Le Premier ministre, Jean-Claude Juncker, au sujet du Conseil européen

Serge Kessler: Hei zu Bréissel soll also definitiv een Auswee aus der sougenannter Verfassungskris fonnt ginn, fir eng Moderniséierung vun der Europäescher Unioun. Wat sollen déi nächst Stonnen der EU optimistescherweis bréngen, d’Äntwert vum Premier Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker: Optimistescherweis bréngen déi nächst 72 Stonnen eng Situatioun, wou mir um Enn vun der Woch eis eens sinn iwwer d’Grondlinne vun engem neie Vertrag, an eis eens driwwer sinn, datt eng Regierungskonferenz aberuff gëtt, déi vu Juli bis spéitstens Dezember soll een endgültege Vertrag formuléieren, an enger Aart a Weis, datt déi 27 Parlamenter, oder do wou e Referendum ass, d’Vollek, dee Vertrag virun der Europawal 2009 ratifizéiert wäerten hunn.

Serge Kessler: Polen stéiert sech un der Stëmmgewiichtung, der geplangter duebeler Majoritéit, gefaart gëtt, datt d’Land net genuch Gewiicht huet wann an Zukunft Décisioune geholl ginn. Versteet de Premier Jean-Claude Juncker déi polnesch Suergen?

Jean-Claude Juncker: Net richteg, well mir hunn eis no laangen a schwierege Verhandlungen, déi zum Verfassungsvertrag gefouert hunn, op de Prinzip vun der doppelter Mehrheit, vun der duebeler Majoritéit gëeenegt. Polen stellt déi prinzipiell Festleeung a Fro, a mir mengen, datt déi net sollt a Fro gestallt ginn.

Serge Kessler: Polen géif dëst als eng Ausernanersetzung mat Däitschland duerstellen, wat et awer net wier, mengt de Lëtzebuerger Premier. An enger Videokonferenz ufanks der Woch mam britesche Premier, huet de Jean-Claude Juncker dem Tony Blair däitlech gemaach, datt Lëtzebuerg net egal wat fir eng Substanzverloschter géif a Kaf huelen, zum Beispill wat eng Fro vun de Grondrechter, oder engem Verloscht vun der Sozialklausel ugeet. Sécher ass schonn, datt de geplangten neie Vertrag net méi Verfassung wäert heeschen. Wéi staark bedauert de Jean-Claude Juncker, datt méi oder manner vill Elementer aus dem ursprénglechen Dokument wäerte verschwannen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt esou vill Elementer wäerte verschwannen, well soss fanne mir keng Eenegung dës Woch zu Bréissel. Et gëtt kee Verfassungsvertrag, well een d’Impressioun wëll verhënneren, wéi wann d’Europäesch Unioun sech um Wee vun der Verstaatlechung géif befannen. De Verfassungsvertrag huet och d’Europäesch Unioun net op de Wee vun der Verstaatlechung geschéckt, soss hätt ech och ni meng Zoustëmmung ginn, well een Natiounen, Länner a Staaten net einfach kann ausradéieren, a se an enger Europäescher Unioun am Magma, am kontinentale Magma vun der Europäescher Unioun kënnt ënnergoe loossen.

Serge Kessler: Aus dem Text fir de Reformvertrag iwwer d’Europäesch Unioun erausgeholl, ginn ënnert anerem déi europäesch Hymne an den europäesche Fändel, dat wier an der Praxis awer relativ irrelevant seet nach de Jean-Claude Juncker.

Dernière mise à jour