François Biltgen, invité de l'émission Background sur RTL Radio

Marc Linster: Et sinn 3 Minutten op 12. Invité am Background am Gespréich ass haut also den CSV-President a Minister François Biltgen. François Biltgen, gudde Mëtteg.

François Biltgen: Gudde Mëtteg.

Marc Linster: Här Minister, Dir hat mam Projet 5611 um Enn vum läschte Joer vill Stress an Ierger, duerno war Vakanz. Hutt Dir iwwer d’Feierdeeg de 5611 an d’Protester verdaut?

François Biltgen: Ech hunn e verschafft, loosse mir emol esou soen, well ech war natierlech ganz frou fir kënnen 1 Woch mat menger Famill zesummen, an de Bierger, wou ech ëmmer ginn, op Innsbruck, gäere ginn, Vakanz ze maachen.

Marc Linster: Hat Dir da Schnéi?

François Biltgen: Nee, mä do gëtt et villes ze maachen, an ech sinn och, et muss ee sech och esou lues iwwerleeën, ob een nach ëmmer Schi fiert. Dës Kéier war ech emol fir d’éischt an de Bierger - ech sinn net Schi gefuer, an dofir ass mir och näischt geschitt.

A wat awer ass, dat ass, datt ech wuel physesch ganz ausgelaugt war, datt ech awer no deene Wochen, déi mech vill Energie kascht hunn, awer moralesch ganz zefridde war, notamment konnt mat däer Tournée, déi ech gemaach hunn duerch 14 Lycéen, wou ech net nëmmen d’Méiglechkeet hat mat de Schüler, ze soen, wat d’Philosophie ass vun der Aarbechtsmaartpolitik vun der lëtzebuerger Regierung, mä wou ech och konnt mat hinnen diskutéieren, hinnen nolauschteren. Dat huet mir ganz vill Satisfactioun ginn, Satisfactioun an och Encouragement fir op deem do Wee weiderzefueren, soudatt ech awer och iert datt ech an de Congé gaange sinn, ganz u sech zefridde war mat däer Aarbecht, déi mir alleguer, net nëmmen de Minister, mä och seng Mataarbechter, och d’Leit an der Chamber, gemaach hunn.

Wéi mir d’Chamberdebatt haten, den 20. Dezember, ass mir eigentlech opgefall gewiescht, datt wann net dee Volet vun der Jugendaarbechtslosegkeet an deem 5611, am ganzen Tripartitegesetz dra gewiescht wier, datt dann d’Oppositioun eventuell iwwerhaapt net dogéint gestëmmt hätt, well et sinn och vun der Oppositioun nach ganz just punktuell Ännerungsvirschléi komm. Mä eigentlech ass déi Marge grouss, déi mir hate fir ze kucken, mir mussen an d’Aarbecht investéieren an net an de Chômage investéieren, ass awer largement gedroe gewiescht. Och dat mengen ech ass och ganz wichteg gewiescht als Enseignement.

(…)

Marc Linster: Kucke mir dann Är Hausaufgaben. Do virop de Chômage. Den Aarbechtsministère ass jo zënter Jorzéngten an CSV Hand. Et goufen an de läschte Joeren eng hellewull Mesuren zu Gonschte vun der Beschäftegung geholl, an trotzdem klëmmt d’Zuel vun de Leit ouni Schaff bestänneg. Wéi explizéiert Dir Iech déi Situatioun? Ass et en Échec, a gleeft Dir nach drun, datt der déi Problematik iergendwann an de Grëff kritt? Net elo Dir perséinlech, mä als Regierung, als Stat och.

François Biltgen: Hei muss een emol e puer Saachen och kucken, am Verglach mam Ausland.

Mir sinn net méi an deenen Zäiten déi et gouf, an den 60er, 70er Joeren, datt et keng Aarbechtslosegkeet méi gouf. Ech wëll zum Beispill drun erënneren, datt am Ausland ëmmer erëm gesot gëtt, wa vu Vollbeschäftegung geschwat gëtt, gëtt gesot 5%, dat ass Vollbeschäftegung, dann hätte mir eigentlech Vollbeschäftegung, dat ass awer net de Punkt. De Punkt ass, datt mir Leit hunn zu Lëtzebuerg, déi eng Schaff sichen, an déi keng fannen.

Et ass also ëmmer e Risiko an däer post-industrieller Gesellschaft an däer mir sinn, ass de Risiko méi grouss, datt mir Leit hunn, déi keng Schaff hunn. Wat wichteg ass, datt d’Leit déi keng Schaff hunn, esou séier wéi méiglech op eng Schaff kommen. Dat wat de Problem ass, an och zu Lëtzebuerg de Problem ass, datt déi Zuel vu Leit déi keng Chance richteg hunn op eng Schaff ze kommen, mä an der Laangzäitaarbechtslosegkeet bleiwen, dat ass de Punkt mat deem mir eis mussen ausernee setzen, mat der struktureller Aarbechtslosegkeet.

