Dernière modification le
Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker
Marc Linster: Gudde Mëtteg. 1995, wéi de Jean-Claude Juncker Lëtzebuerger Premier ginn ass, huet hien een neien Ëmgang mat de Journalisten ugekënnegt. Ënnert anerem huet hien och déi al Traditioun vun der Neijooschusprooch ofgeschaf an huet den audiovisuellen Medien suggéréiert, am Plaz dovunner een Interview um Enn vum Joer ze maachen, wat an Tëschenzäit dann och schonn nees eng Traditioun ginn ass. An de Mëtteg ass et erëm sou wäit. De Jean-Claude Juncker ass live bei eis am Studio a mat him kucken mir, wat war a wat kënnt, dat op nationalem an internationalem Plang. Jean-Claude Juncker, gudde Mëtteg.
Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.
Marc Linster: D’Aktualitéit haut gëtt natierlech dominéiert vun der Erdbiewekatastrof am Iran. Wann Dir déi Biller do gesitt aus dem Iran, wat geet Iech do duerch de Kapp? Spiert Dir do als Politiker d’Grenzen vun Äerer Muecht?
Jean-Claude Juncker: Ech hu keng Muecht a wann, dann eng ganz relativ an op den Territoire begrenzt an deen ass net grouss. Mech maachen esou Biller ëmmer traureg an ech mengen trotzdem, datt mir net richteg begräifen, wat dat ass, well et méi wäit ewech ass, obschonn et net ganz wäit ewech ass. Mä et muss een sech virstellen, et wier een Erdbiewen zu Paräis an et géifen 20.000 Doudeger, et wier eng Gasexplosioun zu München an 10.000 Leit wieren dovu betraff. Ech mengen da géife mir nach méi direkt dorop reagéieren a méi ganz dorop reagéieren. Mä ëmmer wann esou Naturkatastrofe sinn, kënnt mir ëmmer an de Kapp, datt déi, déi schonn näischt hunn, alles ewech geholl kréien. Et ass ganz erstaunlech, datt do wou d’Leit souwisou net gutt dru sinn, d’Natur mat aller Gewalt zouschléit. Dat ass zweemol ongerecht. D’Liewen ass souwisou schonn net gerecht mat deene Leit an da ginn se nach eng Kéier gebeetscht well d’Natur verréckt spillt.
Francine Closener: Ass déi Lëtzebuerger Regierung ëm Hëllef gefrot ginn vun den iraneschen Autoritéiten?
Jean-Claude Juncker: Mir si gëschter vun den iraneschen Autoritéiten ëm d’Hëllef gefrot ginn. Ech hu gëschter an haut mat de Ministere Goerens a Wolter doriwwer geschwat a mir hunn décidéiert, eng Équipe vun der Croix Rouge dohinner ze schécken. Mir wollten och eng Équip vun der Protection Civile dohinner schécken, obschonn déi laut Regelung nëmmen an Europa soll zum Asaz kommen. Mä vu d’Ampleur vun der Kris, hu mer gemengt, dat géif sech och indikéieren. Et geet awer net wéinst Transportkapazitéiten. Mir hunn haut zwou Maschinnen vun der Air Rescue dohinner geschéckt. Déi missten och an dëse Minutten do landen.
Marc Linster: Eisen Informatiounen no sinn se nach net ukomm.
Jean-Claude Juncker: Dat si 5 Leit – an, jo, et ass ee Problem vu Garantien, well déi Compagnie mat däer mir fléien, huet keng Garantien fir materielle Schued op däer Plaz an ech hunn um 11.30 Auer décidéiert, datt mir eng Garantie vun 7 Milliounen oder 9 Milliounen Dollar ginn, wann eppes géif geschéien. Mir schécken eng Hondsstaffel dohinn, zwee Fligeren, Medikamenter, Decken a wat mir brauchen a mir halen eis och prett, inklusiv wat d’Protection civile ubelaangt, wou weider Ufroen vun den iraneschen Autoritéite kommen. Ech fannen et och normal, datt een an engem Moment vun der absoluter Katastrof och absolut grouss Hëllef leescht.
Marc Linster: Weg emol erëm vun däer Katastrof zu der Situatioun heiheem dann, déi wuel nach vill besser ass wéi a munnech aneren Länner. Mä trotzdeem sot Dir, déi ekonomesch Lag ass eescht, mä net dramatesch. Mä, Här Staatsminister, wéi sécher sidd Dir dann, datt d’nächst Joer eng Reprise kënnt? Op wat baséiert Dir Iech bei Äerer Zouversiicht?
Jean-Claude Juncker: Oh, ech sinn do guer net sécher, mä ech liesen, wat ze liesen ass, an ech consultéieren, wat ze consultéieren ass, an ech schwätzen, mat deenen, mat deenen ze schwätzen ass, an ech kommen op Grond vun deenen gesammelten Andréck zur Conclusioun, datt d’Probabilitéit, datt mir virun allem am 2. Semester vum Joer 2004 esouwuel weltwäit - dat gesäit een elo schonn an Amerika wéi och an Asien, wéi och an Europa - zu engem netten Redressement vun der Économie kënnt. Och an Däitschland, och a Frankräich, wat fir eis besonnesch relevant ass, well mir iwwer 54 % vun eisen Exporter op déi zwee Haaptexportatiounsmäert drainéieren. Déi Zeechen, déi ee kënnten gleewen dinn, datt déi Reprise net sécher ass, si relativ équilibréiert Zeechen, während d’lescht Joer ëm dës Zäit mir déi terribel Fatalitéit - muss een haut soen - vum Irakkrich haten, déi awer Munneches duercherneen bruecht huet an den Décisiounen vun den Investisseuren an de Wirtschaftskreesleef. Also ech géif soen - dat soll awer keen Trouscht sinn, mä dat ass eng Feststellung - datt wirtschaftlech betruecht, d’Joer 2004 besser gëtt wéi d’Joer 2003, wat fir déi Leit, déi keng Aarbecht hunn, a fir déi Leit, déi riskéieren hier Aarbecht ze verléieren, nëmmen ee marginalen Trouscht ass, well dat Wuesstum, wat mir am Joer 2004 kréien, aller Wahrscheinlechkeet net duergeet, fir ze verhënneren, datt d’Aarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg an den Ufanksméint 2004 weider uklëmmt, quitte datt et um Enn vum Fréijoer zu enger Accalmie kënnt, déi méi saisonnal wéi strukturell bedingt wäert sinn.
Francine Closener: Op de Chômage komme mir méi spéit nach ze schwätzen. Et ass jo awer och net komplett auszeschléissen, datt déi Reprise net kënnt, a spéitstens 2006 misst dann agéiert ginn. Dat hutt Dir an der Chamber gesot. Wat heescht dat dann genee?
Marc Linster: Kënnt dann „das dicke Ende“?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn Grënn fir unzehuelen, datt et am zweeten Semester 2004 zu enger wirtschaftlecher Erhuelung kënnt. Mä well ech op Grond vun alen klasseschen Reflexer der Meenung sinn, datt een och déi aner Hypothese muss mat envisagéieren, wollt ech net onerwähnt loossen, datt déi Politik fir déi d’Regierung bewosst optéiert huet, nämlech d’ëffentlech Ausgaben ze bremsen - de Budget klëmmt real nëmmen ëm 0,2 bis 0,3 % - an d’Steiereinnahmen sou ze huelen, wéi se sinn, an domat deen Defizit a Kaf ze huelen an deen ze decken duerch déi Reserven, déi mer an de leschten Joren ugeluecht hunn, hunn ech fonnt, et misst een och soen, datt wann et zu kenger Reprise géif kommen, datt mir dann am Joer 2006 mat der Situatioun konfrontéiert sinn, datt mir aner Moossnahmen mussen ergräifen, fir de Budget kënnen ze stabiliséieren. Dat ass fir mech weider Aspuerungen, ee Stopp vun sozialen Leeschtungen, déi no uewen géifen tendéieren, an ee méi staarken Recours zum Emprunt, dee mir kënnen maachen op Grond vun enger virsiichteger Verschëldungspolitik vun der Vergaangenheet déi wëllt, datt mir haut an Europa an iwwerhaapt weltwäit déi niddregsten Verschëldung hunn, déi ee ka besichtegen. Mä ech mengen net, datt mir an déi Situatioun kommen. Mä wa mir an déi Situatioun kommen, da muss ee wëssen, datt dann dat geschitt, wat ech elo gesot hunn.
Francine Closener: 2004 ginn d’Budgetsdépensen wuel nëmmen nach ëm 2 % an d’Luucht. Mä dëst an d’lescht Joer waren et jo awer nach Progressiounen vun 9 % a 7 %, woubäi de Wirtschaftswuesstum awer net iwwert 1,5 % erausgoung. D’Oppositioun ass der Meenung, vu virsichteger Finanzplanung kéint dowéinst net riets sinn. Hätt Dir dann net effektiv besser gehat, éischter ze reagéieren?
