Le ministre de l'Économie et du Commerce extérieur, Jeannot Krecké, au sujet d'iTunes-Video de l'entreprise Apple

Umoderatioun: D’US-Entreprise Apple baut hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg aus, esou gouf de Wirtschaftminister Jeannot Krecké gëschter Owend op der AFP zitéiert. Apple géif am Fréijoer den europäeschen I-Tunes-Video vu Lëtzebuerg aus lancéieren. Iwwert déi Plattform géife Filmer an Televisiounsserien un d’Internet-Clienten an Europa verkaaft ginn. Am 100,7-Interview nuancéiert de Jeannot Krecké déi Informatioun awer. Apple hätt zwar ugedeit, datt I-Tunes-Video kéint vum Grand-Duché aus lancéiert ginn. Eng offiziell Confirmatioun hätt d’Regierung awer nach keng. De Jeannot Krecké am Interview mam Jean-Claude Franck.

Jeannot Krecké: Et si Gespréicher mat eiser Administratioun ginn iwwert e méiglechen Développement vun där doter Technik vu Lëtzebuerg aus an et géing mech net wonneren, vu datt mer, mengen ech, kompetitiv sinn an där ganzer Saach, datt se dat vu Lëtzebuerg aus géinge maachen. Mä ech hunn awer keng schrëftlech Confirmatioun, datt et scho lancéiert wier.

Jean-Claude Franck: Dir schwätzt op der AFP vu méintelaange Verhandlunge mat Apple. Wéi eng Konditiounen huet déi amerikanesch Entreprise gestalt a wéi eng hutt Dir gestalt an deem do Kontext?

Jeannot Krecké: Näischt. Ech mengen do geet et ëmmer drëm, datt jiddweree freet wat e brauch. Mir hu grouss Efforte gemaach an der Connectivitéit déi lescht Zäit, mir hu probéiert alles wat de Back-up ubelaangt wesentlech ze verbesseren. Mir schaffe ganz vill op der Sécherheet vun de Réseauen a vun der Informatik am grousse ganzen. Dat sinn déi Elementer um Niveau Infrastruktur déi mir probéieren ze verbesseren, fir net nëmmen einfach um Niveau vun der Fiscalitéit ze bleiwen.

Jean-Claude Franck: Et ass awer esou, datt d’Fiscalitéit een Attrait ass. Op wéi enge Prestatioune genee si fir de Lëtzebuerger Staatsbudget TVA-Recetten ze erwaarden an deem do Kontext ?

Jeannot Krecké: Mir hu guer keng Erwaardungen. Dir wësst och, wann ech et géing wëssen, dat ech et net géing soen, well dat gehéiert an d’Beruffsgeheimnis. Dovu kéint een de Chiffre d’affaires an alles erausliesen. Dat maachen ech net, dat ass am Moment net opportun. Mir hunn och souwisou nëmme Spekulatiounen déi da méiglech sinn an dorop loossen ech mech net an.

Jean-Claude Franck: Wat bis elo nach net gesot ginn ass, dat ass ob och Aarbechtsplazen an deem dote Szenario zu Lëtzebuerg géifen entstoen. Wësst Dir do eppes méi schonn?

Jeannot Krecké: Dovu weess ech net genaues. Sécherlech wann zousätzlech Aktivitéite kommen, brauche se gewéinlech zousätzlech Leit, mä hei schwätze mer ni vu ganz groussen Zuele vu Leit.

Jean-Claude Franck: Et ass och esou, datt de Lancement vun Apple I-Tunes-Video net nëmmen op Géigeléift géif stoussen, et gi sech virun allem Suerge gemaach, datt Apple d’Filmer virun all deenen aneren Diffuseuren an Europa verkafe kéint. Hutt Dir do an deem Sënn Konditiounen un Apple gestalt?

Jeannot Krecké: Also do ginn et jo Droits d’auteuren, do ginn et Rechter déi drunhänken an Apple ass eng grouss Firma an déi weess och, datt se zu Lëtzebuerg sech muss un déi Regelen halen an ech hunn och guer keng Angscht, datt si dat och maachen, well et ass eng Firma déi gutt opgestalt ass an esou Saachen.

Jean-Claude Franck: An Dir hutt nach ee Rendez-Vous mat hinne geplangt fir dat doten ze finaliséieren oder wéi geet et elo virun?

Jeannot Krecké: Nee, et ass kee Rendez-Vous geplangt, mä si sollten elo décidéieren ob se lancéieren oder net.

Jean-Claude Franck: An déi Décisioun muss elo nach ofgewaardt ginn?

Jeannot Krecké: Déi Décisioun ass op alle Fall net offiziell.

Dernière mise à jour