Interview de fin d'année avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker

Jay Schiltz: Samschden, 27. Dezember 2003. Gudde Mëtteg an der leschter Emissioun „Riicht Eraus“ fir dëst Joer. Réck- an Ausbléck heescht et gemengerhand ëm dës Zäit. Och mir wéilten an dëser Emissioun nach emol op déi vergaangen 12 Méint zeréckkucken, an dobäi de Commentaire an d’Analyse wéi schonn an de leschten Joren dem Staats- a Premierminister Jean-Claude Juncker iwwerloossen. Gudde Mëtteg, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Jay Schiltz: A virop merci, datt Dir bei eis an de Studio komm sidd. Mat Reportagë wëlle mer de Réckbléck op d’Joer 2003 illustréieren, woubäi de Choix natierlech nëmmen kann arbitraire a subjektiv sinn, wat bei engem Joer, wéi dat wat elo op en Enn geet, wuel och net anescht méiglech dierft sinn. Duerfir als éischt d’Fro un Iech, Här Staatsminister, wéi géift Dir dann dëst Joer 2003 beschreiwen?

Jean-Claude Juncker: Ech soen Joer fir Joer bal dat selwecht, mengen ech, nämlech datt et een duerchwuessent Joer war, eent vun Hoffnungen a vu Fortschrëtt. Et ass ermëttelt ginn, ech wees net wéi, mä et ass ermëttelt ginn, datt d’Demokratie a 25 Länner op der Welt Fortschrëtter kannt huet. Mä et war och ee Joer vu Krich, domatt vun Nidderlagen op deenen zwou Säiten. Et ass gestuerwen ginn an deem Joer, vun Honger, Onschëlleger. Heiheem war et ee Joer, wat méi wirtschaftlech geprägt war am éischter negativen, réckleefegen Sënn. Et war ee Joer vun enger Verengung vun de Staatsfinanzen, vum Uklammen vum Chômage, wéi och ee Joer mat gudden Nouvellen. Een duerchwuessent Joer eben.

Jay Schiltz: Ufänken wéilte mer eisen Réckbléck vläicht mat engem méi positiven Evenement, engem Gebuertsdag. Den 22. Januar 2003 woren et nämlech 40 Joer hir, datt zu Paräis de Charles de Gaule an de Konrad Adenauer den däitsch-franséischen Frënschaftsvertrag ënnerschriwwen hunnn.

La coopération franco-allemande

Jay Schiltz: Här Staatsminister, Dir hutt virun e puer Deeg an engen Interview an der belscher Zeitung La Libre Belgique gesot, datt dës däitsch-franséisch Frëndschaft fir Europa zwar vital, ma net onbedingt den eenzegen Motor wier, an de Rescht vun Europa net misst an Ehrfurcht erstarren, wann déi zwee géifen haart denken. Wat wollt Dir dann domat soen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn d’Grondiwwerzeegung, datt mer an Europa zu näischt kommen, am positive Sënn vum Wuert, wann déi intim Zesummenaarbecht tëscht Däitschland a Frankräich net fonktionnéiert. Et ass fir den europäeschen Fortschrëtt indispensabel, datt déi däitsch-franséisch Kooperatioun maximal klappt. Déi Virstellung, déi et zu Berlin an zu Paräis awer heiandso gëtt, an déi doranner besteet, fir ze mengen, et wier deen eenzegen Motor, deen an Europa kënnt usprangen, an da missten alleguer déi aner Agregater mat bougéieren, ass eng Virstellung, déi ech net hunn. Däitsch-franséisch Unzéien an Europa geet net duer. Et brauch aner Relaisen wéi deen däitsch-franséischen. Europa kann een net nëmmen méi zu zwee bedreiwen, mä wann déi zwee do et net zesummen maachen, da gëtt et näischt.

Jay Schiltz: Dir sot elo een, net eenzegen, Motor. Wéi eng Motoren gëtt et dann nach an Europa?

Jean-Claude Juncker: Éischtens géif ech emol stupiderweis soen, alleguer déi aner déi do sinn, niewt alleguer deenen aneren, déi och mussen funktionnéieren, gëtt et awer am wiesentlechen och dat wichtegt Zwëschestéck vun deenen dräi Benelux-Länner, déi dräi Grënnungsmemberen vun der Europäescher Unioun sinn. Et ass schwéier virstellbar, datt een an Eenzelberäicher vun der europäescher Politik - Beispill Sécherheetspolitik - eppes Durables fäerdeg bréngt, wann een d’Englänner net mat u Bord huet. Et muss ee gesinn, datt et an der Europäescher Unioun sou eppes wéi eng Südschinn gëtt, déi méi eng informell ass - d’iberesch Hallewinsel mat Spuenien a mat Portugal, d’griechesch Beiträg, déi op deem anere Wupp, Griechenland, vun der Europäescher Unioun leien. Tëscht der Europäescher Unioun vun haut a Griechenland läit de Balkan. Dat ass ee Stéck vun der Europäescher Unioun vun iwwermar. Alleguer déi Zännrieder mussen aneneegräifen. An déi eigentlech aner Motorfunktioun déi et gëtt, dat ass déi, déi vun deenen bedriwwe gëtt, déi eng europäesch Ambitioun deelen, déi der Meenung sinn, et misst een integratiounsweiderféierend Schrëtter a méiglechst grousser Zuel setzen, ouni z’iwwerdreiwen, an op däer Schinn vun dem europäeschen Zuch ëmmer méi wäit dreiwen gëtt et der méi wéi déi Däitsch a wéi déi Franséisch. Mä wann entweder Däitschland oder Frankräich sech eng Kéier op d’Gleis leeën, da bleift den europäeschen Zuch stoen, mä e fiert net, wann si zwee alleng Gas ginn.

