Jean-Claude Juncker au sujet des réunions du Conseil "Affaires économiques et financières" et des élections présidentielles aux Etats-Unis

Mariette Zenners: A bei mir am Studio begréissen ech elo de Staats- a Finanzminister Jean-Claude Juncker. Gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Mariette Zenners: Esou eng Kris wéi mir se elo kennen, soll also net méi méiglech ginn, d’Finanzmäert solle reforméiert ginn, virun allem besser kontrolléiert, mä war dann och elo haut do wierklech grouss Eeenegkeet zu Bréissel? Dat war jo bis elo net esou einfach op deem Gebitt.

Jean-Claude Juncker: Et gëtt am Krees vun de Finanzministeren, esouwuel deene vum Eurogrupp wéi deene 27 vun der Europäescher Unioun ee Konsens driwwer, datt mir net kënne virufuere mat där frenetescher Dereguléierungspolitik. Mir brauche méi Politik, méi politesch Inhalter a méi ee staarken normativen Zougrëff vun de Staaten a vun de Regierungen op d’Behuele vun de Finanzmäert. Ech war ni der Meenung, datt déi fräi Kräfte vum Maart fir Uerdnung géife suergen. Ech hunn ni un déi onsichtbar Hand gegleeft déi d’Welt an der Rei hält. D’Welt bleift nëmmen an der Rei, wann déi déi gewielt sinn, wann déi déi Verantwortung droen, Regele fixéieren un déi sech muss gehale ginn. A mir brauche méi Transparenzregelen op de Finanzmäert, mir brauche besser Iwwerwaachungssystemer, mir brauchen eng Neibewärtung vun de Bewärtungsagenturen, mir brauchen ee Corps vu Regelen dee muss iwwerall respektéiert ginn.

Mariette Zenners: Dat gesäit awer elo net jiddwereen esou. Dee Pabeier soll offiziell ofgeseent ginn e Freideg, ier en dann de 15. November och op de Weltwirtschaftssommet zu Washington geet. Mä kommt Dir do domatter duerch, mengt Dir? Do hu jo d’USA och bis elo net ëmmer esou positiv réagéiert.

Jean-Claude Juncker: Mir hunn hei ee Konsens an Europa probéiert erbäizeféieren, um Niveau vum Eurogrupp a vun de Staats- a Regierungsschefen, dat ass gelongen. Zanter Jore si mir am gaangen um Niveau vum G7, ech och a bilaterale Gespréicher mat mengem amerikanesche Kolleg, Finanzminister-Kolleg, drop opmierksam ze maachen, datt villes net richteg leeft. Ech muss zouginn, ech hätt déi Finanzkris mat där Heftegkeet do och net virausgesinn, an och net all Verlängerunge vun där Finanzkris hunn ech virausgesinn, dat ginn ech éierlech zou. Mä datt mir awer mat den Amerikaner iwwert d’Geféierlechkeet vun hire Subprime geschwat hunn iwwer Joren, dat ass aktenkundeg. Datt mir mat den Amerikaner iwwert d’Onméiglechkeet vun hirem dueblen Defizit, Handelsdefizit a Budgetsdefizit, geschwat hunn, dat ass bekannt. Mir schwätzen elo mat hinnen iwwert d’Kreditkaarterisiken.

Mariette Zenners: Dat heescht, Dir mengt do kéim och méi Asiicht?

Jean-Claude Juncker: Ech hat och d’Geleeënheet jo am Oktober mam President Bush nach eng Kéier driwwer ze schwätzen. Deen amerikaneschen Dram vun Net-Reguléierungen, vu Mäert gewährden ze loossen, dee vill Europäer gegleeft hunn an der ganz vill och matgemaach hunn, deen ass ausgedreemt, ech hoffen och an Europa.

Mariette Zenners: Een anert Thema, d’Kommissioun zu Bréissel huet gëschter hir Wuesstumsprevisiounen zeguttst no ënne revidéiert, 0,1% fir d’Eurozon, 0,2% fir déi ganz Europäesch Unioun. Elo soll et awer net zu engem generelle Programm komme fir d’Wirtschaft ze relancéieren, mä esou eenzel cibléiert Aktiounen. Wéi kéint dat ausgesinn?

Jean-Claude Juncker: Also fir d’éischt muss een emol festhalen, datt all Länner hir Wuesstumsprognosen no ënne revidéiert hunn, respektiv vun der Kommissioun no ënne revidéiert kritt hunn. De Wuesstum an der Eurozon ass 0,1%, dat ass praktesch 0. An der Belsch, am Frankräich, an Däitschland, dat sinn déi 3 Länner ronderëm eis, do ass et 0,0. Mat engem ugehuewene Wirtschaftswuesstum vun 1,2% sti mir nach relativ gutt do, obschonn dat wiesentlech manner ass wéi dat, wat mir bei der Budgetsopstellung fir d’Joer 2009 ugeholl hunn.

Mariette Zenners: Dorop wollt ech eben och zréckkommen, well gëschter sot de Budgetsrapporter bei eis op der Antenn, et wär awer elo net de Moment, grad eben elo, da vläicht Investissementer zréckzeschrauwen. Mä iergendwou muss jo awer elo gespuert ginn oder gi méi Scholde gemaach?

Jean-Claude Juncker: Nee, ech hunn do e bëssen eng differenzéiert Meenung doriwwer. Mir hunn dee Budget opgestallt fir d’Joer 2009 am Wëssen drëm, datt de Wirtschaftswuesstëm géif ofhuelen. Mir haten net domat gerechent, datt en esouvill géif ofhuelen. Mir hunn eng Hellewull vu Politikakzenter am Budget fir d’Joer 2009 opgeschriwwen an ageschriwwen, déi hëllefen an där Kris, déi sech elo verschäerft huet. Mir setzen d’Steiere massiv erof. Mir ginn Nettosteierkrediter fir déi Leit déi net esou gutt drusinn. Den Arbeitnehmerfreibetrag gëtt a richtegt Geld verwandelt, esou datt jiddwereen eppes kritt.

Mariette Zenners: Dat heescht fir d’Kafkraaft an d’Lut ze setzen?

Jean-Claude Juncker: Déi Leit déi méi fragile sinn, déi kréien ënnert d’Äerm gegraff, obschonn ech deen Ausdrock net ganz gär hunn, deenen hire Kafkraaft gëtt gestäerkt. Déi Leit, déi e bësse verdingen oder vill verdingen, déi kréien eng generell Steierreduktioun zegutt. Iwwer 500 Milliounen Euro supplementar Kafkraaft kënnt [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Mä trotzdem waart Dir jo awer och mat all deene Saache vun 3% Wuesstum ausgaangen?

Jean-Claude Juncker: Jo, gesitt Dir, an dat ass de Problem, well d’Kommissioun rechent eis en neie Budgetsiwwerschoss fir d’nächst Joer aus. Mir hu mat engem Budgetsiwwerschoss vun 1% gerechent, d’Kommissioun setzt eise Wuesstum erof, 1,2%, mä setzt awer de Budgetsiwwerschoss vun 1 op 1,3% erop, well si déi Moossnamen déi mir am Budget fir d’Joer 2009 stoen hunn an hirem Gesamteffet fir méi positiv aschätzen, well si och der Tatsaach Rechnung gedroen hunn, datt mir mat Dexia a Fortis gutt verhandelt hunn an déi Suen déi mir do drasgestach hunn, wann ech mech esou salopp däerf ausdrécken, déi kréie mir mat 10% rénuméréiert. Mir gewannen an engem éischte budgetäre Stadium un deem wat mir an dem Beräich Dexia a Fortis gemaach hunn. Ech sinn dogéint fir dee Budget elo fundamental ze änneren. Mir sinn ee Land wat Haushaltsmargen huet. Eis ëffentlech Finanze sinn net an engem exzellenten Zoustand, mä si hunn awer Poschen, déi ee ka fëlle mat neie Politikelementer. Wa mir elo d’Investissementer géifen erofsetzen oder d’Steieren net géifen erofsetzen, mä eropsetzen, sinn ech perséinlech der Meenung, datt d’Wuesstum méi géif aknécken an datt mir ee wiesentlech méi schwierege Budgetsofschloss kréien am Joer 2009, ee Joer wat net einfach gëtt an d’Joer 2010 gëtt wiesentlech méi schwiereg wéi d’Joer 2009 wäert sinn.

Mariette Zenners: Eng aner Saach nach, de franséische President hat jo d’Iddi lancéiert fir esou eng Zort Wirtschaftsregierung anzeféieren, fir also net nëmmen um Niveau vun de Finanzminister, mä och um Niveau vun de Staats- a Regierungschefe sech regelméisseg ze gesinn. Dir waart géint esou eng Iddi. Dir gitt haut zitéiert, op den Noriichtenagencë gëtt gesot, déi Iddi ass vum Dësch, well de Jean-Claude Juncker sot et kënnt net dozou. Ass dat esou?

Jean-Claude Juncker: Esou eng Iddi kënnt net op den Dësch, well ech se dohinner leeën a si kënnt och net vum Dësch erof well ech se erofhuelen. Si dréit heiansdo manner séier wann een net hëlleft dréinen. Ech sinn zanter 1996 staark fir eng méi staark Koordinéierung vun de Wirtschaftspolitiken an Europa. Dofir ass deen Androck, deen an Ärem Reportage entstanen ass, wann ee seet nee zu enger Wirtschaftsregierung géif ee gläichzäiteg jo zu de fräie Kräfte vum Maart soen, natierlech eng aberant Duerstellung vun engem méi schwierege Prozess. Ech sinn der Meenung, datt mir den 16 Länner am Euro hir Wirtschaftspolitike matenee verzahne mussen. Dat gëtt am Eurogrupp gemaach, net gutt genuch wéi ech fannen, mä et gëtt gemaach an et gëtt lues a lues besser. Fir elo nieft déi 12 Sitzunge vun de Finanzministeren aus der Eurozon och nach 3, 4 mol d’Joer d’Staats- an d’Regierungschefen untrieden ze loossen, fir eigentlech dat selwecht ze maachen, mécht net vill Sënn. Oder wa si zesummentrieden d’Erwaardungen esou héich ze ziichten, datt d’ganz Welt mengt, elo géife schrecklech wichteg Saache geschéien ass net gutt an onrouegen Zäiten. Mä et war gutt, datt den Här Sarkozy déi Sitzung op Paräis aberuff hat.

Mariette Zenners: Mä mengt Dir et wier him perséinlech einfach drëm gaangen dee Grupp ze présidéieren? Hutt Dir Iech do e bëssen op ären Territoire getrëppelt gefillt?

Jean-Claude Juncker: Ech si President vun den Eurofinanzministeren an ech hu keng Prétentioun fir President vun eppes ze ginn wat et net gi wäert. Ech kommen net ausser Otem mat dem Nolafe vun Iddien, vun deenen ech weess, datt se scheiteren, well déi meeschte Leit dat net wëllen. Ech maachen déi Aarbecht déi ze maachen ass. Ech fueren och wahrscheinlech net op Washington op déi Sitzung de 15. November, well den Eurogrupp net an de Strukture vum G20 dran ass. Ech hu genuch heiheem ze dinn an de Rescht maachen ech wierklech niewelaanscht.

Mariette Zenners: Voilà zu den Themen heiheem, do komme mir och gläich nach drop zréck.

Reportage iwwert d’Pensiounskeesen

Mariette Zenners: Déi Rentemauer: de Sozialminister berouegt schon zanter Joeren, seet awer et missten nei Piste kommen. Dir waart nach emmer méi skeptesch, wat déi Rentemauer do ugeet.

Jean-Claude Juncker: Ech mache mer Suergen iwwert Problemer déi sech eréischt an 15, 18 oder 20 Joer stellen. Well ech färten, wann ee bis kuerz virun d’Mauer fiert – fir am Bild ze bleiwen – da kritt een net méi gebremst, an da fällt d’Mauer em, an dann as een an enger Problemzon mat där een net gerechent hat.

Mariette Zenners: Dat heescht déi nei Pisten, déi elo am Januar solle viergestallt ginn, sinn absolut noutwënneg?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung dass muss intensiv, zesumme mat de Sozialpartner, doriwwer nogeduecht ginn. Kuckt emol, mir kréien d’nächst Joer deen nidderegsten Wirtschaftswuesstum dee mer zanter den 80ger Joeren haten. Et besteet Konsenz hei am Land driwwer, dass mer an der Moyenne 4% Wirtschaftswuesstum brauchen, fir dass mer eis Altersversecherungs-Systemer finanzéiert kréien. Wa mer e puer Joer hannereneen 1,2% oder manner, bis 1,5% Wirtschaftswuesstum hun, da sinn ech mam Här Di Bartolomeo d’Accord, deen treffsecher erkannt huet dass dann d’Rentemauer an der Zait méi no réckelt.

Mariette Zenners: Nach ee Wuert dann awer zum Haaptthema vum Dag, d’Wahlen an den USA. Och hei gidd Dir op den Noriichtenagencen haut zitéiert, Dir gifft Barack Obama wielen. Stëmmt dat?

Jean-Claude Juncker: Jo, da war de Mond mer erem eng Keier opgaang ouni dass ech richteg nogeduecht hunn, well eigentlech soll ee sech net an esou Wahlausernaanersëtzungen vun aanere Länner ameschen, doduerch dass ee seet ween engem am sympatheschste wier. Enfin, ech hun et gesot an et as och meng Meenung, an d’Amerikaner hu jo net virun de Wahlcabine gestockt fir ze warden wat ech da géif soen.

Mariette Zenners: An Dir färt net dass mat engem Barack Obama eist Bankgeheimnis nach méi ennert Drock geréit?

Jean-Claude Juncker: Et as wéinege Leit hei am Land bekannt, dass den Här Obama eng Proposition de Loi abruecht huet, déi d’Finanzplaatz Lëtzebuerg onfrëndlech behandelt. Mir kréie jo da Geleegenheet, him dat an direktem Gespréich eng Keier richteg am Détail ze erklären. Ech hoffen dass dann och e puer Europäer ronderem stinn, déi däitsch a franséisch schwätzen, da brauch een net draimol unzesëtzen, dann heieren se dat alleguer mateneen.

Mariette Zenners: Ech soen Iech merci, dass der bei eis waart, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour