Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Tom Graas: Bonjour, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

Tom Graas: Um Sommet zu Bréissel gouf et no laangem Hinn an Hir eng Léisung am sougenannten EU-Finanzsträit, eng Léisung déi iwwregens net wäit ewech ass vun deem, wat Dir schonns ënner Lëtzebuerger Présidence am Juni proposéiert hat. Trotzdem hutt Dir a verschiddene Reaktioune gemengt déi europäesch Kris wier domadder nach net eriwwer, se misst weider behandelt ginn. Firwat?

Jean-Claude Juncker: Well ech dogéint si séier ze schéissen, ier een d’Gewier gelueden huet. Mir hunn een Accord fonnt iwwert d’Finanzperspektiven, deen ass, wéi Dir richteg sot, ganz no bei deem dee mer proposéiert haten. Et wier also gutt gewiescht wa mer deen direkt geholl hätten. Mä deen Accord geet net duer fir eis aus der Kris erauszeféieren. Et geet jo net nëmmen ëm de Budget an Europa. Et geet drëm, datt mer zwee Deeler an eise Länner hunn an an Europa hunn, iwwregens och heiheem. Déi déi fannen, d’Leit, Europa géif net wäit genuch goen, et misst méi Europa geschéien an déi - dat ass ee gläichstaarke Grupp - déi fannen, Europa géif haut schonn ze wäit goen. Fir dee Konflikt ze knacken, deen eis eigentlech lähmt an Europa, well d’Europäer als solch net méi honnertprozenteg oder net méi zu 80 Prozent hanner Europa stinn, fir dee Konflikt ze léisen, brauch et aner Ustrengungen. An esoulaang wéi mer déi Ausernanersetzung an de Gesellschaften net hannert eis bruecht hunn, komme mer net richteg vun der Plaz. Heiandsdo kënnt ee sech vir, wéi wann een do mam Fändel géif virlafen an dann dréint ee sech ëm an dann ass kee méi hannendrun. Mir mussen erëm d’Leit ronderëm den europäesche Fändel kréien.

Marc Linster: An engem Wort-Interview nom EU-Sommet hutt Dir gesot, d’europäesch Politiker déi missten d’Liewe vun de Leit a Considératioun huelen, Décisiounen huelen déi d’Liewe vun de Leit direkt betreffen, d’Mënsche misste mierken, datt se vun der Europapolitik eescht geholl ginn. Ass dat doten eng vun den Haaptconclusiounen déi Dir fir Iech gezunn hutt ronderëm d’Diskussioune vun der EU-Verfassung?

Jean-Claude Juncker: Ech menge mir schwätze falsch, d’Politiker, iwwer Europa, ech och ganz dacks, well mir ginn den Androck wa mir zu Bréissel zesummekommen da géif et drëm goen, datt déi eng gewannen an déi aner verléieren. Mir vermëttelen eigentlech de Mënschen ni d’Gefill, datt mer zesummen eppes fir Europa, an domatt fir d’Europäer, wëlle maachen. A mir ënnerhalen eis heiandsdo iwwer Saachen, déi de Leit esou laang wéi breet sinn. Wéivill Commissairen et an enger Commissioun gëtt, wéivill Zoustännegkeeten den Ausseminister, den europäeschen Ausseminister par rapport zur Commissioun huet an ob e soll Member vun der Commissioun, Vizepresident vun der Commissioun sinn, alles dat si Saachen, déi si mengem Papp an de Leit egal an doriwwer drécke mer eis da breet aus.

Ech muss zouginn déi Froe si wichteg, mä mir solle se vläit net an de Vierdergrond stellen, mä mat de Leit driwwer schwätzen an ënnert eis driwwer schwätzen, wat kënne mer maachen als Europäer géint dat Verbrieche wat iwwert d’Grenzen erausgeet. Wat kënne mer maache fir d’Liewens- an d’Identitéitskris vu ville jonke Leit, wat mer jo och heiheem heiandsdo dramatesch erliewen, kënnen esou opzefänken, datt sech doraus een neie Liewensdram an een neie Liewensprojet ergëtt? Wat kënne mer maache géint den internationalen Terrorismus? Wat ass d’Plaz, d’Aufgab an d’Roll vun den Europäer fir d’Aarmut an den Honger weltwäit ze bekämpfen.? Et bleift jo een europäesche Skandal, éischtens datt 50 Milliounen Europäer ënnert dem Aarmutsniveau liewen. An deem räichen Europa hu mer dat. An et bleift ee Skandal, datt mir räich Europäer et net fäerdeg brénge genuch Mëttelen ze poolen, zesummen ze bréngen, fir datt an den nächsten 20 Joer d’Aarmut an den Honger an der Welt verschwannen. Dat ass eppes wat d’Europäer eppes ugeet an et ass eppes wat, wa mer et net an d’Rei kréien, ee Rieseproblem, notamment wat illegal Immigratioun ubelaangt, fir d’Europäer gëtt. Doriwwer solle mer schwätzen, iwwert dat wat d’Leit interesséiert.

Tom Graas: Am Virfeld vum Referendum, Här Staatsmiinster, gouf et eng ganz lieweg Débatt grad hei zu Lëtzebuerg. Déi Débatt soll weidergoen, déi Diskussioun soll weidergoen ënnert der Leedung vum Minister Nicolas Schmit. Ginn et do scho kloer Iddien? Wësst Dir genee wat Dir wëllt, wéi Dir et wëllt maachen?

Jean-Claude Juncker: Ech hätt garen - mir hätte garen - datt déi Diskussioun virugeet zu Lëtzebuerg. Mir hunn zwar de Referendum gehat. D’Lëtzebuerger hunn an hirer Majoritéit Jo gesot zu deem Verfassungsvertrag, dat ass awer elo keng Ursaach fir ze soen, esou elo réckele mer Europa op d’Säit an elo bekëmmere mer eis ëm déi aner Saachen. Nee, et huet ee jo an där Campagne, déi lieweg war, déi gutt war, déi héichdemokratesch war an ee gudde Qualitéitsgehalt hat, gemierkt wéivill Onverständnis datt et gëtt, wéivill Froen datt et gëtt, déi net beäntwert gi sinn, wéivill Äntwerten och, datt et gëtt, vun deenen net gemierkt gëtt, datt déi op bestëmmte Froen äntwerten. An dofir musse mer, menger Aschätzung no, déi europapolitesch Débatt do loosse wou se schonn ëmmer war, nämlech an der Chamber, mä méi Kreesser wéi nëmmen déi politesch Kreesser un hir interesséieren. D’Zivilgesellschaft, d’Artisten, d’Schrëftsteller, déi déi am Bénévolat ënnerwee sinn, déi déi denken a schreiwen - alleguer déi hu sech jo ni zu Wuert gemellt. Ech hätt gären, datt déi sech och géifen zu Wuert mellen. An da leschtenenns op ville Plazen am Land d’Leit selwer, déi jo awer gewisen hunn, datt et eng Saach ass, déi se interesséiert. Déi hu je net all Froe beäntwert kritt, all Froe sinn och net ze beäntwerten, mä dat Gespréich muss virugoen.

Marc Linster: Et gi Leit déi soen de Verfassungstext dee wär dout, aneren no ass e just op Äis. Wat ass dann do Är Aschätzung? Wéi aktuell ass d’Constitutioun nach?

Jean-Claude Juncker: Mir kréien déi nächst zwee, dräi Joer mat Sécherheet déi Verfassung net iwwerall an Europa ratifizéiert. Nodeem och d’Fransousen an d’Hollänner Nee gesot hunn, wier dat vermessen unzehuelen. Mir mussen awer virufuere mat deem europapolitesche Prozess a mat deem Verfassungsgebungsprozess an ënner éisterräichescher Presidentschaft an deenen nächste 6 Méint muss iwwerall iwwer Europa diskutéiert ginn, fir datt mer dann, am Juni vum nächste Joer, vum Joer 2006, méi genau gesi wou mer higinn. Esou wéi déi däitsch Regierung an hirer Regierungserklärung geschriwwen huet an esou wéi der vill et soen, gehéieren ech zu deenen, déi dee Verfassungsprozess do net wëllen opginn, well en notamment fir eist Land wichteg Äntwerten enthält, wichteg Indicatiounen déi an d’Zukunft eraféieren a sech dréit. Fir dat einfach rëtschen ze loossen, well et elo méi einfach ass sech net méi drëm ze bekëmmeren, dat ass eppes wat ech net gär géif matmaachen.

Tom Graas: Kéint ee sech da virstellen, datt dat an Deeler kéint realiséiert ginn, datt verschidde Stécker dovunner géife realiséiert ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net ganz frou mat der Iddi fir elo esou eenzel Deeler aus deem Verfassungsvertrag erauszehuelen an déi elo schonn ouni Vertragsännerung zur Uwennung kommen ze loossen, där gëtt et, well dat géif vläit d’Theorie verstärken, datt domat dee Verfassungsvertrag dout wier.

Anerersäits gëtt et eng Rei vu Saachen an deem Verfassungsvertrag, déi gutt gemaach wieren. Wat hu mer heiheem festgestalt an och op anere Plazen an Europa? D’Leit trauen där europäescher Politik do net richteg a soen, dat geet iwwert eis Käpp ewech an déi passen net op op eis eigentlech Interesselagen. Dee Vertrag gesäit awer vir, datt wann een Drëttel vun den nationale Parlamenter sech géint eng Initiative, géint eng Directive zum Beispill, vun der Commissioun wiert am Virfeld, da muss d’Commissioun hire Virschlag änneren, fir e méi no bei d’Leit ze bréngen, well de Prinzip vun der Subsidiaritéit net respektéiert gi wier. De Subsidiaritéitsprinzip, dee wëllt, datt dat wat besser an alleng zu Lëtzebuerg gemaach gëtt, Europa näischt ugeet. Dat kënnt een zum Beispill no vir zéien. Wann déi 25 Parlamenter, déi 25 Regierungen, d’Europaparlament an d’Commissioun soen, mir maachen dat elo schonn, fir iwwert dem Goe méi Europa ze léieren, fir et méi praktesch erliefbar, och fir d’Bierger an engem Land ze maachen, dat wier eng Dispositioun déi a mengen Aën eng wier, déi ee kënnt éischter applizéieren, ouni awer d’Ziel opzeginn dee Verfassungsvertrag ze wëllen.

Tom Graas: Wier dat dann zum Beispill eng Fassong fir Länner wéi Frankräich oder Holland lues a lues awer zu engem Jo ze kréien?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen dat wier ee Wee dee géif weisen, datt contrairement zu deem wat an Holland virun allem staark gefaart ginn ass an an eenzelne Quartiere vun der franséischer ëffentlecher Meenung gefaart ginn ass, dat wier ee Wee fir ze weisen, datt Europa net fir alles zoustänneg ass an datt Nationalpolitik an den nationale Raum zoustänneg bleiwe fir wiesentlech Liewensfroe vun de Leit.

Tom Graas: Mir hunn dëst Gespréich mat den europäesche Finanzen ugefaangen, net manner interessant ass eis Lëtzebuerger Finanzsituatioun. Spueren, spueren, spueren, dat war esouzesoen de Kredo an de lëtzebuerger Budgetsdébatten déi lescht Wochen. Dir hutt gesot, Dir hätt deen dote Message, datt muss gespuert ginn, schonn zanter Jore versicht un d’Leit ze bréngen. Ass en dann elo iwwerall ukomm dee Message, Äre Message?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn déi lescht Joren net duerch d’Landschaft gerannt a gesot spueren, spueren, spueren, well et däerf een och eng Situatioun déi een huet net iwwerdramatiséieren. Mä ech hunn ëmmer drop opmierksam gemaach, datt zu Lëtzebuerg d’Beem net bis an den Himmel wuessen an datt dat wat ronderëm eis kann obseréviert ginn, enges Dags och zu Lëtzebuerg ukënnt an dat ass och scho viru Joren ukomm. Mä mir hunn dat net gmierkt, well mer genuch Reserven an deene gudde Joren ugeluecht haten, fir kënnen iwwert déi finanziell Duuschtstreck ewechzekommen. Dofir ass d’Finanzverschlechterung u sech net esou apparent ginn. A well ech gemierkt hunn déi lescht Joren, datt net géif gemierkt ginn, datt mer ee Problem an de Finanze géife kréien, hunn ech verstäerkt vu September 2003 un, also däitlech virun de Walen niewebäi bemierkt vun 2004, gesot et géif méi spatz ginn, hunn deemols gesot et géife keng Kaddoe méi verdeelt ginn, et géif schwaarzt Brout, mengen ech oder iergendeppes esou hat ech mer do a menger heiandsdo onglécklecher Billersprooch afale gelooss, elo nach just z’iesse ginn an ech hat gesot, däitlech virun de Walen, d’Budgete vun de Jore 5 a 6 géife ganz schwiereg ginn. Do si mer elo, an elo musse mer déi Situatioun behiewen.

Marc Linster: Wou läit dann dee gréisste Spuerpotential? Ass dat ieren am Sozialberäich?

Jean-Claude Juncker: De Spuerpotential dee läit iwwerall an e läit net esouséier an alleréischter an exklusiver Linn am Sozialberäich. Dat ass deen einfache Wee. Datt een do zu enger Rei vun Ëmstellunge muss kommen, läit op der Hand, wéi och déi aner déi all kloer musse maachen, komme mir net dolaanscht. Mä de Spuerpotential gesinn ech iwwerall.

Et geet jo en fait drëm, datt mer deen Defizit dee mer am Joer 2006 kréien, vun 1,8% vum Bruttoinlandprodukt, datt mer dee bis un d’Enn vun der Legislaturperiod erëm ewechkréien. Firwat musse mer en ewech kréien? Mir mussen en ewech kréien, well am Fall vun enger nächster staarker Eintrübung vum Konjunkturklima oder am Fall vun enger méi zolitter Wirtschaftskris, mer musse Reserven zur Verfügung hunn fir dee Moment erëm kënnen iwwert d’Streck ze kommen, esou wéi mer och an de Joren 2001 bis 2005 mat deem wat mer ugespuert haten konnten den Iwwergang finanzéieren, esou musse mer d’Méiglechkeet behalen och an Zukunft erëm esou Reserven à terme unzeleeën, fir datt mer eis Rou hunn, fir datt mer ee Këssen hunn, fir wann et eng Kéier méi hefteg erofgeet. An dofir ass dat eng politesch Optioun zu där et einfach keng Alternativ gëtt.

Tom Graas: Mat engem geplangte Wirtschaftswuesstum vu 4% soen d’Gewerkschaften ëmmer nees, et géif eis dach jo awer net esou schlecht goen, datt mer elo onbedingt missten a Panik geroden. Bon, et stinn eng ganz Partie wichteg Tripartitereunioune virun der Dier. Här Staatsminister, wéi optimistesch sidd Dir dann, datt d’Gewerkschaften do matginn op dee Wee vun de Reformen?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn och der Meenung, datt ee keng Panik soll maachen. Ech hunn decidéiert gehat am Oktober, an där Ried an der Chamber iwwert déi allgemeng Politik, d’Saachen esou dohinner ze leeë wéi se sinn. Da gëtt gesot, elo mécht dee Panik, elo dréint deen duerch. Nee. Ech hätt gären, datt d’Leit wësse wou se mat hire Finanzen dru sinn. Et ass wichteg, datt d’Politik de Leit seet wéi et ausgesäit an a watfer Richtungen datt ee muss goen, fir déi Situatioun an de Grëff ze kréien. A mir kréien se och an de Grëff. Mir si jo net egal ween, mir si jo Lëtzebuerger déi gewisen hunn, esou oft an hirer Geschicht, datt wann et e bësse méi schwiereg gëtt, datt mer da besonnesch gutt ginn. Mir mussen also elo besonnesch gutt ginn.

Kuckt emol, mir hunn ee Wirtschaftswuesstum dëst Joer, am Joer 2005 vu 4%, am Joer 2006 gëtt et ee vu 4,2%. Mat deene Prognose sinn ech ëmmer virsichteg, mä dat ass de Konsensus vun all deenen déi Prognose stellen. Obscho mer also enorm vill wuessen, méi wéi 2,5 mol méi wéi den Duerchschnëtt vun den europäesche Länner, hu mer een Defizit. Wann Är Wirtschaft 4% wiisst, dann dierft Dir keen Defizit hunn, da musst Dir Iwwerschoss produzéieren, well dat si jo Zäite wou Dir staark wuesst a wou Dir musst Reservë kënnen uleeë fir déi Zäite wou Dir manner staark wuesst. Mir wuesse staark a gläichzäiteg ass eise Budgetsdefizit staark, dat weist also, datt mer onbedingt d’Entwécklung vun den ëffentlechen Ausgabe mussen esou an de Grëff kréien, datt mer déi Situatioun geregelt kréien. A mir kréien se och geregelt an ech si sécher, datt och d’Gewerkschaften hiren Deel dozou wärte bäidroen. Wa gespuert gëtt, muss jiddweree spueren a jiddweree muss et och spieren.

Marc Linster: Mä huele mer mol d’Beispill vum Index, hei gesinn d’Gewerkschafte jo rout esoubal se dat Wuert héieren. Hei ass jo och vun enger Reform vum Wuerekuerf riets oder vu maximalen Indextranchen. Mengt Dir da wierklech, datt et hei eng Léisung am Konsens gëtt?

Jean-Claude Juncker: Et muss een dat probéieren. Et muss een iwwer vill Felder goen, bis een op där Wiss ukënnt wou ee méi gemittlech ka weidermarchéieren. An dofir musse mer eben duerch alleguer déi Felder goen, duerch déi Brousse do goen, fir erauszefannen, wat geet a wat geet net. Déi Iwwerfokusséierung op d’Indexfro ass iwwregens eppes wat ech ni selwer bedriwwen hunn. Dat ass een Element vun der Diskussioun a wann een an deem Beräich net vun der Plaz kënnt, dann ass eben d’Noutwendegkeet fir an anere Beräicher méi déif Aschnëtter ze maachen, méi grouss.

Mä datt mer de Wuerekuerf mussen anescht kucken, schéngt mer awer evident ze sinn. Ech wiere mech dogéint, datt een d’Petrolsprodukter aus dem Wuerekuerf eraushëlt, well déi Verdeierung vun der Petrolsprodukter, déi huet nu fir ganz vill Leit Problemer bruet, wat hir Kafkraaft ubelaangt. Dofir hu mer jo och deen Heizkostenzuschuss an engem Mooss zu Lëtzebuerg opgeluecht wéi keen anert Land dat gemaach huet, wat ech och ganz richteg an normal fannen. Mä firwat datt d’Peien an d’Lut ginn, wann den Alkohol méi deier gëtt a firwat datt d’Peien an d’Lut solle goen, wann den Tubak méi deier gëtt, dat muss ee mer awer nach eng Kéier vu vir bis hannen erklären. Et huet net vill Sënn mer dat wellen z’erklären, well et ass net z’erklären an dofir mussen esou Elementer aus dem Berechnungskuerf fir d’Indexupassung erausgeholl ginn. Doriwwer schwätze mer an der Tripartite an aller Rou.

Tom Graas: Dir sidd op alle Fall fest determinéiert fir déi Reformen do duerchzesetzen. Wéi wäit géift Dir da sozial Aktioune bis hinn zu engem Streik a Kaf huelen?

Jean-Claude Juncker: Ech funktionnéieren net an esou enger Logik. Mir hunn ee Problem: mir wuesse 4% a mir hunn ee Budgetsdefizit. Dat ass net normal. Et ass am Interesse vun deenen nächsten 10 Joer, datt mer dee Budgetsdefizit aus der Welt kréien, fir datt mer roueg an d’Zukunft kënne kucken. Ech ginn dovun aus, datt jiddwereen Interesse drun huet fir un där Operatioun sech ze bedeelegen, d’Gewerkschafte selbstverständlech och, déi een och net soll provozéiere mat engem esou duerch d’Hannerdier agefouerte systematesche Sozialofbau. Dat ass iwwerhaapt net dat wourunner ech denken. Nee, nee, jiddweree muss hëllefen.

Marc Linster: Déi weltwäit beschte Chancen op eng laangfristeg gutt Wirtschaftsentwécklung huet Lëtzebuerg, dat ass jiddefalls d’Resultat vun enger Enquête vun der amerikanescher Investmentbank Goldman-Sachs. Do ginn iwwregens och Facteure bewert wéi d’Zuel vun Telefonen a Computeren, d’Gesondheet an d’Bildung oder déi politesch Stabilitéit. Si mir dann iere wat eis Zukunft ubelaangt hei zu Lëtzebuerg zevill pessimistesch?

Jean-Claude Juncker: Nee, ech fannen dat wat Goldman-Sachs do zesummegedro huet jo gutt. Wann een zwanzeg Joer hannerteneen an der Regierung war, muss ee sech jo iwwert esou eng Feststellung net onbedingt bekloen. Ech si just dogéint, datt mir esou maache wéi wa mer keng Problemer hätten. Mir hunn all Chancen hei am Land fir gutt ze bleiwen a fir besser ze ginn, fir op d’laang Siicht kennen mat eis selwer a mat deenen aneren eens ze ginn. D’Viraussetzunge si gutt, mir däerfe se just net verspillen. Dir hutt Viraussetzungen, an et verspillt ee se wann een a Kaf hëlt bei 4% Wirtschaftswuesstum ee Budgetsdefizit vu bal 2% ze hunn.

Wann ech alleng de Staat kucken, dee Budget fir deen de Staat, d’Regierung, d’Chamber zoustänneg sinn, hu mer een Defizit vun 3,8%. Dat ass inakzeptabel. Dat wat Goldman-Sachs opgeschriwwen huet als positiv Elementer, déi aus Lëtzebuerg déi Plaz op der Welt maachen, déi déi meeschten Zukunftschancen huet, dat däerfe mer dach elo net einfach ewechgeheien, just well mer fäerten an deenen nächsten 2, 3 Joer Sträit ze kréie mat all deenen, déi keng Ännerunge wëlle maachen. Nee, mir mussen eng Rei vu Verännerunge virhuelen, fir datt déi gutt Situatioun déi do beschriwwe gëtt, datt déi och an déi nächst Jore kann eriwwergerett ginn. Et wier vill méi einfach fir d’Regierung, besonnesch fir deen deen der Regierung virsteet, fir ze soen, kuckt emol d’ganz Welt seet mir wiere gutt, da bleiwe mer einfach gutt a mir bekëmmeren eis net ëm dat wat kënnt. Mir si gutt, mä mir sinn nach laang net esou gutt wéi mer kënne gutt sinn.

Tom Graas: Stëchwuert Kioto, Här Staatsmiinster, a punkto CO2 Emissiounen huet Lëtzebuerg sech schonn 1997 ganz vill virgeholl fir déi Period vun 2008 bis 2012. D’Échéancë fir dat ëmzesetze kommen ëmmer méi no. Et ginn ëmmer méi Stëmmen déi warnen, mir géifen dat onméiglech packen, et géif eis deier ginn, mir missten honnerte vu Milliounen Euro Strofen oder u Quote bezuelen. Misst Lëtzebuerg dann do probéieren no ze verhandelen fir méi douce Konditiounen ze kréien?

Jean-Claude Juncker: Et wier vläicht besser gewiescht Lëtzebuerg hätt richteg virverhandelt ier verhandelt ginn ass, da bräichte mer elo net no ze verhandelen. An noverhandele geet och net. Mir kënne jo net als Lëtzebuerger, als eent vun deenen am beschten opgestalte Länner vun der Welt elo doruechter reesen a soen, dat do packe mer net. Mir hunn eis dozou engagéiert a mir mussen et och maachen. Wéi mer dat maachen, dat ass eng Diskussioun déi am gaang ass.

Ech wëll folgendes awer dobäi soen. Mir hunn do een Engagement iwwerholl, dat ass wahrscheinlech ze zolitt gewiescht, mä mir hunn et awer iwwerholl. Et ass awer och keen Zoufall, datt mer et iwwerholl hunn. Wësst Dir, déi Problematik vum Klimaschutz a vun den CO2 Ausstéiss, dat ass jo awer net eppes, wat een einfach elo kann ënnen op der Säit vun engem Buch nach erwähnen an an Erënnerung ruffen. Mir hunn dach déi verdammte Pflicht a Schëllegkeet als Lëtzebuerger, fir dofir ze suergen, eise Beitrag, deen awer méi grouss muss si wéi dee vun deenen aneren, dozou ze bréngen, fir datt d’Welt liewenswert bleift. Dat ass dach kee klenge Projet, dee mer do wëlles hunn. A mir droen nun emol zu engem groussen Deel an eiser Regioun zu deem Problem bäi. Da musse mer och hëllefen dee Problem ze léisen. Dat kascht Suen, selbstverständlech kascht et Suen an déi Suen hu mer net fir aner Saachen. Mä wa mer et einfach zouloossen, datt d’Ressourcen zerstéiert ginn, wa mer et einfach zouloossen, datt de Klimawiessel eng regelrecht Klimakatastrof gëtt, ënnert deenen déi nächst Generatiounen ze leiden hunn, da muss mer vill méi bezuele wéi dat wat mer elo mussen opbrénge fir dee Problem hei hëllefen ze léisen. Ech weess, datt dat schwiereg ass, mä ech sinn awer och dogéint all Ambitiounen am Beräich vun der Ëmweltpolitik einfach an der Garderob vum 21. Jorhonnert ofzeginn.

Tom Graas: De Wirtschaftsminister huet d’Wuert inextrikabel benotzt an deem Zesummenhang, am Zesummenhang vu Kioto. Dat géift Dir also net deelen?

Jean-Claude Juncker: Ma ech deelen d’Aschätzung vum Wirtschaftsminister, datt dat een extrem schwieregen a vielschichtege Prozess ass, mä Politik ass net do fir Froen ze stellen, Politik ass do fir zesumme mat deenen déi an der Gesellschaft soss nach Verantwortung droen, lues a lues Äntwerten ze formuléieren. De Klimaschutz ass een essentielt, ee vitalt Thema weltwäit a mir kënnen eis deem net entzéien.

Marc Linster: D’Chamber huet elo enn Dezember dat neit Asylgesetz gestëmmt. Kritiker bemängelen, datt dat Gesetz oder verschidden Dispositioune vun deem Gesetz, virun allem zu laaschte vun den Allerschwächsten, dat heescht den Asylante ginn. Dir sidd jo besonnesch sensibel op esou Froen. Riskéiere mir net an Europa den Image vun engem kalen an ofweisende Land ze kréien?

Jean-Claude Juncker: Dat géif ech gäre gesinn. Do kënne mer et mat jiddwerengem ophuelen. Wéi déi Kris am Kosovo war, dat sinn elo 5, 6 Joer hir, dat war gëschter, do sinn am Kosovo Frae vergewaltegt ginn, Kanner ëmbruecht ginn, Leit agespaart ginn, well se eng aner ethnesch Grupp waren - wat ee Grond ass fir Europa ze maachen. Ech wonnere mech ëmmer driwwer, datt d’Leit déi schrecklech Biller esou séier vergiessen. Dat war viru 5, 6 Joer. Mir hätte gären, heiandsdo soen ech dat jo, denkt un de Krich, et ka kaum nach ee sech un de Kosovo erënneren.

Mä de Kosovo hat als Konsequenz, dee Konflikt, datt mir an absoluten Zuelen, méi Kosovo-Flüchtlingen zu Lëtzebuerg opgeholl hunn, an absoluten Zuelen, wéi a ganz Frankräich. Ech loosse mer keng Lektioune gefalen, vu kengem heiheem a vu kengem dobaussen, datt mir eis, wann et drëm geet fir Leit hei am Land opzehuelen déi verfollegt sinn, déi riskéieren hirt Liewen ze verléieren, net dat géife maache wat ze maachen ass. Mir mussen awer och dofir suergen, an dat maachen alleguer déi aner och, datt net ënnert dem Deckmantel vun der Asylnoutwendegkeet, déi jo reell ass a ville Fäll, d’Asylnoutwendegkeet, probéiert gëtt op Lëtzebuerg ze kommen, aus Grënn déi guer näischt mat Verfolgung ze dinn hunn. An do fänkt et u fir déi Schwächst vun deene Schwaache schwiereg ze ginn, wann déi jorelaang hänke gelooss ginn, ouni eng Äntwert op hiren Antrag op Asyl ze kréien, da précariséiert hir Situatioun sech ëmmer méi.

An dat wat elo als neit Gesetz vum Parlament votéiert ginn ass, dat dréit eben zur Beschleunegung vun de Prozeduren an engem wiesentleche Mooss bäi an äntwert eigentlech op deen Haaptvirworf, deen eis an deene leschten 10 Joer ëmmer gemaach ginn ass, nämlech, datt déi Prozeduren ze laang géifen daueren. Ech fannen, datt dat Gesetz gutt gemaach ass an ech hoffen, datt et zu enger Besserstellung vun der Gesamtsituatioun bäidréit.

Marc Linster: Wéini kënnt dann een neit Immigratiounsgesetz, dat gouf jo vu ville Leit an der Chamber jo och als Corollaire zum Asylgesetz gefuerdert? Ass dat nach an dëser Legislaturperiod dran?

Jean-Claude Juncker: Dat ass keen direkte Corollaire am Sënn vu Parallelitéit an der Zäit mat deem neien Asylgesetz, mä mir brauchen een neit Immigratiounsgesetz, een neit Einwanderungsgesetz. D’Struktur vun der Immigratioun an Europa an och zu Lëtzebuerg huet sech fundamental geännert par rapport zu de 70er Joren, wou mer legislativ virgaange sinn, 1972. Dat muss alles iwwerpréift ginn an déi Iwwerpréifungsaarbechte lafen an am Laf vum Joer 2006, ech denken zum Schluss vum Hierscht, wäert d’Regierung och mat neie Propositiounen an deem Beräich kommen.

Tom Graas: Här Staatsminister, dëst Joer koum eng Affaire nees eng Kéier an d’Gespréich, déi schonn eng 20 Joer zréckläit, d’Bommeleeëraffaire. Et goufen eng ganz Partie nei Zeien, déi sech gemellt hunn. Wéi empfannt Dir déi Affaire, mam Recul och elo vun deenen 20 Joer? A gleeft Dir nach drun, datt iergendwéi do eng Kéier eng Opklärung kënnt?

Jean-Claude Juncker: Ech wënschen déi Opklärung, well wann déi Opklärung net kënnt, verstäerkt sech dat Gefill bei de Leit, datt hei probéiert gëtt Saachen ënnert den Tapis ze kieren. Dat war iwwregens och déi eenzeg Ursaach, firwat datt ech, eenzelner hu jo fonnt, datt een dat net dierft maachen, aus der Këscht gesprong si virun e puer Wochen, well ech notamment bei Iech um Radio a bei Iech op der Televisioun Zeie gesinn hu soen, si hätte Meldung gemaach iwwert dat wat se observéiert hunn a si wieren eigentlech éischter behandelt ginn, wéi wa si d’Bommeleeër wieren an et wier ni richteg deene Saachen nogaange ginn. Dat huet mech dozou bruecht een Zeien, dee bei RTL verdeckt, wann ech kann esou soen, jiddwerfalls anonym opgetrueden ass, opzefuerdere mir ze soe wa e gesinn hätt an ech géif dat un déi richteg Plaze viruginn.

Marc Linster: Hutt Dir dat och gemaach?

Jean-Claude Juncker: Dat hunn ech och gemaach, ech hunn dee Mann gesinn, heen huet mer gesot ween e gesinn hätt an ech hunn dem Procureur dat gesot an ech ginn dovun aus, datt och elo an déi Richtung enquêtéiert gëtt. Ech ka jiddwerfalls net akzeptéieren, datt am Land d’Gefill opkënnt, datt Regierung an anerer hei géife probéieren, well dat een Décke wier, déi Saach do net opzeklären. Ech weess, datt vill Magistraten, vill Affekoten, och Kollege vu mer soen, de Staatsminister soll sech aus deene Saachen eraushalen. Ech hale mech och aus deene Saachen eraus, ech sinn net Untersuchungsriichter, ech sinn net Procureur, ech sinn net Polizist.

Mä ech hunn dofir ze suergen, wann iwwerall gesot gëtt, déi doten déi probéieren dat ze vertuschen an ze verheemlechen, dofir ze suergen, mäint dozou bäizedroen, fir datt dat wat am Gespréich ass iwwerpréift gëtt ob dat richteg ass oder falsch. Huele mer mol eng Sekund un ech hätt dat net gemaach: a wat fir enger situatioun wiere mer dann haut? Da géife virufueren, op der Televisioun an um Radio an op anere Plazen, Zeien ze soen, mir hunn eppes gesot an et ass näischt ënnerholl ginn. Dat ass dach eng Stëmmung déi een dann an d’Land erakritt, déi esou desaströs ass fir d’Aart a Weis wéi mer hei zesummeliewen, och desaströs ass fir d’Vertrauen an d’Institutioune vum Staat, datt ech fonnt hunn et wier meng Aufgab fir esou ze handele wéi ech gehandelt hunn. Ech weess, datt dat keng gehuewe Staatskonscht war, mä heiandsdo sech feig ewechdrécken, schued dem Staatswiesen heiandsdo méi wéi ee Moment eppes ze maache wat net jiddwerengem aliicht.

