerung vun den europäesche Solidaritéiten ëm déi aussepolitisch an ëm déi militäresch Dimensioun.

Frank Goetz: Mä wat ass d’Ziel? Eng europäesch Verdeedegungspolitik déi hiren Numm verdéngt? Wat bedeit dat lo konkret?

Jean-Claude Juncker: Eng europäesch Verdeedegungspolitik, dat bedeit fir d’éischt mol, dass een de Vertrag wann en nei geschriwwe gëtt opmécht fir méi gemeinsam Verdeedegungspolitik, dat heescht dass et och dat Instrument vun der verstäerkter Zesummenaarbecht, dass e puer Länner eppes maachen, mä net all Länner matmaachen opmécht fir europäesch Verdeedegung, dat war zu Nice virun 2 an ½ Joer nach net méiglech gewiescht. Europäesch Verdeedegungspolitik dat heescht, net dass mer wëllen e militäresche Muskelprotz ginn, mä dass mer eng Intersektioun schaaffe vun zivilen, vun diplomateschen, vu politeschen a vu militäresche Mëttelen, militäresch Mëttelen déi d’Crédibilitéit vun der politescher Aktioun solle sécherstellen. Europäesch Verdeedegungspolitik heescht, dass ee probéiert d’Dublizéierung vun den nationalen Efforten do wou se onsënneg si well jiddfereen dat selwecht mécht sou ze regroupéieren, dass jiddfereen eng spezifesch Aufgab an der gemeinsamer Verdeedegung iwwerhëlt. Europäesch Verteidegungspolitik heescht och, dass mer hei net eng Géigebewegung zur NATO aleeden, kee Putsch géint d’Vereenegt Staate vun Amerika organiséieren, mä déi noutwendeg Stäerkung vun der europäescher Identitéit innerhalb vun der NATO begräifen als ee komplentärt Verhalen. Mir sinn an der NATO a mir sinn an der Europäescher Unioun, déi zwou Verdeedgungssträng mussen - ouni dass se een par rapport zu deem aneren Kontradiktioun entwécklen - zesummeschaffen.

Frank Goetz: Heescht dat dann och eng Arméi déi hiren Numm verdéngt? Mussen d’Militärbudgeten lo opgestockt ginn? Muss den Arméidéngscht nei iwwerduecht ginn? Muss d’Rüstungsindustrie an Europa ferm ugekuerbelt ginn?

Jean-Claude Juncker: D’europäesch Rüstungsindustrie muss fir d’éischt mol regroupéiert ginn. Et mécht kee Sënn, dass mer wa mer militäresch Equipementer kafen, jiddwereen am nationalen Alleingang dat mécht, mä wann een eng europäesch Rüstungagentur huet, déi souwuel fir Produktioun wéi och fir Distributioun vu Waffesystemer zoustänneg ass, dass ee sech méi bëlleg kann équipéieren. Haut musse mir als Lëtzebuerg eis zum Beispill méi deier équipéieren wéi wa mer kënnen deelhuelen u gesamteuropäesche Rëschtungsprogrammer. Mir hunn haut iwwert d’Schaaffung vun enger europäescher Arméi net geschwat. Dat läit a mengem Empfannen natierlech um Ënn vum Gesamtprozess, mä do mussen der méi wéi 4 matmaachen.

Frank Goetz: Geschwat gouf jo awer vun engem Quartier général dee Militärasätz soll leeden, ass dat dann net awer eng direkt Konkurrenz zu bestehenden NATO-Strukturen sou wéi dat jo awer och zu London, zu Roum an zu Madrid ferm kritiséiert gët?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt haut schonn europäesch Asätz déi net identesch si mat NATO-Asätz, mä well et keng europäesch Planungsorganismen a -strukture gëtt, musse mer eis total op déi vun der NATO verloossen. Dat wëlle mer och an Zukunft net onbedingt géigendeeleg maachen, mä mir hätten awer gären, dass d’Planifikatiounsstrukturen vun der Europäescher Unioun anerer sinn vun der NATO, ouni dass se sech a Konkurrenz mat deene vun der NATO bewegen, beispillsweis ass de stellvertriedenden oberkommandierende Generol vun der NATO ëmmer een Europäer. Et ass ganz évident, dass ee sech op deem säin Know-How op seng Expertise ufanks wäerte misse verloosse fir déi Aktiounen ze starten.

Frank Goetz: Leeft een net awer Gefor haut mat der Initiativ grad an engem Moment wou d’Bezéiungen tëscht den USA an Europa wuel net déi allerbeschte sinn, weider Salz op d’Wonnen ze streeën?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen dat net. Dee Sommet vun haut, dee Minisommet wéi gesot gëtt, dee kritt vun denen déi net dobei sinn an och vun deenen déi en ausserhalb vun der Europäescher Unioun hier observéieren een Ustrach wéi wann dat hei d’Zusammerottung wier vun deene Kräften, déi mat der amerikanescher Politik net averstane wier. Dat ass et net, dat ass eigentlech een Zoufall. Et geet hei drëms dass 4 Grënnungsmembere vun der Europäescher Unioun, Däitschland, Frankräich, Belsch a Lëtzebuerg, déi nei Ambitioun déi mer an Europa brauchen - nämlech selwer fir eis Verteidegung ze suergen ouni eis lasszekoppelen vun der amerikanescher Verteidegung - den éischte Schrëtt setzen dee soll anerer dozou bréngen, .... ze incitéieren, och do matzemaachen. Ech hu souvill Gespréicher déi lescht Deeg mat menge Kollege gefouert, déi haut net op dëser Sitzung sinn, fir och ze wëssen, dass déi Rhetorik no baussen an déi intim Convictioun no bannen heiandsdo zwou verschidde Saache sinn.

Frank Goetz: Mä à propos déi di net dobäi sinn. De britesche Premier huet gesot et géif just eng Polarmuecht an der Welt an dat wäeren d’USA. All Versuch e Géigegewiicht opzebaue wäer extrem geféierlech. Meng Fro, kann et geféierlech gi wann d’Europäer sech vis-à-vis vun den Amerikaner militäresch a verdeedegungspolitesch emanzipéieren?

Jean-Claude Juncker: Dat ass net meng Perceptioun vun deem wat haut geschitt ass. Mir hunn hei eng Sitzung gehalen, déi net géint Amerika geriicht war. An dem Communiqué dee mer publizéiert hu fannt Der och net ee Saz, dee géif unhuele loosen, wéi wa mer wéi ech dat lo grad gesot hunn ee Putsch géint d’USA géifen organiséieren, mä d’Démarchë si komplentär, déi vun den Europäer an déi vun den Amerikaner. Zweetens hunn d’Amerikaner 30 Joer laang gefrot, gesot an heiandsdo haart geruff, dass d’Europäer méi misste fir hir eege Verteidegung maachen. Ech wëll net gleewen, dass an deem Moment wou mer probéieren dann e bësse méi eegen Efforten ze maache fir d’Verteidegung vun Europa, dass dat dann zu Washington op eng absolut Desapprobatioun géif stoussen, dass d’Europäer hir eege Verteidegung eescht huelen an dass se d’Sécherheetspolitik an den Dingscht vun der gemeinsamer Aussepolitk stellen ass éischter am Intérêt vun Amerika wéi dass et géint amerikanesch Interesse geriicht wier. Mir hu jo an Europa net de Problem, dass mer zevill Amerika hunn, bei der Aussen- a bei der Sécherheets- a bei der Verdeedegungspolitik, mer hunn de Problem, dass mer net Europa genuch hunn a lo leeë mer Villes zesumme wat zesummegehéiert, fir dass mer eng eegen europäesch Identitéit an der Verdeedegung kréien an och nach Suen dobäi wannen, doduerch dass mer net all Dépense zweemol maachen an déi Sue kënnen notze fir se gewënnbréngend fir eng méi staark, fir eng méi muskléiert - obscho mer kee Muskelprotz wëlle ginn - europäesch Verteidegung kënnen anzesetzen.

