Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Jay Schiltz: Fänke mir vläicht mat der Présidence un. Et kann een dat vläicht e wéineg vun hannen oprullen, Dir hutt ëmmer gesot wann ee Kompromëss fonnt gëtt, dann ass deen 3 Millimeter wäit vun deem ewech dee mir am Juni proposéiert hunn. Firwat huet Europa dann oder wat ass Är Analys, datt Europa 6 Méint dann awer versträiche gelooss huet fir finalement do unzekommen wou se och am Juni hätt kënnten ukommen?

Jean-Claude Juncker: Dee Finanzpak op dee mir eis gëeenegt hunn Mëtt Dezember, dee läit jo ganz no bei deem, dee mir am Juni proposéiert haten, e läit eigentlech op déi ganz Period gekuckt eng Milliard Euro d'Joer drënner, dat heescht zwee Euro pro Kapp a pro Europäer. Wann d'Europäesch Parlament dee Kompromëss iwwerpréift gëtt dee Kompromëss, dee Gesamtvolumen nach eng Kéier no uewe bewegt, da si mir praktesch do wou mir am Juni scho waren.

Et war dem englesche Premier am Juni net méiglech notabel Reduktioune vum englesche Scheck a Kaf ze huelen, während eis Meenung am Juni war, an déi ass jo elo konfirméiert ginn, datt Groussbritannien sech misst un de Käschte vun der Erweiterung ausserhalb vun der eigentlecher Agrarpolitik an Ost- a Mëtteleuropa bedeelegen. Mir haten duerfir virgeschlo, datt dee Scheck géif grosso modo, wann een dat Raisonnement vun der solidarescher Kofinanzéierung géif applizéieren op eppes wéi 5 Milliarden d'Joer géif agefruer ginn. Am Joer 2011 ass Groussbritannien do op 5 Milliarden Euro.

Et huet wahrscheinlech vill gutt Zourieden an der englescher Regierung selwer gebraucht tëscht dem Premier, dem Finanz- an dem Ausseminister fir leschten Ends dee Virschlag fir Groussbritannien akzeptabel ze maachen. Mä mir hunn domat 6 Méint verluer an eis Energien vergeudet an der komplizéiert Sich no engem Kompromëss, anstatt eis mat aneren Themen, déi och wichteg gewiescht wären, ze beschäftegen. Emsou méi wéi England och huet mussen, wéi soll ech dat soen, an dee Kompromëss erageschleeft ginn, well déi Propositiounen déi d'englesch Regierung zum Schluss gemaach huet, déi zwou - eng vum 5. an eng vum 14. Dezember - déi ware jo nach wäit vun deem ewech wat mir elo kritt hunn. Dat wier also net néideg gewiescht.

Jay Schiltz: Huet Iech vläicht am Juni ee staarken Alliéierte gefeelt fir eis Proposen duerchzesetzen? Frankräich a Groussbritannien hunn sech jo quasi neutraliséiert. Däitschland wollt oder konnt villäicht och net méi mat engem ugeschloene Kanzler déi Roll spillen déi se hätte kënnte, déi d'Madame Merkel vläicht elo gespillt huet?

Jean-Claude Juncker: Nee, ech gesinn dat eigentlech net esou. Contrairement zu deem ëffentlech geschierten Androck, haaptsächlech vun den Englänner geschiert, war de President Chirac net bei deenen, déi blockéiert hunn, well e war domat d'accord, datt dee gréissten Deel vun den Agrarerweiterungskäschten no Bulgarien a Rumänien an de Pak, wéi e scho feststung, vun der Ararpolitik fir déi 25 anzebannen an hat domat schonn ee groussen Sacrifice - esou géifen d'Fransousen sech jiddefalls ausdrécken - gemaach am Juni.

An de Bundeskanzler, dee mam Verspriechen am däitsche Raum stong, kee Budget iwwert 1% zouzeloossen, war jo d'accord mat engem Budget vun 1,06%. Dat ass am Juni einfach un der englescher Weigerung gescheitert, beim Rabatt wiesentlech Aschränkungen a Kaf ze huelen. An un déi englesch Weigerung hunn sech eng Rei vun aner Regierungen ugehang, déi well so jo wossten, datt keen Accord géif ginn ,doheem gefart hunn Streech ze kréien wann se eppes géifen zoustëmmen wat net total hire Virstellungen op der Ausgabesäit entsprach huet.

Esou datt par rapport zum Juni wat Däitschland a Frankräich ubelaangt net vill geschitt ass. D'Madame Merkel huet sech just beméit an dem Krees vun deenen eng partiell führend Roll ze spillen, déi onbedéngt gären een Accord gehat hätten an déi dofir hu mussen den englesche Premier iwwerzeegen. A si huet als Newcomer eng Propositioun formuléiert, déi mir zu 4 ausgeschafft haten an déi leschten Ends och, wat d'Gréissenuerdnung ubelaangt, provisoresch zeréckbehal ginn ass, well d'Europaparlament wäert deen nach eng Kéier no uewen upassen.

Jay Schiltz: Wéi bewäert dir d'Aktioune vun der Madame Merkel? Positionnéiert si Däitschland nei am europäesche Geschäft, vläicht méi mat Bléck op Osteuropa, wat jo bis elo jo villäicht den Androck hat, datt dat gefeelt huet?

Jean-Claude Juncker: D'Madame Merkel huet ouni Zweifel eng méi staark ausgeprägte Sensibilitéit fir ost- a mëtteleuropäesch Interesselagen. Mä an deem Pak vum Juni war Mëttel- an Osteuropa besser bedéngt wéi an deem Pak hei. Mä si kann o Grond vun hierer Biographie och mat de Litauer, mat de Letten anescht schwätzen, och atmosphäresch anescht schwätze, wéi anerer aus Däitschland dat virdru konnten. Ech hunn hir Roll positiv fonnt a mir hu propper zesumme geschafft zu Bréissel.

Jay Schiltz: D'Présidence vu Lëtzebuerg, wéi géift Dir se qualifizéieren? Duerchwuess, glécklech, onglécklech, erreecht? Ech hat Iech d'lescht Joer gefrot, wat wéilt Dir kënnen am Juni soen wann et eriwwer ass, wouriwwer, datt Dir zefridde wiert, oder wouriwwer sitt Dir net zefridden?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen ech hat Iech d'lescht Joer gesot, mir géifen alles maache fir de Stabilitéits- a Wuesstëmspakt ze reforméiren. Dat hu mir fäerdeg bruecht am Mäerz. Dat ass schonn e bëssen a Vergiessenheet geroden, mä domat hu mir eng Kontrovers déi iwwer Joren sech higezunn huet, op een Enn gefouert wat d'europäesch Budgets- a Finanzpolitik ubelaangt doduerch, datt mir dem Pakt eng méi economesch Lecture ginn hunn wéi en se virdrun hat. Dat wäert eis hëllefen an den nächste Joren.

Mir hunn et fäerdeg bruecht déi sougenannte Lissabonnner Reformagenda nei unzekurbelen, ënner anerem doduerch, datt mir e puer nei Been deem Agendabestriewe ginn hunn, doduerch ënner anerem, datt elo all Regierung muss national Reformprogrammer zu Bréissel areechen a mir bei de wesentlechen Acquisen vun der Lissabonner Reformverhandlung bliwwe sinn. Beispillsweis, datt méi muss gemaach ginn fir d'europäesch Recherche ervir ze bréngen, datt méi muss gemaach ginn fir d'Iwwerteneestëmmung vu Beruff a Famill ze garantéieren.

Mir hunn et fäerdeg bruecht a Saache Klimaschutz iwwert d'Joer 2012 eraus europäesch Marschrichtungen virzeginn. Et ass eis gelong a Saachen europäescher Entwécklungshëllef d'Etats membren drop fest ze leeën, datt mer bis zum Joer 2010 0,56% vum Bruttoinlandprodukt zu entwécklungspoliteschen Zwecker mussen zur Verfügung stellen, an 0,7% bis 2015. Dat heescht, datt mir ronn, an an der Moyenne, 20 Milliarden Dollar méi zur Verfügung hunn fir an der Drëtter Welt eis un dem Ausrotte vun der Armut méi wéi nëmmen niewebäi ze bedeelegen, mä do tonangebend ze ginn.

Mir hunn d'Grondviraussëtzunge geschaf, fir datt mir een Accord iwwert d'Finanzperspektiven 2007-2013 fonnt hunn, doduerch datt mir deen initiale Kommissiounsvirschlag vun 1,21% Bruttoinlandproduktundeel op 1,06 konnten erofféieren. An de Kompromëss huet sech jo am Endkompromëss liicht dodrënner gemaach, an e kënnt erëm op déi Gréisstenuerdnung erop wann d'europäesch Parlament dee Kompromëss wäert iwwerpréift hunn. Esou datt ech fannen, datt mir op deenen essentielle Punkten wou mir erwaart gi sinn, entweder konnten ofschléissen - wat am Stabilitéitspakt wuel een extrem schwierege Verhandlungsvirgang war - oder a Saache Finanzperspektiven d'Kugel no bei d'Lach konnten bréngen.

Esou datt wann ech dat iwwerschléieg kucken a bei aller Duerchwuessenheet vun der Bilanz, déi ech eigentlech mat deem wat do kollektiv geleescht ginn ass, zefridde sinn, emsou méi wou jo och d'Verbesserungen am Verhältnis zu Amerika notabel sinn duerch déi 2 Sommeten déi mir mam President Bush haten, an och déi Nevrositéiten am Verhältnis mat Russland konnten ofgebaut ginn.

Méi war net dran. A manner ass duerno gemaach ginn.

Jay Schiltz: En aneren Highlight vum Joer dat war zweifelsouni de Referendum hei zu Lëtzebuerg, hypothekéiert duerch den dueblen "Nee" vu Frankräich an Holland. Et ass kee Geheimnis, datt sech méi erwaart gi war. Finalement hutt Dir Iech um Owend selwer zefridde gewisen mat de 55%. Wéi consideréiert Dir den Ausgank elo mam Recul vun e puer Méint?

Jean-Claude Juncker: Dir sot et ass sech méi erwaart ginn. Dat weess ech net wien sech do méi erwaart hat, well ech hat d'lescht Joer ëm dës Zäit gesot, et géif ganz knapps ginn. Doriwwer hu bis an déi gehuewe Milieuen vun der Publizistik eran d'Leit sech gewonnert an de Kapp gerëselt. Mä wann ee vun de Lëtzebuerger eppes kennt, wann ee mat e schwätzt, wann ee spiert wat se ëmdreift, war viraus ze gesinn, datt dat eng ganz hefteg Kontrovers géif ginn, déi virdrun ëmmer informell a verstoppt gefouert ginn ass, mä déi am Vollek awer schonn iwwer Jore ganz lieweg ausfällt a vill net bemierkt haten.

Fir nom hollänneschen an nom franséischen "Nee" 56% ronn "Jo"-Stëmmen ze kréien, gëtt mat Ausnahm vu Lëtzebuerg iwwerall an Europa als e remarkabelt Positionnéiere vun de Lëtzebuerger an der Europa-Debatt gesinn. Wéi d'Fransousen mat 53% "Nee" gestëmmt hunn, ass och an der lëtzebuerger Press vun engem décke franséische "Nee" geschwat ginn. Ech ka mech nëmmen driwwer wonneren, datt elo vun engem schmuele Lëtzebuerger "Jo" geschwat gëtt, wann dee méi héich ass wéi de franséischen "Nee". Mä esou ass et zu Lëtzebuerg a mat d£erarteg iwwerflächlechen, kuerzfristegen Beobachtungsweisen muss ee wuel liewen.

Ech sinn zefridden iwwert dat wat d'Lëtzebuerger do gemaach hunn an ech ginn et eigentlech och net op fir déi Leit, déi aus eegenen Analysen eraus oder vläicht iergeleet, an hirer Uerteelsbegrënnung "Nee" gesot hunn dovun ze iwwerzeegen, datt et gutt Grënn ginn huet a gutt Grënn gi wäert fir den europäesche Verfassungsvertrag ze kréien. Och gutt nationalpolitesch Grënn, net nëmmen europapolitesch Grënn. Déi Leit déi "Nee" gestëmmt hunn gehéiere jo zur nationaler Communautéit an et muss een sech ëm si beméien a gläichzäiteg dofir suergen, datt déi, déi een an der richteger Richtung opgestallt gesinn huet, datt een déi net verléiert.

Jay Schiltz: Huet Iech den Debat iwwerrascht oder hat Dir Iech dat erwaart?

Jean-Claude Juncker: Et huet mech iwwerhaapt net iwwerrascht. 90% vun de Lëtzebuerger an 112% vun der lëtzebuerger Press hu sech jo gefrot, wéi ee kann esou verréckt si fir ze soen, et géif een Konsequenzen zéien wann d'Lëtzebuerger géifen "Nee" stëmmen. Ech hunn eng räich gefëllte Sammlung vun Zeitungsartikelen, wou gesot gëtt de Juncker deen droht mat enger Demissioun, well e ganz genau weess, datt d'Lëtzebuerger "Jo" stëmmen.

Ech verstinn esou vill vun de Lëtzebuerger, wéi d'Lëtzebuerger Journalisten, esouguer nach e gutt Stéck méi - net wéi jiddwereen, Dir verstitt selbstverständlech wesentlech méi dovun, well Dir sitt jo eng Ausnahmeerscheinung am lëtzebuerger Pressebësch. Fir mech war ëmmer kloer, datt dat géif ganz knapps ginn. Dat louch op der Hand, datt dat géif knapps ginn. Esou wéi et op der Hand louch, datt dat wat am Frankräich véhiculéiert ginn ass als Gedankengut sech géif zu Lëtzebuerg infizéierend viruféieren, obschonn dat wat vill "Nee"-Soerten am Frankräich plädéiert hunn, iwwerhaapt net an d'Interesselandschaft vum Grand-Duché passt.

Also, mech huet dat net fundamental iwwerrascht. An ech hunn esou eng aussergewéinlech Zuel vun Zeien, deenen ech scho virun annerhalwem Joer gesot, datt dat géif knapps ginn, datt ech net brauch ze fäerten, datt ee mech a menger Prognosesécherheet do kënnt dementéieren.

Jay Schiltz: Wann een elo den "Nee" vun de Fransouse kuckt, wat jo vläicht éischter een innepolitesche Vote war, fir och vläicht den Här Chirac an den deemools, de Raffarin ze sanctionnéieren, op wéi engem Niveau géingt Dir dann de manifesten "Nee" deen zu Lëtzebuerg war situéieren? Ass dat e Refus vun Europa? War dat vläicht och innepolitesch bedéngt, oder wouhier a wéi erkläert Dir Iech, datt awer nach trotzdem esou vill Leit hei zu Lëtzebuerg "Nee" gesot hunn?

Jean-Claude Juncker: Et hunn éischtens méi Leit "Jo" gesot.

Jay Schiltz: Jo, et hunn der awer och vill "Nee" gesot.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä et soll ee beim commentéieren net ëmmer esou maache wéi wa méi Leit "Nee" gesot hätten wéi "Jo" gesot hätten.

Tatsaach ass, datt an engem aussergewéinlech komplizéierte Moment vun europäescher Décisiounsfindung eng zolidd Majoritéit vu Lëtzebuerger "Jo" gesot hunn zu deem Vertrag. Datt et am Frankräich bei eenzelnen innepolitesch Beweggrënn ginn, dat ass net ofzestreiden, mä déi meescht sinn Argumenter déi am Frankräich échangéiert gi sinn, ware jo och lassgeléist vun der innepolitescher Konjunktur am Frankräich ze liesen, an déi haten eppes mat den Inhalter vun der Europapolitik ze dinn. An dat huet och zu Lëtzebuerg gespillt. Obschonn der hei vill eppes nogeplappert hunn wat hei net passt.

Wann am Frankräich gesot gëtt all Steierfro muss mat Majoritéit décidéiert ginn, muss ee bereet sinn ze soen, mir sinn d'accord, datt déi aner Leit an Europa décidéieren, och wa mir dogéint sinn, datt den TVA-Saz 25% ass. Wëllen d'Kommunisten dat zu Lëtzebuerg? Wëllen d'Nei Lénk dat zu Lëtzebuerg? Dat mussen se sech froen. Déi Froen hunn se nach ni beäntwert kritt. Étant entendu, datt ech wéi si der Meenung sinn, datt ee Mindestregele brauch bei der Besteierung vun de Betriber an Europa. Dat ass also mol guer näischt wat eis do trennt.

Ech mengen et huet eppes mat der Morositéit ze di gehat, déi dat europäescht Wuessen erginn entretemps entouréiert, an och eppes mat engem sech ongemittlech an der Zäit spieren, well villes wat ënnert de Krichsvokabelen Liberaliséierung a Privatiséierung gestikuléiert gëtt, an Europa eppes ass, wat bei Lëtzebuerg net passt. Esou zwar net passt, datt verschidde lëtzebuergesch Regierunge vun deene leschte 15 Joer déi Politik jo och eigentlech ni, net nëmmen eigentlech mä ni matgemaach hunn. Ech hunn heiansdo fonnt, datt mat Argumenter zu Lëtzebuerg operéiert ginn ass, déi mat der realer lëtzebuerger Europapolitik näischt ze dinn hunn. Mä dat ass awer esou an engem séier komplizéierten emfangräichen Debattewierk, datt ee mat alle méiglechen Argumenter kann operéieren, iwwregens op deenen zwou Säiten. Ech wëll dat ausdrécklech soen, well vum "Jo"-Lager sinn och heiansdo einfach Formele gebraucht ginn.

Esou zwar, datt ee muss mateneen am Gespréich bleiwen. Ech fanne jo, datt déi europapolitesch Debatt zu Lëtzebuerg eréischt muss ufänken. Während et anerer get, déi mengen si wier mam Referendum op een Enn komm. Nee. Et muss ee probéiere méiglechst vill Leit hannert europapolitesch Iwwerzeegungen ze stellen. Et ass jo net esou, datt déi, déi "Nee" gesot hunn an alle Punkten onrecht gehat hätten. Si haten a ville Punkte Recht. Mä fir dowéinst "Nee" zur Verfassung ze soe, war ee falsche Schrëtt deen se gemaach hunn. Fir dowéinst, wéinst deenen Argumenter "Nee" ze soen zu bestëmmten europapoliteschen Décisiounen, déi géinge falen oder déi préparéiert ginn, dat huet mech ni gestéiert, well do gesinn ech muneches d'Selwecht.

Jay Schiltz: Komme mir dann och vläicht op Lëtzebuerg. Virun e puer Wochen, e puer Deeg huet d'Chamber de Budget 2006 gestëmmt. Dir gitt net midd ze soen, datt et schlecht geet, heiansdo esouguer nach méi schlecht ewéi schlecht. Wéi schlecht ass et dann elo?

Jean-Claude Juncker: Ech soen net, datt et schlecht geet. Ech soe just, datt mir mussen oppassen, datt mir net an ee Fahrwasser erakommen wat eis a Richtung onfrëndlech Uferen ewechspullt. Mir hunn de Problem, datt eis Wirtschaft 4% Wuesstëm huet, an datt mir, obschonn mir esou ee staarkt Wuessen, nämlech 2,5 mol méi wéi d'Moyenne vun den europäesche Länner, awer ee Budgetsdefizit vun 1,8% oder vu ronn 600 Milliounen Euro insgesamt, d'Gesamtstaatswiese betruecht mat der Sécurité Sociale an de Gemengen dobäi, hunn.

A wann een eng Wirtschaft huet, déi 4% wiisst an den zweethéchste Wuesstëm an der Europäescher Unioun, an awer Budgetsdefiziter huet, da weist dat, datt een ee Problem huet. An dee Problem, dee läit haaptsächlech bei engem ze staarken Ausgabewuesstëm zu Lëtzebuerg. A wa mir wëllen esou wirtschaften, wéi mir dat an der Vergaangenheet gemaach hunn, da musse mir elo Aktiounen ënnerhuelen. Wat hu mir an der Vergaangenheet gemaach? A wat musse mir zwëngend och an der Zukunft maache? Mir mussen ëmmer Reserven op d'Säit leeën, déi mir musse kënne gebrauchen fir wann et méi schlecht geet. Déi Reserven, déi mir an de gudde Joren ugeluecht hunn géint de Proteststuerm vun all de Besserwisser vun haut, konnte mir gebrauchen an de Joren 2001 bis 2006 inklusiv fir, ouni drastesch Aspuerungsmoossnamen ze huelen, iwwert déi Zäit vu wirtschaftlechem Réckgank an Europa, streckeweis och heiheem an de Joren 2001 an 2002 vun dësem Joerhonnert ewechzekommen.

Mir mussen och an Zukunft drop beduecht sinn, datt dës Regierung der nächster Regierung, wann et nëmme geet, erëm Reserven hannerléisst. An dofir musse mir deen Defizit do ofbauen an dofir däerfe mir net an eng Verschëldungsspiral erakommen, déi sech dann an dem nächste Joerzéngt mat extrem héijem Zëns-zeréckbezuelen géif zeréckschloen. An dofir schwätze mir an der Tripartite, am Parlament, an der Regierung, op ville Plazen fir ze kucke fir strukturell déi Begradegungen ze maachen déi musse gemaach ginn, fir datt mir eis net just well mir elo ze liddreg wären fir eppes ze ënnerhuelen, haut esou verausgaben, datt mir muer keng Loft méi hunn.

Jay Schiltz: Wéi reagéiert der op de Virworft, schliesslech sidd Dir jo laang genuch schonn Finanzminister, mëttlerweil och scho bal iwwer zéng Joer Premier, eppes iwwersinn ze hunn, datt dat elo op eemol esou séier gaangen ass?

Jean-Claude Juncker: Ech reagéieren dorop heiter und gelassen. Wann ee meng Budgetsrieden a meng finanzpolitesch Einlassungen vun deene leschten dräi Joer gelies huet a studéiert huet, anstatt einfach drop ze schléissen an ze soen, de Juncker mécht Panik an de Juncker wëll eis un de Sozialstaat goen, dann ass dat eng Lecture déi, wann een se interpretéiert am Liicht vun deenen Zuelen déi haut um Dësch leien, sech eraus stellt als eng déi dat viraus gesot huet, datt dat kann esou kommen. An dofir fillen ech mech eigentlech net fundamental an der Richtegkeet vun där Politik do virgefouert wann een elo dofir suergt, datt déi richteg Schrëtt geholl ginn. Ech hat ëmmerhinn, wa meng Erënnerung mech net täuscht, am September 2003 an der Chamber virausgesot d'Budgetsjoren 2005 an 2006 géife ganz knapp ginn. Ech hat 2003 gesot, et géif elo haart Brout oder schwaarzt Brout, ech weess et net méi, an deenen nächste Joren [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Haart Brout.

