Interview de fin d'année du ministre des Affaires étrangères Jean Asselborn

Dina Freitas: Här Asselborn, meng éischt Fro wier iwwert d'Lëtzebuerger Présidence. Ganz einfach, Äre Bilan?

Jean Asselborn: Also, d'Présidence ass jo scho laang Geschicht. Mir sinn elo gläich schonn an der éisterräichescher Présidence. Wat mech bei eiser Présidence am meeschten impressionéiert huet, well ech jo och zimlech nei war am Geschäft, dat ass dat risegt grousst Vertrauen wat all d'Länner vun der Europäischer Unioun a Lëtzebuerg haten. Si hunn all gesot: dir hutt dat elo 11 mol gemaach, dir maacht dat scho gutt. An dir kuckt net zevill no ären Intérêten, nationalen Intérêten. Dir kuckt no den europäischen Intérêten an dee Kredit dee mir do hunn, deen huet vill gehollef.

Wann ech elo de Bilan maache, géif ech mol mengen - mä et ass un anere Leit fir dat ze jugéieren – dass mer d'Europäiesch Union notamment an der Aussepolitik virubruecht hun, datt se un engem Strang gezun huet, datt net déi eng hannerzeg geruddert sinn an déi aner vijenzeg an d'Schëff stong an der Mëtt. Dat hu mir mat de Relatioune mat den Amerikaner zum Beispill fäerdeg bruecht. Mir hunn dat net gemaach wéint den Amerikaner oder wéint den Europäer, mä virun allem fir um Planéit an deene Regiounen wou déi Zesummenaarbecht tëscht Europa an Amerika wichteg ass, wéi zum Beispill am Balkan, wéi zum Beispill an Afrika, wéi zum Beispill am Noen Osten, fir eis erëm eng Kéier zesummenzesëtzen an ze kucken, wéi kënnt een virun? Well dat geet nëmmen zesummen tëscht deenen zwee: Amerika an Europa. Fir erëm eng Kéier do eng besser Zesummenaarbecht kréien. Dat schéngt mir ee Punkt ze sinn dee wesentlech war.

Deen zweeten, Europa ass jo vill Economie, vill Geld, mä et däerf et net nëmme sinn. Et däerf een net negligéieren wat mir op deem Plang gemaach hunn mat der Lisbonne-Strategie. Wou mir jo wierklech de Prozess vu Lissabon nei relancéiert hunn. A Punkto Stabilitéitspakt hu mer dat fäerdeg bruecht hunn wat vun eis erwaard ginn ass. An elo hu mer en Accord iwert d'Perspectives financières. Ech mengen dat däerf ech soen, dat ass praktesch 90% vun eiser Propositioun. Ouni eis Propositioun, seet esou guer den Tony Blair, wär et ni zum engem Accord komm an de Perspectives financières.

Mir hunn awer och ganz vill gehollef, Europa op eng Schinn ze setzen wou et net esou em déi materiell Wäerter geet. Europa, gëtt dacks gesot, ass d'fräi Circulatioun vun de Bienen an de Capitauxen virun allem. Mä mir hun Europa och an aneren Domainen virubruecht, zum Beispill an der Kooperatioun, wou mir jo ganz kloer Richtline ginn hunn a wou mir bis 2010 a bis 2015 eis eng kloer Perspective ginn hunn wat Europa ka maachen. Déi Ziler si konkret chiffréiert. Anescht wéi d'UNO, déi hunn dat net fäerdeg bruecht, mä mir hei an Europa, mir hunn dat fäerdeg bruecht. An ech mengen dat war och e wéineg de Mérite vun eisem Asaz an der Présidence.

Mir hunn an der Présidence ëmmer Europa als eppes gesinn wou d'Solidaritéit muss spillen, dat heescht d'Kohäsioun muss spillen. Kohäsioun virun allem fir déi nei Länner, well et ass am Intérêt vun Europa, datt et een Niveau gëtt dee gläichgestalt ass am Westen vun Europa wéi am Osten vun Europa. Dat hëlleft dem Westen, et hëlleft dem Osten, et hëlleft der Economie. Et hëlleft déi eigentlech grouss Differenzen déi et gëtt um soziale Plang eng Kéier am Intérêt vun de Leit déi an deene Länner wunnen ze briechen an eis engem vill méi héigen Niveau och wat d'Liewensqualitéit ugeet, wat d'Sozialpolitik ugeet awer och wat den Zesummenhalt vun der Gesellschaft an Europa ugeet, méi no ze brengen. Dat war eisen Asaz. Ech hoffen, datt mir verschidde positiv Punkten do fäerdeg bruecht hunn.

Dina Freitas: D’EU war jo souwisou dëst Joer dat grousst Thema fir verschidde Punkten. De Budget hate mir jo elo eréischt. Wéi zefridde sitt Dir mam Accord dee schlussendlech fonnt ginn ass?

Jean Asselborn: Jo, beim Wuert Accord muss een oppassen. Ech weess net wéini Dir Är Sendung ausstrahlt. Mä Accord hu mir eréischt wann déi 3 Institutiounë "Jo" gesot hunn. Mir hate jo eng Propositioun vun der Commissioun, mir haten eng Richtlinn vum Parlament. Elo huet de Conseil européen eng Décisioun geholl. Mä en Accord ass et eréischt wann déi 3 Institutiounen sech eens ginn op een Text. Dir héiert jo elo, dat war och 1999 de Fall fir d'Agenda 2000, datt elo d'Parlament nach kann versichen déi eng oder aner Milliard dobäi ze kréien. Dat wäert och geschéien. Dat stéiert eis mengen ech als Lëtzebuerger guer net. Au contraire, dat hëlleft eis, well nach ee ganzt klengt Stéck, da si mir eigentlech erëm do wou mir waren an der Lëtzebuerger Propositioun.

Sollt den Text elo am Parlament geännert ginn, da kënnt et zeréck an de Conseil. Da sinn d'Ausseministeren erëm gefuerdert. Dat kann et puer mol hinn an hier nach goen. Et ass natierlech méi schwéier ënnert de Regierungen een Accord ze fannen wéi elo am Europaparlement, well do jo net esou iwwer Zuele muss verhandelt ginn, wéi dat am Conseil de Fall ass, Ech hoffen dofir, datt den Accord matgedroe gëtt an de grousse Linien.

An ech si frou, datt mir d'Situatioun deblockéiert hunn, datt mir eis elo erëm kënnen op dat konzentréieren wat mir an Europa mussen diskutéieren. Zum Beispill d'Directive "Services", wann ech nëmmen dat huelen, fir och dat Bild vun dem sozialen Europa erëm ze entkrampfen an och, datt mir erëm mussen nodenken iwwert dat politescht Europa. An dofir fannen ech et gutt, datt zum Beispill elo déi Däitsch soen an hirer Présidence 2007, datt een erëm zeréck geet op eng Diskussioun, ech soen elo net méi iwwert d'Verfassung, well et ass ee Reizwuert ginn. Et bleiwt awer meng Iwwerzeegung, dass mir mussen een Traité fäerdeg bréngen, deen Europa esou strukturéiert, datt Europa méi performant ka schaffen an och besser Strukturen huet fir sech um Planéit ze expriméieren.

Dina Freitas: Kann et dann net weider goen mat der EU ouni Verfassung?

Jean Asselborn: Dach, mir hu jo Nice. Ech mengen dat kann ee jo soen, elo fuere mir ouni Verfassung virun, mä dat ka jo awer net d'Zil sinn am 21. Joerhonnert fir mat dem Traité dee mir eis zu Nice ginn hunn, deen net dat gielt um Ee ass, fir mat deem virunzefueren. Mir musse kucke wierklech dat ze maache, wat probéiert ginn ass, an et gutt ze maache, wat leider, a mengen Aen, duerch eben de Vote a Frankräich an an Holland elo de Moment net méiglech ass, op jidde Fall mëttelfristeg gesinn, kuerzfristeg scho guer net, fir de Projet erëm eng Kéier op d'Schinn ze sëtzen. Mä et muss een do en Auswee fannen, datt een de Geescht vun deem wat an där Verfassung steet, datt een deen iwwerhëllt fir een neien Ulaf ze huelen an Europa een Traité ze ginn, deen seng Strukture verstäerkt.

Dina Freitas: Et ass bei der Verfassung och vill vun Erweiderung geschwat ginn. Bis wouhinner kann Europa da goen, a gehéiert d'Türkei wierklech an d'EU?

Jean Asselborn: Also, ech fänken hannen un. Europa muss interesséiert sinn un enger europäescher Türkei. Datt as eng Démarche déi net ugaangen ass elo an deene leschte 6 Méint oder an deem leschte Joer. Déi ass zanter Joerzéngten am Gespréich. Mir hunn den 3. Oktober gesot, mir fänken elo un ze verhandelen, de Screening ass am gaangen. Dat dauert. Et ka méi wéi ee Joerzéngt daueren bis dat eng Kéier kann zu engem Enn gefouert ginn. Do muss jo immens vill geschéien mat Zypern, mat de Minoritéiten an esou wieder, vill aner Froen, wéi de Génocide un den Armenier, alles wat do usteet. Et muss alles gekuckt ginn.

Et muss een awer wëssen, datt Europa drun interesséiert as, fir eng europäesch Türkei eng Kéier kënnen méi fest un sech erun ze zéien.

Da kommen ech op Är Fro iwert d'Grenzen. Passt op, mir sinn an enger Zäit vun der Globaliséierung. Wann der an de 60er Joren ee gefrot hätt, wou sinn d'Grenzen vun Europa wier en doudsécher net op dat hei Resultat komm, och net an de 70er Joren, och net an den 80er Joren. D'Welt huet sech gedréit mam Fall vun der Mauer. Do si vill aner Influenzen op Europa zoukomm. D'Globaliséierung bleift net stoen. Meng Impressioun ass, datt mir net einfach kënnen d'Kräid huelen an e Stréch maachen. Dat wier falsch. Mä wat ee muss maachen, datt ass sech elo concentréieren op dat, wat um Balkan geschitt. Mir hunn deene Länner eng Perspektiv ginn an ouni eng europäesch Perspektiv riskéiert do erëm e Konflikt z’entstoen dee ganz Europa géif destabiliséieren. Am Numm vun deene Leit déi um Balkan wunnen an och am Numm vun eisem Optrag dee mir hunn vun der Geschicht, musse mer eis weider am Balkan asetzen. De Balkan läit an Europa, e läit tëschent Slowenien a Griechenland, e läit net a China, läit net an Amerika, läit net a Russland. Et läit an Europa. An do si mir als Europäer, mengen ech, op engem anstännege Wee. Kroatien huet Bäitrëttsverhandlungen ugefaangen, Mazedonien hunn de Kandidatestatut kritt. Den Här Ahtisaari ass am gaangen ze kucken, wat de Statut vum Kosovo kéint sinn, wat extrem schwiereg ass, mä déi Prozesser musse lafen. Deene muss een eng Chance ginn fir laangfristeg ze kucken, datt mir déi Länner lues a lues un d'Europäesch Unioun erukréien, an se och eng Kéier erakréien.

Dina Freitas: Déi lëtzebuerger international Politik - do geet et ëmmer erëm em Multilatéralisme efficace. Wat genee soll een sech dorënner virstellen?

Jean Asselborn: Jo, eigentlech ganz einfach. Dat ass op Lëtzebuergesch gesot eng UNO déi funktionéiert. A wann ech de Moien d'Zeitung liesen an ech gesinn, datt mir elo Problemer hunn mam Finanzement vum UNO-Budget, doriwwer sinn ech net frou. Wann déi Luuchten ausginn zu New York da ginn vill Luuchten aus wat d'international Chancen ugeet fir Konflikter friddlech ze léisen oder ze verhënneren a fir Länner ënnert d'Ärm ze gräifen déi aus engem Konflikt eraus-kommen. Mir musse wëssen ouni Weltgemeinschaft, an där Situatioun wou d'Welt sech befënnt, dat wier eng Katastrof. Dat ass d’Héichhalen vum Multilateralismus. Donieft musser mer eis fir eng multipolar Welt asetzen. Dat heescht, et geet net duer, datt eng Kraaft op der Welt alles dominéiert, mä datt Europa do eng grouss Responsabilitéit huet fir eng multipolar Welt ze schafen, fir Gewiicht a Géigegewiicht och konkret zur Verfügung ze hunn.

Dina Freitas: Do ass eng Reform vun der UNO wuel gefrot. Wéi soll déi ausgesinn?

Jean Asselborn: Doriwwer kéinte mir elo eng ganz Stonn schwätzen. Dir wësst, datt mir bei der Reform vun der UNO am September präsent waren. An ech hunn och do d'Lëtzebuerger Vuën explizéiert. Fir et kuerz ze maachen, an engem Wuert: d'UNO muss sech d'Méiglechkeet ginn an dësem 21. Joerhonnert an de Strukturen, dat ass dat eent, mä virun allem am politesche Wëllen, fir ee Système d'alarme précoce ze bauen fir virun allem Konflikter ze verhënneren.

Dann dat zweet, datt wann d'Konflikter ausgebrach sinn, et d'UNO ass, d'Weltgemeinschaft, déi muss antrieden fir ze stabiliséieren a fir erëm opzebauen. Menger Meenung no ass net d'Reform vum Conseil de Sécurité den Nec plus ultra vun där Reform. Dat gehéiert dozou. Do weess ech net ob een sech do esou séier eens gëtt, well do praffen esou vill Intérêten op en aner. D'Welt gesäit net méi esou aus wéi nom Krich, an och net wéi an de 60er Joren wéi déi 5 d'rout Kaart kritt hunn fir de Veto ze sëtzen. Dat sinn der och nëmme 5, dovunner sinn der allerdéngs, Dir wësst dat, zwee Europäer, d'Fransousen an d'Englänner sinn do dobäi, nieft de Russen, de Chinesen an den Amerikaner. Mä dat ass ee Gestatiounsprozess, dee geet lues, wann et iwwerhaapt eng Kéier zu engem Enn ze féieren ass. Mä awer dat anert, de politesche Wëllen ze hunn fir dat fäerdeg ze bréngen, dat muss, mengen ech, am Virdergrond stoen. Am Iran zum Beispill geet et drëms, dass d'Weltgemeinschaft sech zesummen deet fir ze verhënneren, datt engem Land wéi dem Iran eng Atombomm zur Verfügung steet. Och do ass d'UNO mat hiere Ramificatiounen, mat internationalen Agencë gefuerdert, fir ze hëllefen dat ze évitéieren. An do gesitt Dir wat fir enger Katastrof mir géingen entgéint goen, wann all déi Instrumenter net méi do wieren.

Dina Freitas: Wéi eng Roll ka Lëtzebuerg dann esou op der internationaler Szeen spillen?

Jean Asselborn: Mir kënnen nëmmen en Roll spillen, wann eist Land an Europa eng fest Assise huet. Et géif keen eis froen, keen, eis 450.000 Leit, wéi de Budget vu 500 Milliounë Leit an Europa géif ausgesinn war mir net an der Europäescher Unioun wieren. Dat ass nëmmen ee Beispill. Et kënnt een der 100 zitéieren. International krite mir kee Fouss op de Buedem wa mir net agebett wieren an d'Europäesch Unioun.

Dina Freitas: Thema Immigratioun. D'Asylgesetz war jo elo gestëmmt ginn an äusserst kritiséiert ginn. Verstitt Dir déi Kritik?

Jean Asselborn: Dat ass Är Appréciatioun. Ech hunn dat net esou fonnt, wann een an der Chamber d'Debaten gekuckt huet, wann een och gesinn huet, datt d'Protester géint dat Gesetz jo awer extrem limitéiert waren. Mä ech soen Iech ganz éierlech, ech hu léiwer et sti Leit virun der Chamber a si protestéieren an deem Sënn wéi se protestéiert hunn, wéi wa se géifen anescht protestéieren an d'Leit op d'Strooss giffe goen fir, datt aner Leit misste virun d'Dir gesat ginn.