Frank Goetz: Här Staatsminister, loosse mer villäicht mol Amerika op der Säit. Dir soutzt haut Länner vis-à-vis Frankräich an Däitschland déi an der grousser Diskussioun iwwert eng Neigestaltung vun der Europäescher Unioun dach grondleeënd aner Meenunge vertrieden, Däitschland a Frankräich, mécht dat d’Saach dann net awer trotzdem e wéineg méi komplizéiert?

Jean-Claude Juncker: Jo wësst Der, wann ech an der Welt an Europa nëmme mat deene schwätzen, déi menger Meenung sinn dann hunn ech den Tour vun deenen déi alles d’selwecht gesi wéi ech selwer séier gemaach. Et ass ganz normal an der Europäescher Unioun an der europäescher Konstruktioun an an der europäescher Logik, dass ee sech och mat Länner ënnerhält , déi op ville Punkten aner Opfaassungen hu wéi mir selwer. Wichteg ass, dass wa méi Europa op engem Punkt entsteet, wéi an dësem Fall d’gemeinsam Aussen- an d’gemeinsam Secherheets- an d’gemeinsam Verdeedegungspolitik, dass Lëtzebuerg vun Ufank un dobei ass. Et ass d’Kraaft vun eisem Land ëmmer gewiescht, matzen am zweete Weltkrich a vun do un ëmmer erëm, ëmmer dobei ze si wann nei europäesch Initiative gebuer gi sinn, wann nei europäesch Ambitiounen Kierper unhuelen. Fir Lëtzebuerg ass et ganz schwiereg wa bis een Zuch leeft op den Zuch mat opzesprangen. Mä wa mer eise Wagon zur Zäit akrempen an e mat op d’Gleis bréngen, dann hëlt keen e méi rof an dofir heescht et ëmmer dobeizesi wann nei grouss europäesch Ambitioune Raum gräifen.

Frank Goetz: Wat ass da lo deen nächste Schrëtt? Déi aner z’iwwerzeegen oder waarden, datt déi aner op Iech duerkommen?

Jean-Claude Juncker: Jo mir hunn eis d’Aarbechten opgedeelt ënnert deene 4 Kollegen déi haut do waren, de franséische President, den däitsche Bundeskanzler, de belsche Premier an ech selwer, jiddferee vun eis huet a sengem Callepin stoe mat weem en da lo déi nächst Deeg a Woche muss schwätze fir anerer dovun z’iwwerzeegen bei dëser Inititive, déi géint kee geriicht ass, mä déi jiddferee wëllt an deem selwechte Schwong mathuelen, fir déi dovun z’iwwerzeege matzemaachen. Europäesch Verdeedegungspolitik, ech weess net ob ech dat an eisem Gespréich scho gesot hunn et muss ee souvill schwätzen haut, dat heescht jo net nëmmen, dass ee Militär opbitt, dat heescht jo net nëmmen, dass een Arméie marschéieren deet. Ech gehéieren zu enger Generatioun déi ni font huet, dass dat den Haaptoptrag vun der Politik wier, dass de politesche Primat sech géif doranner resuméiere militäresch aktiv ze ginn. Nee, europäesch Sécherheets- a  Verdeedegungspolitik dat ass déi Intersektioun aus villen Elementer, aus Politik, aus Diplomatie, aus Militär, déi mussen zesummebruecht gi fir eng crédibel international Identitéit opzebauen op déi keen ee Monopolzougrëffrecht kann définiéieren. D’Welt ass multipolar, mir musse mat der multipolarer Welt liewen an déi Virstellung, dass just d’Amerikaner oder mar d’Amerikaner an d’Europäer d’Welt géifen dominéieren ass eng der ech mech net kann uschléissen. Et gëtt Mënschen ausserhalb vun Amerika a vun Europa, déi si souvill Wert wéi mir selwer.

Frank Goetz:  Här Staatsminister, ech soen Iech villmols merci.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour