Le ministre de l'Agriculture Fernand Boden au sujet de la réforme de la politique agricole commune (PAC)

RTL Télé: An am Studio begréissen ech elo de Lëtzebuerger Landwirtschaftsminister Fernand Boden, gudden Owend.

Fernand Boden: Gudden Owend.

RTL Télé: Hutt Dir dann net missten e bëssen op d’Zänn bäissen, wéi der haut Äeren Accord ginn hutt?

Fernand Boden: Jo, ech mengen ech hunn deen Accord net mat Begeeschterung ginn, dat muss ech ganz éierlech soen. Et muss een zwar unerkennen, datt nodeem d’Kommissioun während 10 Méint stuer op hirer ganzer Entkopplung insistéiert huet, huet se an de leschte 14 Deeg jo awer agesinn, datt déi meescht Memberstate jo gesot hunn, duerch eng total Entkopplung ass d’Gefoer do, datt Produktiounszweiger géife verschwannen an se huet dee Risiko agesinn an se huet och, géif ech soen, grouss Effortë gemaach, fir an déi Richtung ze goen, besonnesch am Déireberäich, wou de Risiko eiser Meenung no am gréissten ass a wou, loosse mer soen, duerch eng ganz Rei vu Moossnahmen och wesentlech méi Flexibilitéit do ass, wou d’Memberstaten eng Rei vu Méiglechkeete kréien, fir dat awer sou gutt wéi méiglech ze maachen. A mir mussen natierlech mat de Beruffsorganisatiounen elo zesumme kucken. Dat soll jo fréistens 2005 a Kraaft trieden, villäicht suguer e bësse méi spéit.

RTL Télé: Mä Häer Boden, d’Lëtzebuerger Bauere si jo net frou, mir hunn et héieren. Si gesinn sech jo besonnesch betraff vun dëser Reform. Kënnt Dir hir Ängscht, hir Suerge verstoen? Si se berechtegt, jo oder nee?

Fernand Boden: Jo. Ech mengen, d’Suerge si scho berechtegt. Mä eng ganz Rei vun deene Suerge sinn awer entkraft ginn doduerch, datt mir awer jo vun der Kommissioun aus eng ganz Rei Schrëtt an déi aner Richtung kritt hunn. Zum Beispill war virgesinn, datt d’Akommes, déi direkt Beihilfen, géifen ëm 19 Prozent erofgesat ginn, déi Degressivitéit, déi ass elo verschwonnen. Elo gëtt einfach eben 3 oder 4 oder 5 Prozent ewechgeholl an déi ginn an d’Entwécklung vum ländleche Raum, wou mir jo ganz staark sinn, wou eben just soll duerch gezielte Moossnahmen regional Qualitéitsproduktioun gefördert sinn, wou een kann zum Beispill, wann een Assurance mécht fir Schied ze versécheren, do kann ee bäileeën. Et kann een eng ganz Rei vu, wéi gesot, Investissementer déi jonk Bauere maache fir sech z’installéieren, et kann ee méi héich subventionnéieren. Also déi Sue ginn doriwwer geschicht. Déi ginn also net de Bauere verluer. Am Contraire, do leet de Stat nach eppes bäi. Do kann een also gezielte Moossnahme maachen.

RTL Télé: Mä à propos, d’Baueren erwaarde sech jo elo eng Hëllef. Wéi wäit kënnt Dir dann a wéi wäit dierft Dir hinnen dann elo hëllefen hei zu Lëtzebuerg?

Fernand Boden: Jo, ech mengen de Kader deen ass jo festgesat ginn. Si kréien heiduerch, mengen ech, net vill manner Bäihëllef wéi dat virdrun de Fall war. Et kënnt natierlech wahrscheinlech eng Ëmschichtung. Dat muss een ebe kucken. Dat ass déi grouss Inconnu, déi Deelentkopplung, déi elo festgehalen ass. Wéi soll déi am beschten hei zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn, fir datt dat, wat mer gefaart hunn, datt eventuell d’Mammekéihaltung oder d’Stéierhaltung, datt déi kënnt verschwannen? Well de Bauer jo och eppes kritt ouni mussen ze produzéieren. Da kuckt e jo wat ass net méi richteg rentabel ouni déi Primen do. Dann halen ech domadder op, datt een do also kann eng Kopplung loossen. Fir eis zu Lëtzebuerg ass d’Mëllechproduktioun an d’Déierenhaltung immens wichteg. Dat muss ee kucken, datt een déi zwee Produktiounszweigë kann halen. An ech muss soen, bei der Mëllech ass awer och e groussen Effort gemaach ginn, obschonn ech net frou sinn iwwer dat, wat erauskomm ass, fir datt déi éischt Virschléi vun der Kommissioun, déi 65 Prozent beim Botter virgesinn nëmmen op 25 erofgesat ginn sinn an datt d’Kompensatioune staark an d’Luucht gesat gi sinn.

RTL Télé: Ass dann net och rlo eng gutt Geleenheet fir op eng méi biologesch, op eng méi nohalteg Produktioun elo iwwerzegoen?

Fernand Boden: Natierlech. Also mir hu jo schonn hei am Land eng ganz nohalteg Produktioun gemaach, doduerch datt mir iwwert den zweete Peilentwécklung ländleche Raum jo déi do duerch gezielt Programmer ganz staark begleet hunn. Natierlech ass d’biologesch Landwirtschaft ass eng déi zum Beispill op stëllgeluechte Fläche ka gemaach ginn, während déi aner net kann do gemaach ginn. Also et sinn och schonn eng Rei Akzenter hei drann fir déi e bësse méi staark ze stäerken. Mä natierlech ass dat de Choix vun de Bauere selwer, ob se Biolandwirtschaft wëlle maachen oder net. Also mir ënnerstëtzen se sou wäit wéi méiglech doranner. Et muss een natierlech kucken, wat ass um Maart machbar ass a wat sinn d’Präisser, déi een do kréicht fir déi Méikäschten déi een huet.

Also ech menge schonn, datt dee Kompromiss, géif ech soen, een ass, wou een e bësse Bedenken op een oder deem anere Punkt hat. Mä finalement, mengen ech, ass awer e grousse Schrëtt gemaach ginn an déi Richtung, déi mer gäere gehat hätten. An ech mengen, wa mer dat gutt upaken, kënne mer domat liewen. Well Lëtzebuerg produzéiert jo net fir d’Interventioun, fir datt soll zu bëllege Präisser dann opkaf ginn vun der Gemeinschaft. Mir produzéieren fir doraus Qualitéitsprodukter ze maachen an da misst een et kënnen erreechen, duerch eng gutt Strategie, datt déi Präisser déi de Bauer kritt fir d’Mëllech, datt déi net sou wäit erofginn wéi den Interventiounspräis erofgeet. Wann also dat komplett compenséiert gëtt, da mengt ee kënnt een herno erauskommen. Ech menge schonn, datt wa mer et gutt upaken et net sou eng Katastrof misst sinn.

RTL Télé: Also dëse Kompromëss wäert sécher nach fir vill Diskussioune suergen. Fernand Boden, ech soen Iech fir haut villmols Merci.

Fernand Boden:  Et ass gäer geschitt.

Dernière mise à jour