Le ministre du Trésor et du Budget Luc Frieden au sujet du projet de budget pour 2004

RTL: Fir méi am Detail op de Staatsbudget vum nächste Joer anzegoen, begréissen ech elo de Budgetsminister Luc Frieden. Gudde Mëtteg, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

RTL: Här Frieden, Dir sot et de Moien, d’Opstelle vum Budget hätt Iech vill Zäit an Nerve kascht. Et ass jo och net méi sou agreabel wéi déi lescht Joren, eben well elo gespuert muss ginn. Sidd Dir dann elo awer mam Resultat zefridden, quitte datt een Defizit vun 87,8 Milliounen Euro ënnert dem Strëch erauskomm ass?

Luc Frieden: Ech sinn net onzefridden, well eist Ziel war et an ass et gesond Staatsfinanzen ze halen. Dat ass een Ziel, dat mer zanter e puer Joer hunn an dat hu mer och bei desem Budget fäerdeg bruecht. Zwee Prozent Croissance vun den Dépensen, dat ass et zanter Joren, Jorzéngten net méi ginn. Dat heescht mir waren extrem responsabel op der Dépensësäit an dat, wat Dir als Minus tëscht Recetten an Dépensen duerstellt, als Defizit, dat ass en fait keen Defizit, well déi Suen hu mer. Déi Suen huele mer aus der Réserve budgétaire. Dat si Suen, déi mir an der Regierung déi leschte Joren op d’Säit geluecht hunn. Déi Suen sinn also do. Dofir ass dat Wuert Defizit… Am Ausland heescht dat, datt een déi Suen net huet. Mir hunn se. Mir konnten eis also dee klengen Defizit erlaben. Mä wichteg ass fir mech d’Croissance vun den Dépensen. Déi war nach ni sou niddreg wéi elo. Dat heescht mir hunn näischt Irresponsabeles hei gemaach. Eis Staatsfinanzen bleiwe gesond.

RTL: Mä trotzdem mécht d’Regierung elo fir d’éischte Kéier zanter laangem nees en Emprunt vun 200 Milliounen Euro. Trotzdem klëmmt d’Gesamtverscholdung vum Staat net Äerer Ausso no. Wéi geet déi Rechnung dann op?

Luc Frieden: Éischtens mol huet d’Regierung an de leschte Jorzéngten ëmmer Empruntë gemaach fir laangfristeg Infrastrukturprojeten ze finanzéieren. An dëser Regierung hu mer ëmmer gesot, mir maachen dat net fir wa mer eng Kéier déi Verscholdung brauchen. Mir hunn haut eng Schold, déi ongeféier 640 Milliounen ass. Dëst Joer musse mer, dat ass al Schold aus deene leschte Jorzéngten, dëst Joer musse mer dovunner 200 Milliounen zréckbezuelen, Déi Suen hu mer, och déi hu mer schonn op der Säit leien an dofir kënne mer d’nächst Joer nei Schold fir 200 Millioune maachen, sou datt eis Gesamtverscholdung bei eppes 640 Millioune bleift. Dat sinn ongeféier 2,8 Prozent vum PIB. Wann een also vergläicht, déi Schold déi mer um Enn vum nächste Joer hunn, mat där, déi mer dëst Joer haten, ass et d’nämmlecht an se ass esouguer méi niddreg wéi déi, déi mer am Ufank vun dëser Legislaturperiod haten, well mer eben, esou wéi ech Iech dat och virdru gesot hunn, an deene Joren 1999, 2000 net all Fuerderung Rechunng gedroen hunn, mä vill Suen op d’Säit gesat hunn. Eis Gesamtverscholdung bleift bei 2,7 Prozent vum PIB, bei wäitem déi niddregst a ganz Europa an dobäi soen ech Iech nach: Den Emprunt huele mer nëmme fir laangfristeg Infrastrukturen ze finanzéieren, virun allem de Stroossebau an de Schinnebau, wou vill Dépensen op eis nach ëmmer zoukommen.

RTL: D’Steierrecetten goungen a gi jo massiv zréck. Virun allem - mir hunn et héieren - gëtt et en Abroch bei der Kierperschaftssteier vun de Betriber. Et ginn nach Steierréckstänn agedriwwen. Mä duerno ass et dann awer definitiv domatter eriwwer. Maacht Dir Iech da keng Suerge fir d’Joer 2005, also no de Wahlen?

Luc Frieden: Wann een e Budget mécht, dann denkt een ëmmer un déi zwee Budgeten déi duerno kommen. Dat ass fir mech och dës Kéier de Fall gewiescht, onofhängeg vun de Wahlen vum nächste Joer. Well soss hätte mer och net déi Croissance vun den Dépensë sou niddreg gehalen. Domatter hu mer séchergestalt, datt mer och déi Budgetë vun 2005 an 2006 an duerno fäerdeg bréngen, och bei manner Recetten, well mer och déi Reserven, déi mer hunn net total opbrauchen. Wa mer och deen Defizit duerch en Deel vun der Réserve budgétaire huelen, wat also d’Staatskeess ass, da bleift déi Reserve, déi mer an der Staatskeess hunn um Enn vun dëser Legislaturperiod nach méi héich wéi déi wéi mer haten, wéi dës Regierung 1999 ugefaangen huet. An duerfir ass et mer net Angscht fir 2005 an 2006, à condition datt een och dann mat extremer Responsabilitéit un déi Fro do erugeet an net bei alles jo seet an net alles accordéiert, wat gefrot gëtt.

RTL: Eng Décisioun, déi jo besonnesch d’Fonctionnairen dierft interesséieren ass deen Astellungsstopp beim Staat. Ofgesi vu 50 Polizisten a 50 Enseignantën, et gi quasi keng Staatsbeamten agestallt an déi 300, déi a Pensioun ginn, ginn och net automatesch ersat. An anere Wierder: Déi aktuell Staatsbeamte musse méi schaffen oder wéi?

Luc Frieden: Et ass normal, datt an all Betrieb, wou d’Situatioun finanzieller Natur méi schwiereg gëtt, datt een da kuckt ob een sech net ka réorganiséieren. Et ass deen Exrercice, dee mer gäere maachen. Mir hunn an deene leschten 3, 4 Joren ganz vill nei Beamten agestalt a mir géingen elo gären eng Kéier de Point maachen. An dofir hu mer gesot, wann een a Pensioun geet, da gëtt deen net automatesch ersat, mä et muss ee fir d’éischt motivéieren ob een deen brauch. Et kann ee jo och villäicht eppes intern reorganiséieren. Et ass also net esou, datt déi 300 net ersat ginn. Mä et si verschiddener, déi villäicht net mussen op där Plaz ersat ginn. An derniewent wollte mer, well mer d’Grondaufgabe vum Staat Prioritéit ginn, well mer vill nei Lycéeë bauen, brauche mer och 50 nei Enseignanten. A well eng Rei Polizisten an der Polizeischoul sinn, wäerte mer mat deem plurianuelle Programm weiderfuere fir déi 50 Polizisten anzestellen. Et ass also een Effort, dee vun all Minister hei gemaach gëtt, fir emol fir d’éischt ze kucken, kann ech net reorganiséieren, éier mir nei astellen? A wann ee wëllt de Fonktionnementsbudget am Grëff behalen, da muss ee verschidde sou Moossnahmen huelen, mä ech mengen jiddfereen deen dat do éierlech analyséiert, dee versteet wat mer hei maachen.

RTL: Rechent Dir dann net awer mat schaarfer Kritik vun der CGFP?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat responsabel Leit sinn an datt déi och aus deene Virgespréicher, déi mat de Gewerkschaften, och der CGFP, geféiert gi sinn, datt déi verstinn, verstoe wäerten, wat fir een Exercice hei gemaach gëtt, deen iwwregens och scho mol eng Kéier viru Joren eng Kéier gemaach ginn ass. Dat ass also och do eng responsabel Approche fir d’Fonktionnementskäschten am Grëff ze halen an dat muss een dann um Enn vum nächste Joer évaluéieren.

RTL: Dir hutt de Muere betount eben datt d’Investitiounen héich solle bleiwen, datt et keng Aschnëtter beim Soziale gëtt an Dir hutt och eng Rei Krediter opgezielt, déi eropginn. Mä eng ganz Rëtsch Neifuerderunge goufen net erfëllt. Wéi eng Fuerderunge waren dat dann? Wéi eng Ministere si besonnech enttäuscht?

Luc Frieden: Eis koum et drop un, datt mer géinge gemeinsam Prioritéite festleeën an der Regierung an datt mer deenen géingen déi dofir noutwendeg Krediter ginn. D’Investituounen ass ee Beräich dovunner. Déi klammen ëm 8 Prozent par rapport zu deenen Dépensen, déi mer dëst Joer an deem Beräich maachen. Dat hëlleft ganz ville Betriber am Land an dat mécht eist Land fit fir d’Zukunft. Wann een dat mécht, da sinn eng Rei aner Krediter déi een um nämmlechten Niveau hält, respektiv déi och mol zréckginn. Do huet all Minister säin Effort gemaach. Mir hunn 8.000 Krediter am Budget. Duerfir kann ech Iech déi net all opzielen déi erofginn. Dat géing och näischt bréngen. Fir mech ass et wichteg, datt hei jiddfereen - et huet zwar vill Méi kascht, vill Zäit, vill Nerven, mä en fait hu mer dat fäerdeg bruecht - jiddweree wollt, datt dëse Budget net géing irresponsabel klammen. Dat hu mer fäerdeg bruecht, besser wéi an deen leschte Joren.

RTL: Et gouf dann also och kee Kaméidi an der Regierung dowéinst?

Luc Frieden: Kaméidi gouf et keen an der Regierung, mä et war net jiddferee frou mat deem wat gestrach ginn ass. Mä jiddfereen huet dat matgedroen an dat war dat, wat leschten Enns gezielt huet.

RTL: Eng leschte Fro, Här Frieden. De Bensin gëtt jo méi deier, ëm 7 Cent de Liter, duerch eng Erhéigung vun den Accisen. Wier een do net derlaanscht komm?

Luc Frieden: Et gi selbstverständlech och Alternativen, mä et muss ee gesinn, datt de Fonds pour l’Emploi Schwieregkeeten huet an der Finanzéierung, well den Aarbechtsmaart net méi deen ass, wéi deen, dee mer virun e puer Joer haten an datt also méi Leit mussen als Chômeuren indemniséiert ginn, respektiv déi a Beschäftegungsmoossnahme sinn, kréien eng Ënnerstëtzung vum Staat, datt se erëm op den Aarbechtsmaart kommen. Do hätt ee kënne méi Verscholdung maachen, wollte mer awer net, obschonns mer et hätte kënne maachen. Mir hätte kënnen d’TVA héigen. Mir hu fonnt, datt dat hei eng Zouféierung an de Fonds pour l’Emploi wär, déi och dem Solidaritéitsgedanke géing Rechnung droen fir déi, déi eng Schaff hunn ze deelen, mat deenen déi keng hunn.

Dat ass och well mer gréisser Ënnerscheeder hunn zum Bensinspräis an den Nopeschlänner. Dee bleift iwwregens nach bestoen, mä gëtt liicht méi kleng. Kuckt emol wat Dir musst bezuele fir de Liter wann Der an d’Nopeschlänner tanke gitt an dofir, mengen ech, ass dat hei eng Léisung gewiescht, déi ënnert den Ëmstänn déi beschte war och wëssend, datt och en Deel dovunner och vun deene bezuelt gëtt, déi duerch eist Land fueren. Et spillen also vill Facteuren déi et mat sech bruecht hunn, datt dat doten déi beschtméiglech Finanzéierung wär. Iwweregens hu mer déi och mol an der Vergaangenheet iwwert deen dote Wee gemaach, fir dëm Fonds pour l’Emploi seng finanziell Schwieregkeete méi kleng ze maachen.

RTL:  Här Frieden, merci fir d’Explikatiounen.

Dernière mise à jour