Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet du résultat du référendum en France sur la Constitution pour l'Europe

Frank Kuffer: A mam Jean-Claude Juncker sinn ech dann och elo zu Bréissel iwwer Telefon verbonnen. Gudde Moien, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

Frank Kuffer: D’Sondagen hunn drop higedeit, datt d’Fransouse géifen Nee soen. Dir sidd jo och frou mat Europa, dat ass gewosst. Waart Dir elo gëschter Owend nach iwwerrascht oder méi enttäuscht, vläicht rosen?

Jean-Claude Juncker: Et huet ee realistescherweis musse sech drop astellen, déi lescht Deeg, datt et zu engem Nee a Frankräich géif kommen. Ech hat ëmmer gemengt, dat géif ee knappen Nee ginn. Ech si wierklech iwwerrascht, datt den Neen 10% Fransouse méi iwwerzeegt huet wéi de Jo.

Frank Kuffer: Weem seng Schold ass et dann elo, datt Nee gestëmmt gouf? Den europäesche Politiker, der franséischer Regierung hir alleng? De Wieler hir, well se den Traité vläicht net verstan hunn?

Jean-Claude Juncker: Et kann ee sech keen anert Vollek wielen, just well d’Vollek net dat seet, wat ee gären hätt, an d’Explicatioun wee Schold drun ass, déi ass schwiereg. Mir ass opgefall beim Nolauschteren an déi franséisch Debatt eran, datt déi, déi Nee gesot hunn, dat aus séier ënnerschiddleche Grënn gemaach hunn: déi fir d’Éischt emol, déi fannen, mir hätte schonn Europa zevill an déi, déi fannen, Frankräich wier an Europa agespaart, dann déi, déi fannen, datt dat Europa, wat mer an dem neie Verfassungsvertrag gezeechent hunn, net duer géif goen, Europa misst méi wäit goen.

Fir déi beieneen ze kréien, déi Nee soen, well et ze wäit geet an déi, déi Nee soen, well et net wäit genuch geet, weist scho wéi schwiereg et ass, eng schlësseg Äntwert op Froen ze formuléieren, déi a sech selwer widdersprëchlech sinn. D’Politik ass heiansdo iwwerfuerdert, wann déi verschidde Lagere vun der ëffentlecher Meenung zu demselwechte Resultat kommen, obschonns se eppes ganz Anescht mengen.

Frank Kuffer: Wéi geet et dann elo weider? Dës Woch stëmmen d’Hollänner nach of an do ass och jo de Jo alles Anescht wéi sécher. Ass Europa elo an enger Krise? Et gëtt jo kee Plang B, dat hutt Dir selwer ëmmer gesot.

Jean-Claude Juncker: Europa huet haut de Mueren den Tommel a wackelt a weess net richteg, wéi et de Fouss erëm op de Buedem kritt. Et ass d’Aufgab vun der Presidentschaft, d’Géigesäz net weider unzestachelen, mä op dat Gemeinsamt, dat bleift, hinzeweisen, fir ze probéieren, mat deene Verträg, déi mer de Moment hunn, déi wiere jo souwisou, déi nei, eréischt an engem Joer a Kraaft getrueden, am November, ee Maximum vu positiver Politikgestaltung an Europa ze maachen. Dofir huet een eng Presidentschaft, fir d’Leit beieneen ze halen.

Frank Kuffer: Jean-Claude Juncker, villmols Merci fir dës éischt Reaktioun de Moien.

Dernière mise à jour