Jean-Claude Juncker: Neen. Ech mengen de Budget klëmmt nominal ëm 2 %. Wann een d’Inflatioun erauszitt, klëmmt en ëm 0,2 bis 0,3 %. Dat ass déi niddregsten Steigerung zanter 30 Joer. Dat ass also net d’Staatsfinanzen gefouert wéi wann näischt geschitt wier a wéi wa sech näischt z’erwaarden wier. Et ass een däitlecht Ofbremsen vun dem Uklammen vun der ëffentlecher Dépense an dat ass net einfach. Elo eréischt entdecken dës an déi, wat alles gestrach ginn ass, wat alles net kann virugefouert ginn, wat alles net kann verbessert ginn a sinn heiandsdo iwwerrascht dodriwwer, sou wéi wann ee kéint spueren, ouni datt een eppes géif mierken.
Déi Steigerungsquote vun deene leschte Joren, d’lescht Joer, am Joer 2003, an deem Joer wou mer elo nach sinn, war iwwregens net sou héich wéi Dir gesot hutt. Bei der Exékutioun vum Budget ass do opgepasst ginn. Déi konnt een net einfach ofwiergen, sou wéi een och net total konnt ofwiergen eng Rei vu Leeschtungen, déi am Joer 2004 mussen ausbezuelt ginn, ganz einfach well dat ee falscht konjonkturellt Zeechen gewiescht wier. Net nëmmen Zeechen, mä ee falschen Akt, well doduerch entaméiert een, verklengert een, reduzéiert een d’Kafkraaft vun de Leit oder et kierzt een op den Investitiounen, déi iwwert d’öffentlech Haushalter bedingt ginn, an deenen Entreprisen, am Privatsecteur an deene Leit, déi do schaffen, dengen oder et hëlt ee sech d’Méiglechkeet ewech, Infrastrukturen unzeleeën déi optimal funktionnéieren, wann d’Reprise do ass. Dofir huet ee keng falsch Zeechen däerfen setzen. Mir sinn agebonnen an eng europäesch Politik - dat huelen vill Leit net zur Kenntnis - an déi wëllt, datt déi Länner, déi eng stabil Finanzsituatioun hunn, sou wéi Lëtzebuerg, opgefuerdert sinn, déi sougenannten automatesch Stabilisateuren spillen ze loossen. Dat heescht sech op der Dépense ze bremsen an a Kaf ze huelen, datt ee vorübergehend en Defizit kritt, mä deen Defizit net dodurech ze corrigéieren, datt een Investissementer bremst oder a kafkraaftmindernd Kierzungen vu Sozialleeschtungen antrëtt - an dat kënnen mir maachen, well mir an den vergaangenen Joren massiv Reserven ugeluecht hunn. D’Gespréich doriwwer ass gênant fir vill a besonnesch fir déi, déi déi Joren, wou mir dat gemaach hunn, de Finanzminister an de Budgetsminister kritiséiert hunn, datt se sou domm a sou topech wieren, datt se en Iwwerschoss am Budget opzeweisen hätten. Dat wat haut kritiséiert gëtt, dat ass den Defizit. Dat wat gëschter kritiséiert ginn ass, dat war den Iwwerschoss. Wéi een et mécht, sou mécht een et falsch.
Marc Linster: Ech wëllt nach op eppes zréckkommen am Kontext 2006. Wann ech Iech richteg aus dem Kapp zitéieren, dann hutt Dir gesot, dann hutt Dir do geschwat vun engem Stopp vun de Sozialleeschtungen, wann se no uewen tendéieren. Wat heescht dat op Lëtzebuergesch? Ass dat Sozialofbau, oder wat?
Jean-Claude Juncker: Dat ass kee Sozialofbau, obschonn een Sozialugläichungsprogrammer net kann ausschléissen. Dat hänkt vun der Dramatik vun der Situatioun of.
Marc Linster: Jo, wat ass et dann?
Jean-Claude Juncker: Wat ech elo gesot hunn, datt keen Ustieg no uewen kennt, dat ass, datt et keng Kannergelderhéigungen kann an däer Legislaturperiod ginn, déi kënnt, wann déi Situatioun sech géif op deem Niveau stabiliséieren, op deem relativ schlechten Niveau fir lëtzebuergesch Verhältnisser op deem mir elo sinn. Dat ass, datt et a ville Beräicher vun der Sozialpolitik keng Upassungen vun de Leeschtungen no uewen ka ginn. Et ass jo hoffentlech kengem entgaang beispillsweis - et interesséiert zwar keen hei am Land, stellen ech ëmmer fest - datt an Däitschland d’nächst Joer d’Renten an d’Pensiounen blockéiert sinn. Also mir kënnen net alles anescht maachen wéi déi aner, wa mir an eng ähnlech grave Situatioun géifen erofrëtschen. Do si mir nach net ukomm. Do, mengen ech, géifen mir och net ukommen.
Marc Linster: Mä Dir schléisst awer Stagnatioun net aus?
Jean-Claude Juncker: Ech schléissen eigentlech wirtschaftlech Stagnatioun aus, well all Indicateuren, déi zur Zäit zur Verfügung stinn, weisen, datt et am 2. Semester 2004 zu enger däitlecher Erhuelung vun der Économie kënnt. Bis déi dann de Staatsbudget erreecht huet, muss een ofwaarden, well dat fënnt mat Zäitversaz statt. Dat dauert bis 2005, zweet Halschent 2006, bis déi fiskal Rentréeën dann erëm am Budget sinn. Mä ech ginn net an déi Wahlen hei eran andeem ech de Leit dat Blot vum Himmel oder dat Rout vum Himmel verspriechen. Wann et ass fir lues ze trëppelen, huet et kee Wert, d’Leit gleewen ze dinn, je nodeem wéi se géifen wielen, géif méi oder manner lues getrëppelt ginn. Jiddwereen, deen an der nächster Regierung Finanzminister ass, weess, datt en sech op de Wee mécht, eng ganz onpopulär Aarbecht ze kréien.
Francine Closener: Et gi jo Problemer, déi ze léisen sinn, déi struktureller Natur sinn, bei de Krankekeesen a bei de Pensiounen. Bleiwe mir emol bei de Pensiounen. Do hutt Dir jo nach ëmmer Bedenken, wat d’Finanzéierung vun de Rentenerhéigungen betrëfft. Mä wéi sinn déi Bedenken dann ze vereinbaren mat éischtens dëm Grëff an d’Pensiounskeesen fir d’Krankekeesen ze sanéieren, an zweetens Äerem Wonsch d’Mammerent net iwwert de Staatsbudget, mä eben och iwwert d’Pensiounskeesen ze finanzéieren?
Jean-Claude Juncker: Dir réiert mech zu Tréinen. Wann ech virun zwee Joer an engem Moment, wou jiddweree gesot huet, „lass, nëmmen virun, an nëmmen an d’Luucht mat de Renten a mat de Pensiounen“, ee gesot huet - dat war ech, een aneren kennen ech net – „maacht lues, et ass net sécher, datt mer 4 % d’Joer wuessen“, sinn ech dohinner gestalt ginn, wat schonn eng performant Leeschtung war, wéi deen, deen onsozialsten Staatsminister wier oder iwwerhaapt Minister wier, dee mir je hei zu Lëtzebuerg konnten beobachten. Elo wou et méi lues geet, gëtt mir eigentlech bal virgeworf, datt een fir de Krankekeesendefizit ze decken Recours hëlt op Grond vun engem juristesch-techneschen Raisonnement op d’Mëttelen vun de Pensiounskeesen. Dat kann een awer maachen, well d’Pensiounskeesen supplementar Mëttelen an der Reserve behalen hunn, doduerch, datt d’Krankekeesen duerch eng Jurisprudenz déi komm ass, déi Leeschtungen mussen iwwerhuelen. Wann alles normal bliwwen wier, hätt d’Pensiounskees dat souwisou aubezuelt. Mir kréien also do eppes erëm, wat d’Pensiounskeesen net systemkonform hu mussen zur Verfügung stellen, net zur Verfügung stellen, mä d’Krankekeesen zur Verfügung stellen.
Francine Closener: De Staatsrot fënnt dat awer och net sou gutt.
Jean-Claude Juncker: Jo, ech fannen och villes net gutt, wat de Staatsrot gutt oder schlecht fënnt. Mir haten jo dräi Méiglechkeeten: Entweder hätten mir de Staatsdefizit an d’Luucht gesat, doduerch datt mer deen Defizit iwwert de Staat gedeckt hätten, wat d’Leit gären hätten, mä wat si selwer mussen bezuelen ouni et ze mierken. Mir hätten also den Defizit méi grouss gemaach. Eng einfach Léisung, eng topech Léisung, déi an der Vergaangenheet och schonn öfters gemaach ginn ass, ouni datt de Problem sech verbessert hätt - soss hätten mir e jo dëst Joer net. Dat zweet wier gewiescht, fir d’Cotisatiounen ze héigen, souwuel vun de Leit, déi schaffen, wéi fir d’Betrieber. Dann hätten mir d’Kompetitivitéit staark gestéiert a mir hätten d’Kafkraaft vun deenen Leit, déi géint Loun a Gehalt schaffen, geschmälert. Oder mir hätten Leeschtungskierzungen gemaach, déi op eng invariabel Aart a Weis souwuel d’Blomécher getraff hätten wéi déi Leit, déi wierklech krank sinn an déi an alle Fäll eng Konjunktur-Konsequenzbildung gehat hätten, déi net gutt wier, well och dat d’Leit éischter an d’Erspuernisser dreiwt wéi datt et se géif an de Konsum dreiwen. An duerfir huet et eis geschéngt - dat war jo net nëmmen d’Idee vun der Regierung, mä och déi vun de Sozialpartner fir déi doten Léisung ze huelen, dat ee ka maachen, well op Grond vun engem méi luesen Reagéieren vum Aarbechtsmaart op de wirtschaftlechen Réckgang an duerch eng Augmentatioun vun 1,7 % vun dem Emploi am Joer 2003, d’Reserven vun de Pensiounskeesen sech op engem relativ héigen Niveau belafen, an do wier et eigentlech méi ee groussen Risiko a Kaf huelen gewiescht fir ee vun deenen aneren dräi Weeër ze goen, wéi deen doten Wee ze goen, deen d’Léisung vum Problem fir d’Joer 2004 erlaabt a gläichzäiteg eng Rei vu mëttelfristeg wierksamen Strukturelementer mat an d’Reformléisung agepaakt huet, déi zu enger Ofsenkung vun der Defizitvirtualitéit vun de Krankekeesen bäidroen.
Marc Linster: Mä léisen déi Moossnahmen, déi op der Tripartite décidéiert goufen, dann de Finanzproblem vun de Krankekeesen wierklech ee fir allemol - Dir sot elo mëttelfristeg, mä ee fir allemol?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt dat d’Problemer ee fir allemol endgülteg léist an ech weess och net watfir Moossnahmen datt ee misst ergräifen, fir de Problem mëttelfristeg ee fir allemol ze léisen. Well mir mussen domat liewen, datt totus in toto d’Käschten fir d’Gesondheetswiesen 9 % d’Joer explodéieren, wat eng enorm héich Steigerungsrat vun deem Deel vum ëffentlechen Handlen ass. Am Frankräich klammen se 7 % an do gëtt elo eng grouss Reform vun der Sécurité sociale virgeholl, well fonnt gëtt, 7 % wier zevill. Mir hunn 9 %. Mir hunn also däitlech zevill an ech mengen, datt ee muss zu enger Rekonzentréierung vum politeschen Denken a vum politeschen Handelen kommen. Aus mengem Mond kléngt dat net ganz nei. An den Oueren vun de Leit och net. Mä aus dem Mond vun aneren géif et awer méi nei kléngen, well se jo och géifen weisen, datt se fäheg sinn ze léieren. De groussen Risiko ass d’Gesondheet. D’Leit ginn ëmmer méi al - Gott sei Dank - d’Gesondheetskäschten klamme wiesentlech méi staark wéi d’Wirtschaftswuesstum, x-mol méi wéi d’Wirtschaftswuesstum. Dëst Land muss sech eng Kéier d’Fro stellen: Konzentréieren mir d’Sozialpolitik op d’Renten an d’Pensiounen oder konzentréieren mir d’Sozialpolitik op de Gesondheetsberäich? An ech sinn décidéiert der Meenung, no all deem wat elo am Renten- a Pensiounswiesen geschitt ass, wat gutt gemaach ass, quitte datt Eenzelnes muss revidéiert ginn, wann d’wirtschaftlech Situatioun schlecht ass, datt mir eis vollt Gewiicht vum ëffentlechen Handelen mussen op de Gesondheetssekteur leeën an net esou séier op de Renten- an de Pensiounssekteur. Dat kléngt net flott. Dat kléngt net agreabel an den Oueren vu villen. Mä ech halen vill dovun, datt mir hei am Land de Leit eng optimal Gesondheetsversuergung garantéieren a bei däer Renten- a Pensiounsversuergung bleiwen, déi mer hunn.
Marc Linster: Wat wären dann d’Prioritéiten vun der Gesondheetspolitik, wou eppes passéiere muss, Äerer Meenung no?
Jean-Claude Juncker: Ma et passéiert, datt mir emol mussen eis budgetär Kanäl ëmorientéieren wann - d’Madame Closener huet dat elo éinescht schamhaft ugetippt - d’Iwwerleeung am Raum stoung, fir d’Mammerent iwwert d’Pensiounskeesen ze finanzéieren an net iwwert de Budget, dann ass et fir am Budget Raum ze kréien, fir däer Explosioun vun de Gesondheetskäschten net wehrlos géintiwwer ze stoen. Souwisou ass dat jo eng interessant Saach mat däer Mammerent. Ech kennen nëmmen eng Partei, déi dofir wier. Ech kennen nëmmen een, deen dauernd dofir plädéiert huet, an elo erklären alleguer déi aner, wat nach misst an deem Beräich gemaach ginn. An déi Leit, déi se op Grond vun den einschlägegen Bestëmmungen net kréien oder nach net kréien, well mir Léisungen gesicht hunn fir déi Mammen, déi hir Kanner am Ausland kritt hunn, an dat lues a lues probéieren an d’Rei ze kréien, déi verlaangen elo wat nach alles misst geschéien. Jiddweree war dogéint an elo geet et kengem duer. Wann et net sou verdrësslech wier, wier et fir haart ze laachen. Mä et ass mir u sech net fir ze laachen, well mir hunn dat mussen mat Gewalt, mat politescher Gewalt, am friddlechen Sënn vum Wuert, duerchsetzen, géint alleguer déi aner.
Francine Closener: Mä um Rentendësch war et jo virun allem d’CSV, déi och do schonn mat der Iddi koum, fir eben déi Mammerent iwwert d’Pensiounskeesen ze finanzéiren.
Jean-Claude Juncker: Et ass gutt, datt Dir drunn erënnert, datt et d’CSV war, déi mat der Idee vun der Mammerent komm ass. Et ass richteg wouer, well si war zimlech alleng.
Marc Linster: Mä zréck vun der Mammerent nach eng Kéier bei d’Gesondheetspolitik. Wat wären dann do nach Prioritéiten ausser Ëmschichtungen?
Jean-Claude Juncker: Ma Ëmschichtungen....
Marc Linster: Oder wat mengt Dir domadder méi konkret? Wou muss ëmgeschicht ginn?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen précisément, datt een am Budget muss Raum maachen, fir méi Plaz ze kréien fir deenen Ufuerderungen finanzieller Natur, déi d’Gesondheetsversuergung un d’Lëtzebuerger Land stellt, fir déi kënnen adäquat ze begéinen an duerfir brauch ee Plaz.
Marc Linster: Dat heescht, do hu mir Lacunen?
Jean-Claude Juncker: Neen, mir hu keng Lacunen an eiser Gesondheetsversuergung, mä mir hu keng Plaz méi am Budget, fir dee ganzen Impakt vun der Gesondheetsversuergung kënnen budgetär sou ze accompagnéieren, datt eng maximal Gesondheetsversuergung fir déi nächst Joren bereetgestalt kann ginn. Ech mengen, mir bräichten beispillsweis an den nächsten Joren e relativ massiven Programm, deen dozou soll bäidroen, datt mir net an eng Situatioun erakommen, wou mir een Dokteschmangel kréien. Mir lafen de Risiko an den nächsten zéng, zwanzeg Joer, net méi genug Generalisten zu Lëtzebuerg ze hunn, eng Situatioun, déi largement ënnerschätzt gëtt vun all deenen, déi déi Fro do diskutéieren. De Generalist ass awer deen, deen um Duerf an an der Stad den Hausdokter ass an op de Konzept vum Hausdokter, déi jo am Regelfall eng exzellent Aarbecht zu Lëtzebuerg maachen, kann een net verzichten. Mir mussen eis op déi nei Situatioun ze ajustéieren verstoen.
Marc Linster: De Chômage, Här Staatsminister, ass sou héich wéi nach ni zu Lëtzebuerg. Zanter 2001 ass en ëm iwwer 70 % geklommen. Gräifen d’Moossnahmen vum PAN-Gesetz nach? Geet dat nach duer? Well wéi déi décidéiert goufen, do war et jo eng aner Situatioun.
Jean-Claude Juncker: Also och hei ass et mir net fir ze laachen, obschonn et fir ze laachen kënnt sinn, wann ee gären géif séier laachen. Dat PAN-Gesetz hu mir ënner massivem Drock - och wann et deen Drock net gi wär, hätte mir et gemaach - vun de Gewerkschafte gemaach. Et ass dem deemolegen Aarbechtsminister - dat war ech - notamment vun enger Gewerkschaft eng total Inaktivitéit, en Immobilismus am Beräich vun der Aarbechtsmaartpolitik virgehäit ginn. Et waren massiv Kritiken beim Stand vun der Aarbechtslosegkeet vun 2,8 %. D’Kritiken héieren sech haut Gott sei Dank méi douce un. Duerfir haten d’Kritiken näischt mat der Situatioun ze dinn, mä mat deem, deen déi Situatioun ze verwalten an ze regelen hat, ze dinn. Liest dat mol no wat 1998, 1999 geschriwwen ginn ass, wéi d’Aarbechtslosegkeet 2,8 % war, wat fir Katastrofebiller, datt do un d’Wand projezéiert gi sinn. Do soll jiddwereen sech emol op seng eegen Crédibilitéit hinn ënnersichen. Mir hunn dat PAN-Gesetz gemaach oder dat PAN-Gesetz, wéi an enger seltener sproochlecher Verirrung ëmmer erëm gesot gëtt, an do sinn eng Rei vun Instrumenter virgesinn, aler an neier. Et ass zum Beispill virgesinn, d’Instrument vun der Préretraite-solidarité. Dat hu mir schonn laang an dat huet ni richteg gespillt, well mir net Chômage genuch haten. Wat ass dat Préretraite-solidarité? Et geet een mat 57 Joer an d’Pensioun, wann e kann ersat ginn vun engem, deen um Arbeitsamt ageschriwwen ass an deen do keng Aarbecht huet. Qu’on le fasse!
Marc Linster: Dat leeft jo awer net sou.
Jean-Claude Juncker: Gelift?
Marc Linster: Dat leeft awer net sou.
Jean-Claude Juncker: Jo, mä sou kann et awer lafen, wann ee wëllt. Ee Gesetz trëtt net doduerger a Kraaft, datt et am Memorial steet. Ee Gesetz trëtt doduerch a Kraaft, datt déi déi et sollen mat Liewen erfëllen effektiv de Wëllen hunn, de Chômage ze bekämpfen, statt nëmmen iwwert de Chômage ze schwätzen. An ech hätt gären, datt Regierung a Sozialpartner, anstatt doriwwer ze schwätzen - se schwätzen jo och net nëmmen driwwer - sech emol zesummesetzen - wat se och maachen - an all Instrumenter mat Liewen erfëllen, déi mir zur Verfügung hunn. Et steet an deem Gesetz, datt ee kann an engem Betrieb Aarbechtszäitverkierzung maachen, wann dat dozou féiert, datt Leit, déi keng Aarbecht hunn, an deem Betrieb eng Aarbecht fannen. Dann ass de Staat an d’Regierung bereet, finanziell de Betrieber ënnert d’Ärm ze gräifen, fir de Käschtepunkt vun der Aféierung vun enger Aarbechtszäitreduktioun ze finanzéieren. D’Regierung mécht keng Kollektivverträg. Kollektivverträg ginn hei am Land vu Sozialpartner gemaach.
Marc Linster: Si mécht awer Gesetzer a si muss kucken, datt se agehalen ginn.
Jean-Claude Juncker: Neen. D’Regierung mécht Gesetzer wou drasteet, an engem Kollektivvertrag kann een dat virgesinn, well mir gären hätten, datt de Kampf géint d’Aarbechtslosegkeet net nëmmen do steet als een Optrag vun der Regierung, mä och vun de Sozialpartner. D’Sozialpartner kënnen Kollektivverträg maachen, wou dat drasteet, a wann se déi maachen, stellt d’Regierung Finanzhëllefen zur Verfügung. Also mussen esou Kollektivverträg gemaach ginn. Hirt Zustanekommen scheitert net un engem mangelnden Wëllen vun der Regierung, well si ass an deem Prozess net implizéiert. Si offréiert een Instrument. Dat Instrument muss artikuléiert ginn vun deenen, déi fir d’Artikulatioun vu sou Aarbechtsmaart-positiv-sech-auswierkenden Instrumenter an de Grëff ze huelen. Den Aarbechtsminister diskutéiert mat de Sozialpartner driwwer, wann ee Betrieb riskéiert vill Leit mussen z’entloossen, datt do kann Aarbechtszäitreduktioun gemaach ginn an datt de Staat och dann Finanzhëllefen zur Verfügung stellt, wann dat dozou bäidréit, datt d’Leit net entlooss ginn, anstatt ze waarden, bis d’Leit entlooss ginn an dann 80 % Chômage vum leschten Loun ze bezuelen. Do sinn also Méiglechkeeten do, déi ee kann notzbar ubréngen, grad wéi ee kann Finanzhëllefen a Steierhëllefen kréien, wann een Leit, déi keng Aarbecht hunn an déi méi wéi 50 Joer al sinn astellt. Et ass eigentlech alles do, wat mir brauchen. Et muss just optimal genotzt ginn. An ech weess, datt den Aarbechtsminister sech an intensivste Gespréicher mat den Sozialpartner befënnt, fir déi Instrumenter viabel ze maachen.
Francine Closener: Virun zwou, dräi Wochen huet den Aarbechtsminister nach an der Chamber gesot, grad géint déi doten Mesuren géif d’Patronat sech stäipen, d’FEDIL wier do dogéint. Wéi kann een een dann dovun iwwerzeegen, fir dat awer nawell ze maachen?
Jean-Claude Juncker: Jo, gesitt Dir, d’Politik ass eppes Schwiereges, well et geet net esou wéi een et gären hätt, mä et geet nëmmen esou wéi een et gären hätt, wann déi aner et d’selwecht gesinn wéi een et d’selwecht gesäit. An ech géif gären der FEDIL soen, datt et net duergeet, fir d’Arbeitnehmer zur Flexibilitéit opzeruffen, mä datt ee selwer muss flexibel sinn an zu däer Felxibilitéit, déi ee vun den Arbeitnehmer kann verlaangen, gehéiert déi, datt se sech permanent weiderbilden - dat maachen se och - gehéiert déi, datt wann se keng Aarbecht hunn, se och mussen Aarbechten unhuelen, wou se manner verdingen wéi virdrunn. Si kréien jo vum Staat d’Wiederbeschäftegungszulag, déi hinnen et erlaabt, déi Streck, déi penibel ass, z’iwwerbrécken an zur Flexibilitéit vun de Patronen gehéiert, datt een net, wann et schlecht geet, direkt entléisst, mä datt ee probéiert aner Weeër ze fannen, an Zesummenaarbecht mat de Gewerkschaften, déi jo keng Chaoten a keng Anarchisten hei zu Lëtzebuerg sinn - dat si jo Leit, déi vun der Sozialpartnerschaft vill halen, vill kennen, an se och ganz oft zum Gudden vum Land anzesetzen gewosst hunn - datt se mat der Gewerkschaften a mat der Regierung zesummen probéieren, aner Léisungen wéi déi stupid Entloossungen ze fannen.
Francine Closener: D’Zentralbank rechent mat engem Chômagetaux vun 12 % am Joer 2005, wann een d’Frontalieren an d’Leit an de Beschäftegungsmoossnahmen dobäi zielt. Dat ass jo awer ee Chiffer, deen engem Suergen mécht, oder?
Jean-Claude Juncker: Jo, d’Zentralbank rechent, mä si rechent net ëmmer richteg.
Marc Linster: Ou?
Jean-Claude Juncker: Jo, Här Linster.
Marc Linster: Hutt Dir kee Vertrauen an d’Zentralbank?
Jean-Claude Juncker: Ma dach! D’Zentralbank ass onofhängeg a vu mir héiert Dir kee Wuert géint d’Zentralbank.
Marc Linster: Vun Äerer Partei awer.
Jean-Claude Juncker: Jo, wann Dir mech mat menger Partei gläichsetzt, da beleidegt dat vill Leit a menger Partei. Sou ass et awer net! D’Zentralbank ass onofhängeg. Ech hunn an Europa dofir gekämpft, datt d’Zentralbanken onofhängeg sollen ginn. Eis Zentralbank ass onofhängeg. Si kann sech onofhängeg äusseren, mä ech ka mech awer och iwwert dat, wat se seet onofhängeg äusseren, ouni datt a groussen Deeler vun der Press gemengt gëtt, ech géif mech domadder un der Onofhängegkeet vun der Zentralbank vergräifen. Well een deen onofhängeg ass, huet net onbedingt Recht. Nun huet d’Zentralbank a villen Saachen Recht, mä wann se seet, et misst een d’Frontalieren mat an d’Statistiken eranzéien vun den aarbechtslosen Leit zu Lëtzebuerg, dann iert se sech. Well d’Bemiessungsgrondlag vun eisem Chômage ass déi Bevölkerung, déi hei am Land wunnt an déi am aarbechtsfähegen Alter ass. Wann een d’Frontalieren also mat eranhëlt, muss een d’Bemiessungsgrondlag méi grouss maachen. Da muss een also och Stécker vun der Groussregioun an deenen hir aktiv Bevölkerungselementer, déi déi schaffen kënnen, mat an d’Grondlag erarechnen, sou zwar, datt wa mir dat géifen maachen, de Chômage prozentual zu Lëtzebuerg géif falen, wéi den Aarbechtsminister schonn öfters duergestalt huet. Et ass een net, wann een an der Zentralbank ass, automatesch Spezialist vum Aarbechtsmaart. Anerer sinn dat.
Francine Closener: Mä wann een elo mol d’Frontalieren dann net mat arechent an och d’Leit net déi an ...
Jean-Claude Juncker: Dat ännert awer näischt um Problem, datt e grave ass an datt mer eis....
Francine Closener: Da wieren et nach ëmmer 5,2 %. Fannt Dir dat dann och nach iwwerdriwwen?
Jean-Claude Juncker: Neen. Ech fannen dat net iwwerdriwwen. Ech weess och net wat déi Spekulatiounen sollen. Ech hunn elo just héieren, hei an den Noriichten, déi den Här Sinner virgedroen huet, datt 70 % vun den Däitschen rechnen, datt de Chômage an d’Luucht geet. Ech rechnen och domat, datt an den Ufanksméint vum nächsten Joer de Chômage an d’Luucht geet, ier en sech géint d’Enn vum Fréijor konjunkturell, awer virun allem saisonal bedingt, erëm no ënnen korrigéiert. A mir mussen wëssen, wa mir keng 3 bis 4 % Wuesstum hunn - déi brauchen mir fir den Aarbechstmaart, déi brauche mir och fir d’Renten a fir d’Pensiounen - da komme mir aus deem Beschäftegungsdéif, an deem mir de Moment sinn, net eraus. Dat ass eng Tatsaach. An déi déi gegleewt hunn, d’Gesetzesméissegkeet vun der Économie a vun hirem sozialen Verlängerungsfeld wieren zu Lëtzebuerg anescht, wéi am Ausland, kënnen elo all Dag entdecken, datt et zu Lëtzebuerg sou ass wéi am Rescht vun der Welt a wéi am Rescht vun Europa. Dat schéngt fir vill Leit eng Nouvelle ze sinn. Fir mech ass et eigentlech keng. Dat kann eis awer net drunn hënneren, d’Aarbechtsmaartpolitik, déi schonn aktiv ass, probéieren nach méi z’aktivéieren. Den Aarbechtsminister François Biltgen ass am gaang dat ze maachen. Dat mécht d’Noutwennegkeet méi grouss, déi Leit, déi am Chômage sinn, duerch Ëmschoulung, duerch Weiderbildung, duerch aner Instrumenter fitt a flott fir den Aarbechtsmaart ze maachen. Dat kann eis net drunn hënneren, déi méi imaginativ Aarbechtsmaartinstrumenter, déi eis Gesetzgebung virgesäit, wierklech zur Applicatioun ze bréngen, fir deenen Leit, déi keng Aarbecht hunn, erëm sou séier wéi méiglech zu enger Aarbecht ze verhëllefen. Ech rieden dee Problem guer net kleng. Mä wann ee virun e puer Joer gesot huet, e géif eng Kéier kommen, ass een ausgelaacht ginn.
Marc Linster: Ech héieren elo schonn Äer Äntwert op meng nächst Fro, mä trotzdem...
Jean-Claude Juncker: Stellt se awer, Här Linster.
Marc Linster: Ech stellen se awer. Mengt Dir, datt d’Wirtschaft an de Chômage Haaptsujeten vum Wahlkampf ginn? Ech weess, Dir géift mir elo äntwerten, Dir géift bis den 12. Juni regéieren an et wär kee Wahlkampf.
Jean-Claude Juncker: Nee, ech wëll meng Aarbecht maachen, roueg, sou laang wéi et geet. Ech fannen, datt d’Leit zurecht dat vum Staatsminister erwaarden, datt deen elo net dauernd, vu Féiwer gerëselt, do soss näischt mécht ewéi Wahlkampf. D’Land muss jo regéiert ginn. Mir kënnen jo net 6 Méint Paus maachen. Mä trotzdem mengen ech, datt am Wahlkampf mussen Konzepter sech moossen, wat d’Wirtschaft, wat d’Finanzen a wat dat Sozialt ubelaangt. An do huet d’Regierung hir Politik. Do hunn déi verschidden Regierungsparteien och hir eegen Politik. An do hunn déi verschidden Oppositiounsparteien hir eegen Politik an déi déi der Meenung sinn, d’wirtschaftlech Situatioun wier esou, datt een déi substantiell Steiererliichterung, déi mir gemaach hunn, datt een déi erëm misst zum Deel oder ganz réckgängeg maachen an domat d’Konjunktur definitiv ersaufen. Déi sollen dat virun plädéieren. Déi déi mengen, et wier elo de Moment komm, fir d’Aarbechtslosenentschädegung ze kierzen, fir de Leit méi séier Been a Richtung Aarbechtsmaart ze maachen, sollen dat soen. Ech soen dat net. Ech soen de Géigendeel, well déi éischt Äntwert op d’Beschäftegungskris kann net sinn, datt een déi Leit bekämpft, déi keng Aarbecht hunn, woubäi déi, déi de Luspetter spillen a sou maachen, wéi wann se eng Aarbecht géifen sichen a keng wëllen, och mussen wëssen, datt se et mat dem Staat op eng méi negativ Tour an Zukunft ze dinn kréien, obschonn haut schonn dausenden Strofen vum Arbeitsamt d’Joer ausgedeelt ginn. Also et muss een, wat d’Zumutbarkeet vun der Aarbecht ubelaangt, bereet sinn, éischter eng Aarbecht unzehuelen wéi dat an de kollektiven Reflexer de Moment ass. Mä fir elo déi Leit, déi duerch d’Schwieregkeeten vun hirem Betrieb oder duerch Elementer, déi an hirer Persoun leien, wou se net méi sou gutt matkommen, aarbechtslos ginn, fir déi domat ze strofen, datt een elo d’Aarbechtslosenentschiedegung op dee méi niddregen Niveau vum Ausland erofsetzt, dat ass eng Politik, déi ech net wëll an déi meng Partei och net wäert vertrieden. Also mir mussen eis do moossen, wéi mir dat maachen. Och an der Finanzpolitik ass et richteg, anstatt elo Leeschtungen, déi d’Leit hunn, ze kierzen, déi Reserven, déi mir bewosst a géint vill Widderstänn ugeluecht hunn, ze notzen, fir iwwert déi méi schwiereg Period vun der europäescher Konjunktur ewechzekommen, oder et misst een elo schonn Moossnahmen ergräifen, fir am Budget iwwert dat eraus, wat mir gemaach hunn, ze spueren, fir zu enger Defizitverminderung ze kommen, obschonn mir eng grouss Kapazitéit hunn, fir eis ze verschëlden a mir eis fir 120 Milliounen verschëlden, Schold ophuelen, ouni eis insgesamt méi ze verschëlden. Déi Konzepter stinn zur Diskussioun an dat ass de Stoff, aus deem d’Wahlausernanersetzung soll gemaach ginn. Ech hunn dat Wuert Wahlkampf net gär. Et ass eng Wahlausernanersetzung. Et ass de grousse Rendez-vous mat de Lëtzebuerger um Glacis vun deem sech muss explizéiert ginn, iwwert d’Richtegkeet vun de politeschen Choixen vun deenen leschten Joren an iwwert d’Richtegkeet vun de politeschen Décisiounen, déi een fir déi nächst Joren gesäit.
Francine Closener: Bleiwe mir emol dobäi. An de Sondagen steet d’CSV jo gutt do. Dir hutt emol eng Kéier ugedeit an der Lescht, datt Dir doriwwer net nëmmen frou sitt. Fäert Dir dann de Wieler géif sech soen, d’CSV kritt jo souwisou genug Stëmmen, da wielen ech anerer, mat der Konsequenz, datt Äer Partei duerno d’Wahlen géif verléieren.
Jean-Claude Juncker: Jo, dat fäerten ech effektiv, well all Mënsch seet - et ass iwwerall ze liesen an Dir sot dat hei bis zur physescher Erschöpfung - datt d’CSV d’Wahlen schonn gewonnen huet.
Marc Linster: Dat hu mir hei nach ni gesot.
Jean-Claude Juncker: Dir sidd also der Meenung, datt d’CSV d’Wahlen géif verléieren?
Marc Linster: Dat hunn ech och net gesot.
Jean-Claude Juncker: Voilà! Dir sitt jo een equidistanten Chefredakter, wat ech erëm eng Kéier hei kann feststellen. Ech mengen, wann d’Meenung sech duerchsetzt, et bräicht een d’CSV net ze wielen, well déi hätt d’Wahlen souwisou schonn gewonnen an et kënnt een de politeschen Intérêt drop konzentréieren, ze décidéieren, wien nach géif an d’Regierung kommen - d’Sozialisten, déi Gréng, den ADR oder d’DP - dann riskéiert et esou ze sinn, datt d’Leit sech drop konzentréieren, fir den Koalitiounspartner vun der CSV erauszesichen, mam Resultat, datt Sonndes Owes, wann d’Wahlen eriwwer sinn, d’CSV d’Wahlen verluer huet an déi aner Parteien se relativ gewonnen hunn. Da maachen déi eng Regierung géint d’CSV. Et ass näischt méi Schéines - a si dreemen Dag an Nuecht dovun - wéi sech virzestellen, datt d’CSV net an der nächster Regierung wier. An dofir, bei aller Zefriddenheet iwwert déi Sondagen do - et wier jo gelunn, wann ech géif soen, datt dat mech verdrësslech gemaach hätt - zéien ech awer doraus, a meng Partei och net, déi falsch Schlussfolgerung. Mir mussen eis bei de Leit dofir asetzen, datt d’CSV déi stärksten Partei bleiwt an de Staatsminister kann stellen, fir datt mir d’Haaptinstrumenter an der Hand hunn, déi ee brauch, net wéi heiandsdo gesot gëtt vun dësem a vun deem fir do ee morbiden, stupiden Machtanspruch exercéieren ze loossen - ech weess iwwerhaapt net wat dat soll - mä fir dofir ze suergen, datt mir heiheem an an Europa - déi zwee ginn zesummen - déi richteg Politik brauchen maachen. Dat heescht datt dee Mix aus Imaginatioun, aus Expertise an aus Erfahrung seng Chance an den nächsten Joren behält, well eis Land brauch déi Chance, fir vun der Plaz ze kommen.
Marc Linster: Här Juncker, Dir sidd jo eng Zort Superstar zu Lëtzebuerg. Verschidden Leit schwätzen esouguer vun engem Popstar a si mengen dat wierklech net ironesch.
Jean-Claude Juncker: Ech kann iwwerhaapt net sangen.
Marc Linster: Dat huet net ëmmer eppes mat sangen se dinn.
Jean-Claude Juncker: Also ech kann awer och net sou mam Hënner wackelen, datt jiddwereen géif fannen ech wier den idealen Popstar, dat kann ech Iech awer garantéieren.
Marc Linster: Fir ee Popstar gëtt et och aner Definitiounen: Wéi een eriwwer kënnt dobaussen, och am Ausland a sou weider. Mä wann een dann esou erviirstëcht, wéi Dir dat awer maacht, gëtt dat net abeemol langweileg, och fir Iech?
Jean-Claude Juncker: Ma ech hunn iwwerhaapt kee Starselbstempfinden. Ech hoffen och, datt ech keng Starallüren hunn, obschonn ech do heiandsdo selwer Zweifel hunn, ob dat net heiandsdo iwwert ee kënnt. Nee, nee, nee! Ech si gewielt ginn, wéi Dir Iech vläicht kënnt erënneren, relativ gutt gewielt ginn. Ech géif och gären nach eng Kéier esou gutt gewielt ginn, fir eng bestëmmten Aarbecht ze maachen. Déi sicht een sech net am Detail eraus. Déi ass esou wéi d’Agenda engem dat diktéiert. Ech maachen trotz Verdrësslechkeet, déi een heiandsdo huet - mä dat huet jiddwereen a sengem Beruff - déi Aarbecht gär, well dat, wat hei am Land geschitt, an déi Aart a Weis wéi mir hei am Land zesummen liewen, mat zu den zentralen Elementer och vun mengem Gefills- an intellektuellen Liewen gehéiert. Dat ass guer net langweileg! D’lëtzebuergesch Zukunft ass net langweileg! Langweileg gëtt se eréischt, wann een sech net intensiv domat beschäftegt. Langweil mécht d’Zukunft doud. Wann een d’Zukunft wëllt lieweg halen, muss ee lieweg un d’politesch Gestaltungsaarbechten erugoen, an dat maachen ech mat enger Begeeschterung, déi haut net méi kleng ass, wéi déi war, wéi ech virun 20 Joer ugefaangen hunn.
Francine Closener: Mä no sou enger laanger Zäit wier et jo awer vläicht och normal, wann een no engem neien Défi géif sichen an Europa. Dir gitt jo schonn laang gehandelt als Kandidat, bal fir de Kommissiounspresident, bal fir Conseilspresident, och alt emol fir EU-Ausseminister. Bleift Dir dobei, datt dat Iech net interesséiert?
Jean-Claude Juncker: Ech soen net, datt dat mech net interesséiert. Ech soen just, datt ech dat net maachen. Ech fannen...
Marc Linster: Dat huet de Jacques Santer och laang gesot, bis Moies, wou hien et ginn ass.
Jean-Claude Juncker: Jo, Här Linster, Dir sidd jo an Äerer Equidistanz sou staark mat Erënnerungsgaben begaabt, datt Dir Iech misst kënnen ouni Problem drunn z’erënneren, anstatt d’Wouerecht anescht duerzestellen wéi se ass, datt de Jacques Santer eréischt no de Wahlen 1994 gefrot ginn ass, fir Kommissiounspresident ze ginn.
Marc Linster: Ech hunn näischt anescht gesot.
Jean-Claude Juncker: Jo, jo.
Marc Linster: Dat ka bei Iech och kommen.
Jean-Claude Juncker: Neen. Bei mir kënnt guer näischt no de Walen, well alles wat no de Walen komm ass, ass elo schonn do. Alles wat no de Walen ka passéieren, ass elo schonn passéiert. Also wäit ewech vun Staralluren wësst Dir esou gutt wéi ech, datt an Europa de Wonsch besteet bei villen, datt ech Kommissiounspresident ginn, an déi auslännesch Press kann een och net instrumentaliséieren bis dohinner, wou se sech a leschter Zäit verausgabt huet an däer Fro. An ech hu gesot, heiheem an dobaussen, datt wa meng Partei déi stärksten bleiwt a wann ech perséinlech esou gewielt ginn, datt ech aus dem duebelen Resultat vu menger Partei a vun mir selwer kann eraus liesen, datt d’Leit hei am Land gären hätten, datt ech virun Premier bleiwen, datt meng Partei viru regéiert, da stinn ech am Wuert, datt ech dat wäert maachen.
Marc Linster: An d’Oppositioun gitt Dir net?
Jean-Claude Juncker: No de Walen geschitt diesbezüglech näischt anescht wéi dat, wat ech virun de Walen soen. Ech soen, wa mir gutt gewielt ginn, an ech och, bleiwen ech zu Lëtzebuerg an ech maachen dat mat Freed a Begeeschterung.
Marc Linster: Mä an d’Oppositioun gitt Dir net?
Jean-Claude Juncker: Wa meng Partei d’Walen verléiert a wann ech perséinlech bei de Walen eng gedeckelt kréien - dat weess ee jo net, trotz alle Sondagen, wat d’Leit herno mat engem maachen, do ass jo all Lëtzebuerger mat mir alleng, wann ech kann esou soen – jo da sinn ech ee fréie Mann, wësst Dir. Ech hunn zwanzeg Joer laang, fir emol pathetesch ze schwätzen, trei a brav gedengt. A wann d’Leit soen, „Juncker, elo geet et duer“, dann hunn se dat jo gesot, an da mécht de Juncker wat hien wëllt. Mä wann d’Leit d’CSV staark maachen, a wann ech ee Resultat hunn, ee perséinlecht Resultat hunn, wat mir weist, datt d’Leit soen, et wier gutt esou gewiescht, et kënnt nach besser ginn an ech soll viru maachen, da maachen ech dat, an domat spillen ech net. Wësst Dir, ech sinn allergesch dergéint, fir virun de Walen de Leit ze soen, „Stëmmt mech, ech bleiwen hei“, an dräi Wochen no de Walen ze soen, „Merci villmools, ech ginn“. Dat maachen ech décidéiert net!
