Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker sur les résultats du Conseil européen

Tom Graas : Um Reformsommet vu Bréissel gouf et also e Kompromëss en vue vun engem neien EU-Vertrag. Mä wat heescht dat, a virun allem wat seet et iwwert den Zoustand vun der Unioun ? Dat diskutéiere mer elo mam Lëtzebuerger Staatsminister. Jean-Claude Juncker, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker : Gudden Owend, Här Graas.

Tom Graas : An der europäescher Press gëtt et nawell vill Luef fir Ärt diplomatescht Geschéck. Et wier och Äre perséinleche Mérite, datt déi europäesch Kris eriwwer ass. Trotzdeem schengt der net ganz glécklech ze sinn, firwat ?

Jean-Claude Juncker : Ech sinn zefridden, datt mer konnten dozou bäidroen, datt déi Schwieregkeete mat Polen konnte geléist ginn, dat schreift d’europäesch Press. A wa jiddwereen dat schreift, da muss et jo och esou gewiescht sinn. Ech si net iwwerschäumend enthousiastesch glécklech iwwert dat Resultat, well ech léiwer gehat hätt, mir hätten eis drop geenegt bei deem Verfassungsvertrag, bei deem d’Lëtzebuerger Jo gesot haten, ze bleiwen.

Et war eist Zil, eise Wëllen, eis Absicht, bei deem Bréisseler Sommet d’Substanz vun deem Vertrag zu deem d’Lëtzebuerger Jo gesot haten a senger Integralitéit ze halen. An dat ass eis och praktesch gelong, well déi wichtegst Saachen zu deene mer Jo gesot haten déi am Verfassungsvertrag stoungen, kommen och an dee neien Vertrag stoen. Aner Saachen, déi eis gefall hunn, net, mä doriwwer kënne mer jo nach schwetzen.

Tom Graas : Et war op alle Fall vu verschiddene Säiten ugeklongen, dee Verfassungvertrag misst ofgespeckt ginn. Dir sot elo nom Sommet, et wier een Traité simplifié compliqué rauskomm. Wat heescht dat ?

Jean-Claude Juncker : Wann een eppes komplizéiertes wëllt ausdrecken, muss ee sech komplizéiert ausdrecken. Kuckt emol, den Här Sarkozy, deen eng positiv Roll gespillt huet op deem Sommet, deen huet virun e puer Méint nach, bis virun e puer Wochen, gesot, et misst ee Mini-Vertrag erauskommen. E Mini-Vertrag, deen doduerch z’erreeche wier, datt een den drëtten Deel vum Verfassungsvertrag, deen och heiheem fir vill Opreegung gesuergt huet, obschonn e jo nëmmen déi al Politike reproduzéiert huet, déi mer haten, datt een déi géif ofsprengen. Dat huet den Här Sarkozy net fäerdeg bruecht.

Mir hun d’Substanz vum drëtten Deel, d’Fortschrëtter déi mer am drëtten Deel haten a ville Beräicher, gehal. En huet gesot, et misst een Traité simplifié ginn, e wollt domat soen, et dierft keen Verfassungsvertrag ginn. Dofir hu mer d’Symboler gestrach – de Fändel, d’Hymn. Ech fannen dat lächerlech, datt mer et dra geschriwwen hunn an ech fannen et lächerlech, datt mer et eraushuelen. Mä et ass kee Verfassungsvertrag méi, dofir ass et ee normale Vertrag, dofir ass et een Traité simplifié fir an der Wortwahl vum Här Sarkozy ze bleiwen, mä en ass komplizéiert. En ass vill manner lieserlech wéi de Verfassungsvertrag vun deem scho gesot gi war, e wier iwwerhaapt net ze verstoen, well en operéiert, wann e bis steet, mat ville Renvois op aner Deeler vu Verträg, esou datt d’Leit dat net verstinn, mä dofir si mer jo hei fir dat e bësse méi z’erkläeren.

Tom Graas : Komm mir kucken emol den Aspekt vun der Charta vun de Grondrechter, déi elo also net méi am Vertrag steet, déi awer juristesch bindend soll sinn. Wéi kann ee sech dat virstellen ?

Jean-Claude Juncker : Mir hunn déi Grondrechtecharta opgestallt – do stinn déi wiesentlech Rechter dran, no deenen d’Liewen tëscht de Leit an tëscht de Natiounen an der Europäescher Unioun, an tëscht de Staaten an der Europäescher Unioun geregelt ginn. D’Charta, déi stoung am Verfassungsvertrag. Si steet elo net méi dran, well dee Vertrag jo méi kleng sollt ginn. Mä et gëtt sech bezunn op déi Charta, a vun där gëtt gesot, se wier rechtverbindlech. Dat huet zur Konsequenz, op eisen Antrag hinn, datt se am Gesetzesblad, am Journal officiel vun der Europäescher Unioun verëffentlecht gëtt, an iwweregens och am Lëtzebuerger Memorial, well et ass d’Absicht vun der Regierung, déi Charta dem Projet de loi iwwert d’Ratifizéierung vun deem Vertrag, wann en da bis steet, unzehänken.

Domat applizéieren déi Grondrechter sech a ganz Europa, just net an England.

Tom Graas : Firwat net ?

Jean-Claude Juncker : Ech weess et net. D’Fro war [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas : Mä wat war hiert Argument dann ?

Jean-Claude Juncker : D’Argument war, datt si net wëllen, datt déi Rechter kënne viru britesche Geriichter opgeruff ginn, well dat keng britesch Rechtsnormen mä europäesch Rechtsnormen wieren. Dat huet zur Konsequenz, datt op de briteschen Inselen d’Leit manner Rechter hunn. Wann et ëm d’Grondrechtcharta geet - wéi um Kontinent, wéi an Irland – theoretesch kënnt et drop un, well d’Europäesch Unioun eng Rechtsgemeinschaft soll sinn, datt d’Leit och heiheem sech kënne wieren géint Iwwergrëff vun der Europäescher Unioun oder géint Iwwergrëff vum Lëtzebuerger Staat wann eng Rechtsregel vun der Europäescher Unioun an eis Gesetzgebung awierkt. Dat halen ech fir e fundamentale Rechtskulturprinzip. Déi englesch Regierung muss hire Leit erkläeren, firwat datt d’Englänner solle manner Rechter hunn wéi déi aner.

Mir hunn eis d’Fro gestallt, an deene laange Nuechten, ob mer sollte Nee soen zu deem neie Vertrag, well déi Grondrechtecharta sech net an England applizéiert. Wat wier d’Resultat gewiescht ? D’Resultat wier gewiescht, datt mer keen Accord gehat hätten. D’Resultat wier och gewiescht, datt se sech dann och net heiheem an an de Nopeschlänner applizéiert hätt. Soll ee 450 Millioune Europäer e Recht ewech huelen, just well eng Regierung hire 50,60 Millioune et net wëll zouerkennen ? Dofir hu mer leschtenends dofir optéiert, fir déi Grondrechtecharta rechtsverbindlech z’erklären, fir de Rescht vun Europa mat Ausnahm vun England.

Ech sinn iwwerzeegt, déi Sogwirkung vun där Grondrechtecharta gëtt enges Dag esou staark, datt all englesch Regierung iergendwann hir och hir Zoustëmmung muss ginn.

Tom Graas : Vun de 27 EU-Länner haten der jo 18 schonn virum Sommet vu Bréissel dee Verfassungstext gutt geheescht. Trotzdeem konnt elo eng Minoritéit gewëssermoosse blockéieren an huet dann eben och e Kompromëss fäerdeg bruecht, dee manner ass, wéi dat wat de Verfassungstext virdru war. Wat seet dat dann aus iwwert den Zoustand vun der EU ?

Jean-Claude Juncker : Ech wëll fir d’éischt zu Ärer Beschreiwung eppes soen. Ech sinn d’accord, datt dee Verfassungsvertrag besser gewiescht wier. En hätt eis erlaabt méi wäit ze fléien, méi héich ze fléien. Mä dee Vertrag dee mer elo kréien, deen ass awer wiesentlech besser wéi dee vu Nice an en ass méi no bei den Héichte vum Verfassungsvetrag wéi bei de Niederunge vum Vertrag vu Nice, well déi wiesentlech Substanzelementer aus dem Verfassungsvertrag Agang fanne wäerten an de neie Vertrag.

Mir kënne méi dacks mat Majoritéit ofstëmmen. D’Europäesch Unioun kritt d’Rechtsperséinlechkeet, ka sech also international engagéieren. Mir kréien een europäeschen Ausseminister, och wann e net esou heescht, mä Héiche Vertrieder vun der Europäescher Unioun fir Aussen- a Sécherheetspolitik, deen en eegenen diplomateschen Déngscht huet. Mir sinn déi eenzeg Plaz op der Welt, wou et den diplomateschen Déngscht nierwt den diplomateschen Déngschter vun de Nationalstaate gëtt.

D’Sozialklausel bleift dran. Alles muss iwwerpréiwt ginn, op et sozial verträglech ass. De Klimaschutz kënnt bäi, d’Energie kënnt bäi. Déi Europäesch Unioun, esou seet de neie Vertrag, muss ëmmer méi enk ginn wa se schafft. Den Euro, duerch Lëtzebuergesch Propositioun, gehéiert zu de groussen Zilsetzunge vun der Europäescher Unioun. D’Konkurrenz, déi onverfälschten a fräi, hält op een Objektiv ze sinn mä gëtt een Instrument vun der Europäescher Unioun. Mir kënne mat Majoritéit décidéieren, wann et drëm geet, déi international a grenziwwerschreidend Verbriechen ze bekämpfen.

Dat sinn déi wichteg Deeler vum Verfassungsvertrag gewiescht. An datt mer eis hu mussen op déi zoubeweegen, déi Nee gesot haten oder déi näischt gesot hunn, dat louch op der Hand. Mä déi hu mussen d’Substanzdeeler iwwerhuelen, déi mir genannt haten. Den englesche Premier, deen elo an England natierlech gefeiert gëtt als een, deen déi englesch Positioune vertrueden huet, huet eigentlech déi englesch Positioune net ganz duerchgesat. Well en hat gesot, et dierft néirens mat qualifizéierter Majoritéit decidéidert ginn wou elo Unanimitéit ass, beispielsweis op [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas : Huele mer d’Beispill vu Polen, Här Staatsminister. Trotzdeem hat een, wann ee vu baussen dee Sommet gekuckt huet, an och am Virfeld, d’Impressioun, datt d’EU erpressbar wier duerch Polen, déi einfach soen, bon, mir maachen do net mat wann dat elo net sou geet wéi mir et gäeren hätten, da [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker : Mä kuckt emol, eis polnesch Kolleege hu gesot, wa mir net déi Quadratwuerzelreegel do kréien, also eng Ëmkéier vun de Reegelen, déi mer am Verfassungsvertrag festgeluecht haten, da soe mer Nee. Kritt Polen awer elo net. Bis an d’Joer 2014, dat war jo meng Propositioun, bleift et bei der Stëmmegewiichtung wéi zu Nice ofgemaach – Däitschland 29, Polen 27, mir 4. Vum 1. November 2014 un trëtt déi nei Reegel, d’duebel Majoritéit a Kraaft. Do hu mir eng Stëmm, an Däitschland huet eng Stëmm. An da gëtt herno gekuckt, wéi dat sech mat der demographescher Majoritéit huet. Dat heescht [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas : Dat heescht, dee Kompromëss deen elo do ass, kann een awer net als eng Victoire vu Wahrschau bezeechnen ?

Jean-Claude Juncker : Ech si souwisou dogéint, well dat Spill huet jo kee Wäert, fir elo d’Länner anzedeelen an déi, déi verluer an an déi, déi gewonnen hunn. Ech kann hei soen, mir hunn eis duerchgesat, op der ganzer Linn, an a Polen soen se, zu Warschau, zu dëser Zäit, déi aner hunn iwwerall noginn. Wat soll deen Theater ? D’Leit sinn intelligent, d’Leit verstinn wourëms et geet.

Et waren an deem Vertrag wichteg Saachen, et waren an deem Vertrag manner wichteg Saachen, déi si net dran – d’Hymn, de Fändel, mir hänken en awer op a mir stinn awer op, wann déi Néngte vum Beethoven spillt. Mä op dat elo do um Pabeier steet oder net, dat halen ech fir relativ irrelevant.

Polen huet sech net mat senger ganzer Positioun duerchgesat. A mir si Polen e stéckweegs entgéint komm, well mer gesot hunn, bis 2014 fuere mer sou viru wéi bis elo, a vu 2014 bis 2017 fuere mer esou viru wéi bis elo wann der et ausdrécklech frot. Si mer duerch Polen erpresst ginn ? Jo ! Well mer hätte jo am léifsten direkt mam Prinzip vun der duebler Majoritéit gemaach, d’Ofstëmmungsorganisatioun an der Europäescher Unioun. Huet Polen gewonnen ? Nee ! Well vun 2014 un gëlt dee neie Prinzip. Europa ass dee Schleek dee sech vu Kompromëss zu Kompromëss mühselig virubeweegt.

Tom Graas : Polen also op där enger Säit mat senge Muechtuspréch, Groussbritannien op där aner Säit mat verschiddene Opting-out-Fuerderungen. All Commentateure mengen dëser Deeg elo an hiren Artikelen, just en Europa vun den zwou Vitessë kéint an Zukunft sou eppes verhënneren. Och Dir hutt a verschiddene Commentairë vun engem logeschen Auswee aus der Saakgaass geschwat. Dat heescht, ass dat dann elo eng Fatalitéit oder gëtt et ieren esou guer d’Chance op e neien Ufank ?

Jean-Claude Juncker : Kuckt emol, ech hunn ëmmer, och hei bei Iech hei am Studio an an esou villen auslänneschen Interviewen, gesot, ech wéilt net hunn, datt mer en Europa vun zwou Vitessë kréien, well ech gären hätt, datt mer zu 27 gemeinsam an eng Richtung ginn. Soss mécht leschtenends dee gesamtkontinentale Prozess kee Sënn, well e sech iergendwou an der Mëtt brécht.

Mä wann awer eng Reih Länner bestëmmt Politiken, déi déi aner net wëlle matmaachen, da muss et erlaabt sinn, datt déi, déi dat awer wëllen, aus hirem nationalen Interessen eraus an aus europäeschem Interessen eraus - dat ass déi Intersectioun déi och Lëtzebuergesch Positiounsbeschreiwungen befruchtet – da mussen déi dat kënne maachen.

Wann d’Englänner d’Grondrechtecharta net applizéieren, an d’Englänner den Euro net wëllen, wann d’Englänner a bestëmmte Ofwiermechanismen géint dat grenziwwerschreidend Verbriechen net wëlle matmaachen, jo, da si mer jo – fir Äert Wuert vun der Fatalitéit erëmzehuelen – an enger selwer gewielter Fatalitéit. D’Englänner selwer soen, mir maachen do net mat. Mä ech wëll net, datt se eis kënnen drun hënneren dat ze maachen. Mir sinn e butzegt Land, ee Grand-Duché, mä ee butzegt Land. Mir kënnen eis net alleng géint déi negativ Aspekter vun der Globaliséierung wieren. Mir kënnen eis net alleng géint dat internationalt Verbriechen wieren, wat iwwert eis Grenze kënnt – d’Gangster an d’Banditte si jo déi eenzeg, déi d’Logik vum Bannemaart total verinnerlecht hunn. D’Polizeiapparaten an d’Staate selwer hunn dat nach net gemaach.

Mir mussen zesummen mat aneren déi sech wëllen bekräften, bündeln, zesummesetzen fir géint déi international Gangster – dat musse mer dach kënne maachen, ouni datt d’Englänner eis dodrun hënneren ! An dat steet an deem neie Vertrag. Dat steet an deem neie Vertrag. England kann eis net drun hënneren bestëmmt Saachen ze maachen.

Tom Graas : Wier dat dann den Eurogrupp gewëssermoossen, dee kéint esou d’Roll vum Käreuropa spillen ?

Jean-Claude Juncker : Also, schéin wier dat. Mä Dir musst emol gesinn, am Eurogrupp hu mer Frankräich an Holland, zwee Grënnungsmemberen, déi hu géint den europäesche Verfassungsvertrag gestëmmt. Elo hu mer déi erëm an déi gutt europäesch Stuff, wou et méi waarm ass, wéi an deene Killraim nierwendrun, bruecht. Ech géif mer wënschen, datt d’Euro-Staaten ëmmer Saachen zesumme maachen. Alles zesumme maachen. Ech gleewen net richteg dodrun, ech wëll och net den Euro als ee Spaltpilz an der Europäescher Unioun erliewen. Ech hu mech vill dofir agesat, datt den Euro zu enger Zilsetzung vun der Europäescher Unioun fir jiddwereen gëtt, mat Ausnahm vun Dänemark a vu Groussbritannien. Europa vun zwou Vitessen hu mer och do. Esou vill Gemeinsamkeete wéi méiglech solle mer am Euroraum organiséieren, ouni eis doriwwer Illusiounen ze maachen. Wësst Der, mat den Iren bestëmmten Steierharmoniséierungen ze maachen, mat de Lëtzebuerger och.

Tom Graas : Den 23. Juli fänkt déi Regierungskonferenz elo un, se soll bis Mëtt Oktober daueren ënnert portugiesescher Présidence. Sinn dann do elo béis Iwwerraschungen ausgeschloss ?

Jean-Claude Juncker : Ech géif mengen, där béiser Iwwerraschungen, där déi wéi dinn, wieren ausgeschloss well dat Verhandlungsmandat wat mer där Regierungskonferenz als Regierungscheffen op de Wee ginn hunn, ass präzis, detailléiert an exakt. Do kommen awer nach eenzel kleng Krisen – eppes aanescht gëtt et jo an der Europäescher Unioun net – mä ech mengen, dee Vertrag do dee léisst sech relativ liicht, wann och net einfach, an dréchen Dicher brengen.

Tom Graas : An d’Ratifizéierung, gesidd Der do keng gréisser Schwieregkeeten ? Hëlleft et zum Beispill, datt Länner wéi Frankräich, Groussbritannien net onbedengt missten op ee Referendum zeréckgräifen ?

Jean-Claude Juncker : Dat hëlleft ouni Zweifel fir méi séier ze ratifizéieren. Mä ech wëll dozou eppes soen. Ech sinn ëmmer genéiert, wann d’Kolleegen am Ausland oder och heiheem soen, et muss alles gemaach ginn, fir datt kee Referendum stattfënnt. Wat ass dat eigentlech fir eng Method ? Fir ze mengen, et hätt een e gudde Vertrag da gemaach, a wann et sou wier, datt ee kee Referendum bräicht ze maachen. Mir hate jo awer een. An deen ass gewonne ginn. A mir hunn och, bei deem wat mir elo zu Bréissel geschwat hunn, Rücksicht geholl op d’Sensibilitéite, déi sech ausgedréckt haten, bei deene déi Nee gesot hunn. Dat ass schonn eppes, dat hat ech den Owend vum Referendum bei Iech gesot, datt déi Leit déi Nee gesot hunn, och Saache virbruecht hunn, déi ze berücksichtige sinn. Där Saachen sinn och mat an eis Iwwerleeunge mat agaangen. Mä fir ze soen, et dierf een d’Vollek net froen, et ass verréckt fir d’Vollek ze froen, dat ass awer eng demokratesch Astellung, déi ech net kann deelen. Ech hu keng Loscht all Joer e Referendum ze maachen, mir maachen och elo keen well mir brauchen keen, mir hate jo een. A vu datt d’Substanz gerett ass [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas : Geet dat duerch d’Parlament heiheem.

Jean-Claude Juncker : Gëtt dat duerch d’Parlament gemaach. Dat hat ech och bei der Erklärung zur Lag gesot, a keng Fraktioun huet gesot, et misst e Referendum ginn. Mä déi Ängschtlechkeet virun de Leit a fir d’Leit ze froen, ass eppes wat ech net deelen. Quitte datt ech muss soen, wéi mer se gefrot hunn, mir och heinsdo de Wappes gaang ass.

Tom Graas : Stéchwuert vun de Leit, Här Staatsminister, fir eng lescht Fro. Europa sollt méi no bei d’Leit récklen. Dat ass jo dat wat ofgemaach gi war. Als Conclusioun gewëssermoosse vun där ganzer Verfassungsdiskussioun, huet dat Pokerspill vu Bréissel, wann ech et mol sou däerf nennen, elo net neess de Contraire bewierkt, datt d’Leit sech e bësse froen, wat maachen do ?

Jean-Claude Juncker : Jo, mä d’Leit si grad esou gelungen ewéi déi, déi se vertrieden. Wann alles riicht iwwert d’Bühn geet, wa sech op ee Verfassungsvertrag geeenegt gëtt, da gëtt et vill Leit – bei eis 45-46% - déi soen, esou geet dat net, datt Dir do maacht wat der wëllt. Wann ee lauschtert op dat, wat dat eegent Vollek seet a sengen zwee Lageren – déi, déi Jo soten, an déi, déi Nee gesot hunn – an et probéiert een dat mat anzebrengen an d’Verhandlungen, dann daueren se och aus Lëtzebuergescher Siicht, wéint deem wat mer virbruecht hunn, natierlech méi laang an dann ass et méi komplizéiert.

An dofir weess ech net, elo gëtt gesot, dir hutt do nuechtelaang geturnt, wat soll dat Ganzt ? Mä wa mer an 3 Stonne fäerdeg gewiescht wären, da géifen d’Leit soen : aha, dir setzt eis einfach eppes dohinner an dat ass à prendre ou à laisser, esou wéi dat och beim Verfassungsvertrag gesot ginn ass. Ech mengen d’Liewen ass méi komplizéiert, d’Nolauschteren kascht Méih. Et gëtt keng Verlängerung, déi méi schwiereg ass wéi déi vun den Oueren, wann een déi muss an d’Positioune vun deenen anere eranhänken.

An dofir mengen ech, datt dat vläicht déi europäesch Iddi net staark virugedriwwen huet. Mä datt et awer e gutt Resultat ass, e Resultat och wat mer heiheem musse gutt erklären. Ech si ganz onzefridden iwwert d’Qualitéit vun der europapolitescher Debatt hei zu Lëtzebuerg. Ech schwetzen net vun där an der Chamber, déi ass gutt. Mä mir haten eis nom Referendum virgeholl, mir géifen elo vill méi mat de Leit, an d’Leit mat eis, iwwert Europa schwetzen. Do ass net schrecklech vill geschitt. Do gëtt sech zwar heinsdo ugestrengt, mä déi grouss Debatte fanne net statt.

Elo kréie mer e neie Vertrag. Ech hätt gär, datt déi, déi dofir zoustänneg sinn – ech kann dat net dauernd selwer maachen, ech hëllefen awer gär – elo och mol rëm grouss Versammlungen halen, fir z’erkläre wat mer dann do elo amgaange sinn ze maachen, wat mer wëlles hunn a wat dat fir eis Land heescht, a wat dat fir Europa heescht. An ech hoffen och, datt d’Leit kommen. Net nëmmen d’Politiker hate gesot, mir musse méi iwwert Europa schwetzen. D’Leit haten och ganz haard gesot, dir musst op eis lauschteren. Fir op ee kënnen ze lauschteren, musse se dohinner kommen wou ka geschwat ginn. Ech hoffen, der vill ze begéinen op deene Plazen wou mer an deene nächste Méint wëllen iwwert Europa schwetzen.

Mir mussen iwwert Europa matenee schwetzen, soss entferne mer eis ëmmer méi vun der europäescher Grondiddi. Ouni Debatt stierwt de Wëllen zu Lëtzebuerg fir ëmmer méi Europa ze wëllen, well dat gutt ass fir eise Kontinent a well mer dat als klengt Land brauchen.

Tom Graas : Här Staatsminister, merci fir de Besuch am Studio.

Jean-Claude Juncker : Merci, Här Graas. Dir wësst, datt ech ëmmer gär bei Iech kommen.

Dernière mise à jour