Dernière modification le
Nicolas Schmit au sujet du référendum irlandais sur le traité de Lisbonne
Fränk Kuffer: Haut gesinn sech d'Ausseministeren aus der EU zu Lëtzebuerg. Wéi gewinnt preparéiere si de Sommet, deen Enn der Woch zu Bréissel ass, an do gëtt et jo zanter e Freideg eng haart Noss ze knacken. Wat geschitt nom ireschen Nee zum Traité vu Lissabon? Alles anescht réckelt e bëssen an den Hannergrond. Et geet jo elo emol dorëm ze kucken, wéi, an ob et mat der Ratifizéierung vun deem Vertrag weider geet. Fir Lëtzebuerg sinn den Ausseminister Jean Asselborn an den delegéierten Aussen- an Europaminister Nicolas Schmit haut um Conseil. Den Nicolas Schmit ass de Moie live bei eis am Studio. Gudde Moien, Här Schmit.
Nicolas Schmit: Gudde Moien.
Fränk Kuffer: Tja, elo hat Dir bal 3 Deeg fir den ireschen Nee do ze verdauen. Wësst Dir elo schon, wéi et weider geet? Wéi et iwwerhaapt ka weider goen.
Nicolas Schmit: Ech mengen, esou schnell geet et net. Et muss ee jo elo emol eng Analys vun der Situatioun maachen, a besonnesch och d'Ire lauschteren. Dat, wat si ze soen hunn. Well si si jo déi éischt concernéiert. An ech mengen, da ka sech mat der Zäit eng Léisung erausstellen. Op jiddwer Fall gleewen ech absolut un eng Léisung.
Fränk Kuffer: D'Ire wëlle jo awer net de Wee vun deenen anere matgoen, schéngt es. D'Ire stelle manner, wéi 1% vun der EU-Populatioun duer. Dovunner war nach nëmme knapp d'Halschent en Donneschde wielen. Wier d'Léisung net einfach, d'EU fiert ouni Irland wieder?
Nicolas Schmit: Nee. Ech mengen dat ass iwwerhaapt keng Léisung. Esou, wéi et och net ka sinn, datt een esou Rechebeispiller opstellt, andeem ee seet, 1%, dat ass jo näischt. Ech mengen, besonnesch fir ee Land, wéi eist, trëfft dat jo wierklech net gutt zou. D'Iren hu sech ausgeschwat. Et war kee Vote, deen een elo direkt vum Stull räisst. Wa 40, oder eppes méi wéi 40%, vun de Leit sech iwwerhaapt bewegen, fir stëmmen ze goen, dann ass dat och eppes, wat een e bëssen decouragéiert. Ass Europa net méi eng Saach, déi d'Leit méi passionéiert? Ob dat an Irland ass, oder - d'ailleurs, an Holland war et net vill besser.
Fränk Kuffer: Maja, eben: 2005, nom Nee vun Holland a Fränkräich, gouf jo esouvill iwwer Dialog geschwat. Et koum awer näischt no, seet de Roy Reding, den ADR-Generalsekretär, deen d'Campagne géint d'EU-Verfassung hei am Land matgeleet huet. Mir hunn de Moien mat him geschwat.
Roy Reding (O-Toun): Et gesäit net esou aus, wéi wann effektiv déi führend Klass an Europa, aus de Referende vun 2005 eppes geléiert hätt. Deemools ass feierlech versprach ginn, mir ginn elo méi no bei de Bierger, mir schwätzen elo méi mam Bierger.
Ech mengen, wat soen d'Leit sech fir een Neen. Si stëmme jo net géint Europa. D'Iren hu jo bestëmmt net géint Europa gestëmmt. Si stëmme géint eng ontransparent an ondemokratesch Fonctiounsweis vun Europa. An un där Tatsaach huet sech absolut näischt geännert.
Fränk Kuffer: Dir gitt dem Här Reding wahrscheinlech Recht, wann hie seet, datt d'Iren net géint Europa gestëmmt hunn. Wat dat anert awer ugeet huet hien do och e bësse Recht? [gëtt ënnerbrach]
Nicolas Schmit: All Sondagë weisen, datt d'Iren zu deene gehéieren, déi u sech am positivste géigeniwwer vun Europa stinn. [gëtt ënnerbrach]
Fränk Kuffer: Wéi ass et mat deem Dialog do?
Nicolas Schmit: Den Dialog ass natierlech net ëmmer einfach ze organiséieren. Den Dialog ass och net vun Europa ze organiséieren aleng. U sech, gehéiert et all national Regierung, deen Dialog ze organiséieren. Ech wëll elo net bewäerten, ob an Irland deen Dialog gutt gemaach ginn ass, oder net. Ech kann awer soen, datt d'Iren, besonnesch wat den Dialog ubelaangt, selwer ee Forum organiséiert hunn, dee säit dem éischten Neen, dee vun Nice, fonctionnéiert.
Ech war selwer do, an ech hunn dat mir ugekuckt, a mir hunn eis jo och d'ailleurs e bëssen do inspiréiert. Et kann een also net soen, datt et iwwerhaapt keng Diskussioun an Irland iwwer Europa ginn ass.
Fränk Kuffer: Dir hutt vläicht virdrun, um 7 Auer, an eisen Neiegkeeten héieren, datt den Här Reding gesot huet, dee Vertrag, deen ass elo vum Dësch domatter, si mussen alle 27 Jo soen. An et gëtt awer weider ratifizéiert.
Nicolas Schmit: Bon, ech géif soen, den Här Reding mécht sech et natierlech einfach. Dat ass och e bësse säi Rôle. Hie spréngt op all Zuch, deen e bëssen an déi populistesch Richtung fiert.
Esou einfach geet et net. Ech mengen, et hunn momentan 18 Länner deen Traité ratifizéiert. A wéi ech virdru gesot hunn, mir mussen elo mat den Iren zesummen eng Léisung fannen. An ech gesinn net an, firwat elo dee Prozess vu Ratifikatioun géif gestoppt ginn. All Regierung huet sech engagéiert, sengem Parlament oder sengem Vollek, wat bei den Iren zoutrëfft, dee Vertrag ze ënnerbreeden, an dat soll och esou weider goen.
Fränk Kuffer: Vun engem Käereuropa, vu Länner, déi méi séier viru ginn, wéi anerer, do hält de Roy Reding net vill.
Roy Reding (O-Toun): Well, ob et nëmmen zu 15 ondemokratesch virugeet, oder zu 27 ondemokratesch virugeet. Et geet op d'Nues. Well, bei de Leit dobausse ganz einfach d'Akzeptanz fir esou eng Virgehensweis net méi do ass. An egal, ob elo déi gesamt EU esou ontransparent virufiert, oder nëmmen en Deel vun der EU esou ontransparent virufiert: Et gëtt bei de Leit doduerch ganz einfach d'Gefill fir Europa negativ beaflosst. Wa mir wëllen e Jo hunn zu Europa, da muss Europa vill méi demokratesch a vill méi transparent fonctionnéieren.
Fränk Kuffer: An de Roy Reding huet och eng Iddi, wéi een deen Dialog verbessert kritt.
Roy Reding (O-Toun): Wann ech wëll mam Bierger dialogéieren, ma da kann ech dat direkt maachen. Da brauch ech dofir net iergendwellech Veranstaltungen. Dat geet erëm duer fir den Här Schmit, fir emol op dat eent oder dat anert Fest ze goen, an einfach emol mat de Mënsche schwätzen, a se ze froen, wou de Schong dréckt. An net nëmme mat hinnen ze schwätzen, ma och nozelauschteren.
Fränk Kuffer: Här Schmit, wéini war Dir dann fir d'lescht op ee Fest, an [gëtt ënnerbrach]
Nicolas Schmit: Ma ech war gëschter nach op engem Fest. Ob ech elo op all Fester mat de Leit iwwer Europa schwätzen - ech mengen, d'Leit hunn heiansdo och aner Saachen am Kapp. Ech muss awer soen, wat d'Transparenz ubelaangt. Do ass den Här Reding eigentlech schlecht gepolt. Well deen heiten Traité, dee jo vun den Iren elo refuséiert ginn ass, ass eigentlech en Traité, dee soll fir méi Transparenz, a fir méi Demokratie vu Säite vun de Bierger suergen. Et ass also Pech, datt mir deen Traité net kréien, well do wier méi Transparenz dran. An dofir ginn ech d'Hoffnung och net op, datt mir eng gutt Léisung fannen.
Fränk Kuffer: Mä fir d'Leit vun der Strooss ass et awer komplizéiert, esou een Traité. Ech hu gelies, an Irland, zum Beispill, ass ënner anerem de Leit gesot ginn, wann Dir deen Traité elo stëmmt, da stëmmt Dir dofir, datt d'Ofdreiwung legaliséiert gëtt an Europa.
Nicolas Schmit: Jo, dat ass jo de Problem, datt mat engem komplizéierten Dokument all Demagogen, all Populisten d'Saach eigentlech ganz einfach gemaach kréien. Dat ass jo och e bëssen dat, wat u sech den Här Reding suggeréiert. Si kréien et einfach gemaach, well Dir huelt iergendeng Affirmatioun, an Dir setzt déi emol an d'Welt. An ech hunn dann all Méi, fir déi Affirmatioun ze contestéieren. An ech brauch vill méi Zäit, fir dat ze contestéieren, wéi deen huet, fir emol déi Onwouregt, an an Irland ass mat enormen Onwouregten operéiert ginn - esou d'ailleurs och hei zu Lëtzebuerg an a Fränkräich - fir Europa ze blocken.
Ech hunn nach net héieren, firwat fir een Europa den Här Reding wierklech ass. Wat sinn dann déi Saachen? Hie schwätzt vun Transparenz, mä do soen ech, Transparenz ass eigentlech mat deem zukünftegen Traité besser, wéi mat dem Nice-Traité, an ech hunn eigentlech wéineg konkret positiv Propositiounen héieren, vun de Géigner. Déi englesch Nationalisten, déi an Irland vill Campagne gemaach hunn, ech weess net, ob déi eng ganz positiv Visioun vun Europa hunn, an ob dat Europa eis an Zukunft besser protegéiert, a méi Soziales a méi Demokratie besuergt.
Fränk Kuffer: Här Europaminister Nicolas Schmit, villmools merci fir de Besuch de Moien am Studio.
Nicolas Schmit: Merci.