Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Jean-Marc Sturm: Här Staatsminister, gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Jean-Marc Sturm: Als wat bleift d'Joer 2005 Iech an Erënnerung?

Jean-Claude Juncker: Oh, dat war wéi all Joer een duerchwuessent Joer mat schéine Saachen, mat manner schéine, mat schrecklechen. Esou vill Leit déi net méi do sinn an déi fort sinn, déi gestuerwe sinn. Esou vill Evenementer, déi een net richteg klasséiert kritt, well se nach ze no sinn.

An ënnert dem Stréch dann awer ee Joer wou mir et fäerdeg bruecht hunn, mengen ech, et ass een ëmmer gnädeg mat sengem eegene Bilan wéi mir wëssen, an Europa Saachen esou ze bewegen, datt mir se konnten ofschléissen - d'Reform vum Stabilitéits- a Wuesstëmspakt, d'Relance vun der Lissabonner Reformagenda, gutt Decisiounen a Saachen europäesch Entwécklungshëllef an europäesche Beitrag zum Klimaschutz, d'Décisioun iwwert d'Finanzperspektiven, do hu mi selwer bis bal un de Wupp gepackt.

Wann d'Joren ni méi schlecht ginn an deenen nächste Joren da wier ech zefridden. Wann se besser géife ginn, wier ech net dogéint.

Jean-Marc Sturm: Eng limitéiert Indexregelung, Diskussioun iwwer Liewensaarbechtszäit, d’Préretraite-Mécanismen mussen iwwerpréift ginn, d'Mammerent ass keen Tabu, Ugangsgehälter beim Staat ënnert d'Lupp huelen, en neie Statut fir zukünfteg Eisebunner, et gëtt ugedeit, datt d'Solidaritéitssteier gehéicht kéint ginn, etc, etc. Dat sinn Elementer aus Ärer Declaratioun am Oktober an der Chamber, respektiv Aussoë vu Regierungsmemberen. Dat sinn Usätz, Detailer oder Chiffren ginn awer vun offizieller Säit net weider genannt. D'Leit ginn sech awer ëmmer méi bewosst, datt sech iergendeppes do zesumme braut, datt et kéint d'Spëzt vum Äisbierg sinn. Schaft dat net och ee Klima vun Onsécherheet, d'Angscht, datt et mam Sozialstaat progressiv Bierg of geet? Ass déi Angscht berechtegt?

Jean-Claude Juncker: Fir d'éischt emol stellen ech mir d'Fro, et wier gutt wann d'Leit se sech och géife stellen, ob se léiwer ee Staatsminister hunn, dee se un der Nues erëm féiert, deen se riicht an d'Gesiicht belitt oder dee seet, datt mir Problemer hunn an dee Weeër probéiert ze weisen wéi een déi Problemer ka behiewen. Heiansdo mengen ech, och wann ech eenzel Zeitunge liesen, eenzel Radioë lauschteren, et géif een dann als een domme Politiker beschriwwe ginn, wann een d'Wouerecht seet.

Dir sot d'Zuele sinn net bekannt. Et sinn Zuele bekannt. Mir hunn ee Budgetsdefizit vun 1,8% vun eisem Bruttoinlandprodukt, obschonn mir ee Wirtschaftswuesstëm vu 4% hunn. Mir ginn also wirtschaftlech 4% d'Joer méi räich, a mir gi finanziell 1,8% d'Joer méi aarm wann dat géif esou viru goen. Ech ka mech domat net offannen, well ech weess wat dat fir déi nächst Jore bedeit wann een d'Budgetssituatioun net erëm frësch an de Grëff kritt. Mä mir musse, wéi an der Vergaangenheet och, dat huet eis ëmmer Chance bruecht, eng Politik maache wou d'Ausgabe Schrëtt mat den Einnahmen halen an zwar esou, datt wann d'Wirtschaftswuesstëm staark gëtt mir Reserven an d'Staatskeese kréien déi mir kënne gebrauche fir déi Jore wou et wirtschaftlech méi lues geet. Wéi zum Beispill an de Joren 2001, 2002, 2003, 2004 war Lëtzebuerg, well et Reserven ugeluecht huet dat eenzegt Land an Europa wou de Sozialsystem net esou zurecht geschnidde ginn ass, datt e mat Kierzungen am Sozialberäich zesummegaange wier.

