Jeannot Ries: Eng 20 Staatschefen, déi alle 5 Kontinenter vun dëser Aerd représentéieren, gesi sech den Ament hei zu Jakarta, zesumme mat de Presidente vu Weltorganisa-tiounen, wéi zum Beispill de Vereenegten Natiounen, der Weltgesondheets-organisatioun oder och der Weltbank, fir déi bedeitenst Hëllefactioun ze koordinéieren, zanter dem Zweete Weltkrich.
Jeannot Ries: An enger éischter Phase hunn d’Staatschefen aus den haaptbetraffenen Natiounen hir Analyse vun der Situatioun, 12 Deeg nom Passage vum Tsunami, présentéiert.
Jean-Claude Juncker: Hei ass de Punkt gemaach ginn, de Point gemaach ginn, iwwer d’Situatioun an deenen eenzelne Länner, an all 11, déi affectéiert si vun där Tragedie. Déi Kollegen hu virgedro wat d’Zuel vun hiren Afferen ass, wat d’Zuel vun deene Leit ass, déi ouni Wunneng sinn, wat d’Zuel vun de Vermëssten ass, hunn éischt Chiffre genannt iwwert déi ze erwaardend Hëllef.
Jeannot Ries: Ee vun den Objektiver vum Sommet ass et, déi historesch Somme vun 2,3 Billiounen Dollar un humanitärer Hëllef um Terrain ze concrétiséieren, respektiv Scholde vu betraffene Länner nozeloossen. An op deem Niveau wäert d’Europäesch Unioun d’Länner vu Südostasien net enttäuschen, dat hunn d’Préparativ-Gespréicher hei zu Jakarta scho gewisen. Gespréicher engersäits tëschent der Llëtzebuerger EU-Présidence an dem EU-Commissaire fir Kooperatioun, Louis Michel, an anerersäits mam President vun der Europäescher Kommissioun, José Manuel Barroso.
Jean-Claude Juncker: D’Europäesch Unioun annoncéiert haut eng Hëllef vun 1,5 Milliarden Euro, 2 Milliarden Dollar, a souwäit wéi ech dat konnt bis elo hei op der Plaz feststellen, ass och an der asiatescher Communautéit d’Zefriddenheet, mat deem wat Europa hei mécht, grouss.
Jeannot Ries: Nieft dem Neesopbau ass e weidere ganz wichtege Punkt um Ordre du jour d’Schafe vun engem Fréiwarnsystem, fir an Zukunft d’Populatioun vum indoneseschen Ozean esouwäit wéi méiglech virun Tsunamien a Sécherheet ze bréngen.