Jean-Claude Juncker au sujet des trois premiers mois de la Présidence luxembourgeoise du Conseil de l'Union européenne

Jean-Claude Franck: Nach dräi Méint, dann ass d’Lëtzebuerger EU-Presidence eriwwer, eng Presidence, déi duerch d’Tsunami-Katastrof an den Doud vun der Grande-Duchesse Josephine-Charlotte Schwieregkeeten hat fir unzekommen. Elo, zur Halschent vun der Presidence koum awer den Erfolleg vum Fréijoerssommet virun zwou Wochen an alles kuckt elo scho gespaant op de Sommet am Juni an dat maachen och mir elo. Bei äis am Studio ass nämlech den aktuelle Conseilspresident a Premier Jean-Claude Juncker. Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Franck: Jean-Claude Juncker, den Dossier Stabilitéitspakt ass nom Accord vum Fréijoerssommet vum Dësch, elo geet et drëms, een Accord ze fannen iwwert d’Finanzperspektivë vun der EU. Gëtt et Ärer Meenung no méi schwiereg wéi beim Stabilitéitspakt oder méi liicht, fir do een Accord ze fannen?

Jean-Claude Juncker: Ech si frou, datt mer een Accord iwwert de Stabilitéitspakt fonnt hunn, dat war schwiereg an d’Kommentéierung an eenzelne Länner weist jo och, datt déi Debatt nach net eriwwer ass. Wa mer déi Decisioun net fäerdeg bruet hätten, da wier et total onméiglech gewiescht, am Juni äis iwwert d’Finanz-perspektiven fir d’Zäit tëscht 2007 an 2013 ze eenegen. Elo wou mer deen Accord hunn, wou d’Atmosphär gutt ass, wou d’Presidentschaft gewisen huet, datt se och a schwieregste Froen handlungsfäheg ass an zum Accord ka féieren, sinn d’Perspektivë besser, mä ech maache mer keng Illusiounen driwwer, datt et liicht wäert ginn, een Accord a Saachen europäesche Budget fir d’Jore 7 bis 13 ze fannen. Ech maache mer eigentlech guer keng Illusiounen, well ech halen dat net fir ee méi schwieregen Thema wéi de Stabilitéitspakt, mä fir een, dee mat méi politesche Gedanken an Hannergedanke verbonnen ass, wéi dat anert.

Jean-Claude Franck: D’EU-Kommissioun proposéiert jo vill méi héich Bäiträg vun de Memberlänner wéi bis elo. D’EU-Parlament ass elo mam Rapport Böge schonn do manner ambitiéis. Wéi positionéiert d’Lëtzebuerger EU-Presidence sech da par rapport zu deem Rapport vum Här Böge?

Jean-Claude Juncker: Deen ass net noutwennegerweis deen Ambitiéisten, deen am meeschte Sue wëllt ausginn. D’Fro ass, wat fir Politiken datt mer an der Europäescher Unioun bis 2013 wëlle maachen, wéivill Suen datt mer fir déi eenzel Politiken huelen a wéi mer déi Suen opdreiwen. De Rapport Böge ass relativ no un de Propositioune vun der Kommissioun. Den Här Böge, den ech de Méindeg den Owend laang mat mer am Gespréich hat, mécht geltend, datt en 52 Milliarden Euro agespuert hätt. En fait huet en der awer nëmmen 19 agespuert, wann een dat richteg kuckt. Mir mussen elo ënnert de Memberstaate probéieren, een Accord ze fannen an dat läit tëscht 1%, deen déi 6 Länner, déi Nettozueler sinn, maximal vun hirem PIB wëllen zur Verfügung stellen an deene Propositiounen, déi d’Kommissioun op den Dësch geluecht huet. Et ass nach ze fréi fir dat ëffentlech ze soen. Géif ech et maachen, da wier deen Accord ganz onméiglech.

Jean-Claude Franck: Nieft Stabilitéitspakt a Finanzperspektiven ass d’Europäesch Verfassung awer och ee vun de ganz wichtegen aktuelle Sujeten ënnert dëser Presidence. Bremsen déi Diskussiounen net déi aner grouss Themen ënnert dëser Presidence of?

Jean-Claude Juncker: Et ass ganz evident, dat hu mer scho bei der Reform vum Stabilitéitspakt an och bei der Zwëschebilanzéierung vun der Lissabon-Agenda, wat och een déckt Stéck Aarbecht war, vun deem kaum geschwat gëtt, gemierkt an dat wäert bei de Finanzperspektiven nach méi de Fall sinn. Déi Terminer, déi mer hunn, Walen de 5. Mee an England, Walen den 22. Mee an Nordrhein-Westfalen, franséische Referendum den 29. Mee, hollänesche Referendum den 1. Juli, alles dat huet natierlech den Niveau vun der Nervositéit sech no uewe apendele gelooss. D’Käpp sinn net fräi genuch fir an aller Rou kënnen, a lassgeléist vu Walterminer, iwwert déi Froen ze diskutéieren. Ech bedaueren dat.

Jean-Claude Franck: Jean-Claude Juncker, merci fir d’Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour