Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Eldoradio: Här Staatsminister, wéi gesäit d’Uni Lëtzebuerg fir Iech am Idealfall aus?

Jean-Claude Juncker: Ech stelle mir am Idealfall vir, datt mir Fouss beim Mol behalen, an awer Ambitiounen an Ideeë genuch hunn. Mir brauche keng grouss Universitéit mat zéngdausende Studenten. Mir brauchen eng éischter kleng Universitéit, mat maximal 6.000 Studenten, a mir brauchen op eiser Universitéit net onbedéngt alles dat ze maachen, wat op aneren Universitéite ronderëm och scho gemaach gëtt. Dat muss eng Universitéit ginn, déi vill Extraes unzebidden huet, wat d’Leit soss néierens fannen. An ech hätt gären, datt der vun iwwerall hier op déi Universitéit kommen, fir datt mir domat och eng méi international jonk Atmosphère an eist Land kréien. Dat deet dem Land gutt.

Eldoradio: Kënnt Dir Iech nach un Är Studentenzäit erënneren, a wéi waart Dir esou als Student?

Jean-Claude Juncker: Ech war däitlech méi jonk. Ech hunn zu Stroossbuerg studéiert, an obschonn ech dat net dierft soen, ech hunn ouni eng all zevill grouss Begeeschterung studéiert. Ech hu meng Exame gemaach, an och gepackt, ech hu mir dat esou opgedeelt, datt dat gaangen ass.

Mä ech hunn déi Zäit, wou ech eigentlech supposéiert war soss näischt ze maache wéi ze studéieren, mat ganz villen anere Saache verbruecht. An deen ëffentlech erzielbaren Deel dovun ass, datt ech ganz vill Coursen op aneren Universitéite wéi der Droitsfakultéit, ech hunn Droit studéiert, suivéiert hunn. Ech si Literatur lauschtere gaangen, ech sinn Économie lauschtere gaangen.

Wann ech doriwwer sou nodenken, war dat alles net ganz seriös. Wann ech mech froen, war et richteg, och aner Saachen ze gesi wéi Droit, mengen ech op Grond vu mengem spéidere Liewenswee, datt et vläicht gutt war, datt een och aner Saache gesinn huet, wéi nëmmen d’Juristerei. Dat soll awer keen esou maachen. Jidderee soll virun allem dat grëndlech an exklusiv studéieren, fir wat e sech op enger Universitéit aschreift. Ech hunn et jiddefalls net esou gemaach.

Eldoradio: Komme mir zum Thema Fëmmverbuet. Leit Dir do op där selwechter Linn wéi eise Gesondheetsminister, Mars Di Bartolomeo?

Jean-Claude Juncker: Wann ech emol géif dovun ausgoen, ech wéisst ganz genau op wat fir enger Linn datt de Gesondheetsminister am Detail géif leien, da géif ech mengen, datt ech op där selwechter Linn leien, wann déi Linn doranner besteet, datt a Restauranten net méi dierf gefëmmt ginn. Domat hunn ech eigentlech kee Problem, well ech dat eng normal Rücksicht fannen, vun deenen ze huelen, déi fëmmen. Ech sinn e bësse géint déi Juegd op d’Fëmmerten. Net well ech selwer fëmmen, mä well ech fannen, datt een alles kann iwwerdreiwen. Mä datt mir awer an de Restauranten an op aneren ëffentleche Plazen dofir suergen, datt den Tubak verschwënnt, halen ech fir eng insgesamt richteg Politik.

Eldoradio: Dir fëmmt jo selwer, hutt et awer fäerdeg bruecht dëst Joer manner ze fëmme wéi virdrun, nämlech net méi wéi 10 Zigaretten den Dag. Hutt Dir keng Tipps fir aner Leit, déi och wëllen ophale mat fëmmen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn en Zigarettenetui, wou nëmmen 10 Zigaretten dra ginn, an da kann ech de ganzen Dag iwwer genau verfollegen, wou ech dru sinn. A wann ech moies relativ vill fëmmen, da weess ech, datt ech fir de Rescht vum Dag manner hunn. Am Regelfall geet dat esou, datt ech probéieren esou vill Zigarette wéi et nëmme geet fir de spéide Mëtteg an de fréien Owend ze hunn. Well dann hunn ech dee Pleséier jo nach viru mir. Also, wann ee mech sou freet, ech sinn eigentlech ganz houfreg iwwer dat, wat ech fäerdeg bruecht hunn. Et soll elo kee mech forcéiere méi ze maachen.

Eldoradio: Ech mengen, virun allem déi Jonk hu beim Referendum iwwer den EU-Verfassungstraité mat Nee gestëmmt. Wourunner leit dat Ärer Meenung no?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, dat huet mat villem ze dinn. Europa huet, esou wéi mir et gebaut hunn zënter de 50er Joren, zur Folleg gehat, datt mir fir d’éischt an der europäescher Geschicht 6 Jorzéngten haten ouni grousse Krich. Dat gëtt haut als normal ëmfonnt. A wann een dann an esou eng Zäit eragebuer gëtt, kann ee sech eigentlech net virstellen, wéi déi Zäit war, wou dat do, déi Sécherheets- a Friddensstabilitéit net garantéiert war.

Ech mierken ëmmer am Gespréich mat Jonken, datt ee se net fir Europa begeeschtert kritt, wann ee seet, dat ass een Instrument géint de Krich op eisem Kontinent, well se mengen, déi Fro géif sech net stellen. Dat ass erstaunlech, well viru 6 Joer sinn am Kosovo nach Frae vergewaltegt ginn a Kanner ëmbruecht ginn, well se net zu där richteger Bevëlkerungsgrupp gehéieren. Dat sinn nach keng 6 Joer hier. Virun 10 Joer ass an de Stroosse vu Sarajevo op d’Leit an hirer Kiche geschoss ginn, well se an enger falscher ethnescher Grupp waren, wa se do stoungen ze kachen, oder se sinn an hirem Bett erschoss ginn, well einfach vun den Hiwwele vu Sarajevo erof matten an d’Stad erageschoss ginn ass.

An da mengen ech, datt vill Jonker eigentlech och net verstinn, iwwer wat mir do schwätzen, wa mir iwwer Europa schwätzen, well se fannen, dat géif si net betreffen, oder dat géif hinnen iwwer d’Käpp ewech goen. An ech hu geléiert, obschonn ech dee Verdacht virdru schonn hat, datt d’Wëssen ëm Europa ënnerentwéckelt war, datt mir musse permanent ee Gespréich virun allem mat deene méi Jonken iwwer dat féieren, wat an Europa eigentlech als Politikofferte ugebuede gëtt. Well dat wëssen der ganz vill net.

Eldoradio: Premier sinn heescht jo net nëmme Stress hunn. Dir gouft an deene leschte Méint och geéiert, international vill gelueft, a krut och eng ganz jett Präisser. Wiem géing Dir dëst Joer e Präis ginn?

Jean-Claude Juncker: Dem Eldoradio, well se sou sympathesch Leit hunn, déi engem Froe stellen. Ech fannen et wichteg, datt mir ee Radio hunn, dee weess, wéi ee mat Jonke schwätzt, a vun deem ech weess, datt déi Jonk e lauschteren. Dat ass net esou onwichteg wéi Dir mengt, datt et ee Radio gëtt, deen e Radio vun de Jonken ass. Ech fannen dat gutt, also fir mech kritt Dir ee Präis. Dir kritt de gëllene Mikro.

Eldoradio: Eldoradio ass virun allem e Musekssender. Wéi ee Lidd géif Dir Iech gäre wënschen?

Jean-Claude Juncker: Mä ech hunn zur Popmusek, also dat wat een haut ënner Popmusek versteet, eng, wéi soll ech dat soen, kulinaresch Approche. Ech iessen do Saachen, lauschtere Saachen also déi ech net kennen, mä déi mir awer gefalen. An dofir hunn ech keng Preferenzen an deem Beräich. Wann Dir eppes spillt wat mir op de Wecker geet, maachen ech de Radio aus. An heiansdo maachen ech en un, fir ze lauschteren, ob grad eppes drop ass, wat mir gefällt, dat ass oft de Fall.

Eldoradio: Ech mengen Här Juncker, Dir musst jo regelméisseg de Journaliste Ried an Äntwert stoen, an op all méiglech Froen äntwerten. Wéi eng Fro géing Dir Iech als Staatsminister dann emol selwer gären eng Kéier stellen?

Jean-Claude Juncker: Wéi ech et maachen, fir net méi dacks d’Flemm ze hunn.

Eldoradio: Här Staatsminister, ech soen Iech Merci fir den Interview.

Dernière mise à jour