An da kënnt selbstverständlech déi Fro, Här Linster, déi mir eis ëmmer musse beäntwerten, wéi kann et sinn, datt engersäits Aarbechtsplaze geschaaft ginn, an op där anerer Säit de Chômage net richteg zeréckgeet, dat hänkt ëmmer dovun of, wéi et ass, mä net esou zeréck geet, wéi ech mir dat virstellen, datt e misst zeréck goen? Do ginn et 2 Äntwerten drop.

Déi éischt ass déi, ech soen deen nach eng Kéier, vun der post-industrieller Gesellschaft, datt et eben net méi duergeet fir wëllen ze schaffen. Fréier war et onmoosseg net qualifizéiert Aarbechtsplazen, wou et duergaangen ass, fir eben ze soen, ech hu meng Schaff verluer, ech gi bei en anere Patron, déi ginn et haut net méi. Och net qualifizéiert Aarbechtsplaze stelle Kompetenze viraus, déi een och muss iwwer Formatioune sech uneegenen. 40% vun den Aarbechtsplazen déi zu Lëtzebuerg geschaf ginn, si Bac+ Aarbechtsplazen. Déi Leit, déi am Aarbechtsamt ageschriwwe sinn, dat sinn zur Hallschent Leit, déi hunn nëmmen d’Scolarité obligatoire gemaach. Vun deenen hunn 1/3 hir Scolarité obligatoire net zu Lëtzebuerg gemaach, dat heescht, do kommen och nach eng ganz Partie vu Sproochen, Mangel vu Sproochekompetenzen dobäi. Mir hu wéineg Leit mat Diplomer am Chômage.

Marc Linster: Do leeft eppes falsch an eisem Schoulsystem.

François Biltgen: Net nëmmen, net nëmmen. Ech soen dat nämlech nach eng Kéier, datt 1/3 vun deene Leit, déi beim Aarbechtsamt ageschriwwe sinn, 1/3, déi hunn hir läscht Schoul nëmmen, déi hu se am Ausland gemaach, dat heescht natierlech musse mir Schoulreforme maachen, an ech stinn och dofir an, datt mir solle Schoulreforme maachen.

Marc Linster: Mä d’ Fro ass jo dann awer, firwat maachen déi Leit déi Schoulen am Ausland?

François Biltgen: Neen, neen, dat si Leit déi op Lëtzebuerg kommen aus dem Ausland. Dat ass Immigratioun, déi op Lëtzebuerg kënnt. Dat si Leit, déi mir, zum Beispill hu mir an den 60er, 70er Joeren massiv net qualifizéiert Leit gebraucht hei, am Bau notamment. Déi hunn elo e Problem, an där hu mir der ganz vill. Déi elo gesondheetlech Problemer hunn,, an déi fanne sech da mat 50 Joer, fanne se sech am Chômage zeréck, an do ass et ganz schwiereg, fir déi erëm op eng Aarbechtsplaz zréckzeféieren. Dat ass eng Fro, mat där mir eis mussen auserneesetzen.

Nach eng Kéier am Résumé. Engersäits hu mir e Problem vu Leit, déi eng Schaff sichen, déi keng Qualifikatioun hunn. Mir mussen also op deem Domaine schaffen. Op där anerer Säit ass et natierlech esou, datt an engem oppene Lëtzebuerg ëmmer och en Drock hunn, well am Ausland d’Léin manner héich sinn. Am Ausland ass de Chômage méi grouss, dat heescht vill Diploméierter kommen op de lëtzebuerger Aarbechtsmaart, a sinn an engem Konkurrenzkampf. Deem Konkurrrenzkampf, deem musse mir eis stellen. Ech héieren ëmmer erëm, jo, da musst Dir soen, e Grenzgänger dierf net op Lëtzebuerg schaffe kommen. Da soen ech, éischtens dierfe mir dat net, well mir sinn an Europa. Zweetens, wa mir dat géife maachen, da géif Lëtzebuerg zesummefalen.

1984, ech denken ëmmer gären zréck op déi Zäit wou mir ugefaangen hu, Politik ze maachen, matgehollef hu Politik ze maachen, 1984 hate mir 150.000 Aarbechtsplazen, mir hunn haut 310.000 Aarbechtsplazen. 1984 hate mir ronn 265.000 Lëtzebuerger, haut hu mir ronn 275.000 Lëtzebuerger hei zu Lëtzebuerg. Dat heescht ouni Grenzgänger géif eis Wirtschaft zesummefalen.

Wat ass wichteg? Wichteg ass, datt mir agesinn, datt mir Chancen hunn, well Aarbechtsplaze geschaaft ginn, datt mir awer mussen déi Strukturreforme maachen, notamment am Bildungswee, fir d’Leit dohinner ze bréngen, fir och op déi Schaff kënnen ze kommen.

An dat war jo och eng vun deene Froen, déi ech wollt mat der Jugend diskutéieren, well ech ëmmer erëm gemierkt hunn, datt Jugendlecher gesot hunn, wat huet et nach e Wäert en Diplôme ze maachen, ech fannen dach keng Schaff. Dach, just mat engem Diplôme huet ee rise Chancen, eng Schaff ze fannen.

Wat awer wichteg ass, dat ass datt mir vläicht an de Schoulen méi och iwwer d’Beruffswelt schwätzen, och iwwer Beruffsorientéierung schwätzen, well ech och ëmmer hinne misse soen, studéier, et soll ee studéieren dat wat ee wëllt, wou ee mengt, datt ee gutt wier, mä net wéinst dem Studium, mä wéinst dem Beruff wat hannendru steet. A wann een op Lëtzebuerg wëllt zeréckkommen, da muss ee sech och d’Fro stellen, gëtt et an deem Beruff vill Perspektiven oder gëtt et an deem Beruff net vill Perspektiven. An déi Fro hätt ech gär, datt een déi an der Schoul diskutéiert, ier datt ee bis mat der Schoul fäerdeg ass.

Marc Linster: Iwwer Schoul, Logement an Transport ënner anerem schwätze mir nach nom Journal vun hallwer 1.

[Mëttesjournal]

Marc Linster: Background am Gespréich, Invité am Studio haut ass den CSV-President a Minister François Biltgen. Mam Här Biltgen si mer grad amgaang iwwer d’Hausaufgabe vun der Regierung ze schwätzen, vun den nächste Méint, an do komme mer elo mol op ee schwieregen Dossier, dee vum Logement. Hei huet de Premier jo schonn ee puermol ee Mea Culpa gemaach. Et ass och dëst ee Ministère fir deen d’CSV zanter Joren d’Responsabilitéit huet. Den LSAP-Parteipresident Alex Bodry huet gemengt, hei missten endlech Neel mat Käpp gemaach ginn. Net méi spéit wéi op der Neijoeschréceptioun vu senger Partei huet den LSAP-Spëtzepolitiker d’Hand nach emol op d’Wonn geluecht. Bauen a wunne muss fir jiddwereen accessibel bleiwen, esou den LSAP-President. D’Baulandspekulatioun misst ophalen an nei Gesetzer wieren néideg, an d’LSAP fuerdert, datt déi annoncéiert Texter endlech op den Dësch kommen. Mir waarde schonn 8 Méint drop, esou den Alex Bodry.

(…)

Marc Linster: Här Minister, wéini sinn dann Är Kollege fäerdeg mat hiren Hausaufgaben?

François Biltgen: Oh wësst Dir, Dir hutt elo den Extrait vum Neijoeschempfang vun der LSAP virgespillt, all Partei huet hire Stil, all Parteipresident huet säi Stil. Ech sinn eigentlech frou, President ze si vun enger Partei wou net bei all Ried vu mer verlaangt gëtt an erwaart gëtt, datt ech do vun deenen anere schwätzen, mä bei eis gëtt éischter erwaart, datt mer soe, wat mer maachen.

Marc Linster: Mä mir hu jo awer Problemer [gëtt ënnerbrach]

François Biltgen: A wat mer gesot hu maache mer. Wat mer gesot hunn, maache mer. De Fernand Boden huet am Mee ee Pak virgeschloen, wou hee selwer mat senge Mataarbechter, mat de Mataarbechter vun anere Ministèren och ebe just déi politesch Iddien op den Dësch geluecht huet. Ech wëll Iech nach eng Kéier soe watfir eng dat sinn. Mir musse jo, de Problem ass jo zu Lëtzebuerg net d’Bauen u sech, de Problem ass den Terrain, deen ze deier ass, an do ass jo d’Gefor, datt déi déi Chance hunn op Bauland ze kommen, datt déi bevirdeelegt sinn, an déi aner ni méi zu engem Bauland kommen. Wat musse mer also maachen? Mir musse kucken, datt Staat a Gemenge méi bëlleg Terraine kënnen op de Marché geheien. Dofir brauche se Terrainen. An dofir sinn d’Iddien, déi de Fernand Boden virgestallt huet, dat ass mol fir d’éischt ee Virkafsrecht, dann och d’Plus-value-Besteierung, ginn d’Leit entbonne wa se Staat a Gemenge verkafen, an da soll och eng Taxe de rétention kënnen agefouert ginn, wann d’Bauland net benotzt gëtt. Déi Iddien, déi huet de Fernand Boden selwer virgeschloen, déi sinn an der Tripartite guttgeheescht ginn, déi sinn an der Chamber guttgeheescht ginn

Marc Linster: Mä an der Praxis kënnt awer näischt.

François Biltgen: En huet gesot, 6 Méint, dat muss een am Detail maachen, dat kënnt an deenen nächste Wochen. Dat ass gewosst, datt nach am Mount Januar dee Projet de loi presentéiert gëtt, wou dat alles drasteet. Dat soen ech awer och, Här Linster, Dir wäert nach munch Sendung heimadder fëllen, mat deenen dote Moossnamen, well net jiddweree wäert zefridde sinn, datt Staat a Gemengen do méi autoritär do erakommen. Do kann ech also nëmme frou sinn, wann ech dat héiren hu wat den Här Bodry gesot huet, datt dann och seng Partei a seng Fraktioun voll a ganz hannert deenen dote Moossname stoe wäert, och wann et bis ufänkt e bësselche méi Buttick ze ginn ëm déi Moossnamen. Mä de Fernand Boden wäert deen nach an dësem Mount an de Regierungsrot erabréngen.

Marc Linster: Da waarde mer dat mol of. Anert Stëchwuert, Eenheetsstatut vun den Aarbechter an de Beamten. Hei leien d’Positioune vu Patronat a Gewerkschafte sech jo diametral géintiwwer. D’Regierung wëllt bis Enn dës Mounts hir Responsabilitéit an dësem Dossier iwwerhuelen, stellt sech awer d’Fro wat geschitt, wa keng Säit mat deem Projet vun der Regierung d’accord ass. Wat geschitt, wann de Statut unique net kënnt? De Robert Weber vum LCGB huet sech op der Neijoeschréceptioun vu senger Gewerkschaft esou seng Gedanke gemaach.

(…)

Marc Linster: Erëm eng muskléiert Ausso an dësem Dossier, vu Säite vum Patronat goufen der jo och a leschter Zäit gemaach. Här Biltgen, gleeft Dir nach un ee glécklechen Ausgang an dësem Dossier, oder fäert Dir, datt sech am Fall vun engem Échec dach ee gréissere Sozialclinch hei zu Lëtzebuerg entwéckelt?

François Biltgen: Wësst Dir, Här Linster, Dir hat virdrun d’Wuert gebraucht vun der „Force tranquille“ fir d’CSV, ech huelen „d’Force tranquille“ och fir d’Regierung. D’Regierung muss hei roueg un déi Saach do erugoen. Et ass net d’Regierung déi gesot huet, elo maache mir ee Statut unique, mä et waren d’Sozialpartner, déi sech eens gi sinn, fir ze soen, mir maachen een Eenheetsstatut vun Aarbechter a vu Beamten, wat Sënn mécht. Wann Dir de Code du travail liest, fannt Dir nach just ganz wéineg Bestëmmungen, wou mer een Ënnerscheed zwëschen Aarbechter a Privatbeamte maachen. A ganz ville Länner gëtt et dat net. De Knackpunkt, wësst Dir, dat ass dee vun de Krankekeesen, vun der Lohnfortzahlung, an do hat d’Patronat ee Modell, wou d’Bruttoléin erofgaang wären, dee vun de Gewerkschafte refuséiert gouf, an d’Gewerkschaften haten ee Modell, wou d’Bruttoléin an d’Lut gaange wären, wat vun dem Patronat ofgelehnt gouf. De Mars Di Bartolomeo an ech selwer, déi jo allen zwee hei mat deem Dossier zesummeschaffen – iwwregens ganz gutt zesummeschaffen, an ech si ganz frou, datt mir zwee, mä dat erkläert sech aus eiser gemeinsamer gudder Vergaangenheet, wou mer ëmmer gewinnt ware mat knifflegen Dossieren ze schaffen – schonn déi Zäit wou mer Franktiounssekretär waren, mir ginn eis hei ganz vill Méifir dat ze maachen, mir sinn amgaang, dat ze schaffen, fir dat ze maachen, wat d’Tripartite zréckbehalen huet. Dat ass net vill, mä et seet alles.

Marc Linster: Et gi Leit, déi soen op der Tripartite wier iwwerhaapt, ausser dem Prinzip, näischt décidéiert ginn.

François Biltgen: Nee, do ass ganz Villes gesot ginn, nämlech Folgendes: de Statut unique däerf keng finanziell Méibelaaschtung brénge fir d’Wirtschaft insgesamt, dat ass déi éischt Ausso. Zweet Ausso ass déi, datt gesot ginn ass, mir mussen de Gegebenheeten, verschiddene Problemer vu verschiddene Secteure musse mer besonnesch Rechnung droen. Déi fënnt een zum Beispill a verschidde kleng Betriber, déi een notamment, net nëmmen, mä awer notamment am Handwierk erëmfënnt. Dann ass drëttens och gesot ginn, datt de Statut unique sech soll inspiréiere vum aktuelle Privatbeamtestatut. Dat si mer amgaang ze maachen. Do schaffen déi verschidde Leit drun, déi dat musse virbereeden, an da wäerte mer versichen, eppes op den Dësch ze leeën

Marc Linster: Wéini ass dat?

François Biltgen: Majo, esou séier wéi méiglech. Wichteg ass, datt mer eng ordentlech Propositioun do op den Dësch leeën, an da kucke mer, wéi d’Meenungen do bei de Sozialpartner sinn, an dorophi wäert dann d’Regierung da weider Schrëtt décidéieren a watfir eng Richtung dann och dann déi Schrëtt kënne goen, oder musse goen, oder net kënne goen.

Marc Linster: Mä Dir sidd gudder Déng, datt et zu eppes Konkretem kënnt?

François Biltgen: Wësst Dir, Här Linster, wann ee just géif dat maachen an der Politik, wat einfach ass, da bräicht ee keng Politiker, da géif et jo vum selwe goen. Ech soen dat och ëmmer hei, wa Leit soen, wéi ass dat esou schwéier, ee Statut unique ze maachen. Wann et einfach gewiescht wier, dann hätte mer e scho laang. Vu datt et schwiereg ass, wësse mer datt et schwiereg ass, an ech mengen et ass un der Regierung, fir dann innovativ Iddien op den Dësch ze leeën. Ech hu jo verstanen, datt d’Sozialpartner soen, d’Regierung soll innovativ Iddien op den Dësch leeën. De Mars Di Bartolomeo a seng Leit, a mir bei eis am Haus, wäerten da versichen, jiddwereen op sengem Domaine eppes ze maachen, wat och als Pak kohärent ass.

Marc Linster: Mir hunn et gesot, vill gouf jo am Kader vum 5611 iwwert d’Relatioune vun deene Jonken an de Politiker geschwat. Et huet ënnert anerem vu verschiddener Säit geheescht, d’Politiker misste méi op déi Jonk lauschteren an op hir Problemer, Suergen an Ängscht agoen, an Dir hutt als Minister vun engem bestëmmte Moment un de Kontakt mat de Schüler gesicht. Mä wat beweegt déi Jugendlech?

(…)

Marc Linster: Ier mer verschidde Punkten nach méi am Detail kucken, eng allgemeng Aschätzung: iwwerraschen dës Gedanke vum Sarah Cattani Iech oder sinn et ähnlech Iwwerleeungen, déi Dir bei Ärer Tournée duerch d’Schoulen zum Beispill ze héiere kritt?

François Biltgen: Et sinn ähnlech Iwwerleeungen, wou eng Partie vun Iwwerleeunge richteg sinn an eng Partie vun Iwwerleeunge falsch sinn. Zum Beispill, wann ech elo erëm eng Kéier héireen, ee jonken Universitaire hätt manner Rechter wéi virdrun, ass dat falsch, well et geet jo net drëm, datt ee jonken Universitaire herno während enger gewëssener Zäit ee minimalt Chômagegeld kritt.

Marc Linster: Mä wisou bleift dann déi Meenung bestoe bei deene Jonken?

François Biltgen: Majo well déi Meenung laang colportéiert gouf während där ganzer Diskussioun, wat mech och dozou bewegt fir ze soen, mir mussen och effektiv d’Diskussioun och nach an Zukunft weiderféieren. Ech si ganz frou, datt iwwregens d’Jugendministesch, d’Marie-Josée Jacobs, deemnächst och mat engem Gesetzesprojet wäert an de Regierungsrot kommen, fir ze kucken, wéi maache mer Debatte mat der Jugend dobaussen. Ech bleiwen och selwer dobäi, datt ech am Hierscht sämtlech Lycéën erëm eng Kéier uschreiwen a soen, hei, ech komme gär bei iech, Dir sollt selwer – respektiv Är Schülercomitéën, ech hätt och gären de Feedback notamment vun de Schülercomitéën – sollen ee Katalog vu Froen opstellen, déi si just un den Aarbechtsminister a seng Leit hunn, a soen, net nëmmen zu aktuelle Gesetzer oder Reglementer un deene mer schaffen, mä iwwerhaapt zu der Problematik, well mer bewosst ginn ass, datt Villes net am Detail bekannt ass. Falsch Ängscht bestinn, och falsch Illusioune bestinn. An do ass et scho richteg, datt ee muss op d’Jugend erugoen an och op déi Jugend, déi nach kee Stëmmrecht huet. An datt ee vun deene beschte Moyene, fir dat ze maachen, effektiv an d’Lycéën eranzegoen ass, wou een natierlech och drop ugewisen ass, datt d’Schoulgebeier dat och selwer esou gesinn. An ech muss soen, datt ech ganz frou war, datt 14 Lycéën – dat war also praktesch d’Hallschecht – direkt mat hire Schülercomitéë ganz oft – wou d’Schülercomitéën och ganz oft eng Débatt animéiert hunn, wat ech och flott fonnt hunn, och kontradiktorech Debatten hate mer mateneen, all Debatt war eigentlech aneschters vun all Lycée – do gekuckt hu, fir deen Dialog ze maachen. Dee musse mer an Zukunft méi maachen, an natierlech muss een do, wou d’Froe berechtegt sinn, muss een Äntwerte fannen, notamment wat de Logement ubelaangt, do hu mer jo schonn driwwer geschwat, dat ass fir mech déi gréisste Suerg, déi ech och ëmmer erëmfannen. Ech soen Iech nach haut de Moien op eisem Nationalrot war dat ee vun eisen Haaptsujete selbstverständlech.

Marc Linster: D’Thema wat elo an d’Diskussioun nach komm ass, dat ass d’duebel Nationalitéit. Enn des Joers soll de Projet gestëmmt sinn, dat sot Äre Parteikolleg Laurent Mosar dës Woch op enger Konferenz. Ass deen Datum dann iwwerhaapt realistesch?

François Biltgen: Dee Projet, deen ass jo déponéiert vum Luc Frieden, op deem Projet gëtt geschafft. Am Regierungsrot hate mer gëschter een Échange de vue iwwert d’Sproochekompetenzen, wou d’Mady Delvaux als Schoulministesch, déi och de Centre de langues ënnert sech huet, do Virschléi gemaach huet, wat ee sech kéint als Sproochekompetenze virgesinn. Déi solle mëndlech Sproochekompetenze sinn am Lëtzebuergeschen, keng schrëftlech, déi och net sollen ze héichgeschrauwt sinn, mä déi sollen awer eng Integratioun do erméiglechen, an da kommen eng ganz Partie aner Diskussiounen herno, och nach dorun. Also, do lafen d’Virbereedungen op ganz staarken Touren.

Marc Linster: Anert Stëchwuert beim Sarah Catani ass den Transport gewiescht. Ech géif déi Problematik gär an ee méi generelle Kader, an zwar dee vun der Landesplanung setzen. Ass den IVL iwwerhaapt nach een Thema an der Regierung? Et huet een nämlech d’Impressioun, datt déi Zukunftsstrategie deen Dag begruewe gouf, wéi de Michel Wolter den Inneministère verlooss huet.

François Biltgen: Bon, de Michi Wolter huet jo den Inneministère net einfach verlooss. En ass op säi Wonsch hin, wollt en net méi an der Regierung bleiwen, mä e wollt an der Chamber matschaffen, an en ass jo net nëmme Fraktiounschef an där Chamber – wou een e jo och héiert, et ass jo och net esou, datt en näischt méi géif vu sech héieren doen – mä en ass och President vun där Kommissioun, déi sech ëm d’Reforme territoriale bekëmmert. Ech soen Iech, datt dat eng wesentlech Viraussetzung ass, datt mer, huele mer d’Wierder vum Michel Wolter, datt mer aus dem Postkutschenzäitalter an den Zäitalter komme vun de moderne Kommunikatiounsmëttelen, an datt mer och do, ech soen datselwecht wéi virdru beim Logement, musse méi vun uewen erof eng Partie Saachen zentralistesch ugoen, fir eben och jiddwerengem an Zukunft an dësem Land Liewensqualitéit ze sichen. Dat heescht, datt mer awer mussen och iwwert d’Kompetenze Staat a Gemenge schwätzen, och d’Fro wierklech stellen, wéi grouss a wéi staark muss eng Gemeng sinn, fir datt se iwwerhaapt nach kann hire Bierger Liewensqualitéit bidden. All déi Froen, déi ginn an där Kommissioun vun der Landesplanung, vun der Réforme territoriale do ugaang, an do musse mer och zu politesche Conclusioune kommen, an dat musse mer an deenen nächste Méint, an dat wäerte mer an deenen nächste Méint och ugoen.

Marc Linster: E Politikberäich op deen ech nach emol wéilt agoen, obwuel mer scho kuerz driwwer geschwat hunn, dat ass d’Schoul. Dee Ressort hat Är Partei laang Joren. Zanter 1999 hu Dir dee Miinstère dunn awer ofginn. An dësen Deeg war a verschiddenen Zeitungsartikelen ze liesen, an de Guy Kaiser huet dat och elo éinescht a sengem Commentaire gesot, d’CSV hätt sech a Saache Schoulpolitik diskret zréckgezunn. Ass Är Partei an dësem wichtegen Domaine mat hirem Latäin ieren um Enn?

François Biltgen: Nee, d’Partei schwätzt nach ëmmer iwwer Schoulpolitik. Ech wëll och do soen, datt do Debatten an der Chamber iwwregens lafen, wou mer jo och Leit hunn an der Chamberfraktioun déi do matmaachen. Mä och an der Regierung waarde mer net nëmmen op wat d’Fraktioun mécht. Ech kommen nach eng Kéier op d’Landesplanung zréck, och am Landesplanungsministère eng ganz Partie Projete beim Jean-Marie Halsdorf virleien, esou ass et och hei, och an der Partei maache mir eis Suergen, an der Fraktioun maache mir eis Suergen an dat gëtt diskutéiert, zesumme mat der Schoulministesch. An da soen ech och, datt och een Deel vun der Bildungspolitik, dee wichteg ass, am Héichschoulministère läit, an och do, mengen ech, ass villes geschitt, am Héichschoulministère. Wa mer awer elo kucken, datt déi Uni Lëtzebuerg, dee Konzept vun der Uni Lëtzebuerg, wéi nach d’Erna Hennicot e preparéiert hat, wat awer op eemol erëm total a Fro gestallt war no de Wahlen, wéi dat awer mëttlerweil praktesch vu jiddwerengem, bal vu jiddwerengem an dësem Land akzeptéiert ass, och dat gëtt wichteg Impulsen. Déi Uni gëtt wichteg Impulsen och fir déi Politik, déi dureno kënnt, notamment och, well jo déi Uni Lëtzebuerg och een Departement huet, eng Fakultéit huet, wou och Recherche soll just iwwert d’Schoulpolitik gemaach ginn, wou och Recherche iwwert d’Schoulpolitik geschitt. Also et ass ganz kloer esou, datt ëmmer [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Mä hu mir nach laang Zäit fir Étuden ze maachen?

François Biltgen: Majo, do lafe ganz vill Étuden.

Marc Linster: Jo, mä hu mir nach Zäit, misst net schonn eppes Praktesches, Konkretes geschéien?

François Biltgen: Majo, et kommen och, ech wëll awer drun erënneren, datt d’Schoulministesch jo awer eng ganz Partie Initiativë virgeschloen huet dobaussen, déi och kontradiktoresch diskutéiert ginn, wou d’Schoulministesch et och net einfach kritt, wat awer wichteg ass. Ech huelen ee Beispill, dat ass Kompetenzen, Kompetenzsockelen ze définéieren. Dat ass natierlech méi liicht gesot wéi gemaach, mä dat ass awer eppes, wou mir och am Aarbechtsministère, um Aarbechtsamt mierken, wéi wichteg dat ass. Haut eng Zensur, dat seet net méi dat aus. Wann ee 45 am Franséischen huet, da weess kee Patron, kann e verstoen, liesen, schreiwen? Et ass wichteg, datt mer déi Kompetenzsockele ginn, an do lafe jo awer ganz vill Reformen am Schoulministère. Dofir si mer och der Meenung, mir sollen déi Reformen net elo stoppen, mä mir sollen déi Reforme weiderdreiwen, kontradiktoresch weiderdreiwen. Och do muss d’Diskussioun geschéie mat de Professeren, ech hoffen och mat de Schüler. Déi ginn net einfach. Keng Reform ass einfach, mä ech mengen, datt et do wichteg ass, datt déi Reformen net nëmme vun der Schoulministesch virgedroe ginn, mä och vun eis mat begleet ginn, an dofir hu mer souwuel an der CSV-Fraktioun, wéi och an der Partei Aarbechtsgruppen, déi sech selwer hir Gedanke maachen, an och wëlle positiv dat mat der Schoulministesch a mat natierlech der LSAP als Koalitiounsparner zesumme mat ugoen.

Marc Linster: Mir hunn et lo festgestalt, engem Minister bleift net méi vill Fräizäit bei deene quokelegen Dossieren. De fréiere Kulturminister François Biltgen interesséiert sech awer besonnesch fir Industriekultur, an an dësem Kontext huet en eis och ee Musikstitel vum Laurent Menager matbruecht.

[Musekwonsch]

Marc Linster: François Biltgen, firwat hutt Dir grad dës Opnam vum fréieren RTL-Orchester erausgesicht?

François Biltgen: Ech hunn déi erausgesicht déi huet iwwregens näischt mat Industriekultur ze dinn, fir de Rescht sinn ech awer ganz fir Industriekultur – mä déi huet eppes domat ze dinn, datt et ee CD ass, Laurent Menager vum CNA, an do wëll ech Reklamm maache fir den CNA, dee ganz vill fir de Lëtzebuerger Patrimoine mécht, an och drun erënneren, datt fréier RTL och ganz vill gemaach huet, ier datt mer een neie Konzessiounsvertrag haten, fir d’Kultur zu Lëtzebuerg. De Pierre Cao huet hei dirigéiert, de Laurent Koster huet gesongen, de Laurent Menager war eisen Nationalkomponist vum 19. Jorhonnert. Ech hat selwer eng Kéier d’Geleenheet seng Biographie ze schreiwen. Ech hunn dat och e bësse gemaach a Gedenken zu menger Boma, d’Cecile Biltgen, déi eng Enkelin war vum Laurent Menager, an déi ëmmer erëm ugeruff huet bei RTL, déi Zäit wou Dir nach net do geschafft hutt an ech nach kleng war, fir ze soen, RTL géif net genuch fir d’Kultur maachen. Ech hoffen dann, datt och RTL, elo wou am Konzessiounsvertrag net méi esouvill drasteet fir Kultur ze maachen, och heiansdo spontan Iddie komme fir Kultur ze maachen. Ech wollt och drun erënneren, datt mer och ganz vill eis Méi ginn am Kulturministère dat ze maachen, an d’Octavie Modert wäert den 21. September den neien CNA zu Diddeleng an enger iwwregens Deelindustriebraach opmaachen, an och do freeën ech mech drop, wann den CNA kann an neie Gebeilechkeete flott schaffen.

Marc Linster: Bleift Iech dann och nach Zäit fir eppes anescht wéi Dokumenter ze liesen?

François Biltgen: Ech versiche vill ze liesen, nämlech keng Dokumenter, owes fir anzeschlofen liesen ech ganz gäre virun allem Romanen. Ech hunn elo iwwert d’Feierdeeg den 8. Deeg an der Woch vum Jhemp Hoscheit gelies, ee ganz flotte Roman, ech hoffen, datt en och grad esou eng flott Verfilmung mat sech bréngt wéi Perl oder Pica, dee jo nach ëmmer an dem Kinoe leeft, gitt e roueg kucken. A voilà, dat ass eppes, wat ech ganz vill maachen, an dann natierlech, wann ech nëmmen Zäit hunn, e bësselche mat menge Kanner, souwäit se nach iwwerhaapt wëllen eppes mat mer maachen, déi ginn och ëmmer méi grouss, a mat menger Fra e bësse Kulturelles an och einfach Relaxes, Roueges maachen.

Marc Linster: Dir hutt elo vu Kulturellem gesschwat, Dir waart och President vum Organisatiounscomité vum Anniversaire vun der Fola vun Esch, vum Futtball. Suivéiert Dir och nach e bësse Sport? Maacht Dir nach e bësse Sport?

François Biltgen: Ech versichen ee Sport ze maachen deen elo nach fir mech geet, also engersäits muss ech natierlech e bëssen, hunn ech mer och virgeholl och erëm méi op Iessen an Drénken opzepassen, an da wëll ech, wa mar d’Wieder gutt ass, wëll ech vläit mat menger Fra zesummen e bëssen Nordic Walking iwwert de Lallenger Bierg zu Esch maachen. Dat gesi mer elo, datt ech effektiv a Bewegung bleiwen, a wann ech heiansdo Zäit hunn, da ginn ech d’Fola, an der leschter Zäit nach méi oft d’Jeunesse kucken. Mä ech freeë mech natierlech, soen ech Iech, als Escher, wann d’nächst Joer erëm eng Kéier géifen net nëmmen d’Jeunesse an d’Fola zesummen an der Nationaldivisioun spillen, mä op d’mannst ee vun deenen zwee Veräiner erëm fir de Champion matspillen. Mat déi schéinste Momenter wou ech mech kann drun erënneren als Bouf, dat waren esou déi Derbye vun e puer dausend Leit wou Jeunesse Fola komm sinn.

Marc Linster: Kucke mer mol, ob dann esou Derbye kommen. Voilà dat war et scho nees fir d’Emissioun vun haut. François Biltgen, merci fir de Besuch am Studio. En nächste Rendez-vous mat Background am Gespréich hutt Dir haut aacht Deeg, da mam Marco Goetz.

Dernière mise à jour