Jay Schiltz: Europa ass eben näischt Einfaches. Dat huet och déi lescht 12 Méint bewisen wat de Konvent ubelaangt, déi europäesch Constitutioun an als läscht de Sommet zu Bréissel, wou villes net sou gelaf ass, wéi et hätt sollen.

La Conférence intergouvernementale

Jay Schiltz: Wat kann dann elo de reellen Timing ginn, Här Staatsminister, bis dat no alle Regelen vun der Konscht ënner Daach a Fach ass?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, et soll ee sech net a Kalenneren aspären. Mir maachen dee Feeler dacks an der Europäescher Unioun, datt mer eis nëmmen e puer Méint ginn fir gréisser Wierker ze schreiwen. Sou séier schreiwe mer an Europa och net méi, datt een dat nach eng Kéier sollt widerhuelen. Ech mengen, ënner irescher Presidentschaft musse mer nodenken, jiddwereen a sengem Eck an alleguer zesummen, analyséieren, firwat ass et schief gaangen, wat huet net geklappt, wou ware mer schwaach, a wa mer eis nees gesammelt hunn, dann ënner hollänescher Presidentschaft an der zweeter Halschent vum Joer 2004, also virum Dezember 2004, probéieren, déi Verfassung schlësselfäerdeg den nationalen Parlamenter zwecks Ratificatioun zouzeschécken. Wann dat net geet, aus iergendengem Grond, deen een haut nach net kann gesinn, dann ass deen allerleschten Termin allerdéngs déi lëtzebuergesch Presidentschaft vum 1. Semester 2005.

Jay Schiltz: Mä Irland, Holland an da Lëtzebuerg. Vläicht ugeknäppt un dat, wou mer virdrunn riets haten, déi Grouss, déi denken, déi Kleng déi maachen d’Aarbecht?

Jean-Claude Juncker: Oh, wann déi Kleng net och denken, da geet esouguer d’Aarbecht vun deenen Groussen net duer, wéi mer et elo gesinn hunn, an deene leschte sechs Méint vun der italienescher Presidentschaft. Nee, nee, jiddweree muss denken a renkelen.

Jay Schiltz: Wat halt Dir dann vun deem Virworf, deen u Polen ënner anerem gemaach gouf, datt dat ee schlechten politeschen Stil wier, elo schonn ze blokéieren an enger Communautéit, wou ee jo eigentlech nach net drann ass?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn ofgemaach, am Moment wou d’Regierungskonferenz lancéiert ginn ass, datt déi nei Memberstaaten, déi den 1. Mee 2004 bäitrieden, kënnten mat verhandelen, wéi wann se Member wieren an da muss een dat och esou consideréieren. Ech si mat deem, wat d’Polen gesot hunn a gemaach hunn, an heiandsdo totaler Kontradiktioun oder Oppositioun. Mä ech akzeptéieren schlecht, datt een aleng mam Fanger no Polen weist. Och ënnert deenen Foffzéng vun haut gëtt et relativ substantiell Divergenzen op eenzelnen Achsen vun der zukünfteger Constitutioun an d’Polen hu jo bei engem geléiert, bei engem oder bei méi geléiert, datt et heiandsdo duergeet, fir Neen ze soen. Si hunn ee schlecht Stéck vum Aquis communautaire geholl, fir sech an der europäescher Politik zréckzemelden, mä dat halen ech fir keng oniwwerwindbar Schwieregkeet.

Jay Schiltz: Mä ass et dann allgemeng awer gesond, wann elo am Mee déi Bäitrëttslänner an d’EU kommen, an et steet awer nach sou ee Fragezeechen am Raum?

Jean-Claude Juncker: Neen, gutt ass dat net, well déi Erweiderung jo souwisou net populär ass, wéi ech mer erlaabt hat ëmmer erëm virauszesoen. Déi schaafft vu sech aus eng Hellewull vu Schwieregkeeten, mat deenen mer mussen eens ginn a mir wieren besser domat eens ginn, wa mer d’Institutiounen, d’Aart a Weis wéi de Conseil, wéi d’Kommissioun an d’Parlament funktionnéieren, wa mer déi fir dat salopp ze formuléieren, moderniséiert hätten. Elo musse mer mat deem Vertrag vun Nice fueren, deen et och zouléisst, Décisiounen ze huelen. Mä dat ass am Kontext vum Vertrag vun Nice, dee méi schwéierfälleg ass, dee manner beuecht ass, wat d’institutionnellt Spill an Zesummespill ubelaangt, natierlech méi schwéier. Et wier besser gewiescht, mir hätten déi Verfassung schonn. Mä elo hu mer se net. Mir kënnen elo stonnelaang driwwer kräischen, datt mer se net hunn. Mir hunn se net, also musse mer kucken, fir eng ze kréien, déi à la fois d’Sensibilitéite vun alle Staaten, déi an der Europäescher Unioun sinn, an enger Bewegung matkritt an déi et fäerdeg bréngt, d’europäesch Essenz sou fräizeleeën, datt se net duerch national Géigemanöveren ka gestéiert ginn.

Jay Schiltz: Komme mir dann bei, sonnerzweiwel, dat Evenement vum Joer. Den 20. Mäerz 2003 um 03:30 Auer eiser Zäit lancéiert d’US-Arméi déi éischt Attack op Bagdad. Et ass een Optakt vun engem Krich, deen offiziell sechs Wochen gedauert huet. Dëse Präventivkrich vun den USA a Groussbritannien gëtt ouni UNO-Mandat gefouert, trotz engem méintelaangen diplomateschen Marathon, an der formeller Oppositioun vun Däitschland, Frankräich a Russland. Motiv vum Krich: Den Irak huet Massendestruktiounswaffen. Dës Gefor fir d’USA an den internationalen Fridden muss éliminéiert ginn.

La guerre en Irak

Jay Schiltz: Här Staatsminister, och bei Iech dierften déi Deeg am Mäerz e batteren Nogeschmaach hannerlooss hunn, op eng Manéier wéi op eng aner. War dee Krich dann do wierklech néideg?

Jean-Claude Juncker: Neen.

Jay Schiltz: An deemols stoungt Dir an Äer Regierung mat deem Krich massiv och an der Kritik. Et huet geheescht, Dir hätt keng kloer Positioun gehat, Dir géingt keng kloer Aussoen maachen. Déi Kritik gouf och massiv geäussert während de Friddensmanifestatiounen de 15. Februar. Wéi gesitt Dir dat dann haut, mam Recul vun e puer Méint, wann Dir sot, de Krich war net néideg, hätt Der da léiwer anescht gehandelt?

Jean-Claude Juncker: Nee, ech mengen, datt mir och an der Nobetruechtung richteg gehandelt hunn. Mir hunn däitlech gemaach, wat och d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung ubelaangt, och an deenen Gespréicher um Enn vum leschten Joer op Radio an Televisioun, datt mer dee Krich net wëllten an datt et misst méiglech sinn, mat de Mëttelen vun der Diplomatie a vun der Politik déi Konfliktbegradegung erbäizeféieren, déi ee gebraucht huet. Mir waren der Meenung, datt ee kee Krich kënnt féieren, ouni een eendeitegt Mandat vum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen. Deen ass et net ginn, a wéi sech ofgezeechent huet, datt dee Mandat net géif kommen, do hu mer ganz däitlech gemaach, esouwuel an der NATO wéi an der Europäescher Unioun, wéi an deenen aneren Instanzen, datt mer net op der Säit vun deenen géifen stoen, déi dee Krich do als berechtegt géifen fannen. Ech hat um Enn vum leschten Joer gesot, souwisou kënnt ee kee Krich gewannen, an och wann een e gewënnt, géif een en awer zum Deel verléieren. Aktuell Biller aus dem Irak weisen jo, datt een dee Krich eigentlech net ka gewannen. Dat ännert näischt drunn, datt ech frou driwwer sinn, datt dee Régime vum Saddam Hussein eriwwer ass, frou driwwer sinn, datt dee verhaft ginn ass an datt e sengem gerechten Riichter virgefouert gëtt, woubäi ech gären hätt, datt dat ee Prozess gëtt - falls en am Irak stattfënnt, mir mengen e sollt do stattfannnen - deen allen Usprëch vum Rechtstaat entsprëcht an deen och, ech soen dat, d’Dignitéit vun engem respektéiert, deen eigentlech keng Dignitéit huet, well en dauernd d’Dignitéit vun aneren Leit verletzt huet an net respektéiert huet. Mä déi Biller ronderëm d’Verhaftung vum Saddam Hussein, déi hu bei mir zumindestens Gêne provozéiert. Och dee gréissten Gangster, dee gréisste Mäerder, muss, sou wëll et d’Demokratie an d’Rechtsuerdnung, ee minimalen Respekt entgéintbruecht ginn kréien, deen all Mënsch muss entgéintbruecht kréien. Deen däerf net exposéiert ginn, en däerf net virgefouert ginn. Dat ännert näischt drunn, datt ech fir deen Typ keng Sympathie hunn. Mä ech hätt gären datt… Wéi huet dat fréier geheescht ? D’Zivilisatioun weist datt et se gëtt. Soll se et och elo weisen.

Jay Schiltz: Néng Méint sinn d’USA an hir Alliéiert elo schonn am Irak. Viru kuerzem eréischt konnt den Hussein, wéi gesot, gefaang ginn. Mä wéi kann dat dann do elo virugoen? Kënnen mir iwwerhaapt mat eiser Virstellung vun enger Gesellschaft ee Land wéi den Irak befridden?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn do ëmmer grouss Zweifel, ob eis Konzepter, eis Modeller, eis Denkschemen sech mutatis mutandis iwwerdroen loossen an Deeler vun der Welt, déi zwar net wäit vun eis ewech sinn, mä déi awer ganz anescht si wéi mir a wéi eis Géigenden. An de Mémoiren vun dem De Gaulle huet mech ëmmer ee Saz frappéiert, deen op sou vill Situatiounen an der Welt passt. En huet eng Kéier, deen Dag wéi en an de Libanon geflunn ass, geschriwwen : « Je m’envolais avec des idées simples vers l’Orient compliqué ». Ech mengen, den Orient ass ëmmer nach komplizéiert an eis Ideeë sinn ëmmer nach einfach. An ënnert dem Strëch gëlt deen einfachen Saz, datt et un den Iraker selwer ass, hiren Rythmus ze fannen, hiren Module ze fannen an hiren Moule ze fannen, andeem se dat, wat si als demokratesch minimal Ariichtungen begräifen, duerch hir eegen Efforten kann opgebaut ginn.

