Interview de fin d'année avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker

DNR: Häer Staatsminister, Bonjour.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

DNR: Virun engem Joer huet d’Gespréich bei Gelegenheet vun Enn 2002 mat der Hoffnung opgehal, datt et kee Krich am Irak géif ginn. Elo ass de Krich op d’mannst emol offiziell eriwwer. De Saddam ass verhaft. Gëtt dat Washington nodréiglech recht?

Jean-Claude Juncker: Ech hat d’lescht Joer, mengen ech, och bei Iech gesot, datt een e Krich net kënnt gewannen an datt een et dofir soll ënnerloossen, fir en ze féieren. Do gëtt et verschidden Fassongen, fir dat sougenannten Enn vun engem Krich ze kucken. A wann een ënner Enn vum Krich versteet, datt déi militäresch Aktiounen agestalt sinn, dann ass dee Krich nëmmen zum Deel eriwwer, well een Deel militäresch Aktiounen gi virun, weider stiewen Leit, Iraker, Amerikaner. Et gëtt keng richteg Rechtfertegung fir ee Krich, nee.

DNR: Vläicht zréck op Lëtzebuerg. Wéi war dann Äerer Meenung no d’Joer 2003 fir d’Land an d’Leit?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, fir d’Land an d’Leit - do gesinn ech keng Ënnerschiddlechkeet an deenen zwee Begrëffer - war dat en duerchwuessend Joer. Et ass eis wirtschaftlech manner gutt gaangen. Mir hu méi grouss finanziell Problemer kritt, wéi mer dat fréier gewinnt waren. Mir hunn de soziale Fridden behal, trotz enger Rei vu Virgäng an der Économie, déi de Géigendeel hätte kënnen unhuelen loossen. Dat huet ugefaangen mat de Kënnegungen bei der SES. Mir sinn elo um Enn vum Joer mat Entloossungen bei Villeroy & Boch a bei der CEPAL konfrontéiert. Et wor och ee Joer, wou de Mindestloun an d’Luucht gaang ass, wou d’Renten an d’Luucht gaangen sinn, am Géigesaz zu den Nopeschlänner, wou alleguer déi Mechanismen do gestoppt sinn. Et war leschten Enns ee Joer, wat fir d’Land net sou gutt war wéi Joren virdrun. Mä ech denken, datt jiddweree mat sengem eegenen Genie wosst eppes Guddes fir sech selwer aus deem Joer ze maachen.

DNR: Wat huet de Premier dëst Joer am meeschten gefreet, wat am meeschten gestéiert?

Jean-Claude Juncker: Oh, mech huet am meeschten gestéiert eng gewëssen Iwwerflächlechkeet an der Debatt iwwer sériös Froen, eng Hellewull vun Ënnerstellungen, déi een ëmmer gemaach kritt, wann ee politesch handelt a sou um Enn vum Joer fannen ech, datt dat Wichtegst am Joer leschten Enns dat Joer selwer war, an deem Sënn, datt mer dat Joer als d’Joer vun den Handicapéierten ugaange sinn. Ech hoffen, datt déi Tatsaach, datt mer eis ee Joer laang mat de Problemer an der Wiesensaart, de Schwieregkeeten vum Handicap a vun den Handicapéierten beschäftegt hunn, eppes hannerléisst. An der Regierung selwer, an der Chamber huet et ee Gesetz hannerlooss, mat deem déi handicapéiert Leit och materiell wiesentlech besser gestalt gi sinn. Mä ech hoffen, datt et an der kollektiver Bewusstseinswertung, wéi dat sou schéin heescht, dozou bäigedroen huet, datt mer jiddweree fir sech all Dag e bësse méi Rücksicht huelen op déi Leit, deenen et net esou gutt geet, well d’Schicksal se op iergendeng Fassong manner gutt behandelt huet wéi di meeschten vun de Leit.

DNR: Virun engem Joer waren déi meescht jo iwwerzeegt, datt et 2004 an duerno, 2005, nach méi géi biergof wäert goen. Elo ginn et Hoffnungen, datt een an den nächsten sechs Méint d’Kéier zum Gudden kritt. Hu mer d’Iwwergangsphase hannert eis?

Jean-Claude Juncker: Wann Der dat wirtschaftlech mengt, da mengen ech, datt mer nach e puer schwiereg Méint virun eis hunn, mä datt mer - dat soen d’Prognostiker vun iwwerall, Europa an och Lëtzebuerg, viraus - an der zweeter Halschent vum Joer 2004 erëm an d’Luucht kommen. Et gëtt och Zäit.

