Interview avec le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, suite à son entrevue avec les Autorités palestiniennes

RTL Radio Lëtzebuerg: De Jean Asselborn hat am spéide Moien e Gespréich mam Premier Achmed Kurei, wou och iwwert dem Arafat säin Zoustand riets wor.

Jean Asselborn: Et schéngt mir, datt et doudsécher näischt ass wat nëmme just eng Mogrippe ass. Et schéngt mir schonn eppes Serieuxes ze sinn. De gesamte Zoustand vum Präsident Araft wier an de leschte Wochen net terribel gutt gewiescht. Also et schéngt mir schonn eppes ganz Eeschtes ze sinn, sou wéi se eis dat explizéieren. Mä bon, ech mengen ech sinn net Dokter, et ass do schwéier ze jugéieren. Ech mengen, dee Mann wäert schonn déi beschten Doktere kréien, déi hei opzedreiwe sinn, an déi wäerten dann och versichen, fir do hirt bescht ze maachen, datt wann e kann erëm gesond ginn, datt dat dann och geschitt.

Wat ass dann Äert Gefill, wann et effektiv zum Doud vum Araft géif kommen, respektiv wéi Dir sot, datt en net méi säin Amt kéint ausüben? Wéi ass Äert Gefill dann, datt et weidergeet? Kéint et zum Chaos kommen, oder mengt Dir, dat géif ganz roueg iwwert d'Bühn goen?

Jean Asselborn: Et ass esou, datt elo virun e puer Minuten de Premierminister Kurei mir gesot huet, si setzen dann e Gremium an, deen aus dem Premierminister besteet an e puer anere Leit nach, déi an der Féierung sinn vun der palästinensescher Autoritéit. Et ass och esou, datt de Speaker vum Parlament, de President vum Parlament da géif eng wichteg Roll spillen. Ech mengen, si si sech alleguerten hei bewosst, datt wann e Vide entsteet, datt se dann musse weisen, datt déi palästinensesch Autoritéit och eng Autoritéit ass, déi et versteet, fir eng Successioun kënnen ze assuréieren.

Wéi grouss sinn d'Chancen oder respektiv, ass et iwwerhaapt eng Prioritéit vun der Lëtzebuerg Présidence, fir ze kucken eng friddlech Léisung an Israel ze fannen, respektiv a Palästina. Et ass jo esou, datt Israel elo e kloert Signal, e positivt Signal gesat huet. Muss een dorunner ukneppen an deemno dann och ënnert der Lëtzebuerger Présidence duerfir suergen, datt erëm matenee geschwat gëtt an eventuell och eng friddlech Léisung fonnt gëtt?

Jean Asselborn: Also ech géif elo iwwerdreiwen, wa mir an der Présidence géifen den Duerchbroch fäerdeg bréngen als Lëtzebuerger Regierung. Mä awer mir kënnen den Input ginn an och wierklech Impulser ginn, déi gebraucht ginn an Europa, mä awer och iwwert Europa eraus, fir alles ze maachen, datt deem éischte positive Schrëtt vun der Knesset och aner Schrëtter folgen. Also mir mussen eis elo asëtzen, datt d'Quartett - Dir wësst, datt do d'UNO dran ass, Russland, Amerika an dann d'Europäesch Unioun - datt am Kader vun deem Quartett och erëm eng Kéier déi zwou Parteien un een Dësch kommen.

Dernière mise à jour