Le ministre des Affaires étrangères Lydie Polfer sur la décision onusienne de lever les sanctions en Irak

RTL: Ech huelen un Dir an och d’Hären Iwanow, Fischer a Villepin sinn zefridden, datt d’Sanktiounen opgehuewe sinn. Wat bedeit dat elo konkret fir d’Leit do am Irak?

Lydie Polfer: Jo, ganz richteg, ech mengen et ass een encouragante Moment. No ville Schwieregkeeten an och Streidereien huet d’international Communautéit neess zur Eenheet fonnt an dat hei heescht net d’Legitimitéit vum Krich agestoen, mä et heescht awer de Fridden an de Widderopbau vun dem Irak an e legitime Kader an en internationale Kader zu engem groussen Deel setzen an dat heescht, datt elo d’international Gemeinschaft zesummen ass, elo kann all Efforte bëndelen, fir eben esou gutt wéi méiglech déi schwierg Situatioun an de Grëff ze kréien.

RTL: D’USA a Groussbritannien sollen als Okkupatiounsmuecht d’Land nei organiséieren an op d’Mannst sou laang bleiwe bis eng irakesch Regierung steet. D’UNO nennt sou séier wéi méiglech ee Spezialemissär deen da vun den Alliéierten iwwert d’Entwécklung am Irak muss informéiert ginn. Huet d’UNO domadder elo wierklech eppes ze soen? Spillt se eng wichteg, eng zentral Roll, oder ass dat just sou eng Alibi-Funktioun sou ënnert dem Motto, Dir gitt informéiert hutt Iech awer net anzemëschen?

Lydie Polfer: Nee, ech mengen, dat do ass jo natierlech och d’Resultat vu laange Verhandlungen an dee Koordinator, dee vun dem Kofi Annan genannt gëtt, den huet schonn eng ganz wichteg an eng konkret Roll ze spillen. En huet och een independente Rôle, fir eben déi Virgäng, déi am Irak sinn souwuel op politescher Basis wéi eben och op humanitärer Basis ze coordinéieren an eben och z’iwwerwaachen.

RTL: Villäicht dann nach kuerz een anert Thema ugeschwat, d’Erdbiewen an Algerien, huet déi Lëtzebuerger Regierung do och wëlles konkret finanziell ze hëllefen?

Lydie Polfer: Jo. ganz sécher, ech mengen Dir hutt et jo scho gesot a mir hunn de Muere Conseil de Gouvernement a mir wäerten do ganz bestëmmt nach méi konkret virgoen.

RTL: Merci, Madame Polfer.

Dernière mise à jour