Le Premier ministre, Jean-Claude Juncker, au sujet du Conseil européen

Diane Klein: Gudde Mëtteg Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Diane Klein: Wéi geet et Iech no Ärer Operatioun? Sidd Dir a Form fir e Sommet, dee sech als Marathonséance ukënnegt, a wou d’Angela Merkel, déi däitsch Conseilspresidentin, scho kloer ze verstoe ginn huet, datt si op Är Experienz setzt, fir zu engem Resultat ze kommen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn der Madame Merkel dee leschte Sonndeg erkläert, an dat ass haut och nach wouer, datt ech nach wéi hunn, an datt ech mitt sinn, mä ech gi mech awer drun.

Diane Klein: Viru genee zwee Joer hat de Verfassungstraité eng Denkpaus verschriwwe kritt, et sollt iwwerluegt gi fir Holland a Frankräich nom Neen awer mat an de Verfassungszuch ze kréien. Mä et gesäit awer trotzdem elo net no zwee Joer aus, wéi wann de Sommet just eng Formalitéit géif ginn. Hunn déi Recht behalen, déi soten, am Laf vun der Denkpaus gouf méi gepaust wéi geduecht?

Jean-Claude Juncker: Mir hu laang gepaust ouni ze denken, an dunn hu mir vill geduecht ouni heiansdo eng Paus ze maachen. Dat féiert dozou, datt d’Positioun, déi déi eenzel Regierungen hunn, déi eenzel Länner hunn, relativ wäit ausernee leien. Et wier natierlech alles vill méi einfach, an da wiere mir jo scho laang fäerdeg mat deem Ganzen, wann d’Leit an Europa alleguer esou klug gewiescht wieren, an esou weis gewiescht wiere wéi d’Lëtzebuerger, an deem Verfassungsvertrag hir Zoustëmmung ginn hätten.

Elo musse mir duefir suergen, nodeem mir och als Lëtzebuerger Jo gesot hunn, dat verflicht jo d’lëtzebuerger Regierung an hirer Positioun déi si muss zu Bréissel vertrieden, datt mir méiglechst vill vun deene fortschrëttlechen, integratiounsweiderféiernden Elementer déi an deem sougenannte Verfassungsvertrag stoungen, och an deem wéi ëmmer och geaarten neie Vertrag kënnen iwwerdroen.

Diane Klein: Iert mir kucke wat fir Länner am meeschte Problemer hunn, oder respektiv maachen, wat ass fir déi lëtzebuerger Regierung, wat sinn déi Partien, déi absolut net méi négociabel sinn?

Jean-Claude Juncker: An deem Vertrag mussen déi Regelen drastoen, déi mir opgeschriwwen hu fir datt mir méi séier, méi liicht, wann och no grëndlecher Debatt zu Décisioune kënnen an der Europäescher Unioun kommen, dat heescht déi Auswäitung vun deene Felder, an deene mat qualifizéierter Majoritéit kann décidéiert ginn, ass fir d’lëtzebuerger Regierung ee wichtege Punkt.

Een zweete wichtege Punkt ass, datt mir an der sougenannter Charta vun de Grondrechter, wou mir opgeschriwwen hunn, no wat fir Prinzipie mir eis ënnerenee behuelen, ënner Staaten, an d’Staate mat den Institutioune vun der Europäescher Unioun, Commissioun, Conseil, Parlament an esou virun, datt mir duefir suergen, datt déi Charta, dee Kanon vu Grondrechter, datt déi rechtlech verbindlech bleift.

Wann et eenzel Länner gëtt, wat ech net hoffen, mä no mengem Gespréich mam Här Blair mengen ech awer, datt et esou Länner gëtt, déi dat net wëllen op sech applizéiert gesinn, muss ee kucken, wéi een d’Problemer vun deene Länner ka léisen. Mä wichteg ass et, datt déi Rechter rechtlech verbindlech erkläert ginn.

Wichteg ass fir eis och, datt dat wat mir am Zesummenhank mat der Noutwennegkeet d’europäesch Politik, sozial politesch betruecht, méi ze profiléieren, zeréckbehalen, datt dat behale gëtt, nämlech datt all Décisioun vun der Europäescher Unioun fir d’éischt muss iwwerpréift ginn drop, ob si sozialstaatsverträglech ass.

Leschten Enns sinn déi Froen, déi elo an der Ëffentlechkeet gestallt ginn, polnesche Problem mat der Stëmmgewiichtung, bei der Décisiounsfannung am Ministerrot, a mengen Ae sekundär Froen, och wann ee se muss eescht huelen, well ee Memberstaat déi Fro stellt. Wiesentlech ass, datt mir eis op d’Grondlinne vun europäeschem Wuessen erginn, an déi nächst Jorzéngten era beschäftegen, datt mir näischt opkomme loossen, wat Europa géif an eng gehuewe Fräihandelszon, wou just Handel bedriwwe gëtt, wou et just em de Fric geet, géif sech zeréck entwéckele loossen. Mir brauche besonnesch als ee klengt Land een Europa wat éischtens gutt fonctionnéiert, wat zweetens Ambitiounen an Europa selwer an an der Welt huet, a wat drëttens op déi Gläichgewiichtegkeet uecht tëscht groussen a klenge Länner.

Diane Klein: Dir sot Polen, de Problem vu Polen mat der qualifizéierter Majoritéit, mat der Gewiichtung vun där Majoritéit, déi ass jo an deem Sënn, Dir sot sekundär, mä si ass jo an deem Sënn awer geféierlech, well et en Deel vun engem Pak ass, d’Reform vun Institutiounen, déi op kee Fall méi soll opgemaach ginn, well do och nach d’Zesummesetzung vun der Commissioun, a vill aner Punkte mat drun hänken. Wéi gesitt Dir do eventuell eng méiglech Solutioun? Kéint et eventuell sinn, d’Gewiicht vun de Stëmme bis op 2014 ze verlängeren, am Plaz wéi virgesinn op 2009 just?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Méiglechkeet, mä déi Méiglechkeet ass keng gutt Optioun. Ech hätt léiwer, a meng Gespréicher déi ech dës Woch hat, mam Här Sarkozy a mam Här Blair, weisen éischter an déi Richtung, datt mir géifen zeréckgräifen op Décisiounen, déi mir fréier emol scho geholl hunn.

Et gëtt eng Décisioun vu Ioannina, déi seet, datt wann déi Länner déi eng Décisioun wëlle blockéieren, net genuch Stëmmen opbrénge fir se laut Vertrag kënnen ze blockéieren, mä bal ze blockéieren, datt een da muss viru verhandele bis eng Décisioun ka geholl ginn. Dat schéngt mir eng Méiglechkeet ze sinn, wéi ee Polen kann entgéint kommen, a gläichzäiteg anere Länner och.

Mä ech wëll wierklech hoffen, datt dee Sommet net ee Sommet gëtt iwwer de polnesche Problem, oder esouguer iwwer dat däitsch-polnescht, heiansdo schieft Verhältnis. Dat wier net gerecht och Däitschland géint iwwer, wat sech ëmmer, wéi mir och, beméit huet fir polnesch Interesse mat u Bord ze huelen, an duefir hoffen ech, datt mir iwwer déi Schwieregkeeten do relativ séier ewech kommen. Ech mengen awer net, datt mir relativ séier driwwer ewech kommen.

Diane Klein: En anert Land ass Groussbritannien. Et hat een am Ufank gemengt, et wier just mat der Charta vun de Grondrechter hätte si Problemer, mä et kommen all Dag nei Punkten dobäi. Déi qualifizéiert Majoritéit soll net op esou vill Beräicher ausgedeent ginn, wéi am Traité virgesinn, net op d’Justiz an net op d’Sécherheet. Et héiert een, datt d’Briten anscheinend och Problemer elo hu fir en EU-Ausseminister anzesetzen. Stëmmt dat alles esou?

Jean-Claude Juncker: Ech hat dee leschte Méindeg e Gespréich vun ¾ Stonn mam Här Blair, eng sougenannte Videokonferenz, a bei där Geleeënheet, an an deem Gespréich sinn déi Punkten déi Dir opzielt, plus anerer, op d’Tapéit komm, an ech hunn an deem Gespréich mengem Kolleg Blair däitlech gemaach, datt mir drop halen, datt méi dacks mat Majoritéit kann décidéiert ginn. Et muss een net mengen, datt méi mat Majoritéit décidéieren, sech géint déi kleng Länner géif auswierken. Wa mir haut heiansdo an eenzelne Punkten net viru kommen, dann ass et well ee grousst Land blockéiert. Et ass selten, datt ee klengt Land blockéiert, och wa Lëtzebuerg dat viru kuerzem bei der TVA huet aus enger Rei vu Grënn musse maachen.

Et gëtt gesot et wier net erwënscht, datt een d’qualifizéiert Majoritéitsdécisiounsgestaltung soll am Beräich vun der Justiz a vun der Kriminalitéit uwennen, mä dat ass do wou dat Europa vun de Bierger sech ofspillt. D’Leit hunn dach awer e Biergerrecht op Sécherheet an Europa. Déi eenzeg, déi de Bannemaart jo voll ausliewen, dat sinn d’Gängster an d’Banditen, déi hu scho längst begraff, datt et keng Grenze méi gëtt.

Mä wa mir mat de Mëttele vum Nationalstaat, ouni eng Verzahnung vum polizeilechen a geriichtlechen Arsenal erbäi ze féieren, géint dat internationalt Verbriechen untrieden, da si mir verluer. An duefir hale mir drop, datt no Méiglechkeet probéiert gëtt an alle Beräicher déi wichteg si fir d’Sécherheet zu méi séieren, a méi substantiellen Décisiounen an Europa ze kommen.

A wat dee britesche Wonsch no enger Aschränkung vun der Auswäitung vun den Décisiounen, déi mat qualifizéierter Majoritéit solle geholl ginn, ubelaangt, kann ech mir duerchaus virstellen, datt een eenzel Präzisioune mécht, zum Beispill am Beräich vun der Sécurité sociale, vun der sozialer Sécherheet, wou mir och als Lëtzebuerger bei der Regierungskonferenz, am Konvent iwweregens net, mä bei der Regierungskonferenz, däitlech gemaach hunn, datt dat net ze wäit dierf goen, datt eise ganze Finanzéierungssystem vun der Sécurité sociale net dierf duerch europäesch Décisiounen op d’Kopp geheit ginn, datt mir do eng Rei vu Präzisioune maachen, ouni awer prinzipiell d’Lëscht vun deene Beräicher, wou mat Majoritéit décidéiert gëtt, ze vill anzeschränken.

Diane Klein: Kéint ee Groussbritannien vläicht mat an d’Boot kréien, wann een hinne géif, wat een och elo emol schonn héieren huet déi lescht Deeg, en Opt-out zougestoen, wat d’Charta vun de Grondrechter, respektiv hir Verbindlechkeet ugeet?

Jean-Claude Juncker: Wann eis soss näischt iwwereg bleift, da muss een dat vläicht maachen. Mä ech muss awer soen, datt ech dat lamentabel fannen, an ech hunn och mengem britesche Kolleg dat gesot, datt een als ee grousst Land, wat jo awer an Terme vun Demokratie, a vun demokratesche Fortschrëtter a ville Beräicher vum Recht, Meilesteng gesat huet a senger Geschicht, datt esou ee grousst Land sech géif verabschieden aus dem Katalog vun de Grondrechter, déi fir all Europäer sollen zielen.

Den englesche Standpunkt ass, datt wann een esou eng Grondrechtscharta, esou eng Opzielung vun de Rechter, déi d’Land géint d’Staaten a géint d’Institutioune vun der Europäescher Unioun, Commissioun, Conseil an Europaparlament hunn, géif an deen neie Vertrag schreiwen, da wier dat ee constitutionellt Element, an d’Englänner wëllen absolut keen, wéi d’Hollänner och, Referendum maachen. Et gëtt Regierungen, déi hunn Angscht, d’Leit em hir Meenung ze froen. Et si Regierungen, déi hunn dat gemaach, an déi hunn dat hannert sech, an deene feelt et eigentlech um Verständnes duefir, datt een alles wëllt maache fir laanscht d’Vollek ze kommen. Dat ass keng gutt Haltung op d’Dauer.

Diane Klein: A Propos Referendum. Frankräich an Holland, déi zwee Länner déi Nee gesot haten, ass do elo alles gebongt nom Regierungswiessel, zëmools a Frankräich?

Jean-Claude Juncker: Den Här Sarkozy huet dee leschte Méindeg gesot, op kee Fall géif Frankräich e Referendum maachen, an duefir dierfte keng constitutionell Elementer an deem neie Vertrag stoen, Fändel, Hymne, aneres.

An Holland ass dat net evident, do muss de Staatsrot en Avis ginn, an d’hollännescht Parlament décidéiert op jo oder nee e Referendum gemaach gëtt op Grond vum Avis vum Conseil d’État. Wann de Conseil d’État an Holland, de Rat van Staat, der Meenung ass, et wiere Verfassungselementer dran, da kann et duerchaus sinn, datt et do erëm ee Referendum gëtt. Duefir gëtt och alles probéiert fir datt guer näischt esou an deem Vertrag iwwereg bleift.

Mä mir hu Jo gesot zu deem Vertrag als Lëtzebuerger. D’Spuenier hu per Referendum, an d’Lëtzebuerger hu per Referendum Jo gesot, an dat wat an deem Verfassungsvertrag an eisen Ae wichteg war, dat huet eng Roll gespillt bei der Erklärung vun deenen engen a vun deenen aneren, an der Referendumscampagne, dat hätte mir gären an deem neie Vertrag. Mir hunn esou vill ze gewannen an esou vill ze verléiere wéi déi aner och. An et ass net esou, datt déi déi aus Gott weess wat fir Grënn Nee gesot hunn, oder déi näischt gesot hunn, hei alleng kënnen diktéiere wat geschitt. Déi déi Jo gesot hunn, virun allem déi déi Jo gesot hunn iwwer Referendum, déi Risiken op sech geholl hunn, déi hunn an der éischter Linn emol d’Substanz vun deem Verfassungsvertrag ze verteidegen, deen an Holland an a Frankräich gescheitert ass. Hei zu Lëtzebuerg ass en net gescheitert, dat bënnt eis.

Diane Klein: Här Staatsminister Ärem Gefill no, wéi stinn d’Chancen, datt e Samschdeg am Laf vum Dag e Mandat erauskënnt fir eng Regierungskonferenz a fir en neien ambitiéisen Traité?

Jean-Claude Juncker: Ech hat no menge Gespréicher mat der Madame Merkel de leschte Sonndeg d’Gefill, méi wéi si, mir wieren um gudde Wee. No mengem Gespréich mam Här Blair, an nom Nofroe beim Här Sarkozy, an no Gespréicher mat mengem hollännesche Kolleg, géif ech soen, dat géif 50/50 stoen.

Diane Klein: Här Juncker, bleift nach just der däitscher Présidence, an iwwerhaapt all deenen déi wëlle viru kommen, vill Verhandlungsgeschéck ze wënschen, an deenen aneren, datt si sech drop besënne wat Europa hinne bis ewell bruecht huet, an nach brénge kann. Merci Här Staatsminister fir Äre Besuch am Studio.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour