Réaction du Premier ministre Jean-Claude Juncker aux propos du Président en exercice du Conseil européen Silvio Berlusconi

RADIO 100,7 : Gudde Mëtteg. Wéi kommentéiert Dir d’Entgleisung vum Silvio Berlusconi gëschter am Europaparlament zu Stroossbuerg?

Jean-Claude Juncker: Ech war fir d’éischt sprachlos a, wéi ech d’Sprooch erëm hat, entsat. Ech verurteelen dat, wat den Här Berlusconi gesot huet an der Form an am Inhalt op dat allerschärfts. Esou kann een an engem Europäischen Parlament net schwätzen. Sou därf een och an engem nationalen Parlament net schwätzen. Dat verréit, datt den Här Berlusconi eng mangelnd Asiicht huet an d’Sensibilitéiten vun Deputéierten an Europa.

RADIO 100,7 : Den däitschen Kanzler Gerhard Schröder huet haut eng Entschëllegung vum Berlusconi verlaangt. Schon gëschter gouf et Opreegung um diplomatischen Parkett. Wéi aussergewéinlech sin esou Viirgäng ?

Jean-Claude Juncker: Déi si ganz aussergewéinlech, well et ass ganz aussergewéinlech, datt ee Regierungschef sech esou ausdréckt, wéi den Här Berlusconi dat gemaach huet. Den Bundeskanzler huet zu Recht eng Entschëllegung verlaangt. Ech hu mech och un d’Instanzen vun der Europaïscher Vollékspartei gëschter Owend an haut den Mueren gewandt fir och als Europäesch Vollékspartei  - zu där Partei gehéiert den Här Berlusconi – genau dat selwecht ze verlaangen. Dat doten geet net!

RADIO 100,7: Den Drock op den italienischen Premier ass net eréischt zanter gëschter ganz grouss. De Mann ass ëmstridden. Wéi e Schued riskéiert Europa duerch d’Verhalen vum aktuellen Conseilspräsident?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn an Europa d'Regel, datt mir probéieren während enger Präsidentschaft keng Aussernanersetzung mat engem ze sichen, déi d’Innenpolitik vun dem Land uginn, déi reng Innenpolitik. Hei ass awer keen innepolitesche Virgang. Hei huet den Här Berlusconi am Europäischen Parlament eppes gesot, wat een weder denken nach soen däerf. Insofern muss den Här Berlusconi sech och drop gefasst halen, datt och aner Kollegen vu him, ech mengen aner Premieren him ganz däitlech maachen, datt mir dat doten net méi wëllen gesinn an datt mer der Meenung sinn, datt dat eng Kéier ze vill war.

RADIO 100,7: Doheem demontéiert hien d'Justiz, kontrolléiert d’Televisioun an léisst sech vum Parlament Gesetzer mossschneideren, sou dess Woch de Spiegel iwwert den Berlusconi. Elo soll den italieneschen Premier Europa representéieren. Wéi wäert Dir perséinlech an den nächsten Meint mam Berlusconi emgoen ?

Jean-Claude Juncker: Den Här Berlusconi ass italieneschen Premier. Hien huet d'Vertrauen vum italieneschen Parlament. Seng Koalitioun verfügt iwwert eng Mehrheet am italieneschen Parlament. Ech hunn den Här Berlusconi ze respektéiren als en italieneschen Premier. Mä ech däerf him awer soen, datt wann hien fir d’Europäisch Unioun am Europäischen Parlament oder ausserhalb vum Europäischen Parlament schwätzt, datt hien sech dann net zu Aussoen hin däerf provozéiren loossen, déi een net nëmmen net däerf am Numm vun der Europäischer Unioun maachen, mä déi en och net dierf an sengem perséinlechen Numm maachen.

Dernière mise à jour