Marc Linster: Et ass awer eng Tatsaach, datt mer ëmmer méi Zeie fannen déi soen, si hätten eppes gesot deemols virun 20 Joer an et wär näischt geschitt oder si wäre schickanéiert ginn. Wat gëtt dat Iech ze bedenken?

Jean-Claude Juncker: Dat gëtt mer vill ze bedenken an dofir hunn ech jo dat gemaach wat ech gemaach hunn. Gesitt Dir emol, wann ech mech net zu Wuert gemellt hätt, wéi ee Gespréich, datt mer haut géife féieren. Esou kënnt Dir et nëmme méi hallef féieren.

Tom Graas: Mä Dir hutt awer Vertrauen an de Fläiss, virun allem an de Fläiss vun den Enquêteuren, déi trotzdem jo awer schonn 20 Joer am gaang sinn ze schaffen?

Jean-Claude Juncker: Ech hu Vertrauen an d’Déterminatioun vun der Justiz, fir déi Affaire opzeklären. D’Justiz weess jo, datt se hei erwaart gëtt.

Marc Linster: Wëllt Dir Iech dann nach eng Kéier amëschen, wann näischt geschitt?

Jean-Claude Juncker: Ma ech hu mech iwwerhaapt net an d’Affairë vun der Justiz anzemëschen. Ech hu mech anzemëschen, fannen ech aus menger méi globaler Verantwortung eraus, wannn duerch Tatsaache beluecht, déi Zeienausoën déi mer do héieren hunn, d’Gefill opkënnt, déi Saach géif net richteg gemaach ginn, da mëschen ech mech net an, mä ech suergen dofir, datt déi Leit déi eng Informatioun wëlle lassginn, déi och lassginn an datt déi Informatioun op déi richteg Plaz kënnt.

Tom Graas: Här Staatsminster, mir hu mat Europa ugefaangen, mir halen och mat Europa op: Dir hutt 2005 e sëllege Präisser kritt fir Är Roll an Europa. Als Kréinug gewëssermossen, kritt Dir elo an e puer Méint, op Christi Himmelfahrt, de Karlspräis zu Oochen iwwerreecht. Wat bedeit dee Präis fir Iech, virun allem fir Iech perséinlech?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eigentlech an e puer Wierder net esou richteg zesummenzefaassen. Ech fannen, datt et eng Unerkennung ass fir ee Stéck Liewenswee, dat ee mat vill Iwwerzeegung gaangen ass. Dee Wee geet een awer net alleng. Ech kréien ee Präiss, mä - iwwregens fir d’zweet, well als Lëtzebuerger hu mer e jo eng Kéier alleguer zesumme kritt, ech sinn deen eenzegen deen en zweemol kritt. Dee Wee ass ee jo mat anere Leit zesumme gaangen, mat Beamten, mat Ministeren, mat Kollegen heiheem, an Europa an ech denken eigentlech mat Dankbarkeet un déi zréck, déi mech dat alles geléiert hunn.

Marc Linster: Dacks kritt een esou Präisser jo quasi fir säi Liewenswierk, also zimlech um Enn vum Liewen an [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Oh so, oh so.

Marc Linster: um Enn vun der Carrière, dorunner, een Enn vun der Carrière, dorunner denkt Dir jo awer wahrschienlech nach net?

Jean-Claude Juncker: Mäi léiwe Frënd, ech kann Iech net all Gefale maachen, deen Dir gäre gemaach hätt.

Tom Graas: Voilà, Här Staatmsinister, domadder wiere mer um Enn vun dësem Gespréich. Villmols merci, datt Dir Iech Zäit fir eis geholl hutt. Mir wënschen Iech da fir d’neit Joer 2006 vill Gléck a virun allem vill Geschéck.

Jean-Claude Juncker: Dat wënschen ech Iech och, och vill Geschéck op Ärer Antenn.

Ech géif och gären de Leit alleguer am Land all Guddes wënsche fir dat Joer wat elo ugefaang huet an ech géif a besonneschem Mooss wëllen dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse an hire Kanner all Guddes wënsche fir dat Joer 2006 wat elo ugefaang huet, an dëst Joer a besonneschem Mooss dem Grand-Duc Jean, deen elo ganz am Ufank vum neie Joer, de 5. Januar säi 85 Gebuertsdag feiert. An ech wëll him soen, Monseigneur, datt mer ëmmer nach ganz houffreg op Iech sinn. All Guddes.

Dernière mise à jour