Jean-Claude Juncker et Luc Frieden au sujet de la visite officielle à Belgrade

Jean-Claude Juncker: Dir wësst, datt 45 Prozent vun de Flüchtlingen déi aus Süd-Ost-Europa op Lëtzebuerg komm sinn aus dem Montenegro stamen. Déi montenegrinesch Regierung, déi mer haut och gesinn hunn, nieft der serbescher an nieft der serbesch-montenegrinescher Regierung, ass der Meenung, datt dee Prozess deen no der Visite am Juni un d’Lafe komm ass, een ass, deen ze begréissen ass, soen datt si gäeren hätten, datt déi Leit déi de Montenegro verlooss hunn, rëm géifen an de Montenegro zréckkommen, fir ze hëllefen hir Heemecht virun opzebauen, weiderwuessen ze loossen.
(RTL Radio Lëtzebuerg, Moiesjournal)

Luc Frieden: D’Regierung vum Montenegro, mat däer mer virun allem iwwert déi do Fro geschwat hunn, huet eis gesot, datt si déi Leit brauchen, fir den Opbau vun hirem Land ze maachen, datt dat selbstverständlech e schwierege Prozess ass, well et och drëm geet auslännesch Investisseuren ze fannen, déi an deem Land nei Entwécklungsméiglechkeete schafen. Mir wäerten och dofir kucken, fir datt d’Montenegriner am Laf vun deenen nächste Méint kënnen op Lëtzebuerg kommen, fir ze kucken, a wéi enge Beräicher ee kann nach méi enk mat hinnen zesumme schaffen, respektiv do wou et Méiglechkeete ginn och fir europäesch respetiv lëtzebuergesch Betriber dohannen ze investéieren. Dir wësst, datt mer scho Projeten hunn an der Agrikultur. Mir hunn och geschwat iwwer Projeten, déi ee kënnt zesumme maachen an der Ausbildung vu Leit aus dem Bankesecteur. Et sinn aner Méiglechkeeten an der Zesummenaarbecht vu Kleng- a Mëttelbetriber. Et muss een hei hëllefen déi wirtschaftlech Entwécklung virunzedreiwen an déi montenegrinesch Säit gesäit an deem Kontext de Retour vun hire Leit als positiv, voire als noutwendeg fir de Rëmopbau vun hirem Land.
(Radio 100,7)

Dernière mise à jour