Jean-Claude Juncker au sujet du décès de Jean-Paul II

RTL Télé: De Poopst wor bekanntlech och politesch ganz staark engagéiert a gouf dowéinst natierlech och an dëse Kreeser héich respektéiert.

Jean-Claude Juncker: Ech verhalen en och als een, deen an der Politik eng grouss Roll gespillt huet. Et ass onëmstridden, a Polen, Slowaken an aner Frënn soen engem dat och, datt ouni dee Poopst, dee Prozess hin zur Demokratie an Ost- a Mëtteleuropa net méiglech gewiescht wier. Heen huet dee Prozess begleet an déi, mat deenen ee schwätzt, déi dee Prozess lassgetrueden hunn, déi soen och, si hätte manner Angscht gehat fir dat ze maachen, wat se gemaach hunn, well se dee Poopst an hirem Réck gespuert hunn.

Ech mengen, et war och dee leschten Europäer, op deen an der ganzer Welt gelauschtert ginn ass. Et gëtt keen Europäer méi, deen direkt Opmierksamkeet fënnt, wann en eppes seet.

E war jo elo net als Europäer Poopst, mä dat ass eng Weltfunktioun, mä et war eng europäesch Stëmm, déi sech konnt äusseren a si huet munneches gesot, wat mer gutt gefall huet, besonnesch wann et ëm déi grouss Prinzipien an der Weltpolitik an am internationale Liewe gaangen ass.

Ëmmer déi absolut Virfahrt fir de Fridden an déi absolut Negatioun vum Krich als Mëttel fir Politik, dat insistéierend Antriede fir Mënscherechter an der ganzer Breet, deen dee Begrëff huet.

Ech mengen, datt et ee Poopst war, deen der Welt gutt gedoen huet.

Dernière mise à jour