Le ministre des Travaux publics, Claude Wiseler, au sujet du pont Adolphe et de la route du Nord

Monique Kater: E ganz schéine gudden Owend bei Impuls. Gëtt de Pont Adolphe just gefléckt? Gëtt e vläicht méi breet gemaach, oder gëtt carrément eng zweet, permanent Bréck nieft déi Nei Bréck opgeriicht?

Tom Graas: Dat diskutéiere mir elo mam Bauteminister Claude Wiseler. Gudden Owend.

Claude Wiseler: Gudden Owend.

Tom Graas: D’Sanéierung vum Pont Adolphe suergt also fir e ganze Koup Discussiounen. Dobäi ass d’Saach am Fong geholl kloer. D’Nei Bréck soll fit gemaach gi fir d’Zukunft, dat heescht, si soll dee villen Trafic queesch duerch d’Stad paken, a wa méiglech och nach een Tram dobäi. Mä wéi dat geschitt a wat dat alles nach bedeit, do ginn et also e ganze Koup Froen ouni Äntwerten, a vill Spekulatiounen.

[Reportage vum Monique Kater]

Tom Graas: Et ass also eng ganz spektakulär an héich modern Visioun vun der Neier Bréck, déi mir do zum Schluss vum Reportage gesinn hunn. Wéi gefällt Iech dee Projet vum Jako Diederich?

Claude Wiseler: Ech mengen e Projet wou jiddweree seng eege Meenung driwwer huet. Ech gesinn, datt do e Konzept hannendru stécht, wat haaptsächlech e Konzept vun der Visioun ass. Ob et esou verkéierstechnesch klappt, dat ass eng ganz aner Fro. Mä ech mengen do si mir nach guer net an der Discussioun.

Tom Graas: Géif et dann eng Chance ginn, datt esou e Projet sech géif realiséieren?

Claude Wiseler: Also ech mengen, et muss een elo gutt kucke wou mir dru sinn. Deen éischte Punkt an där do Fro, dee mir ze beäntweren hunn, dat ass wa mir wëlle supplementare Raum schafen, fir d’Mobilitéit ze favoriséieren, wa mir also méi Raum wëlle kréien, haaptsächlech fir den ëffentleche Verkéier, dat ass emol fir d’éischt, wou maache mir en? Maache mir en op där do Bréck, oder maache mir en op enger anerer Plaz? An déi Fro muss emol fir d’éischt beäntwert ginn. Wa mir déi bis beäntwert hunn, da kënnt déi nächst Fro. Wa mir décidéiert hätten, mir géingen et op dem Pont Adolphe maachen, da kënnt eréischt déi do Fro. A wann de Reportage et richteg seet, datt mir nach net reagéiert hunn op a sech esou Propositiounen, dann ass dat ganz einfach, well et momentan nach net Zäit ass fir op déi do Fro anzegoen, well mir fir d’éischt emol déi éischt Fro ze léisen hunn.

Monique Kater: Mä et gëtt jo awer scho laang dorunner getüftelt a gekoschtert. Ass d’Décisioun dann iere scho gefall, wéi och am Reportage ugedeit ginn ass? Ass et esou, datt wäert sanéiert ginn, wéi Ponts et Chaussées dat wëllen? An ass et zweetens esou, datt eng zweet Bréck kënnt, déi dann och permanent stoe bleift? Et ass jo och schonn duefir, also et ass gesot ginn, et géif en Architekteconcours international ausgeschriwwen, ass et en Acquis?

Claude Wiseler: Neen. D’Décisioun weder fir déi eng nach fir déi aner Fro ass geholl, an ech sinn elo frou, datt Dir déi zwou Froen niewentenee stellt, well mir sinn hei mat zwou Froe befaasst.

Déi éischt Fro, dat ass, datt ee muss wëssen, datt de Pont Adolphe esou wéi en elo ass, eng Bréck ass, déi eng Rei Problemer huet. Et si Rëss dran, mir hu se provisoresch verstäerkt, mä et ass evident, datt an deenen nächste Joere musse substantiell Aarbechten drop gemaach gi fir se definitiv ze stabiliséieren, a fir se och fit ze maachen, d’Vibratiounen entlaaschten, déi an deenen nächste Joeren op se zoukommen, fir déi duerzehalen. Dat ass déi éischt Fro.

Déi zweet Fro déi sech da stellt, dat ass déi vun der Mobilitéit. Mir wëllen eng Stad, wou d’Mobilitéit assuréiert ass. Mir wëssen, datt an den nächste Joere bis 2020, 20% méi Verkéier an déi Stad erakënnt. Mir wëssen datt mir en Enkpass iwwer d’Péitruss hunn, an ech soe ganz kloer, datt een déi éischt Fro, Refectioun vun der Bréck mat där zweeter Fro, d’Mobilitéitsproblematik, duerchaus ka verbannen. An duefir och déi Reflexioun fir eng zweet Bréck ze maachen. Mä d’Décisioun, dat war Är Fro, ass nach net definitiv geholl.

Tom Graas: Dat heescht, déi Rumeuren déi den Ament dorëmmer lafen, héich Responsabeler aus der Stad géife soen, esou eng zweet Bréck géif egal wéi ni a Fro kommen, dat si wierklech da Rumeuren.

Claude Wiseler: Enfin, ech mengen, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg mécht de Bauteministère, zesummen och mam Kulturministère, hei eng Reflexioun driwwer. Jiddwereen huet seng Meenung, seng Approche, ech hunn och meng perséinlech Meenung driwwer, meng perséinlech Meenung ass awer hei net ausschlaggebend.

Tom Graas: Et ass awer interessant ze wëssen.

Claude Wiseler: Ech kann Iech se och soen, mä si ass net ausschlaggebend. Mir sinn hei an enger Prozedur, déi a sech zu enger Décisiounsfindung muss an deenen nächste Wochen, an deenen nächste Méint féieren. Ech wëll och dat, wat mir hei maache ganz sérieux huelen. Mir hu fir den 17. Mäerz 8:30 Auer en Hearing ageruff, wou jiddweree wëllkomm ass. Mir hunn eng Rei Leit invitéiert, mä et steet och an der Press, an déi Leit déi sech interesséieren, kënne sech um Ministère des Travaux publics mellen, kënnen och dohinner kommen. Ech wëll wierklech och do nolauschteren. Well déi Bréck do, dat ass jo net en einfacht Bauwierk wéi et der dausend anerer hei am Land ginn. Ech mengen, datt mir hei ebe mat engem Bauwierk, enger Bréck ze dinn hunn, déi d’Häerz vun der Stad ass, an déi zwou Fonctiounen huet. Et ass eng Bréck, mir brauche se fir de Verkéier, a wann déi Bréck net méi fonctionnéiert als Verkéiersbréck, dann hu mir Chaos an der Stad...(ënnerbrach)

Monique Kater: Op deem Hearing ass jo och en italienesche Professer dobäi, de Professer Blasi. Deen huet jo anscheinend eng Étude, also eisen Informatiounen no, huet en eng Étude erausginn iwwer de Pont Adolphe. An do seet hien am Fong, déi ass guer net esou an engem schlechten Zoustand, datt esou radikal muss sanéiert ginn. Stëmmt dat?

Claude Wiseler: Hie mécht eng aner, de Professer Blasi vun der Universitéit vu Parma...(ënnerbrach)

Monique Kater: Et ass awer e ganz renoméierten Expert.

Claude Wiseler: Jo, duefir huet e jo och, ass e jo och vun de staatlechen Instanze gefrot ginn, fir och säin Avis driwwer ze ginn. Mir probéieren hei vill Avisen ze kréien, well awer de Sujet eis wichteg genuch ass, datt mir d’Avise vun alle Säite froen.

Monique Kater: Well dat ass jo awer eng Grondsazdiscussioun, ass se esou futti, oder ass se net esou futti? Do muss jo awer Kloerheet bestoen.

Claude Wiseler: Jo, de Professer Blasi huet eng Étude gemaach, wou hien a sech och haaptsächlech déi Fro stellt vun der Aart a Weis, wéi mir un déi Stabilisatioun vun der Bréck eruginn. An do stellen sech eng Rei technesch Froen, wann ech se resüméieren an engem Saz, an dat ass ëmmer schwiereg an deem Dossier, dat ass, wann een eng Reflexioun mécht, op ee soll eng Réfectioun mat Betong dra maachen, oder ob een eng stenge Bréck net muss an dem Steen d’Réfectioun selwer maachen, well Steen a Betong anscheinend anescht schafft. Ech sinn net Expert, sinn op d’Experten ugewisen, mä dat ass de Grondsaz vum Problem. Duefir hu mir och de Professer Blasi fir e Samschdeg aacht Deeg invitéiert, fir och seng Meenung iwwer dee Sujet ze soen. Mir brauchen eng Bréck, déi d’Mobilitéit assuréiert, a mir brauchen och, mir hunn hei mat engem Monument ze dinn, deen en Deel vun eiser Geschicht representéiert, an dat ass schwéier.

Tom Graas: Dat awer net klasséiert ass, dat wahrscheinlech och ni klasséiert wäert ginn. Här Wiseler, wier et net, ënner eis gesot, wier et net méi einfach, et géif een déi do Bréck ofbauen, ofrappen, et géif een eng anstänneg, stabil, déi breet genuch ass, déi och en Tram géif paken, erëm dohinner opriichten. Si kéint jo mengetwegen och nach d’selwecht ausgesi wéi déi, déi elo do ass. Et mengt ee bal eis ganz Problemer am Land, eis ganz Verkéiersproblemer déi wieren alleguer konzentréiert op déi Bréck.

Claude Wiseler: Eng Bréck, déi net klasséiert ass, dat ass richteg, mä ech menge mir maachen déi Renovatioun an déi Aarbechten zesumme mam Kulturministère, also och mat senger Meenung, an dat ass dat, wat wichteg hei ass an dësem Dossier.

Selbstverständlech wier et fir mech wiesentlech méi einfach, mir kéinten alles ofrappen, a missen et nei bauen. Esou geet et net. Ech war och laang Joere Stater Schäffen, sinn och mat der Stad ganz enk verbonnen, hunn och eng sentimental Bindung awer un eppes, wat eis Geschicht representéiert. An ech soen Iech, ech ginn net einfach esou do dru mat deene radikale Methoden, déi mir d’Liewen zwar wiesentlech méi einfach maachen, mä déi einfach net sérieux sinn, fir et esou ze soen. An duefir muss een eng Reflexioun doriwwer féieren, wéi een eben dee geschichtlechen Aspekt op där enger Säit, mat awer dem Utilitéitsaspekt – mir brauchen déi Bréck an der Stad – et ka verbannen. Mir brauchen déi Bréck an der Stad...(ënnerbrach)

Monique Kater: Ästhetesch ass et awer och net immens, wa mir elo nieft déi do, déi jo esou en historesche Wäert fir eis huet, jo eppes aneres niewendru setzen, wat eppes och breedes gëtt.

Claude Wiseler: Et gi jo e puer Léisungen. Mä ech wëll just soen, mir brauchen déi Bréck an der Stad. A wa mir se frësch maachen, a mir maache se zou, da mengen ech musse mir mindestens eng provisoresch Bréck hunn, an doraus kënnt jo och d’Iddi, mä wa mir eng provisoresch maachen, kënne mir dann net direkt eng definitiv maachen? Esou elo, Dir hutt déi Fro gestallt. Ech ginn Iech wierklech nach eng Äntwert...(ënnerbrach)

Monique Kater: Eng ganz kuerz wann ech gelift, well mir hunn nach en aneren Dossier.

Claude Wiseler: Eng ganz kuerz, eng ganz kuerz Äntwert dann do drop ginn. Et ginn, wa mir wëlle méi Raum brauchen, an ech menge mir brauche méi Raum fir den ëffentlechen Transport, ob dat elo Tram oder Bus ass, ech mengen datt mir mussen en Tram hunn, mä ob et Tram oder Bus ass, mir brauche méi Plaz fir den ëffentlechen Transport. Dee kann ee kréie mat enger neier Bréck, déi kann ee kréien andeem een de Pont Adolphe, déi Nei Bréck, verbreedert, an déi kann een eventuell och kréien andeem een d’Passerelle méi breet mécht. Oder et kann een eng Mëschléisung tëschent deenen dräi Saachen do bréngen. Mä ech menge mir brauche Raum, a mir sollen eis och d’Méiglechkeet ginn, fir eis Raum fir den ëffentleche Verkéier ze schafen, well mir brauchen en an der Stad.

Monique Kater: Mir bleiwe bei der Bautepolitik. A China brénge se et fäerdeg, ganz Stied opzeriichten an där Zäit, wou mir emol keng Nordstrooss gebaut kréien. Woubäi dat bei wäitem net deen eenzege Projet ass, mat deem mir eis kënne bretzen, wat d’Dauer vun der Bauzäit ugeet. D’Joëlle Hengen huet nogefrot, fir wat dat alles hei zu Lëtzebuerg eng Éiwegkeet brauch.

[Reportage vum Joëlle Hengen]

Monique Kater: Dir hat versprach, déi Prozedure géinge verkierzt ginn, wou sidd Dir dann do drun?

Claude Wiseler: Ech hat emol fir d’éischt versprach, mir géinge kucken, all déi Projeten déi am Ufank, wéi ech ugefangen hunn dee Beruff hei als Minister vun den Travaux publics, datt mir déi emol géinge finanziell géingen an de Grëff kréien. An do hu mir ganz, ganz vill Efforte gemaach fir de Kontroll iwwer déi Projeten ze kréien. Ech hu schonn e puer mol hei bei Iech dodriwwer geschwat. Dat ass déi eng Säit.

Wann ee wëll e Projet an de Grëff kréien, wann ee wëll deen noutwennege Kontroll exerzéieren, a wann ech et net géing maachen, da géing ech haut bei Iech stoen, an Dir géingt mir soen, elo hutt Dir erëm all Devisen dépasséiert, da brauch een natierlech och eng Rei Etappen an der Evolutioun vun engem Dossier wou ee Kontrolle mécht, an dat hëlt Zäit. Also et kann een déi Projeten net rubbelen, et muss ee se sérieux maachen, et muss ee se am Grëff behalen, datt een esouwuel d’Zäit wéi d’Finanzen am Grëff behält.

Mir hunn eng ganz Rei Efforte gemaach fir d’Prozeduren an de Grëff ze kréien, mä et ass net nëmmen d’Autorisatiounsprozeduren, déi huelen tëschent 6 an 12 Méint. Mä dir hutt eng ganz Aart a Weis wéi dir un esou Projeten erugitt, vu Programmes de construction iwwer Avant-projets sommaires, Avant-projets définitifs, dir musst den Terrain sichen...(ënnerbrach)

Tom Graas: Et si jo verschidde Ministèren, déi do mat dra sinn. Et ass den Environnement, et ass den Intérieur, et ass Äre Ministère. Wou klemmt et dann do? Bon, et si meeschtens dann och nach Gemengen, déi betraff si vun deene Saachen. Ass do dat Zesummespill? Sinn ze vill Käch un deem Bräi do bedeelegt?

Claude Wiseler: Dat si jo komplizéiert Projeten. Mä ech soen Iech, dee gréisste Problem deen ech momentan hu fir an Dossiere virun ze kommen, dat ass den alleréischte Schrëtt, dat ass den Terrain. Bei enger ganzer Rei Projeten, Beispill Ettelbréck an d’Lycéeën zu Ettelbréck, weist et jo am beschten, gi Joeren an d’Land, bis de Staat d’Disponibilitéit huet fir d’Terrainen ze kréien. Dat ass also eng éischt Fro. Duefir hu mir...(ënnerbrach)

Tom Graas: Dat heescht, dat sinn d’Gemengen déi do eng Responsabilitéit hunn.

Claude Wiseler: Neen, neen, dat ass de Staat, deen haaptsächlech, oder ganz oft, bei privat Propriétairen Terraine muss kafen, huet Schwieregkeeten se ze kafen, well e se net direkt kritt, a well mir och haut säit dem Gesetz vun, säit dem Arrêt vun der Cour constitutionnelle vun 2003, keng Expropriatiounsprozedur méi hunn. Duefir hu mir, huet d’Chamber eng Propositioun gemaach fir den Artikel 16 vun der Constitutioun ëmzeänneren, mir wäerten och e Gesetz maachen, fir dem Staat erëm déi Instrumenter ze ginn, déi e brauch, fir déi Terrainen ze kréien, déi e muss hunn, fir fir d’Ëffentlechkeet ze bauen. Dat ass en Instrument wat mir brauchen, dat ass en Instrument wat mir kréien.

All eenzel Etapp vun der Prozedur si mir am gaangen ze kucken, wéi kënne mir se méi efficace, a wéi kënne mir se méi kuerz maachen. Dat ass keen einfache Wee. An ech kann och net soen, u wat hänkt et, well et 10, 15 Etappe sinn, an ech muss all eenzel Etapp kucken, an all eenzel Etapp probéiere loossen.

Monique Kater: Kommt mir kommen nach eng Kéier zeréck bei d’Käschten. Et ass och am Reportage ugesprach ginn, et kléngt jo am Fong logesch, datt d’Architekten op d’Héicht vum Devis bezuelt géife ginn, an net op déi tatsächlech Käschten. Fir wat geschitt dat dann net?

Claude Wiseler: Mat den Architekte si mir momentan eng Négociatioun am gaangen, am Ordre des architectes, fir dat, wat mir de Contrat type vun den Architekten nennen, och ëmzeänneren. Do proposéiere mir, datt mir am Fong déi Präisser, déi d’Architekte kréien, zu engem Deel forfaitiséiere mat eventuell Penalitéiten, respektiv Surpluse wann de Präis méi bëlleg gëtt oder méi deier gëtt, fir si och mat an déi Responsabilitéit an an déi Logik mat eranzebréngen. An ech mengen, dat geet gutt virun, mir kommen och do weider, mir kommen och do zu engem Schluss. Mä dat ass och eng Etapp vun deene villen Etappen, och eng Etapp, wou mir probéieren, en neien Text ze maachen, aner Kontrakten ze maache fir och do erëm Zäit, fir do och erëm Suen, a fir do eng Logik eranzebréngen.

Tom Graas: Géif et da méi séier goen, Här Wiseler, wa privat Promoteure fir de Staat géife bauen, déi sougenannte PPP, dat heescht, dir loosst bauen, a benotzt d’Gebaier duerno?

Claude Wiseler: Dat gesi mir elo, dat gesi mir, ob et elo méi séier geet, well dat ass och eppes, wat mir probéieren. Fir méi séier virun ze kommen, hu mir a sech de public private partnership, wou mir elo zwee Lycéeën domat bauen, zu Miersch den neie Lycée, an de Lycée technique fir d’Éducateuren, déi ginn am Kader vum PPP gebaut. Do maache mir éischt Experienzen, an deenen nächste Méint wäert dat lass goen, an da gesi mir, ob dat där do Realitéit entsprécht.

A mir hunn och um Bauteministère och eng nei Methode fir ze bauen. Wann Dir Ettelbréck bei der Ackerbauschoul, respektiv zu Miersch hu mir och elo am Schnellbau innerhalb vun véier, respektiv sechs Méint Klassesäll kënnen dohinner setzen, déi mir gebraucht hunn, dat heescht, mir hunn et och schnell, en Urgence, fäerdeg bruecht, déi Strukturen eriwwer ze kréien. Ech hoffe just, datt ech et ëmmer paken.

Monique Kater: Mä gi mir zeréck op d’Strooss, d’Nordstrooss, Dir wäert et schonn net méi kënnen héieren, deen éiwege Chantier. Wéini gëtt en dann elo fäerdeg?

Claude Wiseler: Déi Fro vun der Nordstrooss ass esou schwéier ze soen, well et hei e Projet ass, deen 1996 ugefaangen huet, dee wahrscheinlech 2011, 2012 dauert, fir e Präis 15 Joer am viraus, eng Zäit op de Mount près, 15 Joer am viraus ze soen, ass net méiglech. Wann ech haut dee Projet géif ufänken, da géing ech et maache wéi an der Liaison Micheville, ech géing an 3, 4, 5 Etappen och an der Chamber stëmme loossen, dat géing mir erlabe, vill besser d’Zäit, vill besser de Präis ze beherrschen.

Tom Graas: D’Zäit leeft eis e bësse fort. Eng ganz, eng allerlescht Fro, dann awer nach am Zesummenhank mat där Nordstrooss. Dir hutt elo just vun Etappe geschwat, am Fong geholl war ugekënnegt ginn, datt elo am Fréijoer sollt dat Stéck, dat Deelstéck Miersch/Kannerduerf duerch de Gousseler Tunnel bis an d’Kléck fäerdeg ginn. Ass dat esou?

Claude Wiseler: Mir hunn och dat Deelstéck, dat heescht de Gousseler Biergtunnel, deen ass zu engem ganz groussen Deel fäerdeg. Mir wäerten awer héchstwahrscheinlech nach missen all déi Sécherheetstesten duerchféieren, déi eis méiglecherweis iwwer d’Vakanz, dräi Méint, wäerten huele, bis mir ganz sécher sinn, datt mir och all deenen neie Critèren...(ënnerbrach)

Tom Graas: Dat heescht, Hierscht 2007 kënne mir duerch de Gousseler Tunnel fueren?

Claude Wiseler: Jo, all deenen neie Critèren do entspriechend. A fir mech ass dat och e wichtege Punkt. Ech hunn e Gesetz an der Chamber déposéiert iwwer d’Sécherheet an den Tunnellen. Den Tunnel gëtt opgemaach, wann ech ka garantéieren, datt all Sécherheesconditiounen dran erfëllt sinn.

Tom Graas: Gutt.

Monique Kater: Voilà, mir maachen zou. Claude Wiseler, Merci datt Dir bei eis waart. Dat war et fir den Impuls vun haut.

Claude Wiseler: Merci och.

Dernière mise à jour