Jean Asselborn au sujet des élections en Russie

Jean-Claude Franck: No de Walen a Russland muss ee fir d’éischt déi politesch psychlogesch Analyse maachen, seet de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn iwwert d’Parlamentswale vu gëscht. An der Sowjetunioun wieren d’Russe vum Kommunismus befreit ginn an d’Land hätt doropshin u Muecht verluer, eppes wat de Vladimir Putin awer geännert hätt, esou de Jean Asselborn am 100,7 Interview.

Jean Asselborn: A mengen An huet de President Putin eigentlech d’Bedürfnis vum russesche Vollek fir dat Neierwäche vum Mythos vun der russescher Muecht am beschte charakteriséiert an de leschte Joren. Aussepolitesch zielt Russland erëm, an de President Putin, dat ass manifest, ass vum Vollek, vum russesche Vollek absolut gewollt ginn. Nun Är Fro ass jo, war dat doten eng Campagne déi mat eiser politescher Kultur ze vergläichen ass? Do muss ech carrément soen nee. Weder d’Walen nach d’Campagne si mat eiser Kultur ze vergläichen. Et waren onfair Walen, dat muss ee soen. Verschiddener soen, datt et déi onfairst Wale waren zanter dem Fall vum Kommunismus. D’Medien déi si wierklech kremltrei, dat wësse mer. Et gëtt keng alternativ Stëmmen, déi waren net ze héieren a mir mussen als Europäesch Unioun och dat ervirsträichen, dee Fait, well mir wëlle jo net, datt Russland definitiv d’Demokratie begrieft.

Jean-Claude Franck: Wéi nuancéiert mengt Dir, datt d’Europäesch Unioun do wäert virgoen? Wäert dat ganz kloer gesot ginn oder awer e bësse méi diplomatesch?

Jean Asselborn: Jo also an der Aussepolitik ass jo villes diplomatesch. Mir brauche Russland op ganz ville Punkten. Ech fanne wat ee muss kënne soen, dat ass, datt et eigentlech schwéier verständlech ass, firwat de President Putin an de ganze Kreml esou nervös an och esou aggressiv all Géigepositiounen eigentlech ënnerbonnen hunn. All Kritik um Kreml ass ënnerbonne ginn. Vill Observateure mengen, datt och ouni dat, de President Putin, seng Partei, haushéich gewielt gi wieren an dofir ass dat e wéineg schwéier verständlech.

Ech schätzen an, datt d’Europäesch Unioun och wäert an hirer Appréciatioun soen, datt et eben tëscht dem postkommunistesche Chaos an der Demokratie, datt dat heiten en Iwwergang ass, esou wëll ech et op jiddwerfall gesinn. Ech hu gesot mir brauche Russland, mir brauche Russland aussepolitesch zum Beispill elo beim Iran, fir eng drëtt Resolutioun ze preparéieren, fir Drock ze maachen, keng Polifératioun geschitt an enger sensibler Regioun wéi am Iran. Mir wëssen och, datt ganz vill aussepolitesch vun enger Zesummenaarbecht tëscht der Europäescher Unioun a Russland ofhängeg ass.

Ech hätt mer kënne virstellen, datt mat deene Walen hei Russland sech hätt kënnen an engem bessere Bild présentéieren. Ech mengen dat Psychologescht huet iwwerwien. Ech sinn een Optimist an ech mengen, datt wierklech no deene Wahlen hei et nëmme ka biergop goen, wann déi nächst Walen a Russland stattfannen. An datt een och vun där Verkrampfung, fir mussen onbedingt eng Partei ze hunn, déi zwee Drëttel vun der Majoritéit huet an déi och keng Géigepositiounen däerf zouloossen, datt d’russescht Vollek och do dofir suergt, datt een dovunner ewechkënnt.

Jean-Claude Franck: An esouwäit den Ausseminister Jean Asselborn am 100,7 Interview.

Dernière mise à jour