Jay Schiltz: Och hei zu Lëtzebuerg huet dee Krich am Irak zu groussen Manifestatioune gesuergt. De 15. Februar ware 15.000 Leit op der Strooss. Dat war eppes, wat Iech deemols iwwerrascht huet?

Jean-Claude Juncker: Et huet mech net schrecklech iwwerrascht. Et huet mech éischter versöhnt mat engem plätschernden Zäitgeescht, dee sech net méi interpelléieren léisst duerch grave Saachen, déi an der Welt virginn. Datt esou vill Leit, besonnesch och jonk Leit, einfach wollten zum Ausdrock bréngen, si wieren mat deem Krich net avestanen, dat ass éischter eng gutt Erënnerung un d’Joer 2003. Eenzlener am politesche Raum hu sech et e bëssen einfach gemaach, well se an der Chamber an op aneren Plazen konnten iwwert d’Amerikaner an iwwert hiren President an enger Tounaart an an engem Tounfall schwätzen, deen een net ka gebrauchen, wann ee Regierungschef ass. Dat hunn ech mir gutt verhalen a villes wat virausgesot ginn ass, wat d’aussepolitesch Konsequenzen fir Lëtzebuerg vun deem Krich a vun dem Refus vun deem Krich ubelaangt, ass jo och net agetrueden. Et ass vun de Kollegen vun der sozialistescher Partei, vun eenzelnen vun hinnen gesot ginn, mir hätten et elo definitiv mat eisen dräi Noperen Däitschland, Frankräich an der Belsch verduerwen. Tatsaach ass, datt mir nom Krich d’offiziell Visite vum belschen a vum franséischen Premier - vum franséischen Premier fir d’éischt zanter 28 Joer haten - an datt mer ee längeren Besuch, deen net offiziell war, vum Bundeskanzler Schröder haten. Wat also weist, datt an deenen dräi Nopeschlänner, mat deenen mir jo am pauselosen Kontakt waren, jiddwerfalls d’Regierung, gutt verstan ginn ass wéi mer gehandelt hunn, well mer jo ganz laang och an der NATO d’Positioun vun deene dräi Länner ënnerstëtzt hunn, notamment wat d’Hëllef ubelaangt, déi d’Türkei sollt kréien. Haut weess scho kee méi, wéi déi Debatt sech eigentlech deemols gestalt huet. Mir sinn aus däer Situatioun erauskomm, andeem mer eis Relatioun mat eisen dräi Nopeschlänner staark verbessert hunn. Et war ons virausgesot ginn, mir géifen an diplomatesch Isolatioun geroden. Dat ass net de Fall. Haut sinn déi isoléiert, deenen hir Analysen total falsch war.

Jay Schiltz: Aus der Chamber, do war et, wéi gesot, Dir hutt et elo schonn e puer Mol ugeschwat, eng Aktualitéitsdebat. Wann Dir wëllt, kucken mir vläicht och nach eng Kéier kuerz dorop zréck.

Le débat sur la crise irakienne à la Chambre des députés

Jay Schiltz: Wéi grouss war dann Äer Enttäuschung doriwwer, Här Staatsminister, éischter doriwwer, datt de Krich ugaang ass oder datt eemol méi Europa et net fäerdeg bruecht huet, wéi een dat elo an Ärem Extrait do nach eng Kéier konnt héieren, sech op eng Positioun ze eenegen?

Jean-Claude Juncker: Meng Frustratioun huet mat deenen zwee Virgäng ze dinn, déi Dir beschreiwt. Éischtens, datt et zum Krich komm ass. Ech hat gehofft, fir mech ze paraphraséieren, datt am Ufank vum 21. Jorhonnert deen einfachen Geste fir Militärgewalt ze déployéieren, fir ee Problem ze léisen, net méi kënnt gesat ginn an ech war frustréiert driwwer, datt d’Europäer, well se sech total auserneen dividéiert hunn an och dividéiere gelooss hunn, d’Chance aus der Hand ginn hunn, een décisiven Afloss op déi final Décisioun vum amerikaneschen President ze huelen. Well et huet sech gewisen, datt wann d’Europäer net als kompakten Grupp optrieden, dann zielen se net als een Akteur op der internationaler Szene an ech hoffen, datt mir doraus geléiert hunn. Ech sinn awer net ganz sécher.

Jay Schiltz: Mä wéi geféierlech kann dat dann fir d’Zukunft, eventuell fir ähnlech Ausernanersetzungen ginn, wann Europa et net fäerdeg bréngt, sou aussepolitesch dee Poids duerzestellen vis-à-vis vun den USA, zum Beispill?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen jo prinzipiell ass et net esou, datt Stabilitéit an der Welt kann doduerch geséchert ginn, datt Amerikaner an Europäer verschidden Weeër géifen goen. Ech mengen schonn, datt et der Stabilitéit an der Friddenssécherung an der Welt géif guttdinn, wann Amerikaner an Europäer zu deenen selwechten Analysen, och zu de selwechten Konsequenzen kommen. Well dofir muss all Effort drop geluecht ginn, fir datt mer d’Instrumenter an de Wëllen vun der europäescher Aussen- a Sécherheetspolitik sou streamlinen, datt sech doraus eng politesch Ausso an ee politescht Handelen aus engem Goss erginn. Dat war jo ee vun den Enjeuxen, och vun der Regierungskonferenz an iwwregens ee vun deem net méi vill geschwat ginn ass, op dee mir gescheitert wieren, wann et zur Diskussioun komm wier. Well déi englesch Regierung mordicus drunn festhält, datt an alle Fäll muss an der Aussepolitik eestëmmeg décidéiert ginn an datt d’Essenz vun der Diplomatie a vum Millitärasaz eng national Décisioun muss bleiwen. Ech mengen, dat sinn Viirstellungen, déi leschten Enns net méi an d’Configuratiounen, déi verkomplitzéiert sech hunn, vum 21. Jorhonnert passen.