DNR: Dir hutt an Äerer Équipe ee Staatssekretär fir d’Fonction publique, ee Staatssekretär am Environnement. Dat ass luewenswert. Mä wier et net besser, zwee Staatssekretären am Wirtschaftsministère ze hunn, déi queesch duerch d’Welt ënnerwee sinn, fir nei Aktivitéiten an d’Land ze zéien, haaptsächlech Aktivitéiten déi aarbechtsintensiv sinn?

Jean-Claude Juncker: De Wirtschaftsminister, dee mécht dat jo an de Finanzminister mécht dat iwwregens och, de Staatsmininster och. Dat sinn der schonn dräi déi, wann se d’Welt bereesen, och ëmmer wirtschaflech Kontakter knäppen, probéieren lëtzebuergesch Visitekaarten iwwerall do ze hannerleeën wou Investitiounsdécisiounen geholl ginn. Mir haten eng Rei vu schéine Succèsen dëst Joer bei der Diversificatiounspolitik. AOL, Amazon a Microsoft si wiesentlech Zukunftsberäicher, woubäi een trotz enger extrem ugespaanter, fir lëtzebuergesch Verhältnisser extrem ugespaanter Situatioun net däerf mengen, datt aarbechtsintensiv Betrieber a grousser Zuel a mat grousse Beschäftegtenzuelen eng Léisung fir eist Land wieren. Virun zwee Joer nach ware mir eis eens driwwer, datt mir net all Betrib sollen nolafen, besonnesch net, wann e sech net an eis ökologesch Landschaft apasst, besonnesch dann net, wann e mat groussem Landverbrauch verbonnen ass. Alles dat ass am Joer 2003 ënnergaangen, alles dat, wourop mer an de Joren 2001 an 2002 eis eigentlech alleguer geenegt haten.

DNR: Déi Internetfirmaen, déi Dir ugeschwat hutt, déi bréngen zwar wahrscheinlech e Koup Steieren an d’Staatskeess, mä wou sollen dann elo déi Aarbechtsplazen hierkommen, déi eist Land dréngend brauch? Déi steigend Tendenz beim Chômage ass jo erschreckend. Et gëtt Leit oder Experten, déi fir 2005 souguer iwwer 5 Prozent Aarbechtslosequote profezeien.

Jean-Claude Juncker: Wa mer grouss Betrieber bruecht hätten, déi Dausenden Aarbechtsplazen bruecht hätten, da géift Der mech froen, wou bleiwen dann déi grouss Betriber an déi Aktivitéiten, déi Steieren bréngen. Mir hunn dach ee groussen Finanzproblem hei am Land ze léisen. En ass net sou grouss wéi e gemaach gëtt, mä en ass awer substantiell an déi Usiedlungen vun deenen Dir geschwat hutt, déi hëllefen eis déi budgetär Duuschtstreck z’iwwerbrécken an dat ass absolut wëllkomm.

Wa mer mar mat enger grousser Firma op Lëtzebuerg kommen, déi 3.000 Leit astellt, fanne mer zu Lëtzebuerg keng 3.000 Leit fir an dee Betrieb schaffen ze goen. Mir hunn am Joer 2003 1,7 Prozent Aarbechtsplazen bäigesat. Dat ass méi wéi déi Länner ronderëm eis, wou d’Aarbechtsmaartentwécklung réckgängeg ass, wou Aarbechtsplazen netto ewechfalen. Trotzdem geet dee Wirtschaftswuesstum, dee mer hunn, an déi Expansioun um Aarbechtsmaart net duer, fir déi national Beschäftegung an ee Gewässer ze féieren, wou de Chômage géif erofkommen. Duerfir brauche mir wiesentlech méi Aarbechtsplazen déi bäikommen, och a grad am Mëttelstand an dofir brauche mer och méi ee staarkt Wirtschaftswuesstum.

DNR: De CGFP-Generalsekretär Jos Daleiden huet kritiséiert, datt um Beispill vum Observatoire fir d’Compétitivitéit Gremien geschafe ginn, an deenen déi selwecht Leit sëtzen wéi an anere Gremien, déi et scho gëtt, zum Beispill d’Tripartite, déi sech ëm déi selwecht Problemer zum Deel bekëmmeren. Wat ka sou een Observatoire, wat eng Tripartite net kann?

Jean-Claude Juncker: Deen Observatoire an déi Tripartite, déi hu kee Sträit mateneen. Den Observatoire, iwwert eng Verfollgung an der Zäit vun eisem Compétitivitéitsprofil, ass eng Propositioun, déi an d’Viraarbechten vun der Tripartite zréckgeet a soll och der Tripartite Zouliwwerungsmaterial an d’Hänn ginn, fir sech iwwert d’Compétitivitéit kënnen zielorientéiert zum Zweck vun hirer nees integraler Hierstellung z’ënnerhalen. Do kann ech absolut kee Widdersproch gesinn. Do sëtze Regierungsinstanzen a Sozialpartner zesummen, déi déi grouss Parameteren vun der Compétitivitéit am An behalen. Dat ass eng Aarbecht vun der Tripartite souwisou, do besteet also kee Problem.

