Réaction du ministre des Affaires étrangères Jean Asselborn au sujet du décès du Président palestinien Yasser Arafat

Radio 100,7: Um Telefon sinn ech elo mam Ausseminister Jean Asselborn verbonnen. Gudde Moien, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien.

Här Asselborn, wat ass Är éischt Reaktioun no der offizieller Annonce vum Doud vum Jassir Arafat?

Jo, also ech mengen de President Arafat, dat war jo fir déi eng quasi een Hellegen, fir anerer war et en däischteren Terrorist, an ech mengen dës Contradictioun, déi weist kloer déi Zerrassenheet am ganzen Noen Osten. De President Arafat, dat ass awer ee Fait, war d’Symbol vun der palästinensescher Cause, an dat war eng äusserst schwiereg Cause. Déi Leit hunn do e Schicksal z’erdroen, wat net ganz einfach ze droen ass. Den Arafat huet jo den Nobelpräis kritt, en hat also de Wëllen, fir wierklech virunzekommen. Bon, säin Dram, dat war jo ee palästinensesche Staat opzeriichten. Dat ass een Dram bliwwen. Kaum ee Politiker an dëser Zäit ass esou mam Schicksal vu sengem Vollek z’identifizéieren, wéi just den Arafat, mä elo mussen anerer de Staw iwwerhuelen, just an dësem Moment mussen se awer elo de Staw richteg ze pake kréien an och fest an d’Hand kréien. Ech mengen, dat wat een elo muss wëssen, dat ass, datt d’Féierung a Palästina net däerf e Vide oder ee Chaos hannerloossen.

Si hunn, wéi der jo elo grad gesot hutt, de President vum Parlament, deen elo eng wichteg Roll spillt, si hunn och ee Premierminister an dann de Versuch wierklech, wéi jo schonn annoncéiert ginn ass, a 60 Deeg elo duerch Walen déi nei Autoritéiten ze bestëmmen. Dat wier ganz gutt, well de Réckzuch aus Gaza, dat gëtt a mengen Aen Realitéit. D’Roadmap, déi däerf net gestuerwe sinn. Et geet elo. Ech soen dat elo net als Suite vum Doud vum President Arafat, mä et geet en fait eng nei Epoch elo un, och tëschent Israel a Palästina. Déi Chance, déi muss, déi däerf op béide Säiten net verspillt ginn an ech mengen als Lëtzebuerger Regierung drécke mer selbstverständlech och eist Bäileed dem palästinensesche Vollek aus a mir wëllen elo och an deenen nächsten, am éischte Semester vun 2005 hëllefen, datt Israelien a Palästinenser, datt an deem Friddensprozess am Noen Osten, datt do nei Impulser kommen, fir datt déi zwee Völker, esouwuel Israel, d’Irsraelien wéi d’Palästinenser, an zwee sécheren a fräie Staate liewe kënnen.

Dir hutt gesot "nei Impulser ginn". Wéi mussen d’USA an Europa sech dann elo verhale mat deenen neie Leaderen op palästinensescher Säit?

Jo, déi mussen elo ganz kloer zréckkommen a weisen, datt d’Roadmap net iergendeen Text ass, dee geschriwwe ginn ass wéi een heiansdo Texter schreift. Do ass ganz vill Sënn hannendrun an d’Ziel ass eng Zwee-Staate-Léisung an do muss och dann eng Solidaritéit sinn an Europa déi besteet. Et muss eng nei Solidaritéit geknäppt ginn an däer Fro mat den Amerikaner, mat der neier Administratioun an Amerika elo, an et muss selbstverständlech och vu Säite vun de Palästinenser wierklech de Wëllen do sinn an och alles gemaach ginn, fir datt déi zwou Säiten erëm kënnen op en Dësch kommen. Ech mengen, elo hunn an Israel och d’Politiker net méi, si kënnen net méi soen, mir wëllen net verhandele mat hirem President, mir wëllen d’Leit, déi d’Autoritéit hunn do an aner Leit, de Premierminister oder Ausseminister oder ween dann d’Autoritéit do huet, an ech mengen, dat muss elo effektiv ëmgesat ginn. Déi Chance ass jo elo do an deen neien Départ, deen ass méiglech.

Nom Doud vum Palästinenserpresident, sidd Dir besuergt ëm d’Lag am Noen Osten? D’Al-Axa-Brigaden hu Revancheaktioune géint Israel ugekënnegt.

Jo, all dat ass elo eng Fro, wéi d’Autoritéite vun de Palästinenser et fäerdeg bréngen fir ze weisen, datt elo déi Chance, déi elo ze huelen ass, datt déi och effektiv positiv genotzt gëtt, datt d’Sécuritéit an de Gebidder, souwuel a Gaza wéi och an der Cisjordanie, datt déi hirgestalt bleift an datt se weise wierklech, datt se à même sinn, hir Autoritéit esou spillen ze loossen, fir eng Kéier kënnen als selbstständege Staat kënnen dann och ze fonktionnéieren.

Dann eng lescht Saach. Hat Dir schonn ee Gespréich mat de palästinenseschen Autoritéiten?

Nom Doud vum…?

Jo.

Neen.

OK. Souwäit den Ausseminister Jean Asselborn. Här Asselborn, villmols Merci fir dëst Gespréich.

Jo, merci.

Dernière mise à jour