Ech menge mir hunn do eist Bescht gemaach. Mir hunn versicht engersäits d'Mënschlechkeet an deem Gesetz ze verbannen mat Fermetéit, fir datt dat Gesetz fonktionéiet. Et gëtt keng Asylpolitik ouni och deen negativen Aspekt, datt wann een un d'Dir klappe kënnt, an et gëtt een opgeholl fir eng Rëtsch vu Jore kënnen heizebleiwen an, datt wann de Statut net accordéiert gëtt, datt een da muss a säi Land zeréck goen. Dat ass een Zyklus deen dodran ass a mir däerfen net de Feler maachen deen ëmmer gemaach gëtt fir Immigratiounspolitik an Asylpolitik ze vermëschen. Ech mengen, datt mir dat och an deem Gesetz hei, wat mir jo elo nach mussen definitiv kréien, vläicht an dräi Méint eréischt, gemaach hunn. A mir ginn eis elo hei am Haus drun, zesumme mam Nicolas Schmit, mam delegéierte Minister, fir och Viraarbecht ze maachen fir en neit Immigratiounsgesetz ze kréien. Dat wat mir hu vun 1972, dat ass al.

Dina Freitas: Wat wäer dann déi richteg Immigratiounspolitik fir Lëtzebuerg?

Jean Asselborn: Eng Immigratiounspolitik wou net nëmmen alles verbueden ass, wéi dat 1972 nach war. Do gëtt vill vun Interdictiounë geschwat. Mir mussen wëssen, och mam Impuls deen d'Commissioun vu Bréissel aus gët, datt mir hei an Europa, op demographeschem Plang, an 10, 15, 20 Joer praktesch ugewise sinn, an eiser Ekonomie op d’Immigratioun ze setzen. An datt mir dat och géréieren. An egal wou d'Leit hierkommen, datt mir hinnen eng Chance ginn fir kënnen an eist Land ze kommen, an dat regelen.

Mir kënnen net verhënneren, datt mir och an Zukunft eng gutt Kooperatiounspolitik musse maachen fir Afrika ze hëllefen, fir datt déi Leit, déi an Afrika sinn och kënnen an Afrika bleiwen. Dat ass elo keng Ausried, well mir kënnen net all déi Leit déi do den Drang hunn fir an Europa ze kommen, ophuelen an hinnen garantéieren iwwerhaapt e mënschewierdegt Liewen hei ze féieren. Dass mer awer mussen op Immigratioun zeréck gräifen, och op afrikanesch Immigratioun zeréckgräifen, schéngt mir evident ze sinn fir déi nächste Joren. Dofir wärter mir eben an deem Gesetz kucken wéi déi aner Länner dat maachen op der Welt, Kanada oder Amerika, datt mir an Europa eis do eng Richtlinn ginn – eng europäesch net lëtzebuergesch Richtlinn, well dat packe mir net aleng. An deem Kontext kënne mer och deene Länner entgéint kommen mat Hëllefskräften, déi kënnen heihinner kommen, vläicht temporairement och nëmmen fir eng Rei vu Joren, mä datt een hinnen och déi Chance gëtt fir dat kënnen ze maachen.

Dina Freitas: Wat wënscht Dir Iech fir 2006?

Jean Asselborn: Eigentlech wënschen ech mir, datt ech vun där Plaz hei wou ech sinn, ka mat hëllefen net fir d'Welt ze verbesseren, well dat bréngen ech net fäerdeg, mä op deene klenge Punkten wou mir kënnen hei als Lëtzebuerger mat hëllefen, datt mir se méi friddlech kréien, well et gesäit net iwwerall gutt aus. An datt mir eben am Intérêt virun allem vun de Leit, net de Mächtegen op der Welt oder de Strategien op der Welt oder iergendwellechen Hannergedanken déi d’Mächten hunn oder wëllen zur Kenntnis bréngen, mä einfach am Intérêt vun de Lait kënnen handelen. Déi meescht Leit op der Welt liewen a Situatiounen déi vill manner favorabel sinn wéi mir hei dat gewinnt sinn a Lëtzebuerg, an Europa. Datt mir deenen e wéineg kënnen hëllefen, datt se sech stabiliséieren, datt se erëm Motivatioun kréien an och erëm Hoffnung kréien fir, datt et der Mënschheet am Ufank vun dësem Joerhonnert besser geet.

Dina Freitas: Villmools merci.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour