Jean-Claude Juncker au sujet de l'étude ILReS

RTL: D’Regierung par contre kéint zefridde sinn. Do kéint een sech scho froen, ob een da bei sou engem Score fir d’Regierung dann iwwerhaapt nach misst wiele goen. Op alle Fall, mengt de Premier Jean-Claude Juncker:

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt d’Leit zum Ausdrock bruecht hunn si wëllten sech als Vollek aus der Politik zreckzéien. Ech hu souwisou een Ëmgang mat Meenungsëmfroen den sou ass, datt een, wann ee wëllt richteg regéieren an dat Richtegt maachen, sech net däerf op Meenungsëmfroë verloossen, mä datt ee muss d’Problemer, sou wéi se sech stellen, kloer am Bléck hunn an da muss probéieren déi Problemer ze léisen. Ech sinn der Meenung, datt d’Leit, och wann se hei mat der Regierungspolitik hir Zefriddenheet zum Ausdrock bréngen, an däer Meenungsëmfro, déi ech mat allen Nuancë wëll entouréiert gesinn, domatt zum Ausdrock bréngen, datt se sech keng Suerge maachen, well ech mengen, datt d’Leit sech alleguer Suerge maachen ëm d’wirtschaftlech Situatioun, och ëm d’Zukunft, mä se schéngen zum Ausdrock ze bréngen, datt se Vertrauen hunn an d’Aart a Weis wéi d’Regierung probéiert mat däer Problemdichte do ëmzegoen.

Dernière mise à jour