Jean-Claude Juncker: … haart Brout an deenen nächste Joren ze iesse ginn. An deemools ass mir jo och schonn ënnerstallt ginn, ech géif de Leit wëllen Angscht maachen, an heemlech géife mir probéieren um Sozialstaat eis ofbauméisseg ze vergräifen. Ech muss kënnen domat liewen. An et geet jo hei net drëm wien Recht huet a wien net Recht huet. Jiddweree soll liesen wat en an de Joren 2001, 2002, 2003 an 2004 gesot huet, an da vergläiche mir dat mateneen. Och déi, déi am Joer 2000 ganz Zeitunge voll geschriwwen hunn, de Staat géif am Geld schwammen, de Juncker géif de Leit hir Suen net wëlle loossen, et géif Diebstahl am Volk gemaach ginn, dat ass dach alles geschriwwe ginn a gesot ginn. An dofir ouni mech doriwwer ze eräiferen, wëll ech soen, datt ech zu deem stinn wat mir an der Vergaangenheet gemaach hunn, an datt ech zu deem stinn wat mir elo musse maachen, well dat passt nämlech zesummen.

Jay Schiltz: Dat muss Iech jo awer à la longue op d'Nerve goen, datt kee Mënsch Iech nolauschtert, jorelaang. Dat war jo mat der Rentemauer esou.

Jean-Claude Juncker: Ech hu mech mat Ärem Autismus definitiv ofginn, Här Schiltz. An ech liesen och elo net ouni Interessen eenzel Wuertmeldungen a Saache Rentewiesen, déi mech op eng erstaunlech Aart a Weis un dat erënneren wat ech virun e puer Joer gesot hunn. Mä domat muss ee liewen, an d’Politik ass jo bekanntermoossen d'Bueren vun décke Brieder. De Buerer geet de Moment méi séier.

Jay Schiltz: Een anert Evenement nach, 2005 dat waren, mir hu missen 2 mol wielen, d'Gemengewalen - do hutt Dir Iech, bescheide wéi Dir sidd, eraus gehal aus deem Walkampf. Firwat eigentlech?

Jean-Claude Juncker: Éischtens emol huet jo dat Gemengeresultat gewisen, datt déi 44% Lëtzebuerger, déi am Referendum "Nee" gesot hunn an deenen der jo Är ganz Opmierksamkeet alt och erem schenkt, jo doraus iwwerhaapt keng innenpolitesch Conclusioun um Plang vun der Opdeelung vun der Kraaft vun deenen eenzelne Parteie gezunn hunn. Dat zweet war, datt ech ëmmer der Meenung war Gemengewale wiere Gemengewalen, an datt et net gutt wier wann de Premier sech géif, wéi ee fanatesche Parteizaldot dee wëll ronderëm sech géif balleren, elo an all Gemeng presentéieren an elo de Leit géif an Aussiicht stellen, datt wann se d'CSV net géife wielen, datt mir dann e Stéck méi no beim Enn vun der Welt wieren. An dofir hunn ech fonnt, datt et dem kommunalpoliteschem Enjeu an dem Gesamtklima am Land géif gutt dinn wann een sech net an dee Walkampf do géif amëschen. Dat hunn ech gemaach, dat hat ech och ëmmer gesot, datt dat géif esou gemaach ginn.

Jay Schiltz: Wat erhofft der, wat wënscht Dir Iech, der Regierung, dem Land fir d'nächst Joer?

Jean-Claude Juncker: Ech hoffen, datt mir eis national Communautéit, d'Lëtzebuerger an d'Net-Lëtzebuerger déi hei sinn, zesummen d'Kraaft fannen fir elo Saache politesch an d'Weeër ze leeden, déi villäicht op den éischte Bléck net d'Popularitéit vun der Regierung a vun hirem Chef ouni all Zweiwel net wäerten op der offener Richterskala no uewe schnelle loossen, mä datt mir un déi Zäit denken déi duerno kënnt, an dofir elo déi Saache maachen déi musse gemaach ginn.

Ausserdem wënschen ech mir roueg a serein Debatten heiheem a manner Misère dobaussen.

Jay Schiltz: Merci.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech och villmools Merci.

Dernière mise à jour