Marc Linster: Mir stellen trotzdem fest, datt et eng Evolutioun bei Iech gëtt. Virun zwee Joer hutt Dir mir an engem Interview gesot, wann Dir géift d’Walen verléieren mat Äerer Paertei, da géift Dir an d’Oppositioun goen an da géif et Knuppefreed ginn, fir d’Journalisten a fir déi aner Politiker.
Jean-Claude Juncker: Ma et gëtt Knuppefreed, wann d’CSV an d’Oppositioun geet, fir d’Journalisten a fir déi aner Politiker. Maacht Iech do guer näischt... [gëtt ënnerbrach]
Marc Linster: Mä ouni den Här Juncker?
Jean-Claude Juncker: …ze dinn. Firwat muss ech elo soen, ob ech Oppositiounschef ginn?
Marc Linster: Et ass eng Hypothèse, ob…. [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Ech schléissen dat net aus. Ech soe just, ech sinn, wann d’Leit, fir dat emol primitiv auszedrécken, d’CSV a mech ofwielen, da sinn ech just e fräie Mann. Da fillen ech mech net agebonn an eng Disziplin, déi kollektiv erbäigefouert ginn ass, well mir se och gewollt hunn. Da ginn ech entweder Chef vun der Oppositioun am Parlament, an da gëtt et Knuppefreed, [inaudible] ech näischt ze dinn oder ech maachen eppes anescht. Mä wann d’Leit soen, „Juncker Schluss!“, da kann jo kee mech forcéiren, fir Chef vun der Oppositioun ze ginn. Et kann awer och kee mech dovunn ofhalen. Et soll kee mengen, et géif goen, fir no de Walen eng Regierung ouni d’CSV ze bilden an dann och nach eng CSV an der Chamber setzen ze hunn, wou ech net derbäi wier. Dat loossen mir emol schéin opstoen, bis et esou wäit ass. Wann d’Leit soen, „Juncker, bleiw Premier!“, da bleiwen ech dat mat Begeeschterung, an ech soen esouguer Merci dofir, datt ech déi Chance nach eng Kéier kréien. Well et muss een ëmmer wëssen, an der Demokratie ass dat geschenktent Vertrauen op Zäit, a wann een dat zréckkritt, dann ass dat ee Moment vun déiwer perséinlecher Freed an eppes, wat een och beweegt, wann et geschitt. Mä wann se soen, „Et geet duer!“, dann kann awer kee mech forcéiren, de Staatsminister Asselborn virzeféieren. Gleewt mir et, dat wier net schwéier. Dat wier méi eng liicht Aufgab wéi eng Aufgab an Europa ze hunn.
Francine Closener: Stéiert dat Iech dann, datt trotz allem Dementi vun Äerer Säit, d’Leit awer nach ëmmer vill mengen, Dir géift Iech zu Héigerem beruff fillen an trotzdem iergendwann eng Kéier op Bréissel goen? Oder fillt Dir Iech éischter flattéiert doduerch?
Jean-Claude Juncker: Et fillt ee sech net zu Héigerem beruff, et kann een zu Héigerem beruff ginn. Mä ech fannen, déi Aufgab, déi een an Europa kann kréien, ass keng méi héich Aufgab wéi déi, wéi Premier zu Lëtzebuerg ze sinn, well do huet een en direkten Optrag vun de Leit. Déi wielen jo. Do huet een och déi direkt Kontroll duerch d’Leit, well déi kucken jo no, déi kommentéieren, déi soen wat geet a wat net geet. An et kann een och, well dat ass essentiell fir d’lëtzebuergësch Zukunft, vum Stull vum Lëtzebuerger Premier aus Europapolitik maachen, well een un Europa gleewt a well ee wees, datt et ouni Europa, bei allem wat eis dorunner stéiert - mech stéiert jo och vill drunn, soss géif ech keng Europapolitik bedreiwen - datt dat eng essentiell Bedeitung fir Lëtzebuerg huet, d’Lëtzebuerger a fir déi Leit huet, déi hei am Land wunnen.
Marc Linster: Europa - do si mir ukomm - huet dëst Joer am Fong zwou grouss Néierlagen kannt: De Sträit wéinst dem Irak-Krich am Virfeld an elo den Échec um Sommet zu Bréissel, wou ee sech net iwwer déi europäesch Verfassung eens gouf. Ass Europa elo op engem kruzialen Punkt ukomm?
Jean-Claude Juncker: Europa kennt ëmmer erëm op kruzialen Punkten un. Dës Kéier ass Europa wierklech op enger Kräizung ukomm. D’Décisioun ass ze huelen an deem nächsten Joer, ob mir do, wou mir net Europa genuch hunn, méi Europa brauchen, fir datt mir als Kontinent an als Nationalstaaten besser mat der Zukunft eens ginn, oder op mir menge mir hätten Europa zevill a mir missten Europa Schicht fir Schicht esou ofdroen, bis mir nach just, statt ee politeschen Projet duerzestellen, eng gehuewen Fräihandelszone sinn. An et bleiwt bei menger Iwwerzeegung, datt d’Konzept vun der Fräihandelszone, vum nëmmen ökonomeschen Europa, vum nëmmen Marché Europa een ze simpelt Konzept ass, fir een extrem komplizéierten Kontinent wéi deen, deen Europa ass. Op däer Kräizung si mir ukomm. Et ass elo fir sech definitiv ze décidéieren, ob een integratiounsweiderféierend Schrëtter setzt, zum Gudden vun de Mënschen an Europa, net fir mat Europa Angscht ze maachen, oder ob een de Réckmarsch an de Nationalstaat untrëtt, vun deem ee weess, datt wann en 30 Joer laang gang ass, mir erëm genau op deenen dramateschen Basiseckpunkten ukomm sinn, déi an Europa esouvill Misär gemaach hunn. Et ass eng extrem wichteg Saach, déi europapolitesch Debatten, esouwuel heiheem ewéi dobaussen. An dofir ass et wichteg, datt een déi europäesch Uleies mat Iwwerzeegung a mat kräftegen Argumenter zu Lëtzebuerg kann vertrieden. An dofir ass et mindestens genau esou wichteg, datt een, well een an Europa heiansdo d’Chance huet, Gehéier ze fannen, europäesch Interessen kann an Europa virleeën. Affekot sinn vun Europa heiheem, an ee Lëtzebuerger Affekot an Europa sinn, dat ass dee Stoff aus deem ech meng Politik wëll maachen.
Francine Closener: War d’Erweiderung vun Europa dann net awer ze séier, ze grouss?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn heiandsdo gesot, ech wier géint eng Erweiderung vun der Europäescher Unioun am Galopp. An trotzdem si mer zum Schluss vum Prozess lues a lues an de Galopp geroden. Dat huet e bëssen domat ze dinn, datt esou gewalteg Upassungen, Ustrengungen an Transformatiounsustrengungen an Ost- a Mëtteleuropa gemaach gi sinn, fir kënnen Member vun der Europäescher Unioun ze ginn, datt déi, déi haut an der Europäescher Unioun sinn, wann se éierlech sinn, iwwerrascht sinn, iwwer d’Rapiditéit vum Transformatiounsprozess an Ost- an a Mëtteleuropa. A wann d’Länner d’Kriteren erfëllen, da kann een hinnen keng Geschichten erzielen. Da muss ee soen, ok, elo hutt Dir d'Kriteren erfëllt, elo musst Dir och kënne Member vun der Europäescher Unioun ginn. Ech weess, datt dat e Prozess ass, dee bei ganz ville Leit net populär ass. Ech hunn dat hei op der Antenne 1995 fir d’éischt gesot, bei der éischter Gelegenheet vun esou engem Sylvestergespréich, wann ech mech kann esou ausdrécken. Ech hu gesot, dat gëtt dat Onpopulärst, wat mir je gemaach hunn, nodeems deemools d’Wellen vun der Begeeschterung ganz héich geschloen sinn, fir d’Erweiderung vun der Europäescher Unioun kënnen esou séier wie méiglech kënnen ze maachen. Ech wees, datt dat mat Schwieregkeeten verbonnen ass. Ech weess awer och, datt et mat Ängschten verbonnen ass. Vill Leit fäerten, elo géifen d’Polen, d’Slowaken, d’Ungarn an d’Tschechen den 1. Mee 2004 massiv a groussen Truppen no Lëtzebuerg kommen, fir eis hei d’Aarbechtsplazen ewech ze huelen. Alles dat geschitt selbstverständlech net. Mä ech wees awer och déi enorm Chancen, déi doranner bestinn, datt hei europäesch Geographie an europäesch Geschicht sech op eng dramatesch-ondramatesch Aart a Weis d’Hand erëm ginn, fir eng nei Geschicht an Europa erëm unzefänken, déi ganz anescht wäert sinn, wéi déi, déi zum Zweeten Weltkrich gefouert huet, an anescht wäert sinn, wéi déi, déi mir nom Zweeten Weltkrich erliewt hunn, wou een funesten Dekret vun der Geschicht wollt, datt d’Europäer op éiweg an zwee Lager gespléckt wieren. Elo kréie mir ee méi positivt Europa. Et sinn d’Erwaardungen vun de Leit a Mëtteleuropa op eis geriicht, net méi d’Rakéiten zu Prag, zu Ost-Berlin an zu Budapest, d’Erwaardungen vun de Leit gemeinsam wëllen fir deenen, déi no eis kommen eng besser Welt ze schafen, eng méi stabil Welt, eng méi friddlech Welt. Dat ass eppes onwahrscheinlech Schéines, wat eis do geschitt, bei aller Schwieregkeet, déi dat huet. D’Politik heiheem ass scho schwéier. Wisou kënne mir eigentlech unhuelen, si wier an engem Europa vun 25 Staaten méi liicht? Si ass selbstverständlech schwéier, mä d’Chancen sinn awer enorm fir deenen, déi no eis kommen eng geuerdent europäesch Welt ze hannerloossen.
Och déi wirtschaftlech Chancen sinn enorm. Mir hunn eisen Aussenhandel mat de Länner an Ost- a Mëtteleuropa an deenen leschten 5 Joer em 500 % gesteigert. Mir exportéiren méi an déi Regiounen wéi mir, wier et beim Kommunismus bliwwen, je hätten kënnen an déi Regiounen exportéiren. Eis Betrieber, déi heiandsdo Deeler vun hiren Aktivitéiten délokaliséieren an déi Länner, bréngen et doduerch fäerdeg, méi Aarbechtsplazen a méi Aarbechtsvolume zu Lëtzebuerg ze schafen. Et ass natierlech net ëmmer de Fall bei all Délokaliséierung, mä trotzdem kann dat de Fall sinn, wann een dat geschéckt mécht. Mir ënnerstëtzen Betrieber. Et gëtt gesot, wat maacht Dir fir d’Wirtschaft mat all deenen Programmer, déi dës an déi doruechter annoncéieren. Mir ginn Krediter, wann Betrieber sech délokaliséieren, wann dat gutt ass fir d’Entwécklung vun hieren Geschäfter zu Lëtzebuerg. Mir hunn Zënsen fir d’Betrieber, besonnesch fir déi mëttelstänneg Betrieber, staark erofgesat vun der SNCI, och fir déi lafend Investissementer hu mir se gekierzt, wat soss keen an Europa gemaacht huet. Dat heescht, mir probéieren eis Economie an d’Leit an deem Moment, wou se méi Muskelkraaft brauchen, engem intensiven Training ze ënnerwäerfen, fir datt mir mat däer Intelligenz, déi d’Lëtzebuerger ëmmer ausgezeechent huet, mat deem gesonde Mënscheverstand, deen se dreiwt, a mat däer Generositéit och, déi se hunn, fir déi, deenen et net esou gutt geet, an d’Lag ze versetzen, dat Bescht aus deem ze maachen, wat Geschicht eis diktéiert - a si diktéiert eis d’Alternativoptioun vun der Erweiderung, a si léisst eis keng aner zou.
Marc Linster: Fir nach ganz kuerz op den Irak zréckzekommen: Mengt Dir, et kréich een d’Saach do iergendwann an noher Zukunft an de Grëff?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn och op Äerer Antenne d’lescht Joer gesot, de Krich, dee mir net wollten, kënnt een net gewannen. An och wann een e reng militäresch am Graffen gewënnt, weist de Bléck an d’Aktualitéit, datt de Krich zwar eriwwer ass, mä virugeet. Krich ass ëmmer Nidderlag. Wann ee sech op dee Wee begëtt, muss ee wëssen, datt een d’Saach net definitiv an de Grëff kritt. Meng Hoffnung ass, datt aus dem Mateneen vum amerikaneschen Wëllen, vun der europäescher Virstellungskraaft an dem Genie, fir am Klengen d’Saachen esou zesummen ze strécken, datt d’Seeler halen, an aus dem Talent vun den Iraker eng Situatioun entsteet, wou dat Land zu sech sëlwer fënnt.
Francine Closener: Huet dee ganze Sträit mat den Amerikaner ëm den Irak da keen nohaltegen Schued ugeriicht, quitte datt d’Relatiounen op politeschen an diplomateschen Niveau méiglecherweis erëm ganz an der Rei sinn? Mä vill Leit, och zu Lëtzebuerg, hunn an dem Amerikaner jo elo awer net méi just onbedingt hier Frënn.
Jean-Claude Juncker: Ech mengen, wat d’Attitude vun eisen Leit den Amerikaner géintiwwer ubelaangt, muss een nuancéieren. Ech mengen, datt zu Lëtzebuerg eng relative grouss Enttäuschung iwwer den amerikaneschen President an iwwer seng Administratioun ass. Mä ech stellen am Gespréich mat esou villen Leit ni fest, datt eng viceral anti-amerikanesch Haltung zu Lëtzebuerg Anzuch gehalen hätt an déi strapazéiert Relatiounen, déi mir mat den Amerikaner a mat hirem President haten, déi maachen elo Plaz engem méi rouegen Kucken an d’Zukunft, wou ee méi Elementer vu Gemeinsamkeet wëll fannen wéi trennend Elementer. Well leschten Enns et keng Alternative fir d’Soliditéit vum transatlanteschen Verhältnis gëtt. A souwéisou ass am diplomateschen Beräich schonn Villes anescht komm wéi gesot gi war. Et ass mir an der Chamber gesot ginn, obschonn nach ëmmer däitlech géint de Krich Positioun bezunn, obschonn ech net konnt iwwer den amerikaneschen President esou schwätzen, wéi d’Cheffen vun der Oppositioun. Dat hätten déi och net kënne maachen, wann se Staatsminister gewiescht wieren. Dofir muss een sech ëmmer froen, ob een eppes ka vun deem sech virstellen, wéi et ass, wann et nach net ass .
Francine Closener: Dat heescht Dir waart méi enttäuscht vum Här Bush wéi Dir dat ëffentlech gesot hutt?
Jean-Claude Juncker: Jo, ech soen och elo nach näischt an déi Richtung, well ech si jo nach ëmmer Staatsminister. An ech weess wat meng Aufgaben sinn a wat meng Wortwal muss sinn, wann et ëm d’international Relatiounen geet. Mä déi jiddferfalls déi virausgesot haten, mir hätten bis op éiweg Sträit mat Däitschland, Frankräich an der Belsch, sinn am Laf vum Joer - dat war d’Rache, déi fuerchtbar, déi ech ugekënnegt hat eng Kéier - dementéiert ginn andeem si gewisen kritt hunn, doduerch datt esouwuel de Bundeskanzler wéi de belsche Premier, wéi de franséische Premier, de franséische Premier fir d’éischt zënter 28 Joer, eng offiziell Visite zu Lëtzebuerg gemaach hunn, datt eis Relatiounen mat deenen dräi Nopeschlänner besser sinn wéi je virdrunn. Et ass just de Géigendeel agetrueden wéi déi Horrorszenarien, déi d’Oppositioun am Parlament, géint bessert Wëssen, opgefouert huet. A wann si dat Wëssen haten, dann haten si dat falscht Wëssen, an ech hunn hinnen et deemools gesot, an elo ass de Beweis do, datt deen Trick, deen doranner bestanen huet, fir de Staatsminister a seng Regierung international isoléiert duerzestellen, lassgekappt vun alle gudden Relatiounen mat Däitschland, Frankräich an der Belsch, datt dat jiddferfalls net agetrueden ass. De Géigendeel ass agetrueden.
Marc Linster: Här Juncker, mir sinn um Enn vun eiser Emissioun ukomm.
Jean-Claude Juncker: Schued.
Marc Linster: Wat wënscht Dir Iech da perséinlech fir 2004 - ausser natierlech d’Walen haushéich ze gewannen?
Jean-Claude Juncker: Zu mengem perséinlechen Gléck dréit de Walausgang net bäi. Mä ech wënschen mir, datt déi Leit, mat deenen ech frou sinn, datt deenen am Laf vum Joer 2004 näischt Schlëmmes geschitt. Wann um Enn vum Joer 2004 alleguer déi, mat deenen ech frou sinn an un deenen ech hänken, nach esou gutt dru sinn wéi haut, dann ass dat fir mech ee Joer gewiescht, vun deem ech soen, et war e gutt Joer. De Rescht ass wichteg, mä huet mat mengem perséinleche Liéwensgléck nëmmen ganz entfernt eppes ze dinn.
Marc Linster: Merci, Jean-Claude Juncker, fir dësen Sylvesterinterview. Vum Francine a vu mir aus e gudde Rutsch an och un eis Nolauschterer.