Elo musse mer a rouege Gespréicher an der Tripartite kucke wéi mir déi Situatioun an de Grëff kréien. Mir kréien déi och an de Grëff a wa mir se net an de Grëff kréien da rutscht se eis aus de Fangeren an deene Joren duerno. An dofir musse mir dat elo maachen an aller Rou, ouni sozial Ongerechtegkeeten bewosst erbäizeféieren oder onbewosst a Kaf ze huelen. Ech sinn zouversiichtlech, datt mir dat fäerdeg bréngen.

Jean-Marc Sturm: Hätt een dat net scho virun zwee, oder dräi Joer missen entaméieren?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn am September 2003 am Parlament, an der Chamber gesot, d'Budgetsjoren 2005 an 2006 géife ganz enk ginn. Et géif elo nach just nach haart Brout z'iesse ginn a schwaarze Schokela, mengen ech war déi Formuléirung déi ech gewielt hat. Mir hu virun deene leschte Walen däitlech gesot, datt et an de Joren 2005 an 2006 géif ganz knapps ginn an der Staatskeess. Genau do si mir elo, besonnesch well mir d'Ausgaben an hirer dynamescher Progressioun net ënner Kontroll hunn. Ech kann net erkennen, datt do fréier eppes net gesot gi wier, wat elo eréischt géif nogereecht ginn.

Jean-Marc Sturm: Hätt net och missten éischter reagéiert ginn?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Fro déi een sech ëmmer ka stellen. Mir hunn de Budget 2002 an 2003 gekierzt gehat, mir hu fir dee Budget 2004 ee mat enger ganz niddreger Progressioun virgeluecht a wa mir doriwwer erausgaange wieren, ier déi Europäesch Konjunktur erëm lues a lues op Tourë komm ass, déi kënnt elo eréischt op Touren, dann hätte mir zu Lëtzebuerg duerch Aspuerung op der falscher Plaz, zum Beispill bei den ëffentlechen Investéierungen, konjunkturdämpfend Effekter erzilt, an domat eng Kris op Lëtzebuerg ugezunn déi nach net zu Lëtzebuerg ukomm war.

Elo geet et drëm, fir déi richteg Politik ze maachen andeem mir probéieren d'Ausgaben an de Rhythmus vun den Einnahmen ze bréngen, quitte datt een och op den Einnahmesäit, ouni elo regelrecht Steiererhéijunge virzehuelen, och muss sech ëm déi méi zügegt Erakommen vun de Recetten beméien. Mä wa mir viru Joren am Kris era gespuert hätten, dann hätte mir d'Kris verdéift. Esou konnte mir d'Kris zu Lëtzebuerg verhënneren. Déi grouss Kris wéi d'Belsch se huet, wéi Frankräich se huet, wéi Däitschland virun allem se esou huet. Ech halen dat eigentlech fir verstänneg wat mir déi lescht Jore gemaach hunn a wat mir elo wëlle maachen.

Jean-Marc Sturm: D'Sécurité sociale a besonnesch d'Rentekeesen hu Reserven an Iwwerschëss déi zu engem groussen Deel aus dem Staatsbudget kommen. Kann dat esou weider goen? Wéi wäit, Här Juncker, si mir nach vun der Rentemauer ewech?

Jean-Claude Juncker: Eis Sécurité sociale, eis Rentekeesen hunn een Iwwerschoss an enger Gréisstenuerdnung tëscht 500 a 600 Milliounen Euro d'Joer, dat heescht ronn 2% vum Bruttoinlandprodukt haaptsächlech - net nëmmen, mä haaptsächlech - well de Staat sech an engem aussergewéinlech grousse Mooss un dem Opbau vun de Reserven an de Rentekeesen bedeelegt.

Dat gëtt ganz dacks net gesi, well dacks esou gemaach gëtt wéi wann déi Suen, déi an de Rentekeesen erakommen aus soss näischt sech géifen zesummestellen wéi aus de Cotisatioune vun de Betriber an aus de Cotisatioune vun de Leit. De Staat finanzéiert een Drëttel. Et ass dee Staat an Europa deen am meeschten aus Budgetsmëttelen zur Finanzéirung vu Renten a Pensiounen bäidréit. Dat kann ee menger Aschätzung no fundamental net änneren, well eis Rentesystemer, géif een hinnen déi staatlech Beiträg ganz oder zu engem groussen Deel entzéien, géife ganz séier an déi direkt Noperschaft vum Kollaps geroden. Dat ass eng Verantwortung déi een net däerf huelen.

Wa mir an deem Beräich net kënne spueren, well mëttelfristeg eis Ausgabeniveauen am Rentewiesen extrem héich sinn par rapport zu der Wirtschaftskraaft vum Land, da mussen eben déi Aspuerungen déi néideg sinn fir d'Ausgaben ënner Kontroll ze behalen op anere Plaze gemaach ginn. Et kann een net alles hunn, och net wann ee Lëtzebuerger ass.

Jean-Marc Sturm: Den Hick-Hack ronderëm de Budget 2006, den Hin an Hier a Saache Quellesteier, Ministeren déi sech beim Sujet Kioto-Protokoll géigesäiteg op d'Féiss trëppelen, Diskussiounen ëm de Site unique fir d'Uni Lëtzebuerg - Här Juncker huet d'Regierung net villäicht e bësse Wull am Tirang?

Jean-Claude Juncker: Nee, mä an der Regierung a ronderëm d'Regierung erëm herrscht den demokrateschen Normalzoustand. Et huet ee, wann een e Chef vun der Regierung ass, wéi d'Leit dem Premier seng Plaz benennen, eng Wiel tëscht zwou Methoden. Entweder suergt een dofir, dat kann ee maachen, dat geet, datt d'Ministeren roueg denken a kengem soen wat se esou bei hirem Denkprozess alles begéinen, mä dat fir d'éischt emol an de Regierungsapparat aspeisen an dann do zu gemeinsame Schlëss kommen. Oder et léisst een d'Ministeren, dat wat se aus hirem Verantwortungsberäich eraus als noutwënneg emfannen matgedeelt ze ginn, matdeelen.

Ech hu wat ech méi al ginn an dat mierkt een zwar nach net esou, partiell méi verstänneg ginn, d'Gefill, datt een och emol muss weisen wéi Decisiounen entstinn. Op Grond vu wat fir Ausgangspunkten, op Grond vu wat fir Iwwerleeungen. An et ass jo eréischt aus dem Schock vun den Iddien vun deenen engen a vun deenen aneren wou sech déi richteg Weeër heiansdo erginn. Dat kann no Onuerdnung ausgesinn. Ech hu mir an deene leschte Joren oft soe gelooss, dat anert dat wier an der direkter Proximitéit vun der Diktatur ugesiedelt. Wéi een et mécht, esou mécht een et falsch.

Jean-Marc Sturm: Wéi steet et dann elo ëm d'Sträitkultur bannent der CSV? Do huet ee jo e Fraktiounschef, dee mat senger dacks anerer Meenung an d'Ëffentlechkeet geet, dobäi aner CSV Tenoren déi alt mol no vir preschen. Et gesäit no relativ vill Drock aus am CSV-Dëppen.

Jean-Claude Juncker: Ech kann net richteg erkennen wou de Fraktiounschef vun der CSV, mäi Frënd Michel Wolter, a wichtege Politikfroen, notamment beim Budget a bei der Féierung vun de Staatsfinanzen, aneres zum Ausdrock bruecht hätt wéi dat wat een a menger Ried iwwert déi allgemeng Politik vun der Regierung den 12.Oktober konnt héieren. Ech hu meng esou guer méi präzis fonnt wéi seng Einlassungen zu där Saach. Esou datt ech mech iwwert dat wat aus der CSV-Fraktioun a Richtung Conduite vun de Staatsfinanze gesot ginn ass, als net exzessiv stéieren emfonnt hunn.

Dann ass d’CSV jo och eng Partei wéi déi aner, och wann se dauernd esou mécht si wier eng aner wéi déi aner. An dozou gehéiert nunmol, datt dat eng Partei ass, dat weist si och elo no baussen, an där lieweg an doduerch och heiansdo kontrovers diskutéiert gëtt. Ech kann net erkennen wat dorunner fundamental schlecht wier, esou laang wéi déi Partei et fäerdeg bréngt, an si huet et bis elo nach ëmmer fäerdeg bruecht, am Moment vun der Decisioun zu enger schlësseger Haltung ze féieren déi da gemeinsam vertruede gëtt.

Déi Virstellung déi d'politesch Konkurrente vun der CSV oft entwerfen ass ebe falsch. An deen Entworf dee liest sech esou, datt et do ee gëtt, dat ass de Staatsminister dee virséngt an, datt alleguer déi aner fromm an hirer Bänk sëtzen an einfach ofhuelen wann dee bis virgesong huet. Ech wëllt et wier esou, mä et ass awer net esou. An et ass eng demokratesch an eng lieweg Partei, a wat mir méi mateneen diskutéiren an heiansdo och am gudde Sënn vum Wuert streiden, wat ech et eigentlech méi interessant fannen an enger Partei ze schaffen.

Jean-Marc Sturm: D'Oppositioun mécht der Regierung dacks d’Kritik, datt de Chômage heiheem zum gréissten Deel just verwalt gëtt. Wat äntwert der do?

Jean-Claude Juncker: Fir d'éischt emol an den Niewesächlechkeeten. An deene leschte fënnef Joer wéi d'CSV mat der DP regéiert huet, huet d'LSAP genau dat dote gesot. Zanter, datt se an der Regierung ass, geet de Chômage konstant an d'Luucht. Ier d'demokratesch Partei 1999 an d'Regierung komm war, sinn déi Kritiken och komm. D’Verbriechen vun der Lëtzebuerger Regierung, dat huet d'Madame Polfer deemools gesot. A wéi d'demokratesch Partei an der Regierung war, konnt se net dozou bäidroen, datt de Chômage géif fundamental ofgebaut ginn. Am Géigendeel en ass um Enn vun der Legislaturperiod 1999-2004 an d'Luucht gaang.

Ech fannen, datt d'Aarbechtsmaartpolitik vun der Regierung net lethargesch ass. Mä si brauch natierlech fir datt se Erfolleg ka weisen net nëmme staark Impulser vun der Regierung, déi huet se partiell. Si brauch och d'Matmaachen, esou wuel vun de Gewerkschaften wéi virun allem vum Patronat, vun den Entreprisen. D'Regierung schaft keng Aarbechtsplazen. Géif se se schafe kënnt se zefridde sinn, well mir hunn dat lescht Joer dräi% zu Lëtzebuerg bäikritt, mä de Kampf géint d'Aarbechtslosegkeet dat ass e Gemeinschaftswierk vun allen déi dorunner bedeelegt sinn, dat heescht vun der Politik, vun der Wirtschaft a vun de Gewerkschaften. Jiddweree muss sech vun deenen aneren, wat mir jo an der Tripartite fir de Moment maache, froe loossen ob hien dann alles gemaach huet, wat en hätt kënne maachen. Zum Beispill stinn an deem grousse Gesetz vun 1999, PAN-Gesetz genannt, eng Hellewull vu Moossname wou eigentlech d'Sozialpartner, d'Tarifparteien ugehal ginn aktiv Aarbechtsplazbeschafungsmecanismen an d'Kollektivverträg anzebauen. Dat ass am ongenügende Mooss geschitt. Ech wëll hei net vun der Responsabilitéit vun der Regierung fort, déi ass souwisou déi primordial, mä et ass awer net esou, datt déi aner Komponente vun eiser sozialer Wirtschaftslandschaft keng Verantwortungselementer ze transportéieren hätten.

Jean-Marc Sturm: Mat Sécherheet net de wichtegsten an trotzdem en onëmgängleche Sujet fir d'Joer 2005 ass d'Affär Bommeleeër. Wéi eng Erwaardungen hutt Dir do fir de Suivi?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net Untersuchungsriichter, ech sinn net Procureur, ech sinn och net Polizist. Ech hu just an engem bestëmmte Moment festgestallt, datt duerch d'Medien eng Rei vun Zeien sech bemierkbar gemaach hunn déi gesot hunn, si hätten an der Zäit Matdeelungen vun Observatiounen gemaach vun deenen se den Androck hätten, datt déi déi enquêtéiert hunn, se net mat deem gebuedenen Eescht zur Kenntnis geholl hätten. Dofir hunn ech mech ee Moment agemescht - iwwregens net gären, well dat ass esou haarscharf un der Limite vun deem wat de Staatsminister maachen däerf -, fir dofir ze suergen, datt dat wat Leit gesinn hunn oder menge gesinn ze hunn, déi noutwënneg Verlängerungen am Beräich vun den Enquêtë kritt.

Ech hunn dem Procureur déi Matdeelunge gemaach déi den Zeien mir gemaach huet, an ech ginn och dovun aus, datt elo deementspriechend enquêtéiert gëtt. Ech wëll jiddwerfalls net dozou beidroen, datt den Androck entsteet - an dee besteet jo nun emol - datt hei géif notamment vu Regierungssäit probéiert ginn, Ermëttlungen ze behënneren oder Wourechten ze verstoppen, well bestëmmte Leit soupçonnéiert sinn - Décker wéi d'Leit soen - mat där Bommeleeër-Affaire an Zesummenhang ze stoen. Ech akzeptéiren dat net. An dofir hunn ech mech op eng bëssen extraordinär Art a Weis agemescht an der Hoffnung, datt d'Enquêten esou gefouert ginn, datt mir der Wourecht op d'Spuer kommen. Ob déi Zeienaussoen do hëllefen weess ech net, mä ech hätt gären, datt se géife millimetergenau, meticulös iwwerpréift ginn.

Jean-Marc Sturm: Här Staatsminister, kommt, mir schloen d’Kapitel Europa op. Europa ass weider an der Kris. Och de leschte Sommet mam Sujet Finanzperspektive war, wéi solle mer et nennen, net grad ee Glanzstéck. Ass déi grouss europäesch Iddi ëmmer méi am gaangen un nationalen Egoismen ze scheiteren?

Jean-Claude Juncker: Europa ass an enger Kris an déi Kris kënnt dohir, datt mer et net fäerdeg bréngen déi zwee Deeler vun der Bevölkerung, heiheem an an den anere Länner déi d’europäesch Entwécklung ënnerschiddlech gesinn, mateneen an d’Gespréich ze bréngen. Et huet een déi Leit déi fannen, datt Europa wiesentlech méi wäit misst goen, am integratiounspolitesche Sënn vum Wuert, fir deene groussen Erausfuerderunge vun der Zukunft kënne gutt gerüstet entgéint ze trieden. An et gëtt deen Deel an der Bevölkerung dee fënnt souwisou géif haut Europa scho vill zevill wäit goen. D’Europäesch Unioun géif sech ëm Saache bekëmmeren déi se näischt ugeet, soll d’Nationalstaate méi gewäerde loossen, fir datt et kënnt besser goen.

Dat ass déi eigentlech Kris, datt d’Europäer als Gesamtheet, net méi hannert der Europäescher Unioun an hannert der Marschrichtung stinn an déi d’Europäesch Unioun sech soll, kann oder muss bewegen. Heiandsdo kënnt ee sech esou vir, wéi wann ee mam Fändel géif virlafen an dann dréint ee sech ëm an dann ass kee méi hannendrun. Mir mussen et fäerdeg bréngen, esouwuel heiheem wéi och am Rescht vun Europa, d’Leit erëm hannert den europäesche Fändel ze kréien, fir datt mer a gemeinsamer Marschrichtung ënnerwee bleiwen.

Dat ass haut méi schwéier wéi et fréier war, hunn ech den Anrdrock, ëmsou méi, wéi en déi op hirer nationaler Szeen besonnesch vill Applaus kréien, déi sech besonnesch rücksichtslos fir d’national Interessen asetzen. Och zu Lëtzebuerg kënnt een ëmmer ganz gutt un beim Publikum, wann ee seet, mir Lëtzebuerger sinn net d’accord, datt dat an dat geschitt. Mä wann der 25 oder 27 dat op all Punkt soen, da get et ni méi eppes. Also muss een ëmmer erëm bereet sinn, am Interesse vum Grousseganzen, mat den internationalen Interessen, déi net verbueden sinn, ëmmer fest am Bléck, Kompromisser mat deenen aneren ze maachen. An der Demokratie geet et net ouni de Kompromiss, allerdings muss de Kompromiss ëmmer och eng Léisung sinn. En däerf net einfach een iwwerflächleche Konsens sinn, dee Sträit vermeid, e muss an der Saach Kraaft genuch hunn, fir vun der Plaz ze kommen.

Jean-Marc Sturm: Europa huet sech selwer eng Denkpaus verschriwwen. D’Paus fällt an der Lescht awer méi op wéi d’Denken. Kommt Dir dann elo mat neien Iddien?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen dee Saz, datt mer méi Paus hu wéi Denken, wier vu mir, dofir loossen ech mer en net gären entgéinthalen. Mir kréie jo elo an deenen nächste Méint, souwuel an Europa wéi och heiheem eng méi intensiv europapolitesch Debatt. Déi europapolitesch Debatt, déi war jo net mam Referendum a mat sengem positiven Ausgang eriwwer, déi fänkt eigentlech eréischt un.

Wann ech soen, datt een d’Leit muss erëm ronderëm den europäesche Fändel kréien, wéi ech mech ausgedréckt hunn, da muss een natierlech och mat de Leit iwwer Europa schwätzen. An déi Leit, déi zu Lëtzebuerg géint de Verfassungsvertrag gestëmmt hunn an déi jo net alleguer géint Europa sinn, déi däerf ee jo elo net einfach aussperren, aus de Gedanken déi ee sech mécht, a) iwwert d’europäesch Zukunft, a b) iwwert d’Aart a Weis wéi mir Lëtzebuerger kënnen déi europäesch Zukunft matgestalten.

An um Wee op dee Verfasssungsvertrag, deem seng Ratificatioun net fir déi 2, 3 nächst Joren ass, mä déi duerno awer muss an d’Realitéit ëmgesat ginn, muss ee sech iwwerleeën ob et net eenzel Deeler gëtt vun deem Verfassungsvertrag, déi een elo kann, andeem ee se virzitt, zur Applicatioun bréngen, ier dee Verfassungsvertrag ratifizéiert ass. Net alles kann een do maachen, well soss gëtt een den Androck, de Verfassungsvertrag selwer, dee wier am gaang ewech ze rëtschen, mä eenzelnes geet. Zum Beispill ass mir opgefall heiheem, bei der Referendumscampagne, déi mer jo aktiv bestridden hunn, datt Leit fannen, datt d’Europäesch Unioun sech ëm zevill Saache bekëmmert déi grad esou gutt heiheem géife gemaach ginn, datt ee grousse Gruef wier tëscht der europäescher Politik an de Leit.

Do gëtt et an der Verfassung, déi eben op vill europäesch Froen eng Äntwert ginn huet, eng Méiglechkeet, déi doranner besteet, datt d’Commissioun, datt wa se eppes virschléit wat engem Drëttel vun e Parlamenter net gefällt, hire Virschlag muss iwwerpréifen, wann déi Parlamenter fannen, d’Commissioun, dat heescht d’Europäesch Unioun géifen ze wäit goen a géifen net genuch Rücksicht huelen op dat wat an der nationalstaatlecher Verantwortung soll leien. Wann déi 25 Regierungen, déi 25 Parlamenter, d’europäesch Commissioun an d’europäesch Parlament d’accord sinn, kënne mer dat jo virzéien, och elo schonn d’Commissioun froen, wa se domat d’accord ass, den neie Vertrag géif sech lounen, elo muss se domat d’accord sinn, hir Virschléi z’iwwerpréifen oder zréckzezéien wann een Drëttel vun de Parlamenter aus de Memberstaaten net mat deene Virschléi d’accord sinn.

Dat ass zum Beispill ee Punkt am Kader vun deem Reflexiounsprozess, dee mer elo musse féieren, deen ech gäre géif vun der éisterräichescher Presidentschaft esou behandelt gesinn, datt een zu engem positive Resultat op deem Punkt am éischte Semester vun dem nächste Joer ka kommen.

Jean-Marc Sturm: Um leschten EU-Sommet huet d’Angela Merkel déi grouss Vermëttlerroll gespillt fir déi Dir u sech bekannt sidd. Ass Berlin vläit am gaangen den neie Motor vun der EU ze ginn?

Jean-Claude Juncker: Nee, dat huet mech net iwwerrascht. Am Géigendeel, ech hunn zu deenen 2, 3 gehéiert, déi dat pousséiert a favoriséiert hunn. Ech hat am Laf vun deem europäesche Conseil dauernd Sitzunge mat der Madame Merkel a mam Här Chirac zu dräi, mat deenen zwee a mat dem polnesche Premierminister duerno. 3, 4 Gespréicher am Numm vun deene 4 oder am Numm vun deenen 3 mat dem britesche Premierminister an ech hunn et ausseruerdentlech genoss, datt déi däitsch Bundeskanzlerin sech drëm beméit huet, datt den Här Blair, dat hunn ech selwer och gemaach, sech am Laf vun deem Conseil ëmmer méi no un déi lëtzebuergesch Virschléi aus dem Juni erugetaascht a gewot huet. Dofir war dat eng Zesummenaarbecht, déi ganz agreabel war.

Jean-Marc Sturm: Dir hutt als President vum Eurogroupe d’Iddi relancéiert vum Europa vun de puer Vitessen, wou verschidde Länner méi séier a méi wäit kéinte goen. Stitt Dir alleng mat Däer Iddi do? Wéivill Supporter hutt Dir?

Jean-Claude Juncker: Déi Iddi ass och net esou wéi Dir se duerstellt. Ech sinn der Meenung, datt mer an éischter Linn ëmmer musse probéieren zu 25 oder wa mer dann zu 27 sinn, zu 27 an eng Richtung ze goen. Europa vun de puer VItessen oder Käreuropa, dat ass keng Zielsetzung u sech.

Wa mer awer elo während deem Reflexiounsprozess feststellen, datt et ëmmer méi Länner gëtt, déi net méi wëlle mat an eng integratiounsweiderféiernd Richtung goen, da gëtt dat Sech-zréckleeën op e Käreuropa, also op d’Iddi datt nëmmen e puer Staaten eppes maachen, well se net alleguer wëlle matmaachen, eng Noutwendegkeet an dat kann een eventuell ronderëm d’Eurogrupp organiséieren, awer nëmme wann een ee klore Programm a kloer Iddien huet. Am Résumé: ech sinn ëmmer der Meenung et soll een alles probéieren zesummen ze maachen, mä wann et wierklech net anescht geet, da muss een eben zu puer probéiere méi séier virunzekommen.

Jean-Marc Sturm: Um Enn eng perséinlech Fro, Här Staatsminister, wat hutt Dir Iech esou virgeholl fir 2006?

Jean-Claude Juncker: Ech fonctionnéieren net esou, datt ech mer an der Sylvesternuecht ëmmer ee ganze Katalog an ee ganze Cortège vu Virsätz mer selwer géif an d’Logbuch fir dat Joer wat kënnt erandiktéieren. Ech huelen d’Saachen zwar net wéi se kommen, mä ech muss mat deene Saachen déi kommen eens ginn a probéieren dat Bescht doraus ze maachen, esou wéi jiddwereen a sengem Privatliewe leschtenends och net iwwert alles wat geschitt meeschter ass, mä ëmmer muss probéieren zesumme mat aneren, besonnesch mat deenen e frou ass, dat Bescht draus ze maachen. A mäi Wonsch fir eist Land wier, datt mer roueg bleiwen, d’Saache mat Geschéckerlechkeet uginn an eis net auserneendreiwe loossen.

Jean-Marc Sturm: Här Staatsminister, merci fir d’Gespréich an all Guddes.

Jean-Claude Juncker: Merci, Iech och.

Dernière mise à jour