Jean-Claude Juncker au sujet du Sommet Benelux et de la CIG

RTL: Um Telefon sinn ech elo verbonne mam Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker, gudde Moien Här Juncker.

Jean-Claude Juncker:  Gudde Moien.

RTL: D’Positioune goufen also ofgestëmmt. Hu Lëtzebuerg, d’Belsch an Holland dann elo déi selwecht Vuen, déi selwecht Ambitioune muer?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn déi selwecht Ambitiounen a grosso moddo, bis op wéineg Nuancen, wat normal ass, datt déi dräi verschidde Länner och déi selwecht Positioun hunn. Mir hate jo scho während den Aarbechte vum Konvent ganz enk zesumme geschafft, déi dräi Benelux-Regierunge, a vill Virschléi gemaach, vun deenen der och vill zréckbehale gi sinn. Mir komme generell zur Konklusioun, déi net verwonnert, datt an der Substanz am Konvent eng ganz gutt Aarbecht gemaach ginn ass, well mir do, wou mir et brauchen, op deene meeschte Plazen wou mir et brauchen, méi Europa kréien a mir wëllen och net, datt dat an der Regierungskonferenz bei de Staats- Regierungschefen a bei den Ausseministeren zréckgedréit gëtt, gesinn allerdings grousse Klärungsbedarf beim institutionelle Kapitel, do wou ech eng Kéier vun der „Dunkelkammer“ geschwat hunn, wou keen doduerch bléckt, do si mer der Meenung, datt während der Regierungskonferenz muss nogeschafft ginn, präziséiert ginn, clarifiéiert ginn.

RTL: Zevill wech vum initialen Text wëllen d’Benelux-Länner jo net. Mä iwwer wat ass mat Iech net ze diskutéieren, wou muss nogebessert ginn?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn der Meenung, datt muss nogebessert gi bei der Ausmiwwléierung, bei der Ariichtung vun den Institutiounen, dat heescht mir mussen d’Aart a Weis wéi d’Präsidentschaft vum Ministerrot gefouert gëtt méi kloer kréien, well souwuel d’Regierunge wéi och d’Leit Recht drop hunn ze wëssen, no watfer Reegelen datt an Zukunft am gudde Sënn vum Wuert Macht ausgeübt gëtt an der Europäescher Unioun, wéi déi eenzel Staaten op eng gläichberechtegt Aart a Weis, op eng gläichberechtegt Manéier kënnen déi Europäesch Unioun cogéréieren. Dat dierf net eng Unioun ginn, wou déi grouss Staaten alleng regéieren. Dat muss een Ensembel bleiwen vu Grouss a Kleng, wou Europa-Begeeschterter a méi Europa-Zréckhalender, gemeinsam probéieren dat europäescht Schëff am Waasser ze behalen.

RTL: De Benelux ass och éischter fir eng méi kleng, awer efficace Kommissioun. Ass dat dann am Sënn vum Grand-Duché, wa Lëtzebuerg villäicht kee Kommissär méi hält?

Jean-Claude Juncker: Mir si fir de Prinzip „Ee Kommissär pro Staat“. Wat mir proposéiert hunn - de Konvent huet dat och zéckbehalen - datt all Staat och no 2009 - bis dohinner si jo all Kommissäre stëmmberechtegt - Member vun der Kommissioun bleift. Mir wëlle just, datt ofwiesselnd nëmmen d’Halschent vun de Kommissären Stëmmrecht huet, mä datt all Sitzunge vun der Kommissioun ee Member pro Staat ronderëm säin Dësch vertruede gesinn, well mer mengen, datt nëmmen wa 15, 16 Kommissäre wierklech ofstëmmen, et zu engem zügege Weiderkommen an Europa kënnt.

Mir halen awer drop, datt all Staat ëmmer rondrëm den Dësch vertrueden ass, fir datt all Sensibilitéiten, all Befindlechkeeten, all nuancéiert Aschätzungen, déi et queesch duerch d’Europäesch Unioun vu 25 State wäert ginn, eng Expressioun um Dësch fënnt, sou datt d’Kommissioun, virun allem déi Kommissären déi ofstëmmen, ganz genau wëssen wéi d’Rezeptioun vun de Propositioune vun der Kommissioun riskéiert an de Memberstaaten ze ginn.

Et ass also ëmmer ee Lëtzebuerger um Dësch, mä e kann net all Joer ofstëmmen. Et ass ëmmer een Däitschen um Dësch, ee Fransous um Dësch, mä net an all Kommissioun kritt en Däitschen an e Franséischen ee Stëmmrecht. Grouss a Kleng ginn d’selwecht behandelt a jiddwereen ass dobäi.

RTL:  Här Staatsminister, villmols merci fir déi Präzisiounen.

Dernière mise à jour