Le Premier ministre, Jean-Claude Juncker, au sujet de la réforme du pacte de stabilité

Nico Graf: De Lëtzebuerger Premier als europäesche Conseil-President hätt e Kompromëss-pabeier virgeluecht mat Ëmstänn, déi e Land géinge vum Stabilitéitscritère vun 3% Neiverschëllungsdefizit befreien. Déi Lëscht war am Conseil vun de Länner, déi den Euro hunn, no 9 Stonnen Diskussioun bis op ee Punkt akzeptéiert ginn.

Jean-Claude Juncker: An dat ass de Punkt, fir ze wësse, wat fir Facteuren, Elementer matbeuecht musse ginn, wann et dorëm geet, erauszefannen op dee Budgetsdefizit iwwer 3% kann als exzessiv agestuuft ginn an een, datt en dat net gëtt.

Nico Graf: Mä an der grousser Ronn vun de 25 europäesche Finanzminister war dunn näischt méi ze wëllen.

Jean-Claude Juncker: An der Sitzung vun deenen 25 Finanzministeren ass dat erëm méi ausernee gelaf. Et ass ganz schwéier, fir d’éischt emol déi 12 eens ze kréien, a wann een déi bal eens huet, an et schwätzt ee mat deenen 13 aneren, da fiert dat erëm alles op an dat geet et erëm a verschidde Richtungen. Do musse mir also nach dru bastelen.

Nico Graf: D’Situatioun schéngt deemno blockéiert ze sinn. Et stellt sech d’Fro, op et eng Léisung gëtt?

Jean-Claude Juncker: Doriwwer denken ech no. Ech hunn däitlech gemaach, nodeem ech d’Sitzung relativ abrupt zougemaach hat, souwuel bei de Ministere wéi virun der Press, datt ech och perfekt ka virstellen, datt keng Reform vum Stabilitéitspakt gemaach gëtt, an datt ech dem Conseil européen keng Propositioune maachen. Fir de Fall sot ech, datt wou et nëmme Propositioune kéinte ginn, déi a menger Aschätzung an déi falsch Richtung ginn.

Nico Graf: Déi falsch Richtung, dat wier e schwachen Euro. Do wëll de lëtzebuergesche Premier net matgoen. Hie wëll awer och datt d’Finanzministeren eng Léisung virleeën, datt also net d’Statschefen oder d’Premieren mussen agräifen. Dat géingen nëmme Reibungsverloschter ginn, seet de Jean-Claude Juncker. Wéi geet et weider?

Jean-Claude Juncker: Ech verloosse mech op mäi Gefill, an dat ass am gaangen ze wuessen.

Nico Graf: A wat fir eng Richtung?

Jean-Claude Juncker: An d’Richtung, datt ech mech weigeren ee Kompromiss virzeleeën, nëmme fir de Plëséier ze hunn ee Kompromiss virgeluegt ze hunn a fir e sougenannte Succès an der Presidence ze hunn. Ech wëll näischt virleeën, wat d’Strooss net hält, a wat stabilitéitsgefährdend an deenen nächste Jore sech kënnt erausstellen.

Nico Graf: Dat kléngt net reformoptimistesch. Mä vläicht weess de Premier haut den Owend spéit scho méi. Hie gesäit zu Senneng de Kanzler Schröder. Däitschland wëll d’Käschten vum erëm vereenegten Däitschland aus sengem Defizit erausrechnen. Och iwwer dee Sujet gëtt haut am Schlass zu Senneng diskutéiert. Op Wonsch vun den Däitsche ganz diskret an ouni Press.

Dernière mise à jour