Nicolas Schmit au sujet du nouveau centre de rétention

Frank Kuffer: Déi lescht Woch ass d’Décisioun am Regierungsrot gefall. Lëtzebuerg kritt fir 11,2 Milliounen Euro ee sougenannte Centre de rétention, een Zentrum wou bis zu 100 Leit, déi sech illegal am Land ophalen, provisoresch ënnerbruecht ginn. Den delegéierten Immigratiounsminister hat gëscht ee Gespréich mat der Mënscherechtscommissioun, wou ënner anerem dee Centre ee Sujet war. An den Nicolas Schmit ass de Moie live bei eis am Studio. Gudde Moien, Här Schmit.

Nicolas Schmit: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Wat seet déi berodend Mënscherechtscommissioun dann zu deem Centre de rétention? Ass déi Commissioun mat deem Projet d’accord? Hu si Iech vläicht nach Virschléi oder Fuerderunge gestallt?

Nicolas Schmit: Neen, si hu keng Virschléi an och keng Fuerderunge gestallt. Ech hunn eigentlech mat hinnen ofgemaach, datt mir, wa mir dee Centre en Fonctioun setzen, datt mir mat hinnen doriwwer schwätzen, wéi dee Centre soll fonctionnéieren. Ech mengen dat hei war iwweregens déi éischt Réunioun, déi mir mat där Mënscherechtscommissioun haten, wat e bëssen iwwerrascht. Mir hunn eng Commissioun déi sech iwwer d’Mënscherechter bekëmmert, a si mécht interessant Rapporten, mä et schwätzt eigentlech kee mat hinnen. An ech hunn hinne versprach, datt dat sech wäert änneren, datt mir mat hinnen eng Consultatioun wäerten an der Zukunft hunn iwwer de Centre de rétention, mä och iwwer aner Gesetzer déi natierlech direkt d’Mënscherechter betreffen.

Frank Kuffer: Ass dann elo nach guer net gewosst, wéi dee Centre herno soll fonctionnéieren?

Nicolas Schmit: Dach.

Frank Kuffer: Ginn déi Leit agespaart?

Nicolas Schmit: Bon, par Definitioun ass e Centre de rétention eng Plaz wou d’Leit agespaart sinn. Mä et ass kee Prisong, an deem Sënn, datt d’Leit an enger Zell sëtzen. Si kënnen also sech fräi bewegen innerhalb vun esou engem Centre de rétention, si hunn och d’Méiglechkeet wa se dat wëllen, erauszegoen. Si kréien Aktivitéite proposéiert. Et ass also eng ganz kloer Verbesserung par rapport zu där aktueller Situatioun, vu datt déi Leit am Prisong sinn, a vu datt mir och ganz vill kritiséiert ginn, datt mir déi Leit an de Prisong setzen. An dofir ass et héich Zäit, datt mir esou e Centre de rétention kréien.

Frank Kuffer: Et gouf awer och geschwat iwwer d’Ausweisungen. Do hat d’Mënscherechtscommissioun an hirem Avis kritiséiert, datt et bei de Modalitéite fir d’Ausweisungen e Flou gëtt. Et weess een net richteg wat erlaabt ass a wat net.

Nicolas Schmit: Si hunn 2003 en Avis geschriwwen iwwer déi ganz Problematik vun den Ausweisungen. Deem Avis ass eigentlech ni eng richteg Suite gi ginn. Mir huelen elo deen Avis emol ervir, mir kucke wat déi Propositioune sinn an deem Avis, an och erëm am Kader haaptsächlech vun deem neien Immigratiounsgesetz, wou ech hoffen, datt mir dat d’nächst Joer kënnen op den Instanzewee ginn, wäerte mir all déi Problemer reglementaresch festleeën. Fir datt eben déi Flouen déi elo bestinn aus der Welt geschaf ginn. Et handelt sech hei em Leit, a wann et sech em Leit handelt, da muss ee kloer Prozeduren hunn, kloer Regelen, wou eben d’Rechter an och d’Flichte vun deene Betreffende fixéiert sinn.

Frank Kuffer: Et ass jo och esou, datt wann een engem Flüchtling hëlleft illegal an d’Land ze kommen, mécht ee sech am Fong geholl och strofbar, esouguer wann een dat aus humanitäre Grënn géif maachen.

Nicolas Schmit: Dat ass e bësse méi nuancéiert ze kucken. Dat wat si ugeschwat hunn an deem Gesetz, wat d’nächst Woch duerch d’Chamber geet, do ass effektiv virgesinn, datt wann ee Leit hëlleft, an ech géif do präziséieren: Flüchtling - Neen, Leit déi illegal op den Territoire kommen, à priori net Flüchtlingen, illegal um Territoire sinn, da mécht ee sech strofbar. Dat ass och mengen ech ganz logesch. Dat heescht, mir mussen aktiv géint déi Banden, géint déi Réseauen, géint déi Mafia virgoen, déi d’Schicksal vun deene Leit exploitéieren, hinne vill Suen ofhuele fir se illegal op Lëtzebuerg oder iwwerhaapt an Europa ze bréngen. Dat ass den Esprit vun deem Gesetz. Wann et sech hei em humanitär Aspecten handelt, da sinn ech ganz sécher, datt een dat da muss differenzéiert gesinn.

Frank Kuffer: Ganz aktuell: an Holland ass gëschter Owend am Parlament, vläicht och e bëssen iwwerraschend, e Projet gestëmmt ginn, nodeem ganz vill illegal Immigranten dierfen am Land bleiwen, déi schonn zanter méi wéi 5 Joer do sinn. Géint de Wëlle vum Premier ass dat Gesetz gestëmmt ginn. Kéint Dir Iech och hei am Land virstellen, datt nach eng Kéier esou eppes geschitt?

Nicolas Schmit: Ma, ech stelle fest, datt an Däitschland och eng ähnlech Mesure décidéiert ginn ass, datt dat do elo an Holland décidéiert ginn ass. Natierlech kann ech mir virstellen, datt Leit déi laang am Land sinn, net méi ausweisbar sinn. Ech ka mir net virstellen, datt Leit déi 6, 5, 6, 7 Joer hei zu Lëtzebuerg liewen, déi Kanner hunn déi lëtzebuergesch schwätzen, déi Kanner hunn déi hei hir Scolaritéit gemaach hunn, datt een do et fäerdeg bréngt, déi nach erëm heem ze schécken. Eigentlech dat wat mir heem nennen, ass fir si net méi dat doheem. An dofir muss ee pragmatesch Léisunge fannen, Fall zu Fall kucken. A mir sinn am gaangen och zesumme mat ONGen déi Situatioun ze analyséieren, fir, ech géif soen, op eng korrekt an net spektakulär Manéier esou humanitär Fäll ze léisen.

Frank Kuffer: Dat heescht et ass awer e klengt Versprieche fir eng nei Regularisatioun fir déi Leit.

Nicolas Schmit: Ech nennen dat Regularisatioun au cas par cas, net eng generell, mä et muss een eben all Fall fir sech kucken, an do déi beschte Léisung, humanitär Léisung, fir déi Familljen - et handelt sech haaptsächlech em Familljen - ze fannen.

Frank Kuffer: Nicolas Schmit, villmools Merci fir déi Explikatiounen.

Nicolas Schmit: Merci.

Dernière mise à jour