Jean Asselborn au sujet des élections en Pologne et en Suisse

Frank Kuffer: Um Telefon ass elo de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Gudde Moien, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Kuffer.

Frank Kuffer: Dir kennt déi Kaczynski-Bridder a waard net ëmmer ganz begeeschtert iwwert hir Politik. Op den EU-Conseillen hu si Iech, also deenen anere Memberlänner, et net ëmmer ganz einfach gemaach. Sidd Dir zefridden iwwert dat Resultat vu gëscht?

Jean Asselborn: Et sinn 2 Saachen déi mir wirklech afalen de Moien. Dat éischt ass, datt et richteg war, wat d'Emfroen zanter Méint gesot hunn, datt d'polnescht Vollek eigentlech ganz pro-europäesch agestallt ass an, datt et eng falsch Schinn war déi di PIS-Partei eigentlech a Polen gefuer ass. D'Kaczynski-Bridder, virun allem jo de Premierminister, mä awer och de President, hu jo ëmmer gesot, datt Polen sech an der europäescher Unioun behaapte misst. Dat zweet wat ganz, ganz wichteg ass, dat ass, datt ee staarkt Signal gesat gouf gëschter a Polen no vir. Denke mir un d'Positioun vun der PIS-Partei bei der Doudesstrof, wou jo en Dag fir d'Ofschafe vun der Doudesstrof um europäeschen Niveau verhënnert ginn ass. An dann och un déi restriktiv a reaktionär Familljepolitik. Déi Politik ass ofgewise ginn an ech mengen, dat ass ee gutt Zeeche fir Polen an och fir Europa.

Frank Kuffer: Wat bréngt dee Vote Europa? Bréngt e konkret eppes? Kënnt Europa villäicht méi séier virun? Nach ëmmer ass awer och nach de Lech Kaczynski do.

Jean Asselborn: Jo, also de President Kaczynski, dee bleift. Dat schéngt jo vun deenen zwee, op jidde Fall gëtt dat eis esou duergestallt vu Polen, dee méi gemässegten ze sinn, mä et ass awer och ee Politiker deen net ze ënnerschätzen ass a senger Démarche. Et ass jo esou, datt bei der Verfassung a Polen, de President d’Vetorecht bei praktesch alle Gesetzer huet an dat Vetorecht kann dann nëmme vun dem Parlament mat enger 3/5 Majoritéit gebrach ginn. Dat wäert natierlech och schwéier ginn, wann et an Zukunft do géif haart op haart goe, mä Polen ass ee grousst Land, et ass ee wichtegt Land. Et ass ee Land wat eng Geschicht huet, déi eis all warne muss, datt dat wat war, net méi däerf erëm kommen, an eis och encouragéiert, Europa esou opzebauen fir datt Polen eng geséchert Zukunft huet. A wa Polen eng geséchert Zukunft huet, dann huet och Europa eng geséchert Zukunft. Duefir loosse mir elo kucke wéi dat doten „en musique“ gesat gëtt. Dee klore Choix vum polnesche Vollek, fir mech ass et nach eng Kéier e Schrëtt no vir. E Schrëtt och zu sech selwer a Polen.

Frank Kuffer: Merci Här Asselborn.

[Noriichten zu den Walen an der Schwäiz]

Frank Kuffer: Här Asselborn, eng zum Deel rassistesch Campagne an domat nach d'Wale gewonn. Wat sot Dir dozou?

Jean Asselborn: Virun enger Woch war d'Micheline Calmy-Rey, d’Presidentin vun der Schwäizer Confederatioun, zu Lëtzebuerg a si huet mir do scho gesot, datt se net houfreg wier op d'Entwécklung an hirem Land. De Blocher – deen mat sengen Denkscheme ganz staark Famill ass mam Front national oder mam Haider – huet terribel grouss finanziell Mëttele kënnen asetzen. Hien hat méi finanziell Mëttele wéi alleguerten déi aner Parteien zesummen. Hien huet d'Walen dominéiert, dat stëmmt, mä ob en se gewonnen huet? Hien huet just 2,1% dobäi gewonnen, bei all deem Opwand. An ech mengen, dat ass nach fir dat emol ze relativéieren, menger Meenung no net eng Katastrof elo.

Frank Kuffer: Well déi aner awer all verluer hunn, ausser déi Gréng.

Jean Asselborn: Déi aner hunn alleguerte verluer. Mä ech mengen et si jo och Parteie wéi déi Gréng wéi Dir sot, déi gewonnen hunn. Mä ech sinn awer iwwerzeegt, datt an der Schwäiz de Konsens sech wäert duerchsetzen. Mä wat fir mech interessant ass: dat weist jo, datt e Land wéi d'Schwäiz, wat immens vill finanziell Gestaltungsmëttelen huet, wat eng Wirtschaft huet déi boomt an och eng international Renommé huet déi absolut positiv ass, datt d'Angscht vun de Leit führend ass. Datt dat ganz dacks zitt an datt mat deem Plakat, d'Ausstousse eigentlech, wou praktesch een onverkappte Rassismus gewise gëtt, datt do een Drëttel vun engem Vollek wéi d'Schwäizer Vollek dat net erkannt huet an doropper eragefall ass. Dat ass eigentlech dat, wat ee ganz nodenklech stëmme muss.

Frank Kuffer: Här Asselborn, merci fir d'Reaktiounen op déi Walen a Polen an an der Schwäiz.

Jean Asselborn: Merci och.

Dernière mise à jour