DNR: Nervt et Iech net heiandsdo, datt de bloen Juniorpartner vun der CSV an der Regierung ëmmer op Feeler weist vum virechten roude Juniorpartner an de rouden Juniorpartner op d’Feeler vum virechten bloen Juniorpartner? Wier et niewt Blo a Roud net emol un der Zäit, eng nei politesch Faarw mat an eng CSV geféierten Regierung ze huelen? Déi Gréng, déi flirten an der Lescht jo net schlecht mat der CSV?

Jean-Claude Juncker: Oh, ech briechen awer net ënner deenen Zärtlechkeeten do zesummen. Fir mech ass déi gréng Partei eng normal Partei wéi aner Parteien zu Lëtzebuerg, och a wann de Wieler dat décidéiert, da fannen déi Koalitiounsgespréicher statt, déi stattzefannen hunn. Wann déi Gréng an der Positioun sinn, datt se u sou Gespréicher kënnen deelhuelen a wann se sech programatesch sou artikuléieren a profiléieren, datt doraus de Stoff entsteet, aus deem een e Regierungsprogramm ka maachen, ass dat näischt wat mech prinzipiell stéiert. Fir de Rescht, dat Gestëppels tëscht Blo a Roud langweilt mech.

DNR: Basisdemokratie an Éieren, mä nervt et Iech net heiandsdo, datt allméiglech an och onméiglech Randgruppen ëmmer nees mat hiren Revendicatiounen a Meenungen a gewëssen Schlagzeile kommen, respektiv mengen se missten onbedingt och nach hiren Pefferkär bäileeën?

Jean-Claude Juncker: Jo d’Demokratie ass eppes Lieweges an eppes Vielfälteges, eppes mat ville Schichten a Couchen. Déi Virstellung, déi an de klassesche Parteien heiandsdo nach virherrscht an déi doranner besteet, fir ze mengen, demokratesch Debatt dierft just stattfannen tëscht deenen Parteien, déi an der Chamber vertrueden sinn, ass eng Virstellung déi ech net hunn. Politesch Wëllensbildung ass wuel d’Saach vun de politesche Parteien, mä net nëmmen vun de politesche Parteien an all méiglech Groupementer, Regroupementer, momentan Koalitiounen a stänneg Organisatiounen hunn hiert Wuert och ze soen. Duerfir stéiert dat mech net. Ech wonneren mech just heiandsdo driwwer, datt wa 6, 7 oder 8 Leit eng spektakulär Aktioun oder eng déi se fir sou eng halen duerchféieren, datt dat villen Deeler vun der lëtzebuergescher Press méi Gedäisch wert ass wéi munnech gutt duerchduechten a ville Gremien duerchgeschafften, duerchgetrippste Léisungspropositioun fir echt Problemer.

DNR: Eng kleng Paus, duerno d’Kapitel EU.

DNR: Häer Staatsminister, virun engem Joer hu mer a Saachen EU-Erweiderung iwwert déi geographesch Grenz vun der zukünfteger EU diskutéiert. D’EU konnt bal net grouss genuch sinn. Eloo 12 Méint drop ass een dobäi ze soen, datt Käereuropa keen Ziel ka sinn. Et ass jo awer vis-à-vis vun deem, wat ee sech virgeholl hat dach iewer relativ minimalstesch ginn?

Jean-Claude Juncker: Mir hu virun engem Joer iwwert d’Erweiderung vun der Europäescher Unioun no Ost- a Mëtteleuropa geschwat an no Zypern a Malta a gesot, dat wier u sech, wann ech dat am historesche Bléck kucken, eng gutt Évolutioun, datt déi zwee Deeler vun Europa méi no beienee récken, anstatt datt se sech feindlech géintiwwer stinn. Ech hunn, ech mengen, 1995 fir d’éischt gesot, datt d’Erweiderung vun der Europäescher Unioun dat onpopulärsten Unterfangen géif ginn, wat d’Europäesch Unioun je virzehuelen hätt an dat stellt sech lues a lues eraus. Et ass och keng Iwwerraschung, well wa souvill Neies erabrécht, souvill Onerwaartes geschitt a souvill Schwiereges muss geregelt ginn, wann een d’Gefill kann hunn, al Gewunnechten géife briechen an al Zesummenhalenssträng géife räissen, da kënnt sou eppes wéi Angscht oder zumindest Ängschtlechkeet op an domatt huet ee musse rechnen an domatt muss een och viru rechnen.

Elo si mer gescheitert bei eisem Versuch der Europäescher Unioun en neien Verfassungsvertrag ze ginn an nodeem dat Scheiteren apparent ginn ass, ass logescherweis eppes am Gespréichskrees opgetaucht, wat vun un datt et d’Europäesch Unioun gëtt eigentlech ronderëm de Begrëff vun der Europäescher Unioun selwer gravitéiert. Dat ass dat sougenannten Käreuropa, dat heescht den Zesummeschloss vun deene Länner, déi integratiounsweiderféirend Schrëtter a méi grousser Zuel a mat méi ausgeprägter Breed wëllen setzen. Ech halen dat net fir een Ziel, datt déi, déi méi wäit wëlle goen sech zesummen dinn an déi aner einfach stoe loossen. Mä ech halen dat als eng méiglech Konsequenz, déi sech doraus ergëtt, wa sech ëmmer méi Länner vun der europäescher Autobunn verabschieden an déi national Ausfahrten an national Opfahrten dauernd probéieren. Da kann et duerchaus sinn, datt een zu sou engem Zesummeschloss vun den europaverdéiwenden Kräften a Länner an der Europäescher Unioun kënnt. Mä eng Zielsetzung an ee politesche Programm kann et op kee Fall sinn.

DNR: D’EU schéngt jo gespléckt ze sinn an deem Sënn. Gëtt et keng Méiglechkeet wéi déi zwee Campen erëm beieneen kinnte fannen?

Jean-Claude Juncker: Et ass schwéier fir déi Europäesch Unioun an zwee Campen sou anzedeelen, datt ee genau gesäit, ween a wat fir engem Camp ass. Ech wëll hei der Impressioun entgéintwierken, wéi wann europäesch Verfassung an europäescht Weiderkommen haaptsächlech duerch d’Perspektiven an duerch d’Realitéit vun der Erweiderung no Ost- a Mëtteleuropa gebremst gi wieren. Dat ass zu engem klengen Deel wouer, mä an der Substanz ginn d’Trennungslinnen och duerch d’Mëtt vun deenen 15 Länner, déi haut an der Europäescher Unioun sinn. Op alle Punkten wou nach keen Accord besteet, fënnt ee Länner esouwuel nei Länner, déi réischt den 1. Mee 2004 bäikommen, wéi och al Länner, déi a sech opposéiernde Felder stinn an ech mengen, wat mer nei musse léieren, dat ass datt een de Solidaritéitsgedanken an Europa net verkomme léisst. Ee muss deem aneren hëllefen, fir datt et eis alleguer gutt geet a jiddweree muss bereet sinn op ee Stéck vu sengen nationalen Interessen, sou berechtegt wéi et och ass, am Intérêt vun dem grousse Ganzen ze verzichten. Et muss ee sech ëmmer froen, mëttelfristeg, ass et richteg wann een déi national Positioun, déi Lëtzebuerg zum Beispill géint all Wand a Géigewand oprecht behält oder ass et net besser mëttelfristeg sech een Europa virzestellen, wat lues a lues virukënnt, och op deene Punkten an heiandsdo géint déi Punkten, déi dat nationalt Interesse ausmaachen. Mëttelfristeg huet ee mat nationalen Interessen näischt ze gewannen. Et léisst sech mat nationalen Interessen op Dauer keen europäesche Stat maachen.

DNR: Elo ass et jo awer sou, datt vill national Wahltermäiner net openeen ofgestëmmt sinn an deenen verschiddenen Länner. Ass dat net einfach scho virprogramméiert, datt dat Europäescht an den Hannerhalt geréit, well eben dat Nationalt en vue vun nationale Wahlen einfach besser ukënnt?

Jean-Claude Juncker: Et ass eng Schwieregkeet. An Europa ass et leider sou - heiheem ass dat jo net wesentlech anescht - datt deen den Held vum Dag ass, deen déck op déi national Tromm schléit an datt deen e bëssen ausgesäit wéi en Hond dee sech kuscht, dee probéiert dat europäescht Ganzt ze gesinn. Dat war ni wiesentlech anescht a fir ze probéieren déi Schwieregkeet z’eliminéieren, doduerch datt een déi national Wahlen géif all op engem Dag stattfannen loossen, wier eigentlech e Verleegnen vun der Tatsaach, datt all europäesch Natioun hir eegen Identitéit an domat och hiren eegene Kalenner huet.

DNR: Euro-Barometer-Sondagë weisen ënnert dem Strëch zwar eng kloer proeuropäesch Linn bei de Leit. D’Begeeschterung a virun allem och d’Wëssen iwwert EU-Dossieren a -Realitéiten huelen drastesch of. Wee muss sech do méi mat der Nues huelen, d’Press déi et dacks net fäerdeg bruecht huet de Message ze véhiculéieren oder d’Politik, déi an enger Zort Elfenbeinturm siégéiert, débattéiert an décidéiert?

Jean-Claude Juncker: Et gehéiert zu den iwwerflächlechen Betruechtungen vun der Zäit, datt déi, déi an de Medien täteg sinn der Politik eigentlech virwerfen se géif sech an engem Elfenbeinturm ophalen. Dat ass net mäi Liewensgefill fir ogeschottet vun all Afloss an enger däischterer Mansard mat erofgezunnenen Rollueden ze sëtzen an iwwert d’Zukunft vun der Welt nozedenken. Dat maachen ech meeschtens am Gespréich mat ville Leit an op ville Plazen, och do, wou keng Press dobäi ass. Et ass net esou, datt eppes Wichteges nëmmen da stattfënnt, wann e Journalist dobäi ass. Déi wichtegsten Saache fannen am Regelfall ouni d’Journalisten statt.

Nu kann een der Lëtzebuerger Press vill Virwërf maachen, mä et kann een hier net de Virworf maachen, datt se net konstant, kontinuierlech a sérieux iwwer europäesch Froen an iwwer europäesch Aktualitéit berichten géif. Ech fannen esouguer, datt eis Press ausgesprachen vill Raum opmécht, fir europäesch Noorichten. D’Zeitung muss ee liesen fir informéiert ze sinn.

DNR: Elo brauch een net vill politesch Phantasie fir sech eng europäesch Krisesituatioun virzestellen an däer eng allgemeng akzeptéiert Perséinlechkeet gesicht géif ginn, fir de Posten vum Kommissiounspresident. Kënnt net och fir de Jean-Claude Juncker iergendwann de Punkt wou hien ënnert dem Drock vun de Kollegen net méi kann nee soen, och wann hien selwer ni Kandidat wollt sinn?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn elo grad gesot, fir informéiert ze sinn soll een d’Zeitung liesen an Dir liest zevill, wéi et mer schéngt, och déi net-lëtzebuergesch Zeitungen. Ech hunn zu däer Fro alles gesot, wat ze soen ass. Mir hu Wahlen hei am Land d’nächst Joer a wann d’Leit meng Partei a mech esou stëmmen, datt ech doraus kann ofliesen, datt et de Wëllen vun enger grousser Zuel ass, fir datt meng Partei viru regéiert zu Lëtzebuerg a fir datt ech Staatsminister zu Lëtzebuerg bleiwen, da bleift et och bei deem wat ech gesot hunn, nämlech datt ech net President vun der Europäescher Kommissioun ginn an datt ech probéieren en anstännegen Staatsminister bis an d’Joer 2009 ze sinn, also fir d’Dauer vun enger Legislaturperiod. Deen Drock vun deem Dir schwätzt an deen objektiv besteet, dee kann net méi grouss ginn wéi en de Moment ass an u menger Ausso ännert sech do näischt. Ech wëll Staatsminister bleiwen. Wann d’Leit dat och sou gesinn, maachen ech dat gär. Wann d’Leit fannen, et geet elo duer mam Juncker, jo da mécht deen eppes anescht.

DNR: Eng lescht Paus, duerno d’Suite vum Gespréich mam Premier.

DNR: Här Staatsminister, Dir waart Iech am November selwer e Bild vun der Situatioun um Balkan maachen. Huet dat, wat Dir do gesinn hutt Äer Iwwerzeegung a Saachen Ausweisung vu Flüchtlingen Richtung Ex-Jugoslawien geännert?

Jean-Claude Juncker: Nee, net fundamental. Ech hunn eng ganz nodenklech Erfahrung am Kosovo gemaach, wou ech a villen Gespréicher gemierkt hunn, datt déi Antagonismen, dat Géinteneen tëscht den ethneschen Gruppen, Serben an Albaner, nach ëmmer ganz lieweg ass a riskéiert, falls déi international Präsenz sech do géif reduzéieren oder sech selwer géif suppriméieren, et erëm eng Kéier zu ganz gewalttätegen Entluedungen ze kommen, wat mech dozou bruecht huet, fir ze soen, wat déi massiv Réckféierungen vu Flüchtlingen an de Kosovo géif ubelaangen, hätt ech ee mulmegt Gefill an et kënnt och net - den Häer Frieden, de Justizminister, gesäit dat d’selwecht - zu kollektiven Zwangsréckféierungen an de Kosovo, mä nëmmen zu individuellen Réckféierungen, falls séchergestalt ass, datt déi eenzel, déi do zréckginn an de Kosovo, keng Gefoer lafen fir hiert Liewen oder fir hiert atmosphärescht Weiderkommen am Kosovo.

An deenen aneren Länner, déi ech besicht hunn, Serbien, Montenegro, Bosnien, Mazedonien, ass mäi Gefill dat vun enger wäitestgehender Normaliséierung – ech fannen dat e schrecklechen Ausdrock -, wann een déi Reschtproblemer kuckt, déi et nach an deenen Länner gëtt. Mä do hunn ech den Androck, datt d’Lektiounen verstanen gi wieren an datt d’Sitautioun sech esou wäit berouegt huet, datt ee mat guddem Gewëssen dat ka maachen, wat ech virun de leschte Wahlen ugekënnegt hat, nämlech datt déi Leit, déi bei eis komm wieren, géifen zréck an hir Heemecht geschéckt ginn, wann do d’Situatioun sech berouegt hätt. Déi huet sech largement berouegt, à tel point, datt fir all europäesch Länner, déi Réckféierungen vun de Flüchtlinge maachen, eenzel Nopeschregierungen iwwregens och an de Kosovo an ouni Rücksicht op individuell spezifesch Situatiounen déi sech kënnen erginn.

De Problem mat de Flüchtlingen, dee bleiwt no wéi vir dee selwechten. Vun un datt dës Regierung am Amt ass hu mer 6.750 Flüchtlingen op Lëtzebuerg kritt, illegal Awanderer, Leit déi Asyl sichen, anerer, an et si ronn 1.000 Leit an deem selwechten Zäitraum, besonnesch an dësem Joer, wou et der 600 waren, zréckgeschéckt ginn. Dat ass eng kleng lëtzebuergesch Stad, déi mer a 5 Joer bäikritt hunn an et ass net richteg erkennbar, firwat datt aus deenen Länner selwer an aus villen aneren, besonnesch och westafrikaneschen Länner, ëmmer méi Flüchtlingen op Lëtzebuerg kommen. Mir mussen eis mat deem Problem konsequent, seriös a sou mënschlech wéi et geet beschäftegen. Mä fir einfach ze erdulden, datt mer ouni direkt erkennbare Grond wat d’Verfolgungssituatioun vun de Leit aus philospoheschen, politeschen, religiösen oder ähnlechen Grënn ubelaangt einfach ze erdulden, datt Leit op Lëtzebuerg kommen, dat geet net an dat wat der vill hei am Land soen - loosst déi Leit dach hei - dat geet och net, well et gëtt der ëmmer méi. Mir hu 1.500 Leit am Joer 2003 supplementar op Lëtzebuerg kritt a mir wëssen vum Januar-Februar d’nächst Joer un absolut net méi, wou mer déi Leit sollen convenabel ënnerbréngen. An dofir muss ee mat rouegem Kapp an awer mat Gefill iwwert déi Fro schwätzen.

DNR: An engem décken halwen Joer si jo Wahlen. Den ILRES-Sondage huet der CSV an de Gréngen ee plus u Mandater prophezeit. An enger éischter Reaktioun hutt Dir Iech net dermoossen glécklech iwwert dee Sondage gewisen, well Dir d’Gefill hutt, datt probéiert géif ginn d’CSV anzeschléiferen. Ass sech Äer Partei hierer Saach net sécher oder eventuell zevill sécher?

Jean-Claude Juncker: Ech ka kee Mënsch drunn hënneren Sondagen ze maachen. Ech huelen se just nëmmen um Rand zur Kenntnis, well all Erfahrung weist, obschonn dat engem jo bal ni gegleewt gëtt, wann een dat seet, datt de Wahlsonndeg selwer gewielt gëtt, net Samschdes virdrun an net 2 Joer virdrun an och net 1 Joer virdrun. Sonndes, wa Wahlen sinn, ginn d’Leit wielen an et soll een d’Wieler och net beleidegen. Déi maachen hiere Choix, jiddwer eenzelnen fir sech an der Kabinn an doraus ergëtt sech ee Gesamtwahlresultat. Elo soen déi Meenungsëmfroen eppes aus iwwert d’Tendenzen, d’Zoustëmmungsskala, déi déi eenzel Parteien hunn. Mä d’Komplexitéit vun eisem Wahlsystem erlaabt et kaum, dat och a fiabelen Donnéeën iwwert d’Sëtzzuel auszedrécken. Ech ginn Iech ee Beispill: Meng Partei huet am Süden d’leschte Kéier iwwer 1,5 Prozent zougeholl an huet trotzdem ee Sëtz verluer an duerfir ass dat eng séier schwiereg Saach fir mat Sondagen, wann een se a Sëtzzuelen ausdréckt, z’operéieren.

Ech mengen, datt meng Partei sech hierer Saach net sécher ass. Mir stinn an der demokratescher Ausernanersetzung. Déi aner Parteien hunn Ideeën, heiandsdo aner Ideeën, an et ass um Wieler fir ze entscheeden. A meng Partei muss kämpfen, fir d’Zoustëmmung vun de Wieler. Déi Idee, déi ëmmer verbreet gëtt, wéi wann et scho ganz sécher wier, datt d’CSV déi Wahlen géif gewannen, an der Regierung géif sëtzen, ass net geduecht fir d’CSV anzeschléiferen, mä féiert dozou, datt d’Wieler vun der CSV kënnen e bëssen schléifreg ginn, well se soen, et huet kee Wert datt mer d’CSV stëmmen, well déi gëtt jo souwisou gestëmmt, elo stëmme mer emol fir déi vun deene mir gären hätten, datt se mat der CSV géifen zesumme regéieren. Ech kann nëmmen warnen viru sou engem Auswäichen op Juniorpartner vun der CSV. Ech hätt och gären, datt d’CSV déi stärksten Partei hei am Land bleift. Dofir kämpfen mer an ech hätt gären, datt d’Leit eis hëllefen, datt mer dat Ziel kënnen erreechen.

DNR: Mécht d’Oppositioun den Ament, en vue vun de Wahlen, genuch Drock oder sidd Dir e bëssen enttäuscht, datt et awer relativ gemelleg vum Fleck geet?

Jean-Claude Juncker: Iech betrëfft et net, duerfir fannt Dir et wier ganz gemelleg. Ech fannen, datt fir eng al Demokratie wéi Lëtzebuerg, de Wahlkampf dës Kéier onwahrscheinlech fréi ugefaang huet. Oppositiounsparteien, eng Regierungspartei och, sinn ënnerwee fir elo schonn d’Wieler z’iwwerzeegen. Et ass jo och richteg, datt ee probéiert d’Bierger all Dag z’iwwerzeegen an déi Intensivéierung vun der politescher Explikatioun fir sech a géint anerer, déi iwwerrascht mech dach e bëssen. Wann een an der Oppositoun ass, muss een dat vläicht maachen. Ech weess et net. Mä wann een esou wéi de Staatsminister ass, da muss ee probéieren esou laang wéi méiglech roueg seng Aarbecht ze maachen. Ech kann net 6 Méint Wahlkampf maachen. Dat geet net!

DNR: Lëtzebuerg kritt elo eng niddreg Verméigenssteier. Mir sollen eng Zort „Monaco du Nord“ ginn, huet et geheescht. Hu sech scho Leit aus dem Ausland gemellt? Sinn der domadder scho gelackelt ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn déi Formuléierung, déi Der gebraucht, net gär. Et ass och net dat wat mer wëllen. Dat wichtegst Évènement, wann ee mëttelfristeg kuckt, wat mer am Joer 2003 ze vermelden hunn, ass deen Accord, dee mer fäerdeg bruecht hunn um Plang vun den europäeschen Finanzminister iwwert d’Kapitalertragsbesteierung - Stëchwierder Bankgeheimnis a Quellesteier - wou mer een Accord konnten verhandelen, e bëssen alleng géint all déi aner an deen d’Situatioun vun eiser Finanzplaz  vollumfänglech respektéiert an d’Interesselag vun eiser Économie mat am An behal huet. An an deem Kontext, wann et zur Aféierung vun däer Quellesteier kënnt, ass dru geduecht, fir nei Crénauen, nei Pisten op der Finanzplaz opzehuelen. Mä sou eppes wéi „Monaco vum Norden“ oder vu soss éierens ze ginn ass net eppes, wat eis virschwieft. Mä mir wëllen am Beräich vun der Verméigensverwaltung ee substantiellt an ee gutt Geschäftskompartiment fir d’lëtzebuergesch Finanzinstituter entwéckelen.

DNR: De Chef vun der Banque Générale, de Jean Meyer, huet dëser Deeg am Lëtzebuerger Wort gemengt, d’Steierëmfeld wier déi gréisst Erausfuerderung däer sech seng Bank je hätt stelle missen. D’Regierung huet jo eng Rei legislativ Mesuren ugekënnegt, fir deem Secteur seng Compétitivitéit ze erhalen. Wéi gutt ass dann eis Finanzplaz op d’Zukuinft preparéiert? Ëmmerhinn huet se jo schonn hir Maturitéit erreecht.

Jean-Claude Juncker: Mir hu jo am Joer 2002 fir d’Betrieber an notamment fir d’Finanzinstituter eng ganz substantiell Steiererliichterung gemaach, déi d’Competitivitéit vun der Plaz wiesentlech, an eenzelnen Segmenter dramatesch verbessert huet. Et sinn eng Rei vu steierlechen Moossnahmen dëst Joer nokomm. Et stinn nach eng Rei anerer op der Lee fir virum Juni vum nächste Joer gestëmmt ze ginn, sou datt ech mengen, wat dat steierlecht kompetitivit Ëmfeld ubelaangt d’Finanzplaz Lëtzebuerg gutt opgestalt ass, fir an der internationaler Konkurrenz sech kënnen adequat ze bewähren.

DNR: An Äerer Ried zur Lag vun der Natioun hutt Der gesot, et géifen virun de Wahlen keng Knippercher verdeelt ginn. Dir hutt 2006 Korrekturen bei den Décisiounen vum Rentendësch ugedeit, fir de Fall datt deen néidegen Wuesstum net geschwënn kënnt. Et ginn awer och Stëmmen déi mengen, datt sou Korrekturen elo scho misste gemaach ginn. Eat maacht Dir deenen falsch?

Jean-Claude Juncker: Oh wësst Der, ech mëschen mech jo guer net méi intensiv an déi Debatt an. Ech hunn zu de rentepoliteschen Décisiounen, déi an de leschte Joeren hei am Land gefall sinn, à l’époque mäint gesot a gesot, datt wa mer keng 4 Prozent Wirtschaftswuesstum d’Joer hätten a keng zolit Aarbechtsmaartexpansioun hätten an domatt eng genügend héich Zuel vu Beitragszahler, datt mer da Schwieregkeeten an eise Rentesystemer an an eise Pensiounssystemer géife kréien. D’Zentralbank, déi jo dauernd géint d’Regierung zitéiert gëtt, stellt jo elo scho fest, de Risiko datt d’Finanzéierung vun eisen Altersécherungssystemer ganz prekär wier, dee géif bestoen. 2006 muss gekuckt gin, wou mer sinn an da muss ëmgesat ginn wat um Rentendësch selwer festgehal ginn ass, nämlech datt bis op déi Moossnahmen, déi fir déi kleng Renten a fir d’Hongerrenten geholl si ginn, aner Elementer vun den Décisiounen vun dem Rentendësch kënnen revidéiert ginn, je nodeem wéi d’wirtschafltech Situatioun ass, an dat muss geschéien, wann d’Joer 2006 kënnt.

DNR: Dat heescht duerno gëtt dat neess ee vun den akuten Wahlkampfsujeten?

Jean-Claude Juncker: Et ass een Zukunftsproblem vum Lëtzebuerger Land. Et gëtt der, déi maachen domatt Wahlen. Dat interesséiert mech net fir domat Stëmmen ze kréien. Et interesséiert mech, datt déi déi haut liewen wëssen, wat si a wat hir Kanner, wann hir Kanner bis schaffe ginn, erwaart fir d’Renten vun deenen, déi dann an der Rent sinn kënnen ze finanzéieren an et sinn der vill an der Rent an 20, 30, 40 Joer, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, wou mer d’Renten mussen an d’Ausland schécken wat och ganz normal ass. Mä den demographeschen an Aarbechtsmaart-Spezifika, déi mer zu Lëtzebuerg fannen an deenen demographesche Facteuren entkomme mir sou wéineg wéi di aner.

DNR: Dir kritt d’nächst Joer 50 Joer.

Jean-Claude Juncker: Tjo.

DNR: Dat ass jo nach ee relativ frëschen Alter. Domadder denkt een net un d’Rent. Huet de Jean-Claude Juncker sech eng Deadline gesat wou e seet, hei elo geet et mir duer. Vun do un ass de Jean-Claude Juncker just nach Privatpersoun, keng ëffentlech Persoun méi, elo mécht en dat wat e wëll.

Jean-Claude Juncker: Dat geet engem heiandsdo duerch de Kapp. Mä all Erfahrung weist, datt een sech dat duerch de Kapp soll goe loossen, mä datt mat 50 Joer nach net den Alter komm ass, wou een eng breeder Ëffentlechkeet fir sou Gedankegäng sollt interesséieren. Ech hunn am Ausland oft observéiert, datt wann ee Premier bis gesot huet et géif an 1, 2, oder 3 Joer ophalen - dat ass iwwerhaapt net meng Absicht niewebäi bemierkt - da konnt en no sechs Méint schonn ophalen, well et huet kee méi richteg op dat gelauschtert, wat e gesot huet an et huet kee méi richteg mat ëm gerechent. Ech wëll sou an der Lëtzebuerger Politik mech bewegen, datt d’Leit musse mat mer rechnen.

DNR: Häer Staatsminister, merci fir d’Gespréich, schéi Feierdeeg.

Jean-Claude Juncker: Schéi Feierdeeg.

Dernière mise à jour