Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Jay Schiltz: Här Staatsminister, am Télécran vun dëser Woch kuckt Dir, illustréiert duerch Fotoen, op dëst Joer 2008 zréck. Op der éischter vun dëse Fotoe gesäit et esou aus wéi wann Dir entweder géift opootmen oder entnervt ärer Enttäuschung iwwert iergendeppes wëllt Ausdrock ginn. Dir bezeechent déi lescht Méint als déi vläicht schwieregst an ärer politescher Aarbecht. Wat fir Elementer hunn dann aus dësem Joer esou ee ganz schwieregt gemaach?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn net vum ganze Joer geschwat, ech hu vun deene leschte 4 Méint geschwat. Vum August un, no der Summervakanz bis elo an dës Deeg eran, war dat eng enorm aarbechtsintensiv Zäit an där sech kruzial Froe gestallt hunn. Finanzkris, Wirtschaftskris, zu Lëtzebuerg besonnesch markéiert duerch d’Rettungsaktioun - anescht kann een dat net nennen - vun zwou Banken, déi net zu Lëtzebuerg Problemer haten, mä déi an hirem Grupp Problemer haten. A well et systemesch Banken an engem systemesche Grupp sinn hu mir musse séier handelen an och drubleiwen. An déi Aarbechten déi mir an Europa ze dinn haten - well d’europäesch Äntwert ass mindestens esou wichteg wéi déi lëtzebuergesch, well déi lëtzebuergesch hänkt dovunner of ob d’Wirtschaftskris plus déi Aktiounen déi heiheem hu mussen ënnerholl ginn, plus Ännerungen um geplangte Budget - hu mat sech bruecht, datt dat eng hefteg Zäit war an där een och net ëmmer wousst, well een heinasdo huet musse séier handelen, ob een um total richtege Wee wier. Dofir hunn ech déi 4 Méint als Méint an Erënnerung vun deenen ech mir net wënschen, datt se sech 12 Méint am Joer géifen esou présentéieren, well dat géif een net packen, mengen ech.

Jean-Claude Franck: Dir schwätzt vu 4 Méint. Wéi laang mengt Dir datt et nach undauert, mat deem Wësse wat een haut huet?

Jean-Claude Juncker: Dir mengt wéi laang datt déi Wirtschaftskris, well et ass jo net nëmme méi eng Finanzkris, undauert mam Wësse vun haut? D’Wësse vun haut ass eent wat sech doduerch auszeechent, datt mir nach ni an enger Zäit gelieft hunn, vum wirtschaftlechen hier betruecht, déi esou séier virauszesoe war am Detail an an der Entwécklung vum Detail. Meng Estimatioun, mäi Gefill ass, datt mir 2 ganz schwiereg Joer kréien, 2009, 2010. Datt et ka sinn, wann et gutt geet, datt um Enn vum Joer 2009 eng liicht Reprise geschitt, déi sech dann an d’Joer 2010 era kann entwéckelen an duerno géif et da besser goen. Mä ech hale mech mat esou brachiale Prognosen eigentlech gären zréck. Mir mussen eis einfach drop astellen, datt mir 2 schwiereg Joer kréien a mir musse kucken, mat de Mëttele vum Bord heiheem, déi Kris esou z’iwwerbrécken, datt eise Betriber hei keen Ongléck geschitt an de Leit déi an deene Betriber schaffen méiglechst wéineg Onglécker geschéien. Dat heescht, datt mir einfach dat iwwerbrécken, well d’Weltwirtschaftskris behiewe mir mat eiser kritescher Mass zu Lëtzebuerg net. Mir sinn auf Gedeih und Verderb drop ugewisen, datt mir am Euroraum déi richteg Politik maachen - ech menge mir wieren am gaangen dat ze maachen - an datt mir dann déi lëtzebuergesch Zwëschestécker dodrop pechen.

Jay Schiltz: D’Indicateure weisen allguerten no ënnen, vläicht Stëchwuert Chômage. Do si mir elo bei 4,7% Enn November. Wat kënnt an den nächste Méint op eis zou? Musse mir mat nach engem méi héige Chômage elo rechnen? Vill Betriber hu Kuerzaarbecht ugefrot.

Jean-Claude Juncker: D’Konsensprognos - mä do sinn ech schonn erëm an deem Onwuert vum Joer, Prognos - seet engem, datt mir am Joer 2009 ee relativ staarkt Uklamme vun der Aarbechtslosegkeet iwwert déi 5% eraus kréien. Dorop ass sech anzestellen. Mir kréien eng wuessend Zuel vu Betriber déi Kuerzaarbecht maachen. Ech kann och nëmmen net d’Betriber encouragéiere fir Kuerzaarbecht ze maachen, mä se encouragéiere fir d’Optioun Kuerzaarbecht virzezéien anstatt d’Leit einfach op d’Strooss ze setzen. Mir musse mat enger staarker Andréiwung vum Aarbechtsmaart rechnen. D’Zuel vun den nei geschafenen Aarbechtsplaze wäert och sech net méi op deem prozentualen Niveau beweege wéi dat an de leschte Joren de Fall war. Et gëtt méi spatz um Aarbechtsmaart.

Jean-Claude Franck: An den nächste Méint wäert ee méi wéi je eng staark ADEM brauchen, d’Aarbechtsamt soll jo reforméiert ginn. Et ass een awer net esou weiderkomm mat där Reform wéi ee vläicht gehofft hätt. Bedauert Dir dat?

Jean-Claude Juncker: Ech bedaueren all Reform dann wa se stieche bleift, an déi vum Arbeitsamt déi ass net, trotz de Beméiunge vum zoustännege Minister, vum François Biltgen, séier genuch virukomm. Mä de Problem vun der Aarbechtslosegkeet an de Problem vun der Aarbechtslosegkeet bedingt duerch wirtschaftlech Schwieregkeeten, déi hieft een net duerch eng Reform vum Arbeitsamt. Et ass eng Reform an de Käpp déi mir brauchen. An déi Reform an de Käpp misst de Patrone soen, datt och wann et de Moment méi lues geet, och wa si net genau un d’Enn vum Tunnel gesinn, datt se net sollen deen einfache Geste maache fir Leit z’entloossen. Well wichteg ass et, datt mir d’Leit a Beschäftegung halen, wichteg ass et, datt mir besonnesch déi kleng an déi mëttelstänneg Betriber esou mat staatlech finanzéierten Investitiounsaktivitéite bedingen, datt Aarbecht déi et duerch Privatdemande an déi et duerch extern Demande net méi gëtt duerch ëffentlech Appuien erhale bleift.

Wann elo ee Betrib zoumécht - eng kleng Schlesserei mat 3, 4 Leit - well mir an der Kris sinn; dee Betrib mécht net erëm op am Joer 2011 oder am Joer 2012. Dann ass e fort. Mir musse kucken, datt mir d’Produktiouns- an d’Aarbechtspalette an hirer Integralitéit strukturell behalen, fir datt mir erëm kënnen duerchstarte wann d’wirtschaftlech Reprise kënnt. Well déi kënnt jo enges Dags a bis dohinner musse mir duerch d’Virleeën, d’Virverleeë vun Investissementer déi mir fir spéider Jore geplangt haten, de Betriber Aarbecht ginn, besonnesch deene méi klenge Betriber, déi awer vill Leit an der Somme beschäftegen. Dofir musse mir méi Stroosse bauen, dofir musse mir méi ëffentlech Gebeier an d’Rei setzen, dofir musse mir kucke wat vun Investissementer, och vu klengen Investissementer, et si jo déi déi aarbechtsrelevant sinn, an de Schoule kënne maachen, op villen anere Plazen. Dorunner schafft d’Regierung intensiv.

Jay Schiltz: Wéi eng Roll kann an der Zukunft den Index spillen an deene ganze Moossnamekatalogen? Ass dat net eppes wat vläicht riskéiert op där enger Säit d’Betriber dann awer méi ze belaaschten, op där anerer Säit d’Fuerderunge vun de Gewerkschafte respektiv d’Stäerke vun der Kafkraaft vun de Leit. Wéi gitt Dir domat ëm an Zukunft?

Jean-Claude Juncker: Dat si 6 Froen an enger. Wat d’Indexéierung vun de Léin a Gehälter ubleaangt oder vun de Léin, dat ass eng Fro déi zu Lëtzebuerg jo ëmmer hefteg diskutéiert gëtt. Zu de gudden Nouvellë vum Enn vun dësem Joer gehéiert jo ee staarke Repli vun der Inflatioun an d’Géigend vun 2%. Wann d’Inflatioun esou ofhëlt, bedingt och duerch d’Ofhuele vun den Uelegpräisser, duerch d’Korrektioun bei de Liewensmëttelpräisser, duerch eng manner staark Demande - well mir an der Wirtschaftskris sinn -, wa se also bei 2% ass, ass jo d’Indexéierung absolut kee Problem. Ech ginn dovun aus, datt mir eis no de Wahle mat de Sozialpartner zesummesetzen an den Tour vun där Fro maachen. Mä bei där berouegter Inflatiounslag déi mir am Moment kennen, kann ech net erkenne firwat datt ee soll extra Modulatiounszwäng sech selwer imposéiere wat d’Indexéierung fir déi nächst Joren déi kommen ubelaangt.

Da muss ee gesinn, datt mir zu Lëtzebuerg jo eng e bëssen aner Politik am Joer 2009 maachen, wéi dat an deenen anere Länner de Fall ass. Mir maache Steierkorrekturen an der Héicht vun 9%, obscho mir am Mee bei der Erklärung zur Lag vun der Natioun nëmme 6% ugekënnegt haten. Déi 9% maache mir, well mir am Laf vum Joer ee relativ héigen Inflatiounstaux haten deen heiansdo iwwer 4% gesprongen ass, a maache mir, well mir mengen, grad an der Kris, déi jo net däerf zu Lëtzebuerg eng Konsumkris ginn, datt ee méi Kafkraaft soll an d’Portemonnaië bréngen. De Mindestloun gëtt gehéicht an d’Renten an d’Pensioune gi gehéicht. Dobäi kënnt, datt d’Mindestlounemfänger an déi kleng Rentner den Arbeitnehmerfreibetrag an de Rentnerfreibetrag ëmgewandelt kréien an ee Rentnersteierkredit an an een Arbeitnahmersteierkredit. Do kommen an deenen zwou Moossnamen zesumme wäit iwwert 100 Milliounen Kafkraaft dobäi. Et geet mir an an och der Regierung an dësem och sozial méi schwierge Moment drëm fir virun allem deenen ze hëllefen oder Hëllefstellung deenen ze ginn, déi méi niddereg Akommes hunn. D’Mindestlounbezéier, niddereg Renten, niddereg Pensiounen, an dofir déi Kombinatioun vu Steierkorrektur a vun Nettozufuhr a Form vu kafkraaftsteigernde sozialpolitesche Deelelementer déi mir zesummegesat hunn. Net jiddweree leidt vergläichsméisseg ënnert där Kris. An déi, déi een normaalt Akommes hu, mierken och näischt dovun. Mä déi, déi mat 1700, 1800 Euro de Mount mussen eens ginn, déi leide ganz staark ënnert deem Rétrécissement vun hire Konsumméiglechkeeten. A vu datt si awer ee méi een ausgeprägte Konsumhang hunn, wéi déi déi méi verdingen, huet een deene Leit musse vum 1. Januar u méi staark ënnert d’Äerm gräifen.

Dat ass d’Politik vun der Regierung an dat huet och domat ze dinn, datt mir an engem moduléierten Indexsystem gelieft hunn. Et kann een elo net d’Betriber iwwerbelaaschte mat Lounkäschten. Dofir iwwerhëlt de Staatsbudget, ënner Form vu Steieren a vu Sozialpolitik, een Deel vun deene Laaschten déi an engem geuerdnete System, mä an esou engem si mir net méi, eigentlech missten duerch den eegenen Effort vun der Economie opbreucht ginn.

Jean-Claude Franck: Dir hutt déi héich ëffentlech Investissementer ugeschwat, och d’steierlech Moossnamen. Wéi laang kann de Staatsbudget esou antizyklesch Moossname verkraften, wann ee wéi Dir d’éinescht gesot hutt weess, datt déi Kris awer vläicht nach 2 Joer dauert?

Jean-Claude Juncker: De Budget kéint antizyklesch Moossnamen iwwerhaapt net verkraften, wa mir net iwwert eng méi laang Period eng Steier-, Finanz- a Budgetspolitik gefuer hätten, déi elo an der Kris weist, datt et richteg war sech Finanz- a Budgetshandlungsmargen an d’Hand ze ginn. Déi Politik war jo ëmmer staark ëmstridden. Ech wëll net dorop agoen, well dat bréngt eis net ganz vill. Mä eis Staatsfinanze sinn net an engem exzellenten Zoustand, entgéint deem wat dauernd behaapt gëtt. Mä si sinn an engem Zoustand deen et erlaabt, well mir eng niddereg Staatsschold hunn a well mir Méiglechkeeten hunn ze reagéieren, an d’Kris eran net eranzespueren, mä an d’Kris eran Investitiounen no vir ze verlageren, fir datt mir méiglecht séier an ouni gréissere Schued aus der Kris erauskommen.

Ech ginn dovun aus, datt mir am Joer 2009 ee Budgetsdefizit kréien, statt dee Budgetsiwwerschoss, wéi mir dat initialement geplangt haten. Ech schätzen deen Defizit dee mir kréien tëscht 1 an 2% vun eisem Bruttoinlandprodukt an dat hänkt dann dovun of wéivill Chantieren datt mir mobiliséiert kréie fir an Ugrëff ze huelen. Mir mussen eis jo un d’Gesetzer - dat si Contrainten, mä déi Contrainten hu Sënn - iwwert d’Ausschreiwungen, d’Marchés publics an esou virun, halen. D’Regierung ka jo net einfach haut décidéieren, elo gëtt den Escher Lycée retappéiert an du mëss dat. Da kréie mir Schwieregkeeten. Also musse mir do Prozeduren anhalen. Eis Prozeduren hei am Land si souwisou onendlech laang a verästelter a komplizéierter, dat musse mir och nach an deemselwechten Elan kucke fir dat e bësse mat méi gesondem Mënscheverstand begleeden ze loossen.

Jay Schiltz: D’Demokratesch Partei huet bei de Budgetsdébattë gefuerdert, datt Dir ee rektifizéierte Budget géift presentéieren, dat hutt Dir an och de Budgetsminister Luc Frieden kategoresch refuséiert. Firwat?

Jean-Claude Juncker: Jo mir hunn dat net einfach refuséiert, mä mir hunn eppes proposéiert an iwwert déi Propositioun ass net geschwat ginn. Mir liewe jo an enger parlamentarescher Débattëkultur déi doranner besteet, datt jiddweree seet wat hee wëlles hat ze soen, egal wat deen anere gesot huet. Dat ass jo keng Débatte, dat ass einfach d’Virdroe vun eppes wat ee sech virgeholl hat.

Ee rektifizéierte Budget am Mäerz ze maache mécht kee Sënn. Wa mir ee rektifizéierte Budget am Mäerz virleeën, da musse mir dat mat Donnéeë maachen déi mir am Januar hunn, well dee Budget muss jo virbereet ginn, dee muss jo duerch d’Instanze goen, dee muss vum Conseil d’Etat aviséiert ginn, vun de Chambres professionelles aviséiert ginn, dat heescht dat kënne mir nëmme maache mat Zuele vu Januar. Wat wësse mir dann elo am Januar dramatesch méi wéi am Dezember? Näischt. Enfin d’DP vläicht, mä ech jiddwerfalls net. Dofir hunn ech an der Chamber proposéiert, datt mir de Stabilitéitsprogramm, dee mir zu Bréissel mussen areechen, musse periodesch adaptéieren, datt mir iwwert dee Stabilitéitsprogramm an der Chamber diskutéieren. Well an deem Stabilitéitsprogramm steet, dat prévisibelt Endresultat vum Joer 2008, dat prévisibelt Resultat vum Joer 2009 an dat probabelt Resultat oder och prévisibelt Resultat vum Joer 2010. D’Chamber kritt all Mount, dat hunn ech fir mech décidéiert, d’Konte vun deem Mount a kritt de Stabilitéitsprogramm an dann diskutéiere mir dat.

Wa gemengt gëtt d’Regierung géif hei probéiere bis zu de Wahlen ze kommen, fir Zuelen ze verstoppen - ech weess guer net wat deen onsënnege Virworf soll - da stëmmt deen net, well mir ginn der Chamber alles dat wat mir selwer hunn. Ech fannen, datt d’Parlament an d’Leit och ee Recht drop hu wéi d’Konten évoluéieren. Déi évoluéiere vu Joer zu Joer all Mount anescht, mä mat deem Risiko muss ee liewen an dann deementspriechend erklären an ech soe jo selwer - do ass näischt ze verstoppen - datt mir een Defizit kréien am Joer 2009. Ech wëll de Leit dat jo net verstoppen. D’Fro ass, wéi laang kann een esou eng antizyklesch Politik maachen? Do géif ech mol fir d’éischt soen, déi muss een esou laang maache wéi et néideg ass.

Dat Zweet wat ech wëll soen, dat ass, mir musse gutt gesinn, datt mir eng extrem offen Wirtschaft sinn, een extrem offene Wirtschaftsraum hunn. An Termë vu PIB ausgedréckt exportéiert d’lëtzebuerger Economie iwwer 180% d’Joer. An Termë vu PIB ausgedréckt importéierte mir fir iwwer 140% vun eisem PIB. An Europa leien d’Zuelen 3 bis 4 mol méi niddereg. D’Belsch beispillsweis, an déi läit schonn héich, exportéiert an der Héicht vu 85% vun hirem Bruttoinlandprodukt. Mä d’Moyenne läit wiesentlech drënner. Doraus gëtt däitlech, datt mir onendlech ofhängeg si vun där Wirtschafts- a Finanzpolitik déi an Däitschland, a Frankräich, an der Belsch an doriwwer eraus gemaach gëtt a mir si méi ofhängeg dovu wéi iergendeen aneren a mir kënne selwer net vill dozou bäisteieren, fir datt d’Konjunktur an Europa uspréngt. Mir däerfen eis jo net dem Wahn higi mir kéinten eng Lokomotiv vun der Konjunkturentwécklung an Europa sinn. Also wat mir musse maachen ass, am Eurogrupp - do kann ech jo eppes hëllefen - déi richteg Relanceprogrammer op d’Piste ze bréngen. Dat si mir jo am gaang ze maachen, fir datt mir iwwerall an Europa déiselwecht Politik maachen. Et ass erstmaleg, datt mir an enger Kris liewen déi iwwerall op der Welt ass an et ass awer och erstmaleg, datt mir an Europa als Regierungen oder zumindestens déi vum Euro, probéieren déiselwecht Äntwerten ze ginn, fir datt deeselwechte Message och vu Confiance un d’Economië geet.

Wann déi europäesch Politikdeeler wierken un deene mir eis bedeelgen, mä déi mir awer net kënne fundamental an determinant beaflossen, a wa mir heiheem dofir suergen, datt d’Betriber Aarbecht behalen an d’Leit an Aarbecht bleiwen, dann hu mir besser Chancen, och wann d’Reprise erëm kënnt, duerchstarten ze kënne wéi anerer. Wa mir eis Infrastrukture verbesseren, wa mir am Beräich vum Breetband Investitioune maachen, wa mir am Beräich vu Fuerschung, Entwécklung an Innvoatioun méi séier vun der Plaz kommen, wa mir eis Infrastrukturen, wéi ech gesot hunn, optimal opgeriicht kréien - Infrastrukture si Standuertvirdeeler fir Industrie an och fir e-relevant Secteure vun der Economie - dann hu mir eis Chancen entwéckelt an der Kris, statt datt mir elo eis Chancen ewechgeheien doduerch datt mir, wéi ech géif fannen, eng blödsinneg Spuerpolitik maachen.

Ech si keen Unhänger vu Budgetsdefiziter, ech sinn een Unhänger vun orthodox gefouerter Finanzpolitik. Mä mir liewen an enger Kris wéi mir nach keng kannt hunn. Da kann ech net mat de Budgetsmëttelen an de Budgetsphilosophië vu virgëschter Owend operéieren. Ech muss meng Budgetspolitik esou ëmorientéieren, andeem se awer nach ëmmer konsolidéiert sérieux bleift, datt ech de Leit kann domat kann hëllefen. Dat probéiere mir ze maachen.

Jean-Claude Franck: Ee schwierege Moment am Kontext vun der Finanzkris war och dee wou Lëtzebuerg virgehäit krut et wär ee Steierparadäis. Dir hutt Iech jo vehement géint déi Kritike gewiert, et huet een och elo zum Schluss net méi esouvill driwwer héieren. Bei där Wichtegkeet déi d’lëtzebuerger Fongenindustrie huet, kann een dann do awer sécher sinn, datt déi net och zu engem Deel zu verschiddenen negativen Entwécklunge vun där Finanzkris bäigedroen hunn?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn éischtens mol dovun aus, datt mir och eng staark reduzéiert Aktivitéit op der Finanzplaz kréien. Dat wäert sech an de Staatsfinanze bemierkbar maachen an och an dem Aktivitéitsdrall vun der Plaz selwer. D’Bankgeheimis ass jo keng nei Diskussioun, déi mir déi lescht Méint haten. Dat ass jo eng Débatte déi ëmmer erëm kënnt. Do muss ee sech wieren dogéint, wa Saache gesot ginn déi net stëmmen. An et muss een och wëssen, datt een an enger Situatioun ass wou nach just ganz wéineg Länner op der Welt ee Bankgeheimnis hunn an et muss ee kucken, am rouege Gespréich - dat hu mir zu Bréissel gemaach, dofir ass et jo och méi roueg ginn - wat een dann elo mécht. D’Finanzplaz hänkt net auf Gedeih und Verderb vum Bankgeheimnis of. Dat war mol eng Zäit laang esou, mä haut ass dat net esou. Déi Plaz huet ee groussen Knowhow, déi Leit déi do schaffe kënnen eppes, d’Produktpalette vun der Finanzplaz ass breet, eis Banke si relativ gutt opgestallt am Verglach zu deenen zu London an op anere Finanzplazen an der Welt an et kann een dee Feeler net maachen, dee vereinfachender Weis vu ville gemaach ginn ass, fir d’Finanzkris un de Bankgeheimnisser déi et doruechter gëtt festzemaachen. Et ass jo net contestéiert, datt déi Finanzkris hiren Ursprung an de Vereenegte Staate vun Amerika huet. Wann et ee Land gëtt wat kee Bankgeheimnis huet, da sinn et awer nun d’USA, déi hunn alles anescht wéi ee Bankgeheimnis. Déi hunn eng relativ héich Transparenz wat d’Struktur vun hire Clienten ubelaangt soufern wéi se fir d’Steiereinahme relevant sinn. Déi Finanzkris ass an engem Land fortgaang wou et kee Bankgeheimnis gëtt, mä déi Finanzkris ass an engem Land fortgaange wou d’Iwwerwaachungsmechanisme versot hunn. Déi hunn néierens richteg funktionnéiert, mä an Amerika hu se total falsch funktionnéiert. Also wieren ech mech dogéint fir esou ze maache wéi wann d’lëtzebuerger Bankgeheimnis oder d’prudentiell Iwwerwaachung vun dem Secteur vun den Investissementsfongen hei ursächlech um Déclenchement vun där Finanzkris bedeelegt gewiescht wier.

Jay Schiltz: Eppes géif mech mol interesséieren, Här Staatsminister, wéi meeschtert een déi Gradwanderung déi Dir ze maachen hat, op där enger Säit tëschent den nationalen Interessen als lëtzebuerger Premier an als, wéi soll ech dat nennen, europawäiten Interessen als President vum Eurogrupp am Management vun der Kris?

Jean-Claude Juncker: Dat ass kee staarke Widdersproch, do kommen heiansdo kleng Friktiounsdeeler, mä dat hunn déi aner Finanzministeren och. Déi hu jo och datselwecht Geld wéi mir an déi hunn och national Interessen ze vertrieden an dat klappt och net ëmmer iwwerteneen. Fir mech gräifen déi zwou Saachen aneneen. Et ass méi einfach zu Lëtzebuerg déi richteg Zwëschepolitik ze maachen wann ee mat dru bedeelegt ass, wéi déi grouss global Politik an Europa wat d’Wirtschaft an d’Finanzen ubelaangt z’entwerfen. Et huet een eng Informatiounsdicht wéi der net vill se hunn. Et huet een Aflossméiglechkeeten, wéi der net vill se hunn an et huet een ee Virsprong am Wëssen, wat der vill net hunn. Et weess een duerch déi ideal Observatiounsplazen, duerch deen Hochsitz do an Europa e bëssen éischter wat am Dickicht lass ass wéi anerer a da kann een d’Politik heiheem ajustéieren. Wann ee weess, well ech dat weess, wat Däitschland am Februar d’nächst Joer mécht, wann ech weess wat Däitschland am Februar mécht, fir datt déi däitsch Economie vun der Plaz kënnt, a wann ech weess, datt mir enorm vill an Däitschland exportéieren, weess ech also wéi déi däitsch Demande kann am Idealfall am Fréijoer Summer d’nächst Joer reagéieren. Wann een dat weess, da mécht een heiheem bestëmmte Saachen an et léisst ee bestëmmte Saache sinn. Wann een dat net weess, mécht ee vläicht déi falsch Saachen.

Jean-Claude Franck: Wat ee wéinst der Kris vläicht e bësse vergiess huet, dat ass, datt Dir am Gespréich waart fir op den 1. Januar, elo also ganz geschwënn, éischte permanente EU-Rotspresident ze ginn. Dat ass wéinst dem iresche Referendum jo e bëssen op d’Kopp geheit ginn. Gitt Dir trotzdem nach ëmmer vun deenen anere Staats- a Regierungschefe gefrot fir dee Posten z’iwwerhuelen, esoubal en da prett ass?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn 2004, wéi mir Wahlen haten a wéi se mech all gefrot haten, d’Kollege, fir President vun der Kommissioun ze ginn, virun de Wahlen gesot, ech géif dat net maache well ech gäre géif Premier zu Lëtzeuberg bleiwen. Déi aner Parteien hunn dorop iwwregens geäntwert, ech géif d’Leit beléien. Eng Rei Zeitungen hunn op d’mannst eemol d’Woch an zum Schluss vun der Woch geschriwwe si géifen d’Leit warne virun deem Ligner deen do ënnerwee wier. Ech hu keng richteg Richtegstellungen do ze liese kritt - nodeem ech och no de Wahlen nach eng Kéier vun en alleguerte gefrot gi war, well si soten elo sinn d’Wahlen jo eriwwer - nee gesot hunn, ni fonnt, datt déi déi gesot hunn ech wär am gaang d’Leit ze beléien dat nach eng Kéier richteggestallt hätten. Mä dat war ee Posten deen et ginn huet an deen hätt ech elo, wann ech e geholl hätTt. Firwat muss ech mech elo dauernd mat der Fro beschäftegen ob ech op eng Plaz géif goen déi et nach guer net gëtt, well dee Vertrag nach net a Kraaft ass? Dat maachen ech net. Ech weess, datt elo virun de Wahle vill Kollegen aus anere Parteie mat där Fro do geridden kommen. Et ass jo keen aneren an der lëtzebuerger Politik deen déi Fro muss beäntwerten. Ech fannen dat dofir e bësse bëlleg fir dat ze maachen. Mir aviséieren dat wann et esou wäit ass an Dir wësst, datt d’Zuel vu menge Frënn op Grond vun deenen Ofwierschluechten déi mir do hu musse klappen déi lescht Méint, d’Bankgeheimnis an anerer, net grad zougeholl huet. Ech géif mir mol do net zevill Hoffnunge maache fir anerer.

Jay Schiltz: An deem Kontext, är Relatioune mam Här Sarkozy waren, dat ass kee Geheimnis, op mannst mitigéiert wat d’Présidence vum Eurogrupp an och vläicht an anere Saachen ugeet. Do wollt den Nicolas Sarkozy selwer eng méi grouss Roll spillen. Dir hutt dat gekontert. Wéi beuerteelt Dir déi franséisch Présidence aus de leschte Méint? Wéi ass Är Relatioun elo mam Här Sarkozy?

Jean-Claude Juncker: Déi franséisch Presidentschaft war impressionant duerch de Rhythmus dee si dem europäeschen Dagesgeschäft imposéiert huet, war och gutt respektiv schlecht servéiert duerch d’Aktualitéit. D’Presidentschaft huet zesumme mat aneren, déi ware jo net alleng, de Krich a Georgien séier op een Enn musse féieren, huet mussen eng schlësseg Äntwert op d’Finanz- an op d’Wirtschaftskris liwweren, net alleng, mä ëmmerhin d’Initiativen dofir mussen huelen. Insgesamt fannen ech dat eng Presidentschaft déi gutt war, déi Europa och e bësse méi Faarw ginn huet, och um internationale Plang. Datt ech mam Här Sarkozy heiansdo Sträit hat ass jo net onbekannt. Doriwwer kann ee liese wat et ze liese ginn ass, mä mäi perséinlecht Verhältnis mat him ass awer gutt. Ech war där Deeg bei him, hu mat him zu Mëtteg giess, alleng, an do bleift näischt iwwereg wat de Relatiounen tëscht deenen zwee Länner kënnt schueden.

Jay Schiltz: Nom Sommet vu Bréissel: wéi steet Europa elo do an der Kris? Ginn déi Moyenen déi Europa sech ginn huet duerch? Kann Europa d’Roll spille weltwäit d’Economie ze relancéieren?

Jean-Claude Juncker: Ech menge mir däerfen eis net iwwerhiewen als Europa. Mir hunn hei eng wichteg Roll ze spillen bei der Organisatioun vun der wirtschaftlecher Reprise, déi awer nach dauert, an déi aner musse matmaachen. D’Amerikaner maache Gott sei Dank mat, besonnesch deen neie President, an da musse mir kucken an Europa, ob dat wat mir elo programméiert hunn, déi 200 Milliounen Euro, ronn 1,5% vum Brottoinlandprodukt - et ass genau dat wat mir och zu Lëtzebuerg maachen - duergeet fir erauszekommen. A falls dat net duergeet, musse mir noajustéieren.

Jean-Claude Franck: Parallel zu där Wirtschfaft- a Finanzkris goufen et zu Lëtzebuerg awer an deene leschte Wochen a Méint och nach aner Suergen. D’lëtzebuerger Wort hat geschriwwen "un pays divisé" iwwert d’Belsch, ass dat eppes wat een och zu Lëtzebuerg, ärer Meenung no, kann applizéieren, wéinst engersäits der Diskussioun iwwert déi aktiv Stierfhëllef an anerersäits och wéinst dem Refus vum Grand-Duc fir dat Gesetz ze sanctionnéieren?

Jean-Claude Juncker: Ech gesinn eis net a belsche Verhältnisser liewen an ech gesinn eis och net op belsch Verhältnisser zousteieren. Et muss een Uerdnung an alleguer déi Diskussioune bréngen. Ech bleiwe bei mengem Standpunkt, a vun deem ginn ech och net of, datt déi éischt Prioritéit, déi absolut éischt Prioritéit, vun der lëtzebuerger Politik - an dat zielt fir d’Regierung in corpore - dra besteet, fir déi richteg Politik an engem schwierege Moment vun der Wirtschftsgeschicht vum Kontinent a vu Lëtzebuerg z’entwerfen. Ech loosse mech net vun anere Saachen a Virgäng an Débatten esou beandrocken, datt een déi néideg Opmierksamkeet vun deem wichtegsten Dossier fir d’Leit - en ass méi wichteg wéi d’Leit mengen - ofbréngen ze loossen. Ech froe mech eigentlech wat een deen 1.850 Euro verdingt huet an deen elo seng Aarbecht verléiert oder dee Kuerzaarbecht mécht an doduerch manner Pei kritt, wat dee sech eigentlech denkt wann en sech de Rescht vun der Débatte déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn ukuckt. Wat denkt dee sech mat sengen 1.850 Euro? An dee weess, ech kréien déi nächst 12 Méint just 80%. Ech denke mir, datt dee sech un de Kapp gräift. Vu datt dat awer meeschtens Leit sinn déi net Lëtzebuergesch schwätzen ass dat eis jo relativ egal. Mir ass dat awer net egal. Well déi hu Kanner, éischtens mol ass ee Mënsch ee Mënsch, zweetens hu si Kanner déi hei zu Lëtzebuerg musse liewen a mussen eens ginn, drëttens ass d’sozial Kohesioun ee Liewensthema bei mir an déi applizéiert sech op all Mënsch deen hei am Land lieft, ob en ee Wahlrecht huet oder net.

Dann hu mir de Problem, d’Débatte ronderëm d’Euthanasie gehat, an dat ass eng Débatte déi net d’Gesellschaft op eng durabel Aart a Weis spléckt. Et ass normal an esou enger dramatescher existenzieller Fro, datt do d’Meenungen openeeknuppen. Meng Suerg war et ëmmer, datt déi Débattë mat Dignitéit gefouert ginn. Dat war net ëmmer de Fall. Mä am Parlament war dat awer meeschtens de Fall. An dann ass et eng Gewëssensfro an da muss all Deputéierten déi bei sech selwer klären. Ouni datt déi, déi net fir déi Proposition de loi do sin, behandelt gi wéi wann et réckstänneg réactionnaire Geeschter wieren. An dann däerf een déi Leit, déi fir déi Proposition de loi sinn, net behandele wéi Leit déi kee Respekt virum Liewen hätten. An ech verdroen déi radikal Débatten eigentlech net an enger sensibler Fro. A well dat eng sensibel Fro ass, wollt ech se och ni abannen an eng iergendwéi geaarte Koalitiouns- oder Fraktiounsdisziplin.

D’CSV huet déi leschte Wahle gewonnen, mat 36 oder 37% an déi nächst Partei ass d’sozialistesch Partei mat 23%. Ech weess och - et brauch kee mir et e puermol an der Woch opzeschreiwen - datt ech hätt kënnen dofir suergen, datt déi Débatte net géif stattfannen an datt dee Vote net géif stattfannen, andeem ech einfach gesot hätt, dat steet net am Regierungsprogramm, Punkt aus zou. Et ass awer eng Fro déi d’Mënschen ëmdreift a mat där all Mënsch sech iergendwann ze beschäftegen huet. Kann een aus der Tatsaach, datt een, mat Ofstand, déi stäerkste Partei ass, strategesch Conclusioun zéien et géifen nach just déi Débattë stattfannen déi ee selwer géif untrieden? Dat ass net meng Konzeptioun vun der Demokratie. Ech weess och, datt den ADR notamment d’CSV attackéiert a mech attackéiert a seet, et ass der CSV hir Schold, datt dat an dat geschitt ass. Gesellschat ass Gesellschaft. Déi Virstellung et gewënnt een d’Wahle relativ, well et gewënnt jo kee se mat absolute Majoritéiten, an elo spillt just déi Musik déi mir hei wëllen, elo gëtt et keng aner Partituren déi mir opleeën, elo gi keng aner Nouteblieder ausgedeelt wéi déi déi ech mir aus mengem Gesangbuch erausgerappt hunn, ass eng Konzeptioun an esou Froen, déi ech absolut net deleen. Mä ech mengen net, datt eist Land op Dauer gespléckt ass.

An dat anert wat Dir ugesprach hutt, ass ënnert dem Stëchwuert institutionell Kris bekannt. De Grand-Duc wollt, well en dat mat sengem Gewëssen net vereinbar hält, dat Gesetz, wann et da komm wier - elo ass et jo do - iwwert d’Euthanasie, net ënnerschreiwen. An do hunn ech meng Verantwortung iwwerholl. Wësst Dir, zanter iwwer 100 Joer ënnerschreiwen eis Staatschefen déi Gesetzer déi vun der Chamber gestëmmt ginn an ech hätt gären, datt dat esou géif bleiwen, onofhängeg vun deem wat ee sech zum Inhalt vun deene Gesetzer denkt. An dofir huet ee mussen dofir suergen, datt et déi institutionell Zouspëtzung net géif ginn. An dat hu mir gemaach zesumme mat de Fraktiounschefen, eenzelner zéien elo Waasser par rapport zu hire Festleeungen, mä dat stéiert mech u sech net. D’Chamber huet dat leschte Wuert.

Jay Schiltz: Besteet d’Aussiicht, datt de Grand-Duc awer elo vläicht d’Gesetz sanctionnéiert? En huet jo elo seng Bedenke public gemaach.

Jean-Claude Juncker: Ech wäert am Januar dem Grand-Duc esouwuel d’Gesetz iwwert d’Palliativmedezin zur Ënnerschrëft virleeën, wéi och d’Gesetz iwwert d’Euthanasie zur Ënnerschrëft virleeën an da gesi mir wat d’Reaktioun vum Grand-Duc ass. Ech weess dat net.

Jean-Claude Franck: Hat Dir rezent kee Gespréich méi mam Grand-Duc fir dodriwwer ze schwätzen?

Jean-Claude Juncker: Ech féiere regelméisseg Gespréicher mam Grand-Duc an ech hunn iwwert d’Fro ob de Grand-Duc dann net awer géif dat Gesetz iwwert d’Euthanasie ënnerschreiwen net kënne schwätzen, well ech de Vote an der Chamber wollt ofwaarden an duerno hat ech nach kee Gespréich mam Grand-Duc.

Jay Schiltz: Et gouf bekannt, datt de Grand-Duc och Ënnerstëtzung vun der russesch-orthodoxer Kierch krut, e krut och soss vun anere kierchlechen Organisatiounen Ënnerstëtzung, virun allem och aus dem Vatikan. Wat haalt Dir vun deem Versuch, loosse mir mol soen, Afloss ze huelen op de politeschen Décisiounsprozess am Land?

Jean-Claude Juncker: Ech fannen et ee relativ normale Virgang, datt d’kathoulesch Kierch sech iwwert den Erzbeschof zu där Fro geäussert huet. Firwat soll den Erzbeschof eigentlech manner Rechter hu wéi den Här Huss? Dat kann ech nu wierklech net agesinn, och wann den Här Huss gewielt ass an de Bëschof net. Datt d’Kierch seet wat se denkt geet an d’Rei.

Datt de Vatikan als Staat sech zu Wuert mellt, gesinn ech net gär. Mä datt eenzel Glaawenskongregatioune vum Vatikan sech zu Wuert mellen, kann ech akzeptéieren, obschonn ech eenzel Tounfäll vun deene Wuertmeldungen allerdings als net direkt gutt inspiréiert gesinn. Ech mengen och net, datt hei den offene Versuch ënnerholl gëtt fir sech anzemëschen. Jiddwereen äussert sech zur Euthanasie. Firwat däerf dann d’kathoulesch Kierch dat net maachen? Ech schwätzen elo net vum Vatikan, mä vun der Kierch hei zu Lëtzebuerg. Firwat däerfen orthodox an aner Glaawensrichtungen dat net maachen, während sech soss jiddwereee zu där Fro äussert? Dat gesinn ech net, dat ass och näischt wat mech impresisonéiert huet, sauf den offene Versuch vun eenzelen Kräften am Vatikan dat Gesetz do ze verhënneren.

Och do halen ech erëm 2 Saachen auserneen. Wa sech anerer an der Euthanasiedébatte zu Wuert mellen, akzeptéieren ech dat wann dat an engem Tounfall geschitt, deen an eng demokratesch Gesellschaft passt a fräi ass vun all Drohungen. Mä an eis institutionell Kris do huet awer wann ech gelift kee sech anzemëschen. Weder de Vatikan nach soss een huet eis hei ze soe wéi mir hei eis Verfassung interprétéieren a wéi mir se klären. An et kann een dem Grand-Duc Recht gi vu baussen, well de Grand-Duc seet hee wier der Euthanasieléisung opposéiert, mä de Vatikan an anerer hunn awer kee Recht eis hei virzeschreiwe wéi mir eis institutionell Problemer léisen. Ënnerstëtzung fir de Grand-Duc wann et ëm d’Euthanasie geet, mä Ënnerstëtzung fir de Grand-Duc fir ee Gesetz net z’ënnerschreiwen, dat geet awer net.

Jean-Claude Franck: Fir nach eng Kéier eben op déi Verfassungsännerung och an deem Kontext zréckzekommen, do gëtt et jo ee Comité d’initiative dee gären ee Referendum lancéiere wëll. Fir wéi plausibel haalt Dir et datt et zu deem Referendum kënnt? Wat ass den aktuelle Stand?

Jean-Claude Juncker: Dee Comité d’initiaitve deen huet eng nei Demande eraginn an ech hunn elo d’Prozedur lancéiert, fir datt op de Gemenge kënne 25.000 Ënnerschrëfte gesammelt ginn. Déi brauch een. Et muss ee kucken ob se déi Initiative op déi 25.000 Ënnerschrëfte kommen an da muss ee kucken zu wat fir engem Moment datt een dee Referendum kann ofhalen. Mä et gëtte bësse spatz mat den Délaien. Dat kann ee vun haut aus betruecht nach net esou genau ofgesinn.

Jay Schiltz: Zu där Saach mat der Inititiative mam Referendum do gesäit een net esou richteg duerch ween do wat organiséiert. Den ADR-Member Fernand Kartheiser ënnerstëtzt de Comité d’initiative. An der Chamber huet déi Partei fir déi Verfassungsännerung gestëmmt. Gesitt Dir wat do ongeféier hannerëm leeft? Oder ass dat Manöver …? Ass dat …?

Jean-Claude Juncker: Ech muss mech mat där Fro jo och net beschäftegen. Mir hunn ee Verfassungs- a Gesetzestext gemaach viru méi längerer Zäit, déi virgesinn, datt 5 Wieler kënnen ee Comité d’initiative grënne fir ee Referendum iwwert eng Verfassungsrevisioun ze froen, wa si da 25.000 Leit fannen déi dat ënnerstëtzen an déi op de Wielerlëschten ageschriwwe sinn. Wann d’Leit dat Recht notzen, notze si een demokratescht Recht wat eis Texter virgesinn, déi et an där Form iwwerhaapt net am Ausland gëtt. Mir schwätzen hei jo ëmmer vun Demokratiereformen a vu Gesellschaftsreformen an et gëtt ëmmer gesot d’CSV géif hei an do alles blokéieren. Ween huet dat Gesetz da gemaach wat esouvill Demokratie erlaabt? Ween huet dann dofir gesuergt duerch politeschen Asaz, datt de Statut unique eppes gëtt? Ween huet dann dofir gesuergt duerch politeschen Asaz, anerer och, datt mir eng duebel Nationalitéit hunn? Also déi einfach Karikaturen do fänken un een z’irritéieren an an dësem Fall maache 5 Leit Gebrauch vun engem Recht an da ginn ech net kucke ween do derhannert stécht a wee sech dobäi wat denkt.

A wann et zu engem Referendum kënnt, hunn d’Lëtzebuerger net iwwert d’Euthanasie ofzestëmmen, mä iwwert eng eenzeg Fro: huet de Grand-Duc jo oder nee d’Recht ee Gesetz net z’ënnerschreiwe wat vum Parlament gestëmmt ginn ass. An et géif mech awer schwéier wonneren, wann eng iwweraus grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger géif zur Conclusioun kommen, datt de Grand-Duc, deen ech ganz gär hunn an deen ech respektéieren an deen ech ëmmer verteidegt hu bei alle méigleche Geleegenheeten, soll ee Recht hunn wat iwwert de Rechter steet vun der gewielter Vollekskummer. Ech ka mir dat éierlech gesot net virstellen. Dofir muss ee vun Ufank un, wann et dann zu deem Referendum kënnt, däitlech maachen, datt dat kee Referendum iwwert d’Euthanasie ass, mä datt dat ee Referendum ass iwwert d’Méiglechkeeten déi de Grand-Duc soll hu fir de Wëlle vum Gesetzesgeber ze verhënneren. An ech mengen, datt de Grand-Duc selwer dat jo - dat huet hee jo däitlech gemaach - net wëllt. Firwat maache mir dann ee Referendum? Wa mir ee Referendum verkleeden als eng Ënnerstëtzungsaktioun fir de Grand-Duc an de Grand-Duc wëllt selwer op dat Recht, wat en theoretesch hätt, verzichten a wa mir wëssen, datt dat kee Referendum iwwert d’Euthanasie ass, firwat gi mir déi Suen aus?

Jean-Claude Franck: Am Juni si Chamberwahlen, wéi eng Themen erwaart Dir Iech an dem Wahlkampf? Wéi eng wënscht Dir Iech a wéi eng wënscht Dir Iech net?

Jean-Claude Juncker: Themen invitéiere sech ëmmer an ee Wahlkampf a meeschtens déi mat deenen een net gerechent huet. Je nodeem wat 2 oder 3 Woche virun de Wahle geschitt, verléiert een oder gewënnt een d’Wahlen an d’Leit kucken eigentlech net esou staark drop wat déi lescht 5 Joer war. Dat ass ebe leider esou. Mä ech ginn awer dovun aus, datt d’Themesetzung däitlech ass. Mir liewen an enger extremer Finanz- a Wirtschaftskris, déi, wa mir net oppassen, duerch negativ Spiralentwécklung sech och kann zu enger erwuessener Sozialkris weiderentwéckelen. Dat ass den essentiellen Thema.

Jay Schiltz: Gutt, mir sinn dann esou lues um Enn vun dësem Interview ukomm. Dofir eng lescht Fro Här Staatsminister, fräie Mikro fir déi nächst 12 Méint, wat wënscht Dir Iech fir 2009?

Jean-Claude Juncker: Ech hu perséinlech Wënsch an déi si lächerlech, well ech wënsche mir méi Rou am Joer 2009. Dat ass nu wierklech den Optaktwitz fir d’Joer 2009, mä ech wënschen eisem Land, datt et dat wat eis heiansdo trennt als een normale Virgang vun demokratescher Gedankenausernanersetzung erlieft an net als eng national Katastrof. An ech wënschen deenen, déi net esou gutt dru sinn hei am Land an déi eigentlech d’Wuert selten ergräifen, datt déi deenen et besser geet Verständnis dofir hunn, datt ee fir d’éischt deenen hëlleft deenen et net esou gutt geet.

Dernière mise à jour