Jean Asselborn, président en exercice du Conseil de l'UE, au sujet de la candidature de la Croatie à l'adhésion à l'UE

Christian Welter: D’Dier fir eran an d’Europäesch Unioun bleift virleefeg zou fir Kroatien. Gëschter hunn déi europäesch Ausseministeren zu Bréissel decidéiert, fir d’Bäitrëtts-verhandlungen, déi haut sollten ufänken, no hannen ze verréckelen. Bei den Debatten, déi dräi Stonne gedauert hunn, haten aacht Länner sech dofir ausgeschwat, datt haut ugefaang gëtt mat negociéieren. D’Ausseministeren reprochéieren Zaghreb, net genuch mam UNO-Krichsverbriechertribunal zesummen ze schaffen, fir de fréiere kroatesche Generol Gotovina un Den Haag auszeliwweren. De Jean Asselborn, President vum EU-Ausseministeschconseil sot gëschter zu Bréissel, datt d’Dier awer op bleift. Um Telefon sinn ech elo mam Lëtzebuerger Ausseminister verbonnen. Gudde Moien.

Jean Asselborn: Gudde Moien.

Christian Welter: Här Asselborn, an engem Mount gesinn d’EU-Ausseministere sech erëm. Heescht dat, datt do scho ka decidéiert ginn, datt d’Verhandlungen ufänken?

Jean Asselborn: Dat hänkt alles vu Kroatien of. Ech mengen, gëschter hate mir eng zimlech schwiereg Sitzung, an mir hunn, et ass ëmmer bei wichtege Froe, mir mussen zu 25 an der Europäescher Unioun äis eens ginn. Mir hu laang an intensiv, an ech mengen, och mat viller Dignitéit diskutéiert, well mir sinn zur Conclusioun komm, datt keng Unanimitéit do wier, fir d’Verhandlungen elo, de 17., also haut, Mäerz, mat Kroatien unzefänken. Mä dir hutt et scho gesot, a jiddwereen, egal, op wat fir enger Positioun datt hie war gëschter, wëll de Kroaten d’Dier oploossen, an dorunner wäerte mir elo schaffen. Ob dat elo schonn de nächste Mount ass, oder ob et am Mee ass oder am Juni, dat hänkt, wéi gesot, vun der Bereetschaft of vun der kroatescher Regierung fir dat ze maachen, wat am Conseil européen am Dezember 2004 decidéiert ginn ass, déi full cooperation, dat heescht, 100%-eg Kooperatioun mam, mat dem Tribunal zu La Haye.

Christian Welter: Hutt Dir mat Ärer Décisioun Kroatien net virun de Kapp gestouss, wéinst engem Generol eng ganz Populatioun am Reen stoen ze loossen?

Jean Asselborn: Nee, also, wësst Dir, wann een an der Presidence, muss een an deene Froen do eng gewëssen Zréckhaltung hunn. Ech mengen net, datt mir d’Kroaten widder de Kapp geschloen hunn. Ganz au contraire, all Mënsch huet gesot, dat do ass ze meeschtere vu kroatescher Säit. Ech mengen, d’Regierung huet jo, déi kroatesch Regierung huet an deene leschte Woche ganz vill Efforte gemaach. Wa si déi Efforte weider féieren, da sinn ech och iwwerzeegt, datt an deenen nächste Wochen se zu engem Resultat kommen, an da gëtt et ganz kloer, mir hu gëschter an eiser Sitzung de Kader, den Negociatiounskader hu mir guttgeheescht, soudatt kann direkt ugefaange ginn, iwwer déi 35 Punkte vun den, wat d’Negociatiounen ugeet mat Kroatien, fir datt si kënnen an d’Europäesch Unioun erakommen, fir datt dat kann ugefaange ginn.

Christian Welter: Ugeholl, d’Verhandlunge lafen un, wéini ass dann e Bäitrëtt vu Kroatien méiglech?

Jean Asselborn: Also, do frot Dir mech elo eppes. Wann d’Verhandlungen uginn, da muss jo verhandelt ginn iwwer, ech hunn iech elo grad gesot 35 Punkten, wichteg Punkten. Et ass grad, wéi wann Dir mech elo frot, wéini sinn d’Verhandlungen mat der Tierkei eriwwer. Ech mengen, mat Kroatien ass et vläicht e wéineg méi einfach wéi mat der Tierkei, mä dat brauch seng Zäit.

Christian Welter: En Delai wäert et jo awer ginn.

Jean Asselborn: Glift?

Christian Welter: En Delai wäert et jo awer ginn, huelen ech un?

Jean Asselborn: Nee, do gi Verhandlungen un, an do gëtt jo keen Delai gesat, do gëtt verhandelt, a wann déi Verhandlungen ofgeschloss ginn, da gëtt et esou, wéi mir et elo mat Bulgarien a mat Rumänien maachen, dat gëtt dann ofgeschloss an da gëtt en Datum gesat do derno, wéini dann d’Bäitrëttsverhandlungen, de Bäitrëtt, en Datum, wéini datt dee fixéiert ka ginn.

Christian Welter: An eng lescht Saach, Här Asselborn. Wéi gesäit et iwwerhaapt mat deenen anere Länner um Balkan aus, wat d’Delaien ugeet?

Jean Asselborn: Also, ech mengen, gëschter déi Decisioun, déi mir geholl hunn ass selbstverständlech batter fir Kroatien elo, mä wann ee se awer an de generelle Kontext setzt, mir hunn 2003, d’Europäesch Unioun huet all deene Länner eng europäesch Perspektiv ginn, an dat ass immens wichteg, zu Saloniki. Wann een elo kuckt, wat fir e Mouvement datt trotzdem am Kosovo zum Beispill, wou de Premierminister sech selwer gestallt huet, wann een da kuckt, datt elo vill méi Drock ass op d’Serben, fir datt emol endlech mat deem Ladic a mat deem Karadjic eppes geschitt. Wann een a Bosnien kuckt, d’Aarbecht vum Ashdown [Représentant spécial de l’UE] do, da mierkt een iewer, datt wann déi Decisioun, déi mir gëschter geholl hunn, richteg verstane gëtt vun der kroatescher Regierung, datt se op eng Manéier net esou falsch ass, an datt mir domat Drock maachen, well dat Tribunal huet net méi esouvill Zäit, dat ass nach bis Enn vun dësem Joer, ass dat en Fonctioun. Dat also muss gekuckt gi fir op deem Punkt do, Europa ass eng Communautéit vu Valeuren, fir datt mir op deem do Punkt wierklech d’politesch Hygiène respektéieren a kucken, wierklech virunzekommen. Dat ass am Intérêt vun alle Länner um Balkan.

Christian Welter: Souwäit den Ausseminister Jean Asselborn iwwer d’Decisioun déi gëschter zu Bréissel geholl gouf. Här Asselborn, villmools Merci fir dëst Gespréich.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour