Jean-Claude Juncker au sujet du décès de Jean-Paul II

Radio 100,7: De Premier Jean-Claude Juncker huet da gëscht och hei op dëser Antenn déi wichteg politesch an historesch Roll vum Poopst gewierdegt.

Jean-Claude Juncker: De Poopst Jean-Paul II. war eng vun de grousse Figuren vun der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert. Wahrscheinlech deen eenzegen Europäer, deen an der ganzer Welt nogelauschtert kritt huet. En huet vun deem éischten Dag un, wou e Poopst war, dee friddlechen Ëmgestaltungsprozess a Mëttel- an Osteuropa mat begleet an duerch séng Präsenz eigentlech deem Prozess déi néideg Rou ginn.

Ech sinn dem Poopst zwee-, dräimol begéint, ech war ëmmer beandrockt duerch, wéi soll ech soen, déi menschlech Wäermt, déi en ausgestrahlt huet, déi grouss Authentizitéit, déi en haat an déi e bäi alle Saachen gewisen huet. D’Katholiken, déi sinn elo an Trauer a si verléieren deen, dee se an der Welt duergestallt huet, deen de Katholizismus sichtbar gemaach huet an d’Welt verléiert een, denn sech ëmmer fir de Fridden a fir d’Mënscherechter agesat huet.

Dernière mise à jour