Interview de fin d'année avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker

Tom Graas: Häer Staatsminister, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Tom Graas: 2003 war ee Krichsjoer. Et ass dat agetratt wat mir hei op dëser Plaz virun engem Joer gefaart haten. D’USA hunn den Irak ugegraff, ouni do awer wierklech Fridden ze schafen, mä trotzdem hunn se eelo virun e puer Deeg de Saddam Hussein erwëscht. Ass dat gewëssermossen ee Chrëschtkado fir de President Bush? Huet hien elo awer Recht?

Jean-Claude Juncker: Wa meng Erënnerung richteg ass - si täuscht mech heiandsdo, mä net ëmmer - dann hat ech mech d’lescht Joer, an deem Gespréich wat mir haten, géint dee Krich ausgeschwat an och gemengt soen ze kënnen, datt een dee Krich ni géif gewannen, mä datt een ëmmer géif verléieren, datt en ëmmer iergendwéi virugeet. E geet jo och nach virun, wann och méi kleng, mä fir déi déi et trëfft bleiwt et d’selwecht. Datt de Saddam Hussein elo gefaangen ginn ass, mécht mech net verdrësslech. Ech begréissen dat, ech si frou, datt dee Mann am Prisong sëtzt, well et ass ee vun deenen schlëmmsten Mënscherechtsveruerchter, dee mir an deene leschten 20 Joer um Wierk gesinn hunn. Ech hunn null Sympathie fir dee Mann, mä ech hätt gären, datt en ee gerechte Prozess kritt. An ech hunn och eng Rei vu Biller eigentlech net gutt fonnt, déi no senger Vehaftung gedréit gi sinn, well och een deen total onwürdeg ass, well en d’Dignitéit vu kengem respektéiert huet, huet d’Recht drop, datt seng Dignitéit respektéiert gëtt. Et ass d’Gréisst vun den Demokratien, vum Rechtstaat, datt en d’Dignitéit och vun deem schlëmmsten Verbriecher respektéiert. Ob dat ee Chrëschtkado fir den Häer Bush ass, ass mir egal. Ech mengen net, datt en dat esou sollt erliewen. Hei gëtt een, deen et schlëmm gedriwwen huet, sengem hoffentlech gerechten Riichter zougefouert. Dat geet duer.

Caroline Mart: De President Bush ass kee Krichsdreiwer. Dat sot Dir virun engem Joer. Gesitt Dir dat haut och nach esou oder huet dat Bild vum George W. Bush awer geännert no all deem wat geschitt ass?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn den amerikaneschen President haut virun engem Joer net erlieft, wéi een dee mordicus wollt Krich ufänken. Ech ginn dovunner aus, datt en an deem Moment, wou en dat décidéiert huet - e war iwwregens net alleng, et waren der och an Europa jo vill, déi dat esou gesinn hunn - dat op Informatiounen konnt opstäipen, déi sou waren, datt hien gemengt huet, ouni militäresch Aktioun kënnt hien dee Problem mat deem e konfrontéiert war net léisen.

Tom Graas: D’Lëtzebuerger si jo traditionell ganz pro-amerikanesch agestalt. Trotzdem goufen et och heiheem ganz vill Protester géint dee Krich am Irak. Wéi beuerteelt Dir dat a besonnesch déi Friddensbewegung, déi nei Friddensbewegung, vun deene jonke Leit?

Jean-Claude Juncker: Ech kucken dat - bal hat ech gesot mat Sympathie, mä dat héiert sech sou paternalistesch un - mat enger déiwer Zefriddenheet. Ech hunn et gutt fonnt, datt d’Leit, och jonk Leit, vun deenen jo dacks gesot gëtt, si hätten keen Engagement méi, wann et ëm déi helleg Saachen an ëm déi grouss Prinzipien geet, sech opgestalt hunn, fir Nee ze soen zu deem Krich. Dofir hunn ech dat eigentlech als een Element vu Meenungsäusserung an Erënnerung, déi mech éischter frou gemaach huet, trotz aller Onnuancéiertheet, déi sech an eenzel Wuertmeldungen do erageschlach hat, mä net nëmmen bei deenen Jonken, och bei deenen, déi méi al waren. Mä ech mengen, datt dat de Lëtzebuerger hirt Amerikabild fundamental net verännert huet. Bei den Demonstratiounen hat ee jo och net d’Gefill, et wieren anti-amerikanesch Demonstratiounen am Sënn vun de sechzeger Joren, mä ee Stoppschëld fir Pläng a fir Iddeeën, déi mam Gefillsliewen vun de Lëtzebuerger net vereinbar waren.

Caroline Mart: Déi déi géint de Krich waren, kréien elo awer souzesoen d’Rechnung presentéiert vun den Amerikaner. Si däerfen wuel d’Scholden am Irak noloossen, just hir Entreprisë sinn ausgeschloss aus dem dach lukrativen Nokrichsgeschäft, iwwerdeems déi, déi dofir waren, matverdéngen däerfen. Ass dat iergendwéi normal, d’Krichsbeut entre Guillemets fir déi déi de Krich gemaach hunn?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn dat e bëssen fir sou een Notrieden - wéi mir am Fussball géife soen – gehal. Wann een dat eemol mécht, kritt een eng giel Kaart a wann een d’giel Kaart gesäit sech sanktiounsméisseg weiderentwéckelen, da kënnt een am Laf vum Joer 2004 selbstverständlech op déi Décisioun zréck.

Tom Graas: Wee géif déi giel Kaart respektiv déi rout Kaart da weisen?

Jean-Claude Juncker: Mä ech mengen, datt d’Europäer an anerer, déi déi net an der sougenannter Krichskoalitioun waren - an däer ware mir jo och net - op Regelwierker kënnen hiweisen, wéi d’Welthandelsorganisatioun, déi engem weisen, datt dat Aussperren do net geet. Ausserdeem hunn d’Europäer als Europäesch Unioun, wéi och Lëtzebuerg als Land, bei der Geberkonferenz zu Madrid virun enger gewëssener Zäit Suen zur Verfügung gestalt an et ass ganz evident, datt mir un der Rekonstruktioun vum Irak mussen bedeelegt ginn. Mir hunn en och net futti gemaach den Irak.

Tom Graas: Dir hutt et elo just ugeschwat, Häer Staatsminister, Europa war net enger Meenung wat dee Krich do ubelaangt. D’Amerikaner hunn esouguer ee Moment vum alen Europa geschwat, et ass esouguer d’Wuert vum Joer an Däitschland ginn. Dat aalt Europa, also d’Krichsgéigner, an dat neit Europa, der Prokrichs-Fraktioun. Ass dat just Gestëppels gewiescht vun den USA, déi jo am Fong geholl net drunn interesséiert sinn, datt Europa geeenegt a staark ass?

Jean-Claude Juncker: Et ass am Interesse vun de Vereenegte Staaten vun Amerika, datt Europa geeenegt ass a staark geeenegt ass.

Tom Graas: Si se sech däers da bewosst?

Jean-Claude Juncker: Meng Gespréicher mat Amerikaner gi mir zwou Impressiounen: Déi eng wëllen dat net an déi aner, déi verstinn, datt hinnen eng grouss Stabiliséierungsaufgab ewechgeholl gëtt, wann Europa sech selwer fënnt. Et ass eng Entlaaschtung fir d’Vereenegt Staaten vun Amerika. Et ass kloer, och am nationalen Interesse vun Amerika, datt Europa staark opgestalt ass an net intern zerstridden ass. Dat setzt sech um Meenungsmaart enges Dags duerch. Do hunn ech keen Zweifel, datt dat sou wäert geschéien. Datt Europa an däer Fro zerstridden war, huet mat europäescher Nokrichserfahrung ze dinn. Eng Rei vu Länner an Ost- a Mëtteleuropa sinn zu Recht oder zu Onrecht der Meenung, datt se hier Fräiheet, déi se erëmkritt hunn, ufanks vun den nonnzeger Joren, haaptsächlech der NATO an de Vereenegte Staaten vun Amerika verdanken an nëmmen marginal der Europäescher Unioun. Ech gesinn dat ëmgedréint, mä ech muss awer domat liewen wéi si et gesinn a si gesinn et sou. Si si frësch an d’NATO komm. Si hu fonnt, datt wann een NATO-Partner, am konkrete Fall d’Vereenegt Staaten vun Amerika, sech bedroht spieren, datt si sech net musse froen, ob se sech zu Recht oder zu Onrecht bedroht spieren, mä datt se mussen zur Kenntnis huelen, datt se sech bedroht spieren an datt d’Bündnissolidaritéit wëllt, datt wann een eng Bedrohung verspiert, datt een ëm hëlleft, déi Bedrohung ofzewieren.

Mir haten hei zu Lëtzebuerg an an anereren europäesche Länner méi eng nuancéiert Approche zu der Aschätzung vum Bedrohungspotential wat den deemolegen irakesche Regime duergestalt huet. An eise Gespréicher a Sträitgespréicher mat eisen ost- a mëtteleuropäeschen Kollegen a Frënn wieren mir eis ëmmer dogéint, jiddwerfalls datt se mengen d’Sécherheet um Kontinent, dat wier eng Affär vun der NATO an dat ökonomescht Weiderkommen um Kontinent, dat wier eng Saach vun der Europäescher Unioun. D’Ambitiounen vun der Europäescher Unioun ginn däitlech méi wäit wéi nëmmen Ökonomesches z’erreechen.

Tom Graas: Hutt Dir déi Ausso vum Häer Rumsfeld vum „alen Europa“ dann als Frechheet emfonnt?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net sou séier ze beleidegen.

Caroline Mart: Dir gehéiert vläicht zu deenen déi net onbedengt ee staarkt Europa wëllen. E staarkt Europa schenge mir awer am Moment net onbedingt missen ze fäerten. De kruzialen Sommet vu Bréissel, wou Europa sech sollt eng Verfassung ginn, war ee kompletten Échec. Ass et do en Zoufall, datt déi Fraktur vum Golfkrich fir et emol ze vereinfachen, Länner wéi Spuenien a Polen op der enger Säit an Däitschland a Frankräich op der anerer, datt déi Fraktur och do weidergaangen ass?

Jean-Claude Juncker: Nee, ech mengen, datt do keen inhaltleche Link besteet tëscht enger bestëmmter Haltung am Irakkrich an enger bestëmmter Haltung bei der europäescher Verfassungsgebung. Et ass heiandsdo sou presentéiert ginn, mä meng Gespréicherfahrung ass dat net.

Tom Graas: Wat ass dann d’Ursaach vun der aktueller Kris an Europa, en neien Nationalismus, méi Egoismus? Op deem Plang hutt Dir jo och an der internationaler Press ganz däitlech mam Fanger op Polen a Spuenien gewisen. Sinn si Schold gewiescht, sinn si alleng Schold gewiescht um Échec vu Bréissel?

Jean-Claude Juncker: Nee, mir hunn ëmmer däitlech gemaach - ech och - datt et falsch wier fir a) d’Scheiteren vun deem Sommet zu Bréissel der Tatsaach zouzeschreiwen ass, datt d’Europäesch Unioun elo op 25 Staaten erweidert gëtt; zu Nice, wou mir ee Vertrag gemaach hunn, deen net brillant war, waren keng aner um Dësch wéi di 15. Et ass awer näischt Vernünfteges ginn, obschonn een domat liewe kann; b) mengen ech net, datt Polen alleng op der Bänk sëtzt vun deenen, déi d’Scheiteren vun deem Sommet verursaacht hunn, d’Spuenier och, dat ass jo awer ee gestanenen europäeschen Uniounsmemberstaat an c) wann ee krazen geet, da gesäit een, datt ausserhalb vun däer Fro, déi op eng vermeintlech Aart a Weis d’Scheiteren bedingt huet, nämlech d’Stëmmegewiichtung an dem Europäeschen Ministerrot, a bal allen aneren Froen, déi zur Debatt stoungen, d’Meenungen cyclocross-méisseg duercherneegaangen sinn, och ënnert deene Foffzéng, déi haut an der Europäescher Unioun sinn. Mä ech mengen, mir sinn un engem kollektiven Onverméigen gescheitert, eis am richtege Moment op déi richteg Héicht eropzehiewen, fir méi wäit ze gesinn. Dofir ka kee soen, deen op deem Sommet war, en hätt näischt mat deem Scheiteren ze dinn. Mir och.

Caroline Mart: Dir hutt zu deenen gehéiert, déi schonn am Virfeld vum Sommet vun der Idee vun engem Käreuropa oder Europa vun den zwou Vitessen oder wéi och ëmmer een et nenne wëll, geschwat hunn. Ass et déi eenzeg Alternativ déi bleiwt vun deem Moment u wou d’Erwaardungen un dat Europa awer offensichtlech sou ënnerschiddlech sinn, vun deenen eenzelne Memberlänner?

Jean-Claude Juncker: Also dat ass ee komplizéiert an ee wäit Feld, fir mam Fontane ze schwätzen, well Käreuropa, dat ka keng Finalitéit sinn, dat kann net eppes sinn, wat ee sicht, well da géif ee jo d’Spaltung vun der europäescher Ambitioun sichen. Dat wëlle mir net. Mir wëllen zu 25 - wann et nëmmen geet - virukommen, well mir och mengen, datt mir nëmmen zu 25 sécher kënnen stellen, datt dat Netz vun deeglech wuessenden transnationalen Solidaritéiten sech esou festegt, datt Europa an engem rouege Kanal kann an d’Zukunft fueren. Mä wann et eng Rei Länner gëtt, déi aus hire Grënn an op Grond vun hirer Erfahrung an op Grond vun hirem méi no ënnen korrigéierten Ambitiounserwaardungen dat Europa net wëllen, wann et der gëtt, déi mengen mir hätten Europa zevill op eenzelne Pläng a mir missten schichteweis dat Europa ofdroen, fir datt et méi kleng gëtt a méi fragile gëtt a sengem nohaltegen Charakter, a wann et der gëtt, déi net mengen, wéi mir dat mengen, datt mir op eenzelne Plazen méi Europa brauchen - Kampf géint d’internationalt Verbriechen, Klimaschutz, Asyl, Visa, Immigratioun, Ëmweltschutz, an, an, an - jo dann ass ee Käreuropa d’Konsequenz, déi sech doraus ergëtt. Da mussen déi déi wierklech wëllen méi wäit goen, well se mengen dat wier och am nationalen Interesse vun hire Länner an am kontinentalen Interesse zugläich, da mussen déi sech zesummefannen an dat maachen. Dat ass net meng Wonschvirstellung, dat ass keen Dram, dat ass emol keng Visioun. Dat ass d’Asiicht an eng Konsequenz, déi sech ergëtt aus dem Ofbau vun den europäeschen Ambitiounen duerch déi a bei deenen, déi net méi Europa wëllen.

Caroline Mart: Dir sot, mir sollen emol eng Denkpaus elo aleeën. Wéi laang kann déi Denkpaus sinn a wéini kann een dann zu deem Constat iwwergoen, datt een awer op dee Wee muss goen, deen Dir elo just genannt hutt?

Jean-Claude Juncker: Ech weess dat net. Ech hunn no Bréissel gesot - Dir ruft dat an Erënnerung - datt een elo mol misst e bësse roueg sinn a jiddwereen a sengem Eck a mir alleguer zesummen missten nodenken. Wa Politiker denken, dann dauert dat heiandsdo laang oder wann se ze séier denken, ass d’Resultat och net ëmmer gutt. Ech mengen, datt dat Nodenken an dat Denken iwwert Europa jo net nëmmen soll eng Saach vu Regierungen a Politiker a vu Parlamenter sinn. Ech hätt a sech gären, datt déi sougenannten Zivigesellschaften - wat ëmmer dat och mag sinn - sech an alle Länner mat deem Thema beschäftegen, emol ee Bléck dodrop werfen, eng besonnesch Beliichtung aus hirer Horizontbildung eraus op europäesch Wuessen a Ginn werfen. Et ass dach wichteg ze gesinn wat Philisophen, wat Schrëftsteller, wat Wëssenschaftler, wat Poeten, wat Leit déi Filmer maachen, wat Leit déi Theater spillen, wat Leit déi skulptéieren an déi molen, wat Leit déi an der sozialer Bewegung sinn, alternativ oder net alternativ, mat dëm Begrëff Europa, mat der Zukunftsgestaltung an Europa verbannen. Europa kann een net nëmmen der Politik iwwereloossen.

Tom Graas: Hätt et domader net mussen ugoen?

Jean-Claude Juncker: Et huet keen se dru gehënnert, fir dat ze maachen. Ech mengen, elo wier et Zäit, datt se et géifen maachen.

Tom Graas: Komm, mir kucken elo einfach trotzdem nach eng Kéier op de Kalenner. Déi iresch Présidence fänkt elo un. Bis de Mäerz wäert awer a punkto EU-Verfassung net vill lafen, well grad dee Mount Wahlen a Spuenien an och a Polen sinn. Dauert et nach bis déi hollänesch Présidence am 2. Semester oder landt den Dossier ieren esouguer nach um Dësch vun der Lëtzebuerger Présidence am 1. Semester 2005?

Jean-Claude Juncker: Ech weess dat alles net. Fir d’éischt musse mir emol nodenken a kucken, wéi laang datt mir dofir brauchen. Da mengen ech, datt et net realistesch ass dovun auszegoen, datt déi iresch Präsidentschaft deen Dossier kënnt fundamental regelen. Eenzel Saachen kënne debelokéiert ginn, well d’Iren si ganz geschéckte Leit, mä d’Wahrscheinlechkeetsrechnung wëllt, datt ënner hollänescher Presidentschaft, an der zweeter Halschent vum Joer 2004, den Haapteffort muss geliwwert ginn, wat d’Verfassungsgebung an Europa ubelaangt a wann eis hollänesch Frënn net fäerdeg ginn, da landt dat natierlech ënnert der Lëtzebuergescher Präsidentschaft am 1. Semester 2005. Ech mengen net, datt et ganz geschéckt wier, datt mir eis elo schonn erëm géifen a Kalenneren asperren a soen, dat muss bis an de September, Oktober 2004 fäerdeg sinn. Rezent Erfahrungen weisen, datt dat sech Aklemmen a strikt Kalenneren net noutwennegerweis der Qualitéit vun der Aarbecht hëlleft.

Caroline Mart: Dir sidd een Europa-Veteran, gitt Dir an engem Zeit-Artikel zitéiert, iwwerdeems d’Häeren Schröder a Chirac do als nach Jonker am Geschäft bezeechent ginn. Virop déi däitsch Press, déi gräift gären op d’Éminence grise aus Lëtzebuerg an dësen Zäiten zréck. D’FAZ ass souguer esou wäit gaangen, datt se iwwerschriwwen huet, „Juncker soll es richten“. Dir wiert am beschten informéiert an iwwerhaapt de profiléierten a ganz idealen Vermëttler. Heescht dat dann awer waarden op de Juncker?

Jean-Claude Juncker: Heescht dat wat?

Caroline Mart: Heescht dat awer waarden dann op 2005?

Jean-Claude Juncker: Also, et gëtt eng Rei Leit, déi mengen mir hätten ee besonnescht Geschéck fir sou Problemer wéi déi vun der europäescher Verfassung ze regléieren. Dat ass net Ursaach genuch fir bis d’Joer 2005 ofzewaarden fir dat ze maachen, well et kann ee jo och scho virdrun nëtzlech sinn.

Tom Graas: Fir bei der FAZ ze bleiwen, do heescht et oder do gëtt am Fong geholl dru geduecht, datt Dir den idealen Mann wiert, fir Kommissiounspresident ze ginn, neie Kommissiounspresident. D’FAZ schreift, et géif esouguer eng „Schamfrist“ an d’A gefaasst ginn. Den neien Kommissiounspresident sollt net am Juni d’nächst Joer, mä eréischt am September genannt ginn, fir Iech als idealen Kandidat fir dee Posten net a Konflikt mam Datum vun de Lëtzebuerger Wahlen ze bréngen. Ass dat alles just Spekulatioun?

Jean-Claude Juncker: Jo. Ech hunn dacks heiheem an dacks an den auslännesche Medien a Woch fir Woch a Gespréicher mat auslänneschen Premierskollegen gesot, datt ech net zur Verfügung stinn fir no de Lëtzebuerger Wahlen een Amt, och net dat vum Kommissiounspresident an der Europäescher Unioun unzetrieden, well ech den 13. Juni zu Lëtzebuerg kandidéieren fir Staatsminister ze ginn, en fait, fir et ze bleiwen. A wa meng Partei gestäerkt gëtt. Dat heescht wann se däitlech déi stärksten Partei bleiwt a wa mäi perséinlecht Wahlresultat esou ass, datt ech aus deenen zwee kann ofliesen, datt d’Leit hei am Land gären hätten, datt ech dat géif maachen, da bleiwen ech hei. Dat ass esou. Wann d’Wahlresultater esou sinn, datt ech mierken, datt d’Leit es genuch hu mat deem, deen hei schwätzt, da sinn ech ee fräie Mann. da ka kee mech drun hënneren, dat ze maachen, wat mech niewt Lëtzebuerg am meeschten interesséiert. Dat ass Europa. Mä et ass dat selwecht Bestriewen, d’Saachen an d’Rei ze kréien heiheem an an Europa.

Caroline Mart: Mä sou gefrot ze sinn, souvill Ulass zu Spekulatioun ze ginn, souvill Luew och an er Press, ass dat net och sou een duebelsäitegt Schwert? Kann dat net och Jaelousiën ervirruffen?

Jean-Claude Juncker: Enfin, ech hu festgestalt, och beim Liesen vun der skandinawescher Press, déi mir iwwersat ginn ass - ech liesen déi net - beim Liesen vun der belscher Press, datt ech bei alle Sozialisten an Europa ganz beléiwt sinn. Déi auslännesch Sozialisten hätte gären, datt ech Kommissiounspresident ginn an ech mengen, den Häer Asselborn hätt och näischt dogéint, wann ech géif soen, ech géif net an d’Wahlen goen.

Caroline Mart: Eng lescht Fro nach zu Europa: Däitschland a Frankräich hu sech net un déi Critèrë gehalen, déi se awer selwer mat opgesat hunn, déi vum Stabilitéitspakt. Et ass eng vill kritiséiert Haltung: Dir stoungt hannert deene Groussen. Ech weess, Dir wëllt keng Diskussioun vu grouss a kleng an Europa. Mä ass et net awer am Interessi vum klengen Grand-Duché, net den Uschloss ze verpassen un den neien, ganz offensichtlech staarken Duo Paräis-Berlin?

Jean-Claude Juncker: Also ech hunn net den Androck, datt mir eis vum Duo Paräis-Berlin ewechbewegt hätten. Et ass och net gutt wann een se alleng léisst. Dir kënnt Iech erënneren, am Ufank vun dësem Joer, ass hei am Land, besonnesch och vun der parlamentarescher Oppositioun, jo dauernd gesot ginn, eis Haltung am Irakkrich, déi wier net kloer an dofir hätte mir et elo op ëmmer verduerwen mat Däitschland, Frankräich an der Belsch. D’Relatiounen mat deenen dräi Länner waren nach ni esou gutt. Mir haten d’Visitë vum däitsche Bundeskanzler, vum franséische Premier, vum belsche Premier zu Lëtzebuerg. Dat ass jo net ee Geste e puer Méint no enger hefteger Kontrovers an Europa, deen ee setzt, wann ee rosen mat engem wier, mä et war schonn d’Ënnersträichen, datt gekuckt gëtt fir Lëtzebuerg op seng Säit ze kréien, datt jiddwerfalls op eis Stëmm - och wann et nëmmen eng kleng ass - gelauschtert gëtt. Mir haten dëst Joer 19 Presidenten a Premieren zu Lëtzebuerg op Besuch am Joer 2003. Dat gëtt ee sech guer net..., et leet ee sech keng Rechenschaft iwwert deen Drang - tëscht Gänseféisercher - of dee besteet, fir mat Lëtzebuerg sech iwwer europäesch Problemer z’ënnerhalen. Dofir ass et gutt, datt mir mat Däitschland a mat Frankräich enk zesummeschaffen.

Et ass awer net dowéinst, wou mir beim Stabilitéitspakt als eenzeg nach mat Däitschland a Frankräich gestëmmt hunn an doduerch verhënnert hunn, datt se an d’Sanktiounsmechanismen vum Stabilitéitspakt agewisen ginn. Eis Iwwerleeung war: Mir liwweren vun deem, wat mir produzéieren iwwer 55 % an Däitschland an a Frankräich. Wann déi zwee Länner wirtschaftlech net op d’Bee kommen, da geet et eis schlecht, wirtschaftlech, an dann an der Konsequenz dovun och sozial. An dofir war et wichteg, Däitschland ze encouragéieren - dat hat ech och gemaach op enger Klausursitzung vum Bundeskabinett - fir d’Steierreform zum groussen Deel virzezéien, fir datt nei dynamiséirend Kräften an déi däitsch Konjunktur erakommen. Dofir war et wichteg, fir Frankräich net ze obligéieren seng ëffentlech Investitiounen ze kierzen, fir dem Stabilitéitsgebot vun 3 % am Joer 2004 z’entspriechen, mä déi franséisch Wirtschaft sech normal entwéckelen ze loossen.

An Zäiten vun der Héichkonjunktur, wou gutt Resultaer gemaach gi sinn an Däitschland an a Frankräich, hunn ech zu deenen schärfsten Kritiker vun der däitscher an der franséischer Budgetspolitik gehéiert, well se net genuch gespuert hunn. Si hunn den Defizit net ofgebaut. Mir hunn hei Suen gespuert an de gudde Joren, fir se ze hunn an deenen schlechte Joren. Si hu se einfach an de staatleche Konsum ginn anstatt dem Defizitofbau an ech hunn dat ëmmer schaarf kritiséiert. Mä genausou däitlech soen ech elo, datt een d’Konjunktur net däerf an deenen zwee Länner, déi déi wichtegst Handelspartner vu Lëtzebuerg sinn, doudspueren an dofir hu mir sou gestëmmt. Dat war ee Raisonnement mat villen Äscht.

Tom Graas: D’Lëtzebuerger Zentralbank huet viru kuerzem de Prognostik gemaach, am Joer 2005 kéime mir a punkto ëffentlechen Defizit ganz no un d’Limitt vun den 3 % erunn, déi an deem Stabilitéitspakt fixéiert sinn. Ass dat ieren och eng Ursaach, firwat Dir solidaresch sidd mat Däitschland a Frankräich?

Jean-Claude Juncker: Nee, nee, nee! Et ass net d’Angscht oder d’Befierchtung, mir géifen och iwwert dat Defizitziel erausschéissen wat de Stabilitéitspakt an de Maastrichter Vertrag festgeschriwwen hunn, wat eis dozou bruecht huet fir a Saachen Sanktiounen géint Däitschland a Frankräich géint d’Kommissioun a fir Däitschland a fir Frankräich ze stëmmen, mä déi Grënn déi ech der Madame Mart elo just erklärt hunn.

Ausserdeem mengen ech, datt een dat, wat eis Zentralbank opgeschriwwen huet, mat Nuancë muss versinn, well esouguer wa mir géifen op sou een Ziel schéissen - Ziel net well mir dat wëllen erreechen, mä dat Ziel verfehlen, wëll ech soen - dann hätt dat och am lëtzebuergeschen Kontext eng ganz aner Bedeitung wéi am däitschen oder franséischen. Firwat? Mir hunn Haushaltsreserven, Budgetsreserven. Dat erlaabt eis et déi elo ze mobiliséieren an ze aktivéieren fir ëffentlech Investissementer, déi mir gehéicht hunn par rapport zum leschte Joer bis op 3 % vum PIB erop kënnen korrekt ze bedingen. Wa mir net gespuert hätten an de gudde Joren, wieren mir sou pleite wéi déi aner och, net grad esou, mä awer wieren mir schlecht drunn. Mä wa mir déi Suen, déi mir an de Reserven hunn, elo huelen a mir bréngen se iwwert de Budget op d’Stroossen, an d’Brécken, an d’Schoulen, da seet d’Bréissler Kommissioun net „Bravo“, mä déi seet, „dat do ass een Defizit“. Well wat mécht Bréissel? Bréissel kuckt, d’Kommissioun kuckt, och den Häer Mersch kuckt a senger lëtzebuergescher Zentralbank, wat kënnt an engem Joer eran, wat geet an engem Joer eraus. Selbstverständlech kënnt am Joer 2004 an och am Joer 2005 zu Lëtzebuerg manner Geld eran wéi mir Geld ausginn an dat Geld wat mir méi ausginn, wéi dat Geld wat erakënnt, dat sinn déi Suen, déi mir aus de Reserven huelen fir kënnen déi Politiken um Liewen ze behalen, déi mir hunn. Mä dat ass een Defizit an der Bréisseler Aart a Weis fir ee Budget ze liesen.

Dat ass wéi wann Dir een Haus fir 10 Milliounen kaaft - et si jo Zäiten zu Lëtzebuerg ginn, do huet ee jo nach fir 10 Milliounen zu Lëtzebuerg een Haus kritt - Dir hutt 5 Milliounen gespuert, Dir gitt 5 Milliounen op d’Bank léinen, Dir gitt deem, deen et verkeeft 10 Milliounen an da gëtt gesot, elo hutt Dir 10 Milliounen Schold. Nee! Dir hutt keng 10 Milliounen Schold! Dir hutt 5 Millioune Schold gemaach, well 5 Milliounen hat Dir schonn gespuert. De Stabilitéitspakt, mat deem sengen Zustanekommen ech eppes ze dinn hat, muss op eenzelnen Punkten iwwerpréift ginn. Wéi mir 1991 gesot hunn, mir hunn zu Lëtzebuerg Budgetsreserven an déi kënnt Dir awer net esou behandlen, dunn huet kee gewosst vu wat mir géife schwätzen, well et hat soss kee Budgetsreserven. Mir hunn Dir nach ëmmer.

Caroline Mart: Mä d’Zentralbank ass allgemeng net optimistesch. Si mécht de Prognostik vun engem ganz luesen Wirtschaftswuesstum, zevill lues, allzäit vill ze vill lues fir un déi ominéis 4 % erunzekommen, déi ëmmer erëm zitéiert goufen am Kontext vun de Renten. Musse mir eis op déi Realitéit astellen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, et ass net ëmstridden, datt Wirtschafswuesstum zu Lëtzebuerg een däitlech méi luesen Schratt ageluecht huet, wéi dat wat mir an der Vergaangenheet gewinnt waren. Mir kommen, wann et gutt geet, am Joer 2004 op 2 % Wirtschaftswuesstum an dat nach nëmmen, wa sech d’Prognosë confirméieren, datt et am 2. Semester 2004 - ech mengen och, datt déi sech confirméieren géifen - mat der Welt- a mat der Europawirtschaft biergop goen. Dat ass natierlech ee Stéck ewech vun deenen 4 %. Mä wéi mir nach 4 % Wuesstum haten an ech gesot hunn, am Zesummenhang mam Rentendësch, et wier net sécher, datt et ëmmer 4 % Wuesstum… . Et ass jo ëmmer gesot ginn, ech wier géint déi kleng Leit an ech géif kengem eppes vergonnen. Et soll een noliesen, wat virun zwee Joer iwwert den unhalenden Charakter vun engem staarken Wirtschaftswuesstum zu Lëtzebuerg gesot ginn ass. Ech ka mat der Relecture besser liewen wéi vill anerer.

Tom Graas: Nach zwee Chifferen vun der Zentralbank, vum Prognostik eben iwwert dee mir scho geschwat hunn. 4,5 % Chômage 2004, esouguer 5,2 % am Joer 2005. Sinn Hiobsbotschaften wéi déi vun der CEPAL respektiv Villeroy & Boch just den Ufank vun deem, wat an den nächsten zwee Joer un Aarbechtselosegkeet nach op eis duerkënnt?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, déi zwee Problemer Villeroy & Boch a CEPAL, déi ënnerteneen näischt mateneen ze dinn hunn, sinn och emol net typesch fir d’Gesamtsituatioun zu Lëtzebuerg, well dat betriebs- oder secteurspezifesch Virgäng sinn, déi de Rescht vun der Économie net affectéieren, obschonn ech net wëll ausschléissen, datt och an aneren Beräicher ähnlech schlecht Nouvellë kënne kommen. De Problem vun der Aarbechtslosegkeet selwer ass een, deen eis muss am héchsten Mooss interpelléieren. Mir hunn nach ëmmer déi niddregsten Aarbechtslosegkeet an der Europäescher Unioun. Mä dat hëlleft engem näischt fir dat ze wëssen, wann ee keng Aarbecht huet an eis Aarbechtsmaartpolitik, déi schonn aktiv ass, muss nach méi aktivéiert ginn. Den individuellen Suivi vun deenen eenzelen Chômeure muss, obschonn e scho gutt ass, nach verbessert ginn a mir mussen eis als Regierung an als Sozialpartner eens driwwer ginn, datt ee mol alles dat notzt, wat et un Instrumentarien an eisem beschäftegungspoliteschen Arsenal zu Lëtzebuerg gëtt.

Zum Beispill hu mir 1999 ee Gesetz gestëmmt - ech war Aarbechtsminister deemols, ech weess dat nach gutt - wat virgesäit, datt ee kann Aarbechtszäitverkierzungen an engem Betrieb maachen, wa séchergestalt ass, datt déi Leit, déi um Arbeitsamt ageschriwwen sinn a keng Aarbecht hunn, déi Aarbechtsplazen kréien, déi duerch Aarbechtszäitverkierzung fräi ginn an datt dann de Staat sech finanziell um Käschtepunkt vun der reduzéierter Wochenaarbechtszäit ka bedeelegen.

Net ee Kollektivvertrag ass bis haut zur entfalender Wierklechkeet an deem Beräich komm. Also mengen ech, datt ee misst dat notzen, wat een als kollektivvertraglech Instrumentarien zur Verfügung huet. Et misst ee méi staark notzen an der Économie d’Hëllefen déi ee ka kréien, wann ee virun allem eeler Chômeuren oder Laangzäit-Chômeuren astellt, Bäihëllefen, Steierhëllefen, also sech emol erëm besënnen op de Pak deen een huet, fir datt ee gehollef kritt, wann ee wëllt Beschäftegung erhalen oder Beschäftegung bäibauen, jiddwerfalls Chômage wëllt verhënneren. Net ee séieren Reflex, wann et schlecht geet am Betrieb, zack, zack, zack d’Leit erausgesat, mä sech emol mat deenen duerfir zoustännegen Instanzen driwwer ënnerhalen, wat kënne mir elo maachen, fir datt ech mäi Beschäftegungsproblem elo hei geléist kréien? Et muss een de Chômage wëllen verhënneren, anstatt einfach de Reflex ze hunn, wann et schlecht geet, gi Leit entlooss. Et si jo vill Patronen déi, obschonn et méi lues geet, net entloossen, well se ee bestëmmtent Verhältnis mat hire Leit hunn. Well dat en net egal ass, wat mat hire Leit geschitt. Well se net direkt een dee 50 oder 52 Joer huet, virun d’Dier setzen, fir ee vu 17 oder 18 Joer ze huelen, dee méi bëlleg gëtt. Et wier schued, wann déi Partonen, déi dat maachen, net géifen imitéiert ginn vun deenen Patronen, déi dat net wëlle maachen.

Caroline Mart: Ass et net awer eng Suerg, eng nei Suerg fir d’Lëtzebuerger déi opkënnt, och wann Dir sot d’Nouvelle wéi zum Beispill CEPAL a Villeroy hänken net direkt mateneen zesummen, et kann ee keen Zesummenhang maachen, datt bei de Leit awer ee gewëssent Onsécherheetsgefill opkënnt, datt de Chômage, deen zu Lëtzebuerg ni een Thema war, och wann Dir sot d’Chifferen sinn ëmmer nach besser wéi soss anzwousch, datt et awer ufänkt reng vun der Psychologie hier en Thema, eng Suerg ze ginn vun de Lëtzebuerger?

Jean-Claude Juncker: Also meng Erënnerung ass dat net, datt dat keen Thema war. Wéi 1998 de Chômage 2,8 - 2,9 Prozent war, sinn ech nawell ferm erbäigeholl ginn vun eenzelnen Gewerkschaftler, déi sech elo neien Karrieren zouwenden. Also fir ze mengen, dat wier ni een Thema gewiescht, ass net richteg. Dat ass jo och zurecht een Thema an et brauch een eng national Konzentratioun op dat Thema. dat probéiere mir jo och ze maachen. Mir haten dëst Joer - dat vergësst een alles wsou séier - 8 Ronnen vun der Tripartite fir iwwert Problemer ze schwätzen, déi alleguer sou oder sou Afloss an Auswierkung am Beräich vun der Aarbechtslosegkeet hunn.

Caroline Mart: De Budgetsrapporter sot, de Budget vum nächste Joer wär eng Zort Iwwergangsbudget an eng nei Ära. Dir sot, d’Lag ass eescht, mä se ass net dramatesch. Mä ass se vill méi eescht wéi geduecht? A wann ee vun enger neier Ära schwätzt, kënnt do och net onbedengt eng Iwwergangsperiod elo op eis duer?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net wat dat ass, eng nei Ära, wat den Häer Halsdorf, deen e gudden Budgetsrapport gemaach huet, deen e bëssen op eng rocambolesque Aart a Weis op der Lëtzebuerger Televisioun duergestalt ginn ass, gesot huet. Eng nei Ära heescht jo net et kënnt eng besser Zäit. Dat wëllt jo soen, et kënnt eng aner Zäit. Ech mengen, datt deen Discours vum Häer Halsdorf awer richteg ass. Ech soen, d’Situatioun ass net dramatesch, mä si ass eescht. Si ass net hoffnungslos, mä mir kënnen se bewältegen. Dat ass eng aner Fassong fir ze soen, datt mir op nei Zäiten zouginn, wou mir einfach méi...

Caroline Mart: ...Musse mir eis definitiv ëmstellen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt mir méi lues mussen trëppelen. Dat ass awer u sech keng Neierkenntnis, well och an Zäiten wou mir 7%, 8%, 9 % gewuess sinn, hunn ech mir heiandsdo erlaabt ze soen, datt dat net géif esou bleiwen an deemols op ee grousst Onverständnins domat gestouss, wann ech gesot hunn, ee Moment, gemittlech, mir kënnen eis hei zu Lëtzebuerg net alles erlaben. Dat ass deemols net gutt ukomm, grad wéi ëmmer bekämpft ginn ass, déi Politik déi mir gemaach hunn, fir déi Plus-Valuen, wéi dat genannt ginn ass, net auszeginn, mä se ze halen, fir méi schlecht Zäiten. Haut stellt sech eraus, datt déi Politiken richteg waren an datt déi Warnungen aus däer Zäit elo um Sprong stinn, fir definitiv Anzuch an der Realitéit ze halen.

Mä ech gehéieren awer net zu deenen, déi elo de Kapp géifen hänke loossen an déi soen, elo gi mir net méi eens, wat maache mir elo? Nee, mir sinn ee Land, wat eng gutt Finanzsituatioun huet, net méi sou gutt wéi se war, mä awer onendlech besser wéi d’Finanzsituatioun vun deenen anere Länner, well mir ugespuert hunn, well mir elo net déi drastesch Leeschtungskierzungen brauchen ze maachen, well mir elo d’Kafkraaft vun de Leit net brauchen ze verschlechteren, doduerch datt een am Sozialberäich géif sougenannten Durchforstungsmoossnahmen am aspuerenden Sënn vum Wuert géif maachen.

D’Lëtzebuerger sinn dichteg Leit. D’Lëtzebuerger an déi Leit, déi hei am Land wunnen a schaffen. Mir hu scho ganz aner Schwieregkeeten z’iwwerwannen gehat wéi di doten. Dat ass jo keng hausgemaachten Situatioun, déi mir hunn, mä eng déi eis nu wierklech duerch déi international Entwécklung an eis Reesebicher erageschriwwen gëtt. D’Stolkris hu mir gemeeschtert, besser wéi iergendeen sech virstelle konnt, datt mir se géifen meeschteren an ech sinn iwwerzeegt, datt wa mir Erfahrung, Energie, Wëllen, Talent an och e bësse Léift fir dat, wat mir hei zesummen solle maachen abréngen, datt mir dann aus däer Situatioun an däer mir nach net sinn, wann se sech géif verschlechteren, och erëm géifen erauskommen. D’Joer 2004 schéngt mir souwisou ee bessert Joer ze ginn wéi d’Joer 2003, net well Wahlen sinn, mä well ech der Meenung sinn, datt am Joer 2004 an der zweeter Halschent vun deem selwechten déi europäesch Economie erëm d’Nues no uewen wäert hunn.

Tom Graas: D’Warnungen no Virsiicht vum Staatsminister, vum Budgetsminister an och vum Budgetsrapporter gi vun der Oppositioun natierlech e bessen aneschters interpretéiert. Do heescht et, Dir géift et maachen wéi déi rout-gréng Regierung an Däitschland: D’Wouerecht iwwert déi tatsächlech Finanzlag, déi kéim réischt no de Wahlen an zwar da ganz brutal an d’Liicht. Ass dat just Wahlpropaganda?

Jean-Claude Juncker: Jo, wa Rout-Gréng dat soen, da wëssen se iwwer rout-gréng Reflexer vill, mä iwwer schwaarz-bloer net noutwennegerweis alles. Ech hunn ee gudde Frënd, dee seet ëmmer „nos jugements nous jugent“. Wann ee sech selwer eppes zoutraut, datt een dat sou géif maachen, da mengt een och, déi aner géifen dat esou maachen. Ech ginn zou, datt ech ee gelungene Mënsch sinn an all méiglech Feeler hunn. Mä eppes kann een awer net soen: Ech hunn d’Leit nach net ugeschass. Meeschtens hunn ech Sträit mat de Leit an och a menger Partei, iwwerall, well mir se soen: „Ma gëff dech dach dauernd dat doten ze widderhuelen, dat wëllt keen héieren“. Ech hunn honnerten Saachen gesot, déi d’Leit net gären héieren hunn. A wann et noutwenneg gewiescht wier, fir d’Joer 2004 drastesch Aspuerungsmoossnahmen ze maachen, dann hätte mir déi gemaach. Stattdessen hu mir awer de Budget nëmmen 2,01 % uklammen geelooss. Wann ech d’Inflatioun erausrechnen, klëmmt de Budget ëm 0,3 % real. Dat ass déi niddregsten Steigerungsrat zanter 30 Joer an engem Lëtzebuerger Staatsbudget. Dat heescht mir hu reagéiert op déi Situatioun, déi mir hunn. Mir konnten reagéieren, well mir se gutt virbereet haten, duerch d’Uleeën vu Reserven a well mir elo de Krunn e bëssen zougedréint hunn, a ville Beräicher. Et fléisst net méi esou vill Geld wéi Geld gefloss ass oder wéi sech Geld erwaart ginn ass.

Ech hunn och an der Chamber gesot, am Numm vun der Regierung, esouwuel am September wéi elo am Dezember, datt falls et net zu däer wirtschafltecher Erhuelung am Joer 2004 kënnt, datt mir dann am Joer 2006 an enger Situatioun sinn, wou mir méi déifgräifend Moossnahmen mussen huelen. Da gëtt mir gesot: Ma dann huelt se direkt. Ma firwat soll ech dann elo allméiglech Leeschtungen kierzen, am Sozialberäich, zum Beispill, oder d’Steieren an d’Luucht setzen, zum Beispill, wa grad dat der Konjunktur net géif guttdinn. Well et geet elo drëmm, fir d’Betrieber net ze belaaschten, fir déi Privatleit net ze belaaschten, fir d’Investitiounstätegkeet vun de Betrieber héich ze halen a fir d’Konsumfähegkeet vun de Leit net ze verklengeren. Et ass elo net fir d’Betrieber ze belaaschten a fir d’Leit ze belaaschten, well déi mussen onbelaascht kënnen aus deem Konjunkturlach erauskommen. Soss komme mir net eraus. Déi déi mengen am August oder September 2004, wann ech da Staatsminister géif bleiwen, géing ech an d’Chamber kommen a soen „ha ha ha, elo hu mir Iech gutt kritt, elo wäert Dir emol gesinn, wat Iech geschitt“, déi wäerten sech ieren. Ech hoffen just, datt déi, déi elo iwwerall duerch d’Land lafen a soen „de Juncker, dee wäert mam décken Enn no de Wahlen kommen“, wann dat net kënnt an dat kënnt net, dann och iwwerall duerch d’Land ginn a soen, „mir hunn Iech d’Wouerecht net virun de Wahlen gesot wéi mir Iech gesot hunn, de Juncker géif Iech se réischt no de Wahlen soen“. Mir kommen d’nächst Joer an dësem Gespréich mat Sécherheet dorop zréck.

Tom Graas: Dir hutt elo d’Joer 2006 genannt. Entsprëcht dat dann dem Limitt vun deenen Reserven, déi mir hätten?

Jean-Claude Juncker: Wann een d’Investitiounstätegkeet op deem Niveau léisst, deen héich ass, wéi mir se elo hunn a wann een d’Investitiounen nach géif steigeren - ëffentlech Investitiounen, mengen ech - par rapport zum Budget 2004 am Joer 2005 an am Joer 2006, da komme mir ëm d’Enn vum Joer 2006 un d’Enn vun eisen Reserven. Dorop ginn et e puer Äntwerten. Et kann een déi Investitiounen strecken. Et kann ee se besser cibléieren, besser prioritiséieren an ausserdeem hu mir eis am Laf vun dësem Joer, dovu gëtt wéineg geschwat, eng Rei vu Betrieber an d’Land geholl mat vill Ustrengungen, déi ganz substantiell Steierzueler an deenen nächsten zwee, dräi Joer, grad an deenen Joren, wou mir se brauchen, wäerte sinn, sou datt ech, wann ech alles beineeleeën, mengen, am Joer 2004, zweet Halschent, geet et besser an Europa. Dat wierkt sech positiv - no der renger Léier jiddwerfalls - am Budget vum Joer 2006 aus an da war et richteg, datt mir déi Politik gemaach hunn an de Joren 2003 an 2004, wahrscheinlech och 2005 déi déi europäesch Finanzministeren eis recommandéieren, déi kaum een hei zu Lëtzebuerg liest, nämlech fir déi sougenannten automatesch Stabilisateuren spillen ze loossen. Wann d’Konjunktur schlecht ass, net wéi verréckt doruechter aspueren ze goen a schneiden ze goen, mä déi ëffentlech Ausgaben stabil ze halen an déi Steierausfäll, déi een huet einfach ze erleiden bis et erëm besser geet. Dat kléngt primitiv, mä dat ass awer d’Beschreiwung vun der Politik, déi richteg ass an engem Land, wat Haushaltsreserven huet a wat eng verschwindend gereng ëffentlech Verschëldung huet. Do si mir jo bei 3, 4 %. Déi aner sinn onendlech wäit dovun ewech. Dat heescht, datt mir Méiglechkeeten hunn, op Grond vun enger gutt duerchduechtener Politik vun der Vergaangenheet an engem korrekten Geréieren an deenen leschten 10, 15 Joer, mir d’Méiglechkeet hunn, besser wéi anerer aus däer Situatioun erauszekommen.

Caroline Mart: Den Tom huet d’Kritik ugeschwat vun der Oppositioun. D’Kritik kënnt awer net nëmmen vun der Oppositioun. Si kënnt och relativ massiv vu Patronatssäit an et ass eng Kritik queesch duerch, déi reecht vun den ze deieren Décisiounen um Rentendësch iwwer ongeléisten Problemer vu Krankekeesen, wou elo just kuerzfristeg d’Lach gestoppt wier, iwwert d’Diskussioun och vun Index, déi erëm opkënnt. et misst endlech mat den hellegen Kéi opgeraumt ginn. D’Lëtzebuerger misste méi flexibel a virun allem och méi laang schaffen nees. D’Fronten verhäerden sech, wann d’Zäiten änneren. Kann een do ëmmer nëmmen un den ale Recetten an och un den Tabue festhalen?

Jean-Claude Juncker: Also, ech wëll fir d’éischt emol soen, datt esouwuel Gewerkschaften wéi Patronen sech séier beluewegend iwwert de Budget vum Joer 2004 ausgeschwat hunn an déi fundamental Akzentsetzung och als richteg ëmfonnt hunn. Doriwwer hu mir e puer Mol an der Tripartite jo och diskutéiert.

Déi Themen, déi Dir do uspriecht, dat si klassesch Themen, klassesch Melodien an de Partituren vun de Lëtzebuerger Patronatsorganisatiounen, datt mir méi flexibel musse ginn. Jo, musse mir. Och Patronen. Et ass eng Rigiditéit sans pareil, wann et schlecht geet, einfach Leit z’enteloossen. Esou gescheit ass jiddwereen. Phantasie, Imaginatioun, flexibelt Reagéieren ass: Wéi bréngen ech et fäerdeg, wann et fir ee gewëssenen Zäitraum méi schlecht geet, meng Leit am Betrieb ze halen? Dat ass déi Flexibiliéit, déi vum Patron verlaangt gëtt. Flexibilitéit ass net nëmmen fir dee mat der Schëpp a mam bloe Costume. Flexibilitéit, dat ass och eppes, wat een als Patron muss hunn, net nëmmen fir déi déi um Büro schaffen.

Also alleguer méi flexibel ginn, eis openeen zoubewegen, wann et schlecht geet, dat ass déi Felxibilitéit, déi mir och zu Lëtzebuerg brauchen. Woubäi et ganz evident ass, datt déi Leit, déi keng Aarbecht hunn, och mussen éischter bereet sinn, Aarbechten unzehuelen, besonnesch wa se vum Staat gehollef kréien, fir de Lounverloscht, deen se eventuell erleiden, kënnen kompenséiert ze kréien. Et kann ee sech haut leider net méi eng Aarbecht mole loossen, wann ee keng Aarbecht huet. Dat sollen och déi wëssen, déi hir Aarbecht net kënnen verléieren an déi roueg liewen an dësen Zäiten, wou aner Leit ëmmer Angscht ëm hir Aarbechtsplaz hunn.

Am Beräich vun de Krankekeesen hu mir niewt dem kuerzfristegen Decken vum Defizit 2004 eng Rei vu strukturellen Moossnahmen ugeluecht, wou jiddweree muss mathëllefen, datt mir déi réusséieren an déi mëttelfristeg net zu enger absoluter Gesundung, mä awer zu enger Besserstellung vun der Budgetssituatioun vun de Krankekeesen féieren. An datt d’Patronen an d’Zentralbank iwwregens warnen virun der prekärer Situatioun vun eisen Pensiouns- a Renteregimer, jo wat soll ech Iech dann dozou soen?

Tom Graas: Do ass jo zum Beispill, wann Dir elo vun der Zentralbank schwätzt, den Avis, datt ab 2005 d’Cotisatiounen ganz drastesch missten gehéicht ginn. Ass dat zevill simplistesch?

Jean-Claude Juncker: Nee, dat ass net simplistesch, mä d’Politik muss esou sinn, datt et net dozou kënnt. Mir hätten jo och kënnen, fir d’Deckung vum Krankekeesendefizit 2004 ze maachen, d’Kotisatiounen kënnen héigen, relativ zolit héigen, wat d’Wettbewerbsfähegkeet vun eiser Économie verbessert hätt, wat d’Kafkraaft vun de Leit ewechgeholl hätt a wat d’Suen, déi kënnen investéiert ginn, ewech gedriwwen hätt vu positiver Wirtschaftsgestaltung a Richtung Finanzéiren vu Krankekeesendefizit, also a Richtung vu sozialer Konsumsteigerung. Grad well d’wirtschaftlech Situatioun an d’sozial Situatioun dat den Ament net erlaabt, hu mir jo een anere Wee gesicht.

Tom Graas: D’Kompetitivitéit soll besser ginn. Dat ass jo och den Thema vun enger nächster Tripartiteronn den 9. Februar. Ee Beispill oder eng Fuerderung vun der, eng relativ rezent Fuerderung, vun der Chambre de Commerce déi seet, d’Besteierung vun de Betrirber misst drastesch erofgesat ginn. Ënnert 30 % wier de Wonsch. Do gëtt gekuckt op Irland, Norwegen, Schweden, Finnland, wou déi Besteierung bei 25 % just léich. Ass dat eng Piste, fir eis méi kompetitiv ze maachen?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn d’Besteierung vun de Betrieber massiv gesenkt 2002 op ronn 30 %, wann ech d’Gewerbesteier mat dobäihuelen. Dat ass am Beräich vun der Europäescher Unioun ee vun den niddregsten Besteierungssätz vun de Betrieber. Elo kann een natierlech op aner Plazen goen a soen, do ass et nach manner. Jo, wa mir se nach manner besteieren, da gëtt awer och manner an de Kanal fléissen geelooss aus deem Leeschtungen finanzéiert ginn. Et muss een och kucken, wat d’Leeschtungen an deene Länner sinn oder wéi a Schweden, wéi héich datt d’TVA ass. A Skandinavien ass d’TVA 25 %, ouni superreduzéiert Sätz op de Liewensmëttel, op de Kannerschung, op de Kannerkleeder. Dir musst ëmmer laachen, wann ech dat soen. Mä Dir wësst, datt Kannerschong deier ginn, wann ee se muss kafen. Zu Oslo an zu Stockholm bezillt ee 25 % um Brout, um Botter, op de Kannerschong, op de Kannerkleeder, op alle liewenswichtegen Saachen. Dat heescht, datt een de Steiersystem a senger Globalitéit muss kucken. Ausserdem: Ech hunn eppes géint deen Discours, dee sou mécht wéi wann et schlecht wier wa Betriber géifen Steiere bezuelen. D’Wirtschaft fënnt jo net wéinst sech selwer statt. D’Wirtschaft fënnt statt, fir datt een an engem Land an an enger Europäescher Unioun convenabel a korrekt ka matenee liewen.

Tom Graas: D’Patronen soen, just gesond Entreprise kënnen Aarbechtsplazen schafen. Ass dat keen Argument? A gesond Entreprisen sinn der, déi wéineg Steieren bezuelen.

Jean-Claude Juncker: Wësst Dir, gesond Entreprisen sinn der déi frou sinn, wann se net méi Steieren brauchen ze bezuelen, wéi déi déi se zu Lëtzebuerg bezuelen. Well alleguer déi Investisseuren, déi ech och an deene leschten Deeg nach begéint hunn, fillen sech vu Lëtzebuerg ugezunn wéinst deem niddregen Steierniveau, deen op eise Betrieber ass, wéinst der niddreger Besteierung vun der onqualifizéierter Aarbecht. dat ass een essentiellen Punkt zu Lëtzebuerg, datt bei onqualifizéierten Beschäftegungsverhältnisser d’Bruttopei an d’Nettopei praktesch déi selwecht sinn, well praktesch keng Steier ufällt. Investitiounsdécisiounen sinn e bëssen méi vielfälteg wéi déi einfälteg Presentatioun, déi eenzel Lëtzebuerger Patronatsvertrieder heiandsdo dovu maachen, déi ganz séier vergiessen, wat se kritt hunn a gären ëmmer méi hätten. Eng Kéier ass Schluss. Et ass elo Schluss!

Caroline Mart: Den 13. Juni si Wahlen, et ass näischt Neits. Mä et ass awer spierbar schonn u sou enger Nervositéit déi klëmmt. Äeren Koalitiounspartner ass et sécher. Engem rezenten Sondage no kréich en eng ferme bei den Deckel, och wann ee sou Sondagë ka relativéieren. Hu se net awer iergendwéi en Afloss? Ech huelen un, datt d’CSV-Ministeren dëser Deeg besser schlofen wéi d’DP-Ministeren oder méfiéiert Dir Iech?

Jean-Claude Juncker: Also ob meng Ministere schlofen, dat entzitt sech nu wierklech mengem Wëssen.

Caroline Mart: An d’Nervositéit?

Jean-Claude Juncker: Ee Minister, deen net schléift an ee Minister, dee nervös gëtt, dee soll sech eng aner Aarbecht sichen. Wësst Dir, déi Sondagen do, ech huelen datt net all zevill seriös, obschonn ech dat zur Kenntnis huelen. Well an eisem Wahlsystem, och wann d’ILRES déi Sondagen do op eng extrem performant a qualitativ héichrangeg Aart a Weis duerchgefouert huet, eise Wahlsysteem léisst et net zou, milimetergenau a Sëtzzuel auszedrécken, wat een ermëttelt huet. An duerfir soll ee sech do net an déi eng Richtung an net an déi aner Richtung iwwerexitéiren. Fir d’Regierung misst gëllen a fir mech gëlt de toute façon, datt een elo net däerf Dag a Nuecht un déi Wahlen do denken. Éischtens an der Demokratie ass dat ee relativ normale Virgang, datt all 5 Joer gewielt gëtt. Et ass net fir sech do aus der Rou bréngen ze loossen a mir musse jo och déi nächst Méint d’Saachen nach anstänneg maachen. Mir kënnen jo net, wann een op Lëtzebuerg kënnt a seet ech géif gären souvill Aarbechtsplazen hei schafen oder ech wëll souvill Aarbechtsplazen hei ofbauen oder ech géif gär dës oder déi Aktivitéit op Lëtzebuerg bréngen oder anerer, déi mat engem iwwer aner Saache wëllen schwätzen, kann een net soen: Ee Moment, a siwe Méint schwätze mir driwwer, elo hu mir sechs Méint e Wahlkampf virzebereeden. Wann een an der Oppositioun ass, kann ee sech op de Wahlkampf konzentréieren. Wann een an der Regierung ass, muss ee sech drop konzentréieren, datt déi Aufgab, déi engem gestalt ass, bis zum leschte Moment esou duerchgefouert gëtt, datt een irreprochabel an der Aart a Weis ass wéi ee seng Aarbecht mécht.

Tom Graas: Stéieren déi gutt Chiffren dann d’Motivatioun vun de Parteizaldoten, apart bei der CSV?

Jean-Claude Juncker: Also wësst Dir, wann Dir dauernd an der Zeitung liest, Dir hätt d’Wahlen scho gewonnen éier d’Wahlen iwwerhaapt stattfannen, dann ass dat net noutwennegerweis eng gutt Viraussetzung fir Wahlkampf ze féieren. Net well ech géif fäerten, d’Parteizaldoten, déi ee brauch – d’Partei besteet net nëmmen aus engem Staatsminister an aus Ministeren, mä och aus deene Leit déi, dat sinn der 10.000 am Fall vu menger Partei, déi op der Basis Aarbecht maachen an déi méi dacks wéinst menger vernannt ginn, wéi datt ech wéinst hirer vernannt ginn, duerfir halen ech déi Aarbecht déi d’Leit do an Dir Parteie maachen, net nëmmen a menger, mä awer och a menger ganz héich. Mä ech mengen, datt d’Wieler, wa se dauernd liesen, d’CSV gewannen an de nächsten Wahlen, soen, da brauche mir déi jo net ze wielen. Da wielen se d’Sozialisten oder déi Gréng oder déi Liberal, well se gären Afloss drop hätten, wien da nach géif matregéieren. Majo, mir ass dat net ganz egal wien matregéiert, mä ech géif gären regéieren. Ech hätt gären, datt meng Partei déi stärksten Partei géif ginn an duerfir: d’Wahlen sinn net gelaf, d’Wahle sinn net geschlo. A wann d’Méiglechkeet besteet, d’CSV mat guddem Wahlresultat, och mat guddem Wahlresultat aus der Regierung erauskënnt, da geschitt dat. D’Leit musse wëssen - mä ech wëll hei keng Propagandasendung fir mäi Club do maachen, mä jiddweree weess, datt ech an der CSV sinn. Wielt d’CSV, well dann ass d’Viraussetzung ginn, fir datt se och an der Regierung bleiwt.

Tom Graas: Dir hutt d’Wuert gebraucht vum Matregéieren, dat heescht vun engem méigleche Koalitiounspartner. Fir nach eng Kéier op déi ominös Chiffren do trotzdem zréckzekommen. Däer Rechnung do wier et fir Schwaarz-Gréng bal oder géif et scho bal duergoen. Wat géift Dir da vu sou enger Koalitioun soen?

Jean-Claude Juncker: Schwaarz-Gréng ass besser wéi Rout-Gréng.

Tom Graas: Firwat? Well dat zwee konservativ Partner sinn, déi sech da géifen fannen? Wertkonservativ Partner?

Jean-Claude Juncker: An eenzelnen Saachen begéine jo schwaarz a gréng Gedanken sech, an aneren net. Ech mengen net, datt dat eng realistesch Hypothes ass. Ier Schwaarz-Gréng kënnt, kënnt éischter Rout-Blo-Gréng an dat muss ee verhënneren!

Caroline Mart: D’CSV ass ëmmer duergestalt ginn als incontournabel. Wa se elo, gesat de Fall, se kënnt elo aus de Wahlen nach eng Kéier gestärkt eraus, ka sech da quasi ëmmer méi ee schwaache Partner och eraussichen. Dat ass sécher kamoud. Dat dierft Iech vläicht och freeën. Mä ass dat gutt fir eng Demokratie, déi dach och liewt vun engem gewësse Gläichgewiicht vun de Kräften?`

Jean-Claude Juncker: Mä sou funktionnéiere mir net an ech och net. Mir sichen eis keng schwaach Partner eraus, well et gëtt keng schwaach Partner. Och wann eng Partei bei de Wahlen manner gutt ofschneit, heescht dat nach net, datt se an hirem Denken, an hirem Striewen an hirer Aart a Weis fir ze sinn, geschwächt ass. Politesch Iddeeë bleiwen, och wann se sech um politeschen Wahlmaart net sou duerchgesat hunn, wéi déi Parteien dat gär gehat hätten. Et war ëmmer, vun un datt ech Staatsminister sinn, meng Positioun, datt een och de Koalitiounspartner net däerf humiliéieren, net däerf als den Nummer zwee behandelen. Dat si Partner, déi an der Regierung sinn, déi net géinteneen regéieren, mä déi mussen probéieren, am Intérêt vum Land ze regéieren. An dofir hunn ech mech an däer Koalitioun mat de Sozialisten wuelfonnt a fillen ech mech och an dëser Koalitioun wuel, well ech mir Méi ginn, dat wat déi aner duerstellen, wat se sinn ze respektéieren. Ech hätt gären Respekt fir meng Iddeeën, da muss ech och den néidegen Respekt fir d’Iddeeën vun deenen aneren hunn. Dat ëmsou méi wou mir eis a villen, och gesellschaftspoliteschen, Froen jo awer lues a lues zesummen op Positiounen zoubewegen, déi konsensfäheg sinn.

Caroline Mart: A propos Respekt. Wéi ass et dann do mam Respekt elo am Wahlkampf. Op wat stellt Dir Iech an, op en haarden Wahlkampf?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus datt - dofir gëtt et éischt Virzeechen - dee Wahlkampf vill zevill fréi ufänkt. Wann ech richteg gesinn, ass meng Partei déi eenzeg, déi nach net am Wahlkampf sech befannen an ech ginn och dovunn aus, och dofir gëtt et éischt Unzeechen, datt dat heiandsdo ganz hefteg erofgeet. Ech gi mir Méi, mech net dovun ustiechen ze loossen. Ech kann dat och, hefteg ginn, mä ech hunn ëmmer fonnt, datt ech besonnesch schwaach da war, wann ech besonnesch haart geschwat hunn.

Tom Graas: Wat gesitt Dir vu Wahlkampfthemen? Ass do iergendeppes wou Dir mengt, datt et sech imposéiert als Thema fir den 13. Juni?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt niewt de gesellschaftpoliteschen Froen, vun deenen der eng Rei geregelt ginn an anerer wahrscheinlech net kënnen fäerdeg gemaach ginn, déi awer eppes mat der Aart a Weis wéi mir zesummen liewen ze dinn hunn, niewt deenen Themen wäert wahrscheinlech déi wirtschaftlech an déi sozial Themen awer am Mëttelpunkt vun der Wahlausernanersetzung stoen. Ech hätt och gären, datt et eng Wahlausernanersetzung géif ginn a kee Wahlkampf. Et brauch jo keen deen aneren kleng ze kréien. Et geet jo duer, wa mir alleguer zesummen grouss ginn.

Caroline Mart: Dir sidd de Mann, dee gären d’Ausernanersetzung huet. Dir hutt eng Kéier gesot, mir bräichten eng aner Sträitkultur hei zu Lëtzebuerg. Mécht da sou eppes wéi Wahlkampf engem Politiker Jean-Claude Juncker och Spaass?

Jean-Claude Juncker: Sträitkultur dat setzt sech aus zwee Wierder zesummen: Sträit a Kultur. Wann et zesummegeet, gëtt et dat vun deem ech gemengt hunn, datt mir missten hunn a vun deem ech ëmmer nach mengen mir hätten et net genuch. Wahlkampf mécht mir Spaass, jo, mä de Problem ass, datt een a menger Positioun net Zäit genuch huet an net Zäit genuch fënnt, fir sech wierklech voll an dee Wahlkampf do ze engagéieren. Dat bedaueren ech heiandsdo. Fir mech ass dat keng Zäit vum Streiden. Dat ass eng Zäit vum Explizéieren. Ech explizéieren mech gäer, mä ech hunn net, fäerten ech, d’Zäit fir dat kënnen ze maachen. Well ëmmer europäesch Themen an national Wichtegkeeten, déi een net direkt gesäit, do sinn an déi ee vum Wahlexplizéieren ofhalen. Dat ass schonn och am Joer 2003 sou gewiescht. Eng vun de wichtegsten Décisounen, déi geholl si ginn, ass déi europäesch Regelung iwwert Kapitalertragsbesteierung. Stëchwierder Quellesteier, Bankgeheimnis. Dat huet onendlech vill Méi kascht am Joer 2002 an am Joer 2003. Wann ee mat deenen Saache beschäftegt ass, huet ee keng Zäit fir un dem Wahlkampf, wéi Dir sot, sou richteg deelzehuelen. Mä ech wäert dat awer zur Zäit maache mussen an ech maachen dat och gäer, well ech fannen et normal, wann een dee grousse Rendez-Vous mam Wieler all 5 Joer huet, datt ee sech och dem Wieler stellt. Et ass jo net esou, datt déi Saachen, déi mir gemaach hätten, vu vir eran richteg wieren an datt déi Saachen, déi mir wëlle maachen, vu vir eran net ze contestéieren wieren. Dofir muss ee sech dem demokratesche Sträit an däer domat verbonnener demokratescher Kultur stellen.

Tom Graas: Voilà, Häer Staatsminister, d’Klack ass am gaang ze lauden. Mir soe merci fir dëst Gespréich a virun allem, mir wënschen Iech och vill Gléck an och ganz vill Geschéck am Joer 2004.

Jean-Claude Juncker: Jo, dat wënschen ech Iech och, well Gléck a Geschéck brauche mir alleguer. Ech géif gären dës Geleegenheet profitéieren, fir am Numm vun alle Leit, déi hei am Land wunnen dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse an hire Kanner, déi alleguer hir Saach ganz gutt gemaach hunn dëst Joer, all Guddes ze wënschen an hinnen ze soen, datt mir se gären sou gesin, wéi se sinn. Ech géif och gären de Grand-Duc Jean an d’Grande-Duchesse Josephine-Charlotte, däer et besser geet, an déi gutt Wënsch fir d’Joer 2004 abannen, sou wéi ausnahmsweis emol eng Kéier d’Lëtzebuerger am Ausland gréissen. Ech weess, datt vill Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, och wäit vun heiheem ewech, iwwer Internet an aner Weeër Dag fir Dag d’lëtzebuergesch Televisoun kucken, a wann ee wäit vun doheem ewech ass, deet dee Bonjour fir Neijoerschdag engem vläicht besonnesch gutt. All Guddes fir d’Leit heihienm a fir d’Leit dobaussen!

Dernière mise à jour