Jay Schiltz: E batteren Nogeschmaach iwwert dee Krich do bleift allemol. Märecher, Liggen, Manipulatiounen, all Tricken ware recht, dësen Krich an der Ëffentlechkeet néideg ze maachen. Virop huet dem Tony Blair an England zäitweileg en zimlech schaarfen Wand och an d’Gesiicht geblosen. Wéi glawwierdeg geet d’Politik dann aus esou enger Ausernanersetzung ervir?

Jean-Claude Juncker: Jo, wann et nëmmen eng politesch Attitude ginn wier, da wier déi Fro méi liicht ze beäntwerten, mä et sinn der jo e puer ginn. Et sinn déi ginn, déi strikt op dem Kurs vum amerikaneschen President waren, an et sinn déi ginn, déi dat séier nuancéiert hunn, wat d’Amerikaner gemaach hunn, an et sinn déi ginn wéi mir, déi dogéint waren, datt dee Krich géif gefouert ginn. Do muss all Politikdeel sech um Enn vum Joer 2003 sech mat sech selwer beschäftegen fir ze kucken, wéi dat Gesamtwierk war.

Jay Schiltz: Weltwäit gouf dann 2003 a gëtt nach ëmmer no Terroristen gesicht. Den Terrorismus gëtt bekämpft, och bei eis am Land. Den 31. Mäerz kënnt et zu enger Perquisitioun am, wéi et ëmmer geheescht huet, islamistesche Milieu.

Les perquisitons dans les milieux islamiques

Jay Schiltz: Här Staatsminister, Bavure oder berechtegt a justifizéiert Virgoen vun de Forces de l’ordre?

Jean-Claude Juncker: Ech war net dobäi. Ech weess net, wat am Detail geschitt ass. Ech weess just, datt d’Situatioun mat däer mir konfrontéiert waren vun engem gewëssen Moment u sech ëmmer méi geféierlech duergestalt huet, an dat war och déi mental Dispositioun, denken ech, an däer a mat däer d’Polizisten déi Operatioun do duerchgefouert hunn, bei däer alles hätt kënnen passéieren, well mer net genau wossten, am Milimeterdetail, op wat datt d’Polizeikräften géifen stoussen. Bei sou enger Operatioun wéi däer dotener, kann een eigentlech net alles richteg maachen. Mä et muss een déi maximal Ustrengung maachen, alles richteg wëllen ze maachen. Et muss ee sech och an d’Situatioun vun dem eenzelnen Polizist setzen, deen a sou eng Operatioun geschéckt gëtt an deem gesot gëtt, du musst op all Detail oppassen, loosst Iech duerch näischt duerchernee bréngen. da kënnt et zu sou enger Situatioun, aus däer ee léiert a léieren muss. Mä fir pauschal a plomp Veruerteelungen vun de Polizeikräften ze maachen, ass liicht, wann een net un deenen Operatioune bedeelegt ass.

Jay Schiltz: Markéiert gouf d’Joer 2003 dann awer och international duerch zwee déidlech politesch Attentater. Den 12. Mäerz gëtt de serbeschen Premierminister Zoran Djindjic erschoss, wéi en zu Belgrad an ee Regiergunsgebei wollt eragoen, an och déi schwedesch Ausseministesch Anna Lindh gouf ëmbruecht. Si gouf den 10. September an engem Geschäft zu Stockholm erstach.

Décès de Zoran Djindjic et d'Anna Lindh

Jay Schiltz: Net nëmmen d’Schweden sinn iwwert dat Attentat schockéiert. Och Dir, Här Staatsmnister, hutt Iech a Commentairen an der Press betraff gewisen. Wéi geet een eigentlech als Politiker mat sou engem Virgang ëm, och mat däer Menace, däer Dir jo och eigentlech ausgesat sitt?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn déi zwee Ermuerdten vun dësem Joer ganz gutt kannt. Den Djindjic, deen ech kuerz virdrunn nach gesinn hat, an deen och op Lëtzebuerg kuerz duerno wollt kommen, an d’Anna Lindh an duerfir ass dat keen anonyme Virgang fir mech gewiescht, well ee mat deenen Leit dacks an heiandsdo och intensiv ze dinn hat. Ech wëll déi zwee Virgäng och net honnertprozenteg op déi selwecht Plaz stellen, well Schweden ass jo dofir ee Land, wat eis ganz sypmathesch ass, well et ee Land ass vu grousser Openheet, vum laberen Ëmgang mateneen. e bëssen sou wéi heiheem iwwregens, gëtt a Schweden mat de Politiker ëmgaang an dofir ass dat schonn eppes, wat engem ze denken gëtt. Mä wann esou eppes geschitt, denkt een net un dat, wat heiheeem emol kënnt virkommen, mä et beschäftegt ee sech mat deenen Erënnerungen, déi een un déi zwee Leit hat an huet, déi do ëmbruecht gi sinn. A fir de Rescht soll een iwwer Sécherheetsproblemer net schwätzen.

Jay Schiltz: Da maachen mir dat a kommen zréck op Lëtzebuerg. Här Juncker, d’Debatten an der Chamber iwwert de Staatsbudget haten schonn een Hauch vu Walkampf. Allerdings houng och déi wirtschaftlech net méi sou roseg Situatioun wéi ee Schied iwwert deenen Diskussiounen. Fir d’nächst Joer rechent d’Zentralbank zu Lëtzebuerg mat engem Wirtschaftswuesstum tëscht 1,7 % an 2,7 %. 2005 eréischt soll de Konjunkturmotor dann neess richteg a Schwong kommen. Dat steet an der neister Prévisioun vun der Banque Centrale. Déi wirtschaftlech Reprise geet awer net duer, fir de Chômage ze bremsen. Beispiller wéi Match-Courthéoux, Villeroy & Boch oder CEPAL dëst Joer hu bewisen, datt Lëtzebuerg keng Insel ass, wann et ëm Massenentloossungen geet.

La situation économique et le chômage au Luxembourg

Jay Schiltz: Wéi dramtesch schätzt Dir dann elo déi Situatioun an, Här Staatsminister? Deelt Dir d’Approche vum Här Mersch vun der Zentralbank wat de Chômage ugeet?

Jean-Claude Juncker: Ech deelen se net ganz, well wann een d’Frontalieren mat an eis Aarbechtslosestatistik ophëlt, da muss een och d’Bemiessungsgrondlag par rapport zu däer sech déi sou festgestalten Aarbechtslosegkeet da berechent, da muss een d’Zuel vun den aktiven Leit, déi a Fro kommen fir de Chômage prozentual auszerechnen, natierlech méi breed maachen. Da muss een och d’Populatiounselementer vun der Groussregioun mat dranhuelen. Duerfir mengen ech, datt deen Deel vum Här Mersch sengen Ausféierungen net systematesch richteg zoutreffend wier. Fir de Rescht hunn ech awer d’Suerg, datt d’Aarbechtslosegkeet klëmmt. Déi wäert an den Ufanksméint vum nächsten Joer och nach klammen fir dann erëm eng liicht Accalmie am spéiden Fréijoer ze kréien, sou wéi mir dat all Joer feststellen. Hei gëlt den Hiwäis drop, datt mir eis entweder domadder offannen, well mir mengen, dat wier normal a well mir do gewëssermossen eng Aart Uschloss un eng international feststellbar Tendenz, zumindest an Europa, kréien, oder mir stellen eis esou op, datt mir dat kënnen deelweis verhënneren. An do wier ech eigentlech frou, wann alleguerten déi Instrumenter, déi eist Aarbechtsrechts- an eis Aarbechtsmaartbekämpfungsinstrumenter zur Verfügung stellen, och géifen genotzt ginn. Mir hunn beispillsweis an engem Gesetz, deem berühmtene PAN-Gesetz vun 1999, eng Dispositioun stoen, déi seet, datt wann an engem Betrieb Aarbechtszäitverkierzung kënnt, datt vun däer Aarbechtszäitverkierzung déi Leit kënnen profitéieren, well se agestalt ginn, déi um Arbeitsamt ageschriwwen sinn, datt dann de Staat eng Rei vu finanziellen Hëllefen dem Betrieb zur Verfügung stellt fir d’Iwwerbréckungskäschten vun der Aféierung vun enger reduzéierter Aarbechtszäit kënnen ze finanzéieren. Dat muss iwwer Kollektivvertrag gemaach ginn. Däer Kollektivverträg gëtt et kaum déi dat virgesinn. Eng aner Idee, déi den Här Biltgen och am gaang ass mat de Sozialpartner  ze diskutéieren, besteet doranner, iwwert de Wee vun Aarbechtszäitverkierzung, richteg ciseléierter Aarbechtszäitverkierzung, de Beschäftegungsstand am Betrieb ze erhalen, an da kënnen an de Genoss vun ëffentlechen Hëllefen kommen. Well et mécht jo Sënn fir de Staat, fir d’Regierung, fir d’Kollektivitéit, hëllefen d’Stabiliséierung vun der Beschäftegung ze finanzéieren, anstatt ee Chômeur ze finanzéieren. Et mécht ëmmer Sënn an d’Aarbecht z’investéieren an et mécht ni ganz vill Sënn, nëmmen an de brutalen Chômage ze intervenéieren, finanziell. An duerfir muss een déi Elementer elo beieneeleeën. Och d’Patronen mussen jo op hir Fassong flexibel kënnen reagéieren. Et geet net duer, fir Flexibilitéit bei de Beschäftegten anzekloen, et muss een och kucken, um Niveau vum Betrieb, watfir Flexibilitéitselementer complétéiert duerch ëffentlech Hëllefen ee ka kréien, kënnen alignéiert ginn, fir datt et net zu engem Abriechen vun der Beschäftegung kënnt. Mä richteg bleift : Mir brauchen ee staarkt Wirtschaftswuesstum fir kënnen d’Aarbechtslosegkeet ofzebauen. An do geet et mat 1,7 % bis 2,7 % net duer. Do brauche mir däitlech méi breet Wuesstumsspréng, fir datt mer déi Situatioun erëm an de Grëff kréien.

Jay Schiltz: An der Chamber war d’Kritik an de Budgetsdebatten déi, datt de Budget wier sou just gutt bis d’Walen. Duerno réischt géif d’Land gewuer ginn, wat d’Pond Kiischten wierklech géing kaschten. Berechtegt oder net, déi Kritik?

Jean-Claude Juncker: Et wonnert Iech net, wann ech Iech soen, datt dat net berechtegt ass. D’Leit kennen mech jo e bëssen, mengen ech, a wann et wierklech noutwenneg gewiescht wier, am Joer 2003 an am Joer 2004 drastesch Moossnahmen z’ergräifen, da wieren déi ergraff ginn. Ech hunn ni vill dovu gehalen, datt ee virun de Walen misst ophalen ze regéieren. Et ass de Géigendeel, dee richteg ass. Et muss ee just virun de Walen weisen, datt een d’Situatioun am Grëff huet an datt een à tout moment bereet ass, duerchzegräifen am Sënn vum Hirstellen vu besseren Konditiounen, fir datt d’Leit och mierken, datt se eng Regierung hunn. Wat mir fir d’Joer 2004 gemaach hunn, ass jo eigentlech méi ausgeprägt däitlech wéi et däitlech ginn ass. De Budget klëmmt ëm 2 %. Wann ech d’Inflatioun erausrechnen, klëmmt de Budget real tëscht 0,2 % an 0,3 %. Dat ass déi niddregsten Steigerung vun ëffentleche Budgeten zu Lëtzebuerg zanter 30 Joer. Do ass also eppes geschitt. D’Budgetsentwécklung ass an hirer Expansioun däitlech gebremst a regelrecht blockéiert ginn. Mir hunn an deenen gudden Joren Reserven ugeluecht an déi Reserven mobiliséieren mir elo fir d’ëffentlech Investissementer sou kënnen ze bedingen, datt se op engem héigen Niveau kënnen bleiwen. 3 % vum Bruttoinlandprdukt maachen déi ëffentlech Investissementer aus, wat déi héchsten Zuel ass déi een an der Europäescher Unioun kann virfannen. Déi Zäit, wéi mer déi Reserven ugeluecht hunn, ass déi Politik jo schaarf kritiséiert ginn. Ech ka mech erënneren, zanter 1984 wou ech Budgetsminister gi sinn bis elo, hunn ech mat deenen ëffentlechen Finanzen a mam Budget, zesummen mam Här Frieden, de Moment ze dinn, datt mer ëmmer déck Streech kritt hunn, wa mer Plus-Valuë realiséiert hunn. Dat war een Zeechen vu schlechtem Regéieren. « Juncker sitzt auf unserem Geld », stoung am Tageblatt an op anere Plazen ze liesen. Wa mir deemols net drop sëtzen bliwwen wieren, dann hätten mer déi Sommen elo net, fir se kënnen fir de Budget ze mobiliséieren. Op Reserven liewen geet natierlech nëmmen eng Zäit laang. Mir maachen dat, wat mir och vun der Europäescher Unioun a vun däer hiren Finanzministeren recommandéiert kruten, nämlech déi sougenannten automatesch Stabilisateuren spillen ze loossen. D’Dépensen ze bremsen an d’Recetten ze huelen, déi ee kritt, ouni direkt ze reagéieren, och wann een vorübergehend eng Bildung vun temporären Defiziter huet. Well gemengt gëtt, et géif der Konjunktur net gutt dinn, wann een do géif massiv am sozialen Leeschtungsberäich agräifen, well dat d’Kafkraaft vun de Leit géif erofsetzen. An dofir mengen ech, datt déi Politik a sech schlësseg ass an datt mir déi aussergewéinlech grouss Chance hunn - mä dat war awer och keen Zoufall, dat war gewollten Politik - ee ganz niddregen Verschëldungsniveau zu Lëtzebuerg ze hunn, à tel point, datt mir kënnen 120 Millionen Euro dëst Joer léinen goen, ouni eis Schold insgesamt z’erhéigen, Situatioun an däer keen anert Land an der Europäescher Unioun sech befënnt. An dofir muss een dat gesinn, wat ze kucken ass, nämlech datt 71 % vum Euro-Bruttosozialprodukt sech am Joer 2003 an der Rezessioun befonnt hunn, Däitschland, Italien a Frankräich, an nëmme, wann déi Länner erëm e bëssen op d’Féiss kommen an eis Exportmäert erëm dynamiséiert ginn - mir exportéieren iwwer 53 % vun eisen Produkter no Däitschland an no Frankräich - nëmmen dann kommen mir och zu Lëtzebuerg erëm an ee Wuesstumsprofil erann, wat schaarf genuch ass, fir datt mir och zu enger Berouegung op eisem Aarbechtsmaart kommen.

Les élections législatives 2004

Jay Schiltz: An eppes méi wéi 6 Méint gi mir wielen. Wann een de Sondagë gleewen kann, wat den Ament awer, sou schéngt et op d’mannst, déi wéinegst Politiker maachen, da braucht Dir, respektiv Äer Partei, d’CSV, Iech fir den 13. Juni net allzevill Suergen ze maachen, am Géigendeel. Berouegen Iech sou Aussiichten oder gitt Dir och net op d’Sondagen?

Jean-Claude Juncker: Ech huelen Sondagen zur Kenntnis an ech weess, obschonn se mat enger extremer Wëssenschaftlechkeet gemaach sinn, datt een, wann ee Walintentiounen ëmmënzt a Sëtzer, datt dat ëmmer nëmmen halbwegs richteg ass, well wéineg Stëmmen, 150, 200 Stëmmen an engem Walbezierk kënnen driwwer décidéieren, ob ee Sëtz réckelt oder ob en net réckelt. Duerfir däerf een sech net allzevill an d’Ëmsetzen a Sëtzzuel vu prognostizéierten Walresultater, däerf een sech net allzevill dorop verloossen. Souwisou : Mir ginn wielen den 13. Juni. Do gëtt et Parteien, déi gewannen, an et gëtt der, déi verléieren. Mä et geet jo drëm, fir den 13. Juni déi richteg Politik ze wielen an och déi Parteien, déi déi richteg Politik kënnen maachen. Meng Suerg fir d’Walen ass, datt mir déi richteg Themen geroden an der Walausernanersetzung - well ech dat Wuert Walkampf net ganz gären hunn - meng Suerg ass déi, datt mir Imaginatioun op der enger Säit an Experienz op der anerer Säit an eiser politescher Représentatioun an der Chamber majoritär sou zesummebruecht kréien, datt mir déi Problemer virun deenen d’Land a virun deenen d’Europäesch Unioun steet, kënnen léisen. Ech mengen, datt meng Partei gutt ageriicht wier, fir dat kënnen mindestens sou gutt wéi déi aner ze maachen an dofir kämpfen mir, dofir, an däer Walausernanersetzung, fir datt mir déi stäerksten Partei bleiwen. An dobäi loossen ech mech nun eben net vun deenen Sondagë leeden, well déi hunn ee geféierlechen Nieweneffekt, nämlech deen, datt vill Leit mengen, well se dauernd liesen an héieren, d’CSV hätt d’Walen scho gewonnen, datt se mengen, se bräichten d’CSV net ze wielen a si kënnten sech drop konzentréieren, fir deen erauszesichen, dee mat der CSV kënnt zesummen regéieren. Da kënnt et duerchaus um Walsonndegowend emol sou sinn, datt déi déi sollen mat der CSV regéieren, d’Majoritéit kritt hunn an nach een Drëtten fannen, fir eng Regierung ze bilden an datt d’CSV nokuckt. Dat géif ech weder gutt fannen fir meng Partei, nach gutt fannen fir eist Land.

Jay Schiltz: Dir hutt elo gesot, Dir maacht Iech Suergen doriwwer, datt d’Parteien déi richteg thematesch Ausernanersetzung geroden. Wéi eng Sujeten wieren et dann, déi Iech wierklech ganz sérieux Suergen géife maachen, wann de Walkampf, d’Walausernanersetzung dorop géing erauslafen?

Jean-Claude Juncker: Ech hätt net ganz gären, wa mir ee Walkampf géifen kréien ronderëm Immigratioun an Awanderungsproblematik. Ech hätt net ganz gären, wa mir een exklusiven Walkampf ronderëm Themen géifen kréien wéi d’Kriminalltéit. Alles dat si wichteg Themen. Et muss sech domat beschäftegt ginn. Mä et wier trotz hirer Wichtegkeet ze kuerz gegraff, wann een dat esou intensiv vun der Themenzerpléckung hier géif bedreiwen, datt déi essentiell Froen virun deenen d’Land steet - dat ass seng wirtschaftlech Zukunft, d’Ariichten vun der Finanzpolitik an den nächsten Joren - wann dat géif an den Hannergrond geroden. Ech mengen, mir missten eigentlech ee klasseschen Walkampf kréien, wéi déi, déi mer och an den Nopeschlänner haten, nämlech Wirtschaft, Soziales a Finanzielles. Dat misst eigentlech de Stoff sinn, aus deem sou eng Walausernanersetzung misst gemaach ginn.

Jay Schiltz: Wann d’Lëtzeuerger mech weider als Premier wëllen, da bleiwen ech Premier, sot Dir ëmmer. Hutt Dir oft schonn gesot. Steet déi Ausso nach oder lackelt Iech an der Tëschenzäit Europa awer e wéineg méi? D’Rumeuren lafen jo ongebremst.

Jean-Claude Juncker: Jo, ech hunn do alles gesot, wat eigentlech ze soen ass an ech stellen fest, wat ech et méi dacks soen, wat et zumindest am Ausland manner gegleewt gëtt, well sech do einfach virgestalt gëtt, ech géif mat an d’Walen goen an dann géif ech Kommissiounspresident ginn. Dat ass esou bëssen dee Polit-Corso, deen elo duerch déi international Press geeschtert. Et bleiwt bei däer Ausso: Wa meng Partei déi stäerksten Partei bleiwt, a wann ech perséinlech esou gewielt ginn, datt ech doraus kann ofliesen, datt d’Lëtzebuerger gäeren hätten, datt ech géif Premier zu Lëtzebuerg bleiwen, dann bleiwen ech dat an ech bleiwen dat gär, well dat mech interesséiert, wat hei am Land geschitt, well dat mir och net egal ass, wat hei geschitt. Dat ass jo e Stéck vu mir, ech sinn e Stéck vun deem. Wann awer meng Partei d’Walen verléiert, a wann ech selwer och eng gewéitscht kréien, jo da sinn ech e fräie Mann an dann maachen ech eppes anescht. Dat kann dat doten sinn, dat kann och eppes anescht sinn.

Jay Schiltz: Déi Ausso mierken mir eis dann bis den 13. Juni Owes, wann d’Walresultater eraussinn. Merci, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Déi ännert sech och net, déi Ausso.

Jay Schiltz: Merci, Här Staatsminister, datt Dir Iech fir eis Zäit geholl hutt op dëst Joer 2003 zréck ze kucken. Dat nächst ka besser ginn. Duerfir jiddferengem e gudde Rutsch an dat neit. Bis dann.

Dernière mise à jour