Jean-Claude Juncker au sujet du décès de Jean-Paul II

Marc Linster: Wat huet Iech um Poopst Jean-Paul II besonnesch beandrockt?

Jean-Claude Juncker: Fir d’Éischt de Mënsch selwer, deen, well ech hien e puer mol begéint hunn, kann ech dat soen, eng grouss Wäermt ausgestraalt huet, an och eng exzeptionell Authentizitéit hat a sengem Behuelen, och an deem, wat hie gesot hat, wat jo net ëmmer bei den Zäitgeescht gepasst huet.

Da behalen ech hien an Erënnerung als een, deen op eng konstant Aart a Weis, ouni vun deem Kurs ofzeweichen, sech ëmmer kloer fir, wat dat weltpolitescht vu sengem Handelen ubelaangt, fir grouss Prinzipien ausgeschwat huet. Eng absolut Virfaart fir de Fridden, an een dauerhaft Nee zum Krich, en ongebrachenen Asatz fir Mënscherechter an all hirer Form.

Ech behalen en och an Erënnerung als ee politesche Mënsch, deen an deem Prozess, deen an Ost- an an Zentraleuropa zu dem Ofgang an dem Niddergang vum Kommunismus gefouert huet, eng grouss Roll gespillt huet, deen insofern eng architektonesch kontinental Dimensioun hat, well doriwwer besteet eigentlech keen Zweifel, datt deen Demokratiséierungsprozess a Mëttel- an an Osteuropa ouni hien an där Form net denkbar gewiescht wier.

Wann ech mat polnesche Frënn, mat slowakesche Frënn schwätzen, déi soe mir ëmmer erëm, wa mir dee Poopst net an eisem Réck gespuert hätten, dann hätte mir wahrscheinlech net de Courage gehat, fir äis un déi Strukture vum Kommunismus erunzewoen, fir se z’eliminéieren a se duerch demokratesch Ariichtungen z’ersetzen.

Also, ee Mënsch, deen ee komplette Mënsch war, wahrscheinlech och well et eng grouss Figur vun der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert war, deen eenzegen Europäer, op deen an der ganzer Welt gelauschtert ginn ass.

Marc Linster: Dir hutt gesot gehat, Dir hutt de Jean-Paul II eng ganz Parti Kéiere gesinn. 1985 war de Poopst hei och zu Lëtzebuerg. Kënnt Dir iech nach dorun erënneren? Wou war Dir do? War Dir mat dobäi bei deene verschiddene Visiten?

Jean-Claude Juncker: Ech war bei ville Statiounen do dobäi, an et ass eng, déi mir a lieweger Erënnerung bleift, dat war, well ech deemools Aarbechtsminister war, déi Visite op Arbed-Belval. Dat sech Bekenne vum Poopst zu de schaffende Mënschen, an dat ëmmer erëm erneiert Bekenntnis zu der Noutwennegkeet déi et gëtt, fir d’Aarbecht als Aarbecht ze respektéieren. Ech hu mech an den Erweiderungen, déi en der kathoulescher Sozialléier ginn huet, eigentlech gutt erëm erkannt